Einfach Geste fir e verantwortungsvolle Konsum

Den "Overshoot day" zu Lëtzebuerg réckelt vum 14. Februar am Joer 2023 op den 20. Februar dëst Joer. Dësen Dag symboliséiert den Zäitpunkt, wou méi natierlech Ressourcen opgebraucht sinn, wéi d'Äerd bis Enn dës Jores regeneréiere kann. Domat ginn dann och zukünfteg Ressourcen nees opgebraucht. Obschonn dëst eng Besserung par rapport zu 2023 ass, ass et nach net zefriddestellend dass den Datum op den 20. Februar geréckelt ass. 

Dës Situatioun ass allerdéngs keng Fatalitéit an all eenzele vun eis kann aktiv dru schaffen, dass dësen Datum weider no hanne réckelt. An deem Kontext mécht d'Direktioun fir Konsumenteschutz en Opruff fir op e méi verantwortungsvolle Konsum opmierksam ze maachen. E verantwortungsvolle Konsum ass a ville Beräicher relevant, besonnesch wat den ekologeschen Impakt vum Konsum ugeet, mee awer och säi sozialen, wirtschaftlechen oder gesondheetlechen Impakt. E verantwortungsvolle Konsum implizéiert deemno "e Konsum ze hunn, dee méi ëmweltfrëndlech, mee och sozial a wirtschaftlech méi gerecht ass. Mat e puer Reflexer am Alldag, ka jiddereen dozou bäidroen.

Kafkraaft

Privilegiéiert robust a reparabel Elektro- an Haushaltsapparater, an iwwerpréift dobäi d'Disponibilitéit vun Ersatzdeeler. Esou kann een och iwwerméisseg Ausgabe fir eventuell zukünfteg Uschafunge vun neien Apparater vermeiden.

Fir d'Kafkraaft ze sécheren, ass et och wichteg impulsiven Akeef kënnen ze widderstoen, déi de Risiko vun Iwwerschëldung mat sech bréngen. Virun all Akaf, ass et wichteg sech ze froen op et zum Beispill wierklech néideg ass, de leschte Smartphone-Modell ze kafen.

Och déi verfügbar Garantië sollten ëmmer iwwerpréift ginn. Niewent de gesetzleche Garantië bidde verschidde Fournisseuren och zousätzlech Reparaturfristen un.

Reparatur

Sech fir eng Reparatur ze entscheeden amplaz fir de Kaf vun engem neie Produkt ass mat Sécherheet ee gudden Usaz fir ee méi verantwortungsvolle Konsum. D'Reparatur vun de Produkter verlängert hir Liewensdauer a verréngert den Offall an den iwwerméissege Verbrauch. Dëst gëllt souwuel fir Haushaltsapparater a Maschinne wéi och fir Kleedung.

Occasiouns-Artikelen

Am Striewen no engem méi verantwortungsbewosste Konsum kristalliséiert sech de Kaf vun Occasiouns-Artikelen ëmmer als gutt Alternativ eraus, dëst och bei Kleedungsstécker. Dës ëmweltfrëndlech Optioun verlängert d’Liewensdauer vum bestoende Produkt, dréckt d’Nofro no neien Artikelen no ënnen a minimiséiert den Impakt op d’Ëmwelt. Sech fir Secondhand ze entscheeden heescht och, dass ee fir Originalitéit steet an aktiv zur Bekämpfung vum Offall bäidréit.

Energieeffizient Geräter

Energie-Etiketten, déi de Waasser- oder Energieverbrauch vun Haushaltsgeräter uginn, kënne bei der Wiel vun energieeffiziente Geräter hëllefräich sinn. Dës Etikette si fir vill Apparater gesetzlech virgeschriwwen a preziséieren den Energieverbrauch vun elektroneschen Haushaltsgeräter (Wäschmaschinnen, Kachplacken, Frigoen, TV asw.).

Iessen

Bei Liewensmëttel soll een Uebst a Geméis kafen, déi saisonal a lokal produzéiert ginn a fir déi nëmme kuerz Transportweeër gebraucht ginn. Esou dréit een zu engem méi verantwortungsvolle Konsum bäi. Saisonaalt Uebst a Geméis ass dacks méi bëlleg, méi intensiv am Goût a méi energieeffizient an der Produktioun.

Och eng effizient Organisatioun vum Frigo kann dobäi hëllefen, d'Verschwendung vu Liewensmëttel ze reduzéieren. Et kann hëllefen den Datum opzeschreiwen, wann een e Produkt opmécht, an den Haltbarkeetsdatum ze respektéieren. Bei der Haltbarkeet vun de Produkter gëllt just bei verdierfleche Liewensmëttel de Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD). Um Produkt steet dann "ze verbrauche bis...". No dësem Datum kënnen dës Liewensmëttel ee Gesondheetsrisiko duerstellen. Bei Konserven, haltbare Liewensmëttel an Tifkül-Produiten, deit d'Etikett "Mindestens haltbar bis..." op e Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD). Dës Liewensmëttel kënnen nom Oflaf vum MHD weider konsuméiert ginn, wa se weder opgemaach goufen, nach verduerwe ginn.

Kleeder

Et ass wichteg drun ze erënneren, dass een der Versuchung vun der Fast-Fashion widdersteet. Well hannert de faarwege Vitrinnen an den attraktive Präisser, verstoppen sech dacks Realitéiten déi gäre mol ignoréiert ginn: prekär Aarbechtskonditiounen, dacks och Violatioun vu Mënscherechter, Exploitatioun vun natierleche Ressourcen an ee katastrophalen CO2-Foussofdrock. Verantwortungsvoll konsuméieren heescht och Qualitéit anstatt Quantitéit ze privilegiéieren, a Marken z'ënnerstëtzen, déi sech fir Transparenz an Nohaltegkeet asetzen.

Verkéiersmëttel

Fir lokal Geschäfter ze erreechen, sinn den ëffentlechen Transport oder de Vëlo eng gutt Alternativ. Och ze Fouss goe bitt sech un. Falls een den Auto trotzdeem huele wëll/muss, kann een seng Deplacementer optimiséieren a grouss Akeef an enger Kéier tätegen.

Bei Online-Bestellungen ass et besser op "Express" Liwwerungen ze verzichten an déi méi laang Waardezäiten vun der "klassescher Expeditioun" a Kaf ze huelen, déi eng méi effikass Logistik erméiglechen.

Verwäertung nom Gebrauch

Seng Verpackungen no den Uweisungen trennen, wéi se drop stinn, ass och e gudde Gest. Bei Liewensmëttel soll een de Behälter richteg eidel maachen an den organeschen Offall op de Kompost geheien.

Nëmme well e Produkt net méi benotzt gëtt, heescht et net dass e keen Zweck méi erfëllt: gutt erhale Produkter kann ee verschenken, tauschen oder verkafen, wann een se net méi braucht.

Falls Produkter awer wierklech mussen ewechgehäit ginn, ass et wichteg dës korrekt ze entsuergen an op de Recycling vu Materialie wéi Glas, Metall, Plastik a Pabeier opzepassen.

D'Ministesch fir Konsumenteschutz, Martine Hansen, preziséiert: "Mat eiser Aktioun, wëlle mir net iwwert Konsumverhalen urteelen, mee Informatioune liwwere fir positiv Verännerungen ze fërderen. Et ass wichteg dass de Verbraucher sech iwwert den Impakt vu sengem Konsumverhale bewosst gëtt, fir entspriechend informéiert Entscheedungen ze treffen. D'Regierung ass sech och bewosst dass e verantwortungsvolle Konsum heiansdo mat méi Ausgabe verbonnen ass. Dofir analyséiert d'Direktioun fir Konsumenteschutz d'Machbarkeet vun engem Bonus-System fir d'Reparatur, an dat op nationalem Niveau."

Communiqué vun der Direktioun fir Konsumenteschutz

Aktualiséiert