Bilan vun den Aschreiwungen op d'Wielerlëschte fir d'Europawale vum 9. Juni 2024

Am Januar 2024, hunn de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an de Verbindungsbüro vum Europaparlament d'Sensibiliséierungscampagne "Ech ka wielen" lancéiert. D'Zil dovunner war auslännesch Residenten, déi aus engem Memberstaat vun der EU kommen, iwwer hiert Walrecht fir d'Europawale vum 9. Juni 2024 ze informéieren an se op d'Noutwendegkeet hinzeweisen sech virum 15. Abrëll 2024 um 17 Auer op de Wielerlëschten anzedroen.

De Ministère an de Verbindungsbüro hunn ausserdeem déi betraffe Matbierger informéiert, dass si entweder Lëtzebuerger Representanten oder Representanten aus hirem Heemechtsland an den Europaparlament wiele kënnen.

Fir kënnen e genaue Suivi vun den Aschreiwungen op de Wielerlëschten ze maachen, schafft de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil enk mam Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) zesummen, fir Statistiken iwwer d'Aschreiwungen ze kréien, déi no bestëmmten individuelle Krittären an no Wunngemeng opgedeelt sinn.

Iwwert dëse Communiqué verëffentlecht de Ministère dës Statistiken zu den Aschreiwungen. Bis de 15. Abrëll 2024 hunn sech 3.780 Persounen am Kader vun der Campagne "Ech ka wielen" an d'Wielerlëschten ageschriwwen. Et sinn insgesamt 30.605 net-Lëtzebuerger Residenten aus engem aneren EU-Memberstaat fir d'Europawalen op de Lëschten agedroen. Den duerchschnëttlechen Aschreiwungstaux läit domat bei 15,1%.

All Gemeng krut en Infoblat mat de Statistiken zu hirem respektiven Aschreiwungstaux geschéckt.

E gemeinsamen Effort fir d'Sensibiliséierung

De Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, de Verbindungsbüro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg, d'Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, d'Partner, Associatiounen, Multiplicateuren a Gemengen hu gemeinsam doru geschafft fir net-Lëtzebuerger Residenten ze mobiliséieren, fir dass si sech an d'Wielerlëschten aschreiwen.

An deem Kontext waren Infostänn um Festival des Migrations a bei der Journée d'orientation du Biergerpakt vertrueden, 16 Gemengen an Associatiounen hu Material fir Veranstaltungen ausgeléint, 15 Betriber hunn e Video-Message vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, sou wéi en digitale Kommunikatiounskit geschéckt kritt, fir dës Informatioune bei hirem Personal ze diffuséieren. Doriwwer eraus war all Gemeng invitéiert un der Semaine nationale de l'inscription deelzehuelen.

Eng digital Campagne op de sozialen Netzwierker, Annoncen a Reklammen an de Print- an Digitalmedien souwéi e landeswäiten Affichage an de Bushaisercher, Parkingen an am Tram hunn dës Aktioune vervollstännegt fir esou esou vill Persoune wéi méiglech z'erreechen.

De Ministère seet dem Verbindungsbüro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg, an all sengen anere Partner, de Gemengen, de Multiplicateuren an den Associatioune Merci fir hiren Engagement am Kader vun der Campagne "Ech ka wielen". 

Communiqué vum Staatsministère a vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil

Aktualiséiert