Réckbléck op d'Woch 5 vum 29. Januar bis de 4. Februar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Stabiliséierung bis liichte Réckgang vum Positivitéitstaux a vun de Fäll vu COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Réckgang vun den RSV Fäll.

Gripp: Stabiliséierung vun de Grippefäll op engem héijen Niveau.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 29. Januar bis de 4. Februar 2024 (Woch 5), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 140 erof, par rapport zu 156 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 10% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 5,7% am Verglach zu 6,5% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of. [1]

Dës Indicateuren deiten op eng Stabiliséierung vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant JN.1 säit der Woch 47/2023 gewisen [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 29. Januar bis de 4. Februar 2024 (Woch 5), klëmmt d'Unzuel vun de Grippefäll, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 1019 Fäll par rapport zu 988 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 3% ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 29. Januar bis de 4. Februar (Woch 5), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 14 Fäll erof, am Verglach zu 26 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 46% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis den 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet 

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert