Réckbléck op d'Woch 7 vum 12. bis den 18. Februar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vu COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Réckgang vun den RSV Fäll.

Influenza: Réckgang vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 12. bis den 18. Februar 2024 (Woch 7), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 56 erof, par rapport zu 109 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 49% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 3,3% am Verglach zu 4,8% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of [1].

Dës Indicateuren deiten op eng Baisse vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (86,7%) a vun der Variant BA.2.86 (11,1%) gewisen. [2]

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 12. bis den 18. Februar 2024 (Woch 7), geet d'Zuel vun de Grippefäll (Influenza), déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, vun 861 op 455 erof, wat e Réckgang vu 47% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 12. bis de 18. Februar (Woch 7), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 9 Fäll erof, am Verglach zu 18 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 50% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis den 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

 

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet 

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert