De Gilles Roth presentéiert d'Lag vun de Staatsfinanzen

Den 23. Januar 2024, huet de Finanzminister Gilles Roth den Deputéierte vun der Finanzkommissioun a vun der Kontrollkommissioun vun der Budgetsexekutioun déi staatlech Finanzlag op den 31. Dezember 2023 presentéiert.

©ChD (à droite) Gilles Roth, ministre des Finances

En Defizit vu 630 Milliounen Euro op den 31. Dezember 2023

Op den 31. Dezember 2023, beleeft den Defizit vun der Zentralverwaltung sech provisoresch op 630 Milliounen Euro. Wärend der sougenannter Zousazperiod, déi am Abrëll 2024 ausleeft, gi weiderhin Depensë comptabiliséiert, soudass de Gesamtdefizit fir 2023 weider klamme wäert.

Recettë liicht iwwert de budgetäre Previsiounen

D'Recettë vum Zentralstaat leie liicht iwwert de budgetäre Previsiounen (102,3% vum gestëmmte Budget). Jee no Aart vu Recettë bestinn do allerdéngs Ënnerscheeder.

Eng schwiereg Situatioun am Bausecteur

Um Niveau vun de Recettë vum Enregistrement, bestätegen d'Previsiounen sech.

D'Umeldungstaxen (droits d'enregistrement) weisen eng Korrektur an Héicht vun -252,9 Milliounen Euro op (44,9% vum accordéierte Budget) a spigelen déi schwiereg Situatioun am Bausecteur an den däitleche Réckgang vun den Immobilientransaktiounen erëm.

Manner Recetten um Niveau vun der Abonnementssteier an am Beräich vun der TVA

D'Situatioun op de Finanzmäert an den Zënssaz erklären déi réckleefeg Entwécklung vun de Recetten um Niveau vun der Abonnementssteier (-81,8 Milliounen Euro). Um Niveau vun der TVA, erreechen d'Steierrecetten nëmme 94,9% vum gestëmmte Budget.

Gutt Recettë vu Societéiten a Privatpersounen

D'Recettë vu Societéiten hunn sech gutt entwéckelt. D'Akommessteieren op Societéiten an d'Verméigenssteier klammen am Verglach zu 2022 respektiv ëm 313,3 Milliounen Euro an 222,3 Milliounen Euro. Dës Recettë maachen 122,1% an 130,7% vum gestëmmte Budget aus.

D'Recettë vun der Akommessteier vu Privatpersounen a vun de Loun- a Gehaltssteieren erreeche respektiv 119,3% an 98,9% vum gestëmmte Budget.

De Finanzminister Gilles Roth erkläert: "Den däitleche Réckgang vun de Recetten aus Immobilientransaktiounen weist däitlech wéi wichteg et ass konsequent ze handelen, esou wéi de Regierungsprogramm et virgesäit. Elo musse mir couragéis Entscheedungen treffe fir den Immobiliesecteur nees unzekuerbelen an doduerch eng exponentiell Hausse vun de Faillitten a vum Chômage ze vermeiden. Wat d'Kafkraaft ubelaangt, wäert d'Steiererliichterung fir d'Stéit op den 1. Januar 2024, mat der Upassung vum Steierbarème an Héicht vu 4 Indextranchen, seng Friichten droen an d'Relance vun der Ekonomie mat undreiwen."

Communiqué vum Finanzministère 

Aktualiséiert