Weltkriibsdag

Géint de Kriibs handelen: Virbeugung a Fréierkennung

"Entgéint der allgemenger Virstellung, ass Kriibs net zwéngend fatal. Et ass wichteg, dass ee sech bewosst ass wat déi wëssenschaftlech nogewise Risikofacteure sinn an dass een zesummen e méi gesonden an equilibréierte Liewensstil ustrieft, fir sech esou am Alldag dëse Risike manner auszesetzen", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

Am Virfeld vum Weltkriibsdag, dee vum internationale Verband géint de Kriibs (UICC) an d'Liewe geruff gouf, wëll d'Ministesch d'Initiativen ervirhiewen, déi d'Roll vun engem ugepasste Liewensstil sou wéi d'Wichtegkeet vun der Preventioun an der Fréierkennung am Kampf géint de Kriibs ënnersträichen.

D'Situatioun zu Lëtzebuerg – An Zuelen

D'Zuele weisen, dass fir d'Joer 2022 1.099 Stierffäll op Tumeuren zeréckzeféiere sinn. Domat stellen dës Tumeuren ongeféier 25% vun der Gesamtzuel u Stierffäll duer, mat engem Mortalitéitstaux vun 162 Stierffäll pro 100.000 Awunner. Konkreet ass Longekriibs, mat 109 Fäll, bei de Männer déi heefegst Doudesursaach, dono kënnt Prostatakriibs (47 Doudesfäll) an Bauchspeicheldrüsekriibs (46 Doudesfäll). Bei de Fraen, huet Broschtkriibs 105 Doudesfäll verursaacht, dono Longekriibs (81 Doudesfäll) a Bauchspeicheldrüsekriibs (52 Doudesfäll) [1].

Kriibs ass net zwéngend fatal

An enger Ëmfro, déi TNS Ilres am Optrag vun der Fondation Cancer 2022 realiséiert huet [2], gouf de Wëssensniveau vun de Lëtzebuerger Residenten zum Thema Kriibs erfuerscht. Dës Resultater ënnersträiche wéi wichteg et ass nach eemol op d'Haaptrisikofacteure vum Kriibs hinzeweisen, nämlech Tubak- an Alkoholkonsum, an Iwwergewiicht. Dës Facteuren hu méi e groussen Afloss wéi ëmweltbedéngten, geneetesch oder nach onbekannten Ursaachen.

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet engagéiert sech fir d'Bevëlkerung mat Hëllef vu Pläng a Programmer zum Thema Risikofacteure fir Kriibserkrankungen ze sensibiliséieren. Sou gëtt et z. B. den nationale Kriibsplang (Plan national cancer (PNC2)) 2020-2026[3], den nationalen Anti-Tubakplang (Plan national de lutte contre le tabac (PNLT))[4], den Aktiounsplang an d'Bekämpfung géint de Mëssbrauch vun Alkohol (Plan d'action et de lutte contre le mésusage de l'alcool)[5], an den nationalen Aktiounsplang "Gesond iessen Méi beweegen" (GIMB)[6].

Am Beräich vun der Fréierkennung an den domat verbonnene besseren Iwwerliewenschancen, hunn d'Depistageprogrammer fir Broscht- an Daarmkriibs vun der Gesondheetsdirektioun sech als effikass erwisen. Eng qualitativ héichwäerteg a ganzheetlech Betreiung si Schlësselelementer vum PNC2.

PNC2: de Patient am Mëttelpunkt vum Kampf géint de Kriibs zu Lëtzebuerg

D'Zil vum PNC2 ass et bestoend Aktiounen ze stäerken an nei Projeten z'ënnerstëtzen. An deem Kontext goufe verschidden Themen identifizéiert, wéi d'Qualitéit vun de Soinen, den Informatiounsaustausch tëscht Professioneller aus dem Gesondheetssecteur, d'Iwwermëttlung vun der Diagnos, den Zougang zu Informatioune fir d'Ëffentlechkeet, d'Realisatioun vun nationalen Etüden, d'Verfügbarkeet vu Medikamenter an d'Weiderentwécklung am Beräich vun de Spezialiséierungen an der pediatrescher a geriatrescher Onkologie, souwéi d'Fuerschung an der Onkologie. Am Kader vun dësem Plang, kritt de Patient op all Niveau vu senger Betreiung eng besser Ënnerstëtzung gebueden. Dat ass de Fall mat der nationaler Ëmfro Colive Cancer[7], déi 2023 lancéiert gouf. All Persoun, déi vun der Krankheet betraff ass, kann un dëser Etüd deelhuelen andeem s si um Site colivecancer.lu hir Erfarunge matdeelt an iwwert hire Leidenswee bericht. Esou kann all Patient zur Dokumentatioun an am Idealfall zur Verbesserung vun der Betreiung fir zukünfteg Patiente bäidroen.

Zesumme kënne mir géint de Kriibs handelen an en am Alldag bewältegen

Vill Kriibsaarte stinn direkt a Verbindung mat de sëllege Kontakter déi mir mat verschidde Produiten, Viren, Liewensmëttel oder nach enger iwwerméisseger Sonnenastralung hunn. Ophale mat fëmmen a manner Alkohol drénke ka béides dozou bäidroe vill Kriibsaarten ze vermeiden. Doriwwer eraus spillen eng equilibréiert Ernärung an eng reegelméisseg sportlech Aktivitéit eng wichteg Roll dobäi, de Risiko vu Kriibs ze reduzéieren.

De Ministère huet verschidden Initiativen ausgeschafft fir d'Kriibspreventioun ze fërderen. Esou gëtt et zum Beispill den "no smoking challenge", deen op spilleresch Aart a Weis op d'Virdeeler vun engem Liewen ouni Tubak hiweist, an déi Betraffen ënnerstëtzt, déi ophale wëlle mat fëmmen. Parallel dozou bitt e Programm fir den Entzuch vun Tubak de Betraffenen e personaliséierte Suivi, Berodung a Methoden fir der Versuchung eng ze fëmmen ze widderstoen. Kierzlech gouf d'Campagne "Kee Patt ze vill" lancéiert, fir op e moderaten Alkoholkonsum ze sensibiliséieren. Dës Demarche soll jiddwer Eenzelen dozou encouragéieren, seng Gesondheet ze verbesseren an ze schützen.

De Centre de coordination des programmes de dépistage des cancers spillt och eng zentral Roll an der organiséierter Fréierkennung vum Broscht- an Daarmkriibs. Reegelméisseg Sensibiliséierungscampagnë wéi "Octobre rose" an "Mars bleu" maachen op dës Initiativen opmierksam.

No de leschte verfügbaren Estimatiounen [8], kéinten 30 bis 50% vun de Kriibserkrankungen duerch d'Vermeidung vu Risikofacteuren an duerch d'Ëmsetze vu preventive Strategien, déi wëssenschaftlech fundéiert sinn, evitéiert ginn. 2022 hätten 19% vun den tumorbedéngten Doudesfäll zu Lëtzebuerg duerch Preventiounsmesurë kënne verhënnert ginn [9]. Dëse Fakt erënnert eis dru wéi wichteg et ass sech gesond ze ernären, reegelméisseg Sport ze maachen a schiedlech Substanzen ze vermeiden, fir de Risiko vun enger Kriibserkrankung oder vun engem Doudesfall duerch Kriibs däitlech ze reduzéieren.

 

"Dëst ass en Hoffnungsschimmer deen eis encouragéiert weiderhin aktiv fir de Schutz vun eiser Gesondheet ze handelen", betount d'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez.

Fir weider Informatioune besicht de Site sante.lu.

[1] Statistiken iwwert d'Doudesursaachen zu Lëtzebuerg − Fact sheet 2022: https://sante.public.lu/fr/espace-professionnel/informations-donnees/statistiques-causes-deces.html

[2] Wat weess Lëtzebuerg zum Thema Kriibs? TNS ILRES Ëmfro vun 2022 am Optrag vun der Fondation Cancer: https://www.cancer.lu/de/was-denkt-luxemburg-ueber-krebs

[3] Plan national cancer − 2020-2024, Gesondheetsdirektioun 2020: https://sante.public.lu/fr/publications/p/plan-national-cancer-brochure-2020-2024.html

[4] Plan national de lutte contre le tabagisme (PNLT 2016-2020): https://sante.public.lu/fr/espace-professionnel/plans-nationaux/plan-action-anti-tabac-2016-220.html

[5] Plan d'action et de lutte contre le mésusage de l'alcool "PALMA" 2020-2024: https://sante.public.lu/fr/publications/p/plan-national-alcool-2020-2024.html

[6] Plan cadre national 2018-2025 "Gesond iessen - Méi beweegen" GIMB. Disponible sur: https://gimb.public.lu/fr/programme-gimb/plan-cadre-national.html

[7] Colive Cancer, National e: https://www.colivecancer.lu

[8] Weltgesondheetsorganisatioun, "Cancer: prévention et contrôle": https://www.who.int/fr/news-room/fact-sheets/detail/cancer

[9] Saleh S., Abad D., Weiss J. (2023). Statistiken iwwert d'Doudesursaachen zu Lëtzebuerg fir d'Joer 2022, Gesondheetsdirektioun, Lëtzebuerg: sante.lu/statistiques-causes-deces

 

Aktualiséiert