Opgepasst viru falsche SMS an/oder Email

No de rezenten "smishing"-Virfäll bei verschiddenen ëffentlechen Institutiounen, wéi zum Beispill d'Usurpatioun vun den Identitéiten LU-Alert, CNS an CCSS, wëll d'Lëtzebuerger Regierung d'Ëffentlechkeet un déi richteg Reflexer bei méigleche Versich vu Bedruch a Form vu gefälschten SMS an/oder Email erënneren.

  • Net op onbekannten oder verdächteg Linke klicken!
  • Verdächteg Message läschen!
  • Verdächteg Messagen un soc@govcert.etat.lu weiderleeden!

Allgemeng gëllt:

  • Sech ëmmer Zäit huele fir z'iwwerpréiwen op d'Ufro net gefälscht ass z.B. op der offizieller Websäit vun der concernéierter Institutioun! ​
  • Keng vertraulech Donnéeën (Informatiounen zur Internetverbindung, Passwierder asw.) uginn, déi iwwer SMS, Email, Chat oder Telefon verlaangt ginn.

D'Regierung wëll op en Neits dorop hiweisen, datt d'Autoritéiten d'Bierger net per SMS oder Mail kontaktéiere fir si no hire perséinlechen Donnéeën ze froen.

Weider Informatioune wéi Dir Iech viru méiglechem Bedruch schütze kënnt fannt dir op follgendem Site: www.bee-secure.lu/kyss.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)

Aktualiséiert