Réckbléck op déi 4. Woch vum 22. bis den 28. Januar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Stabiliséierung vun de Fäll a liichte Réckgang vum Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Augmentatioun vun den RSV Fäll.

Influenza: Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 22. bis den 28. Januar 2024 (Woch 4), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 156 erop, par rapport zu 153 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vun 2% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 6,5% am Verglach zu 7,4% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of. [1]

Dës Indicateuren deiten op eng Stabiliséierung vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant JN.1 säit der Woch 47/2023 gewisen [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 22. bis den 28. Januar 2024 (Woch 4), klëmmt d'Unzuel vun den Grippefäll, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 988 Fäll par Rapport zu 703 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 41% ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 22. bis den 28. Januar 2024 (Woch 4), klëmmt d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 26 Fäll am Verglach zu 15 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vun 73% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis de 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet 

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert