Réckbléck op d'Woch 6 vum 5. bis den 11. Februar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Stabiliséierung vun de Fäll vun RSV-Virus op engem déiwen Niveau.

Influenza: Réckgang vun de Grippefäll. 

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 5. bis den 11. Februar 2024 (Woch 6), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 109 erof, par rapport zu 140 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 22% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 4,8% am Verglach zu 5,7% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser ass änlech wéi an der viregter Woch [1].

Dës Indicateuren deiten drop hin dass d'Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 éischter réckleefeg ass.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant JN.1 säit der Woch 47/2023 gewisen  [2]. 

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 5. bis den 11. Februar 2024 (Woch 6), geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen vun 1.020 op 852 erof, wat e Réckgang vu 16% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 5. bis den 11. Februar 2024 (Woch 6), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi an de Laboratoirë positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 17 Fäll am Verglach zu 14 Fäll an der viregter Woch. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis de 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

 

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet 

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert