Temporär Reouverture vun der Wanteraktioun

Wéinst der aktueller Wiederlag, hunn de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil a säi Partner Dräieck ASBL decidéiert den Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun bis den 28. Abrëll 2024 nees opzemaachen.

D'Wanteraktioun ass eng humanitär Aktioun, déi als Zil huet Sans-abrien virun Ënnerkillung am Wanter ze schützen. D'Aktioun ass an der multifunktioneller Noutstruktur um Findel installéiert a leeft an der Reegel vum 15. November bis de 15. Abrëll.

D'Organisatioun vun der Struktur an den Encadrement vun de Beneficiairë gëtt vun der Dräieck ASBL ausgefouert, déi d'Gestioun vun der Wanteraktioun säit dem 1. Januar 2021 assuréiert. Dës Associatioun setzt sech aus den dräi Organisatioune Caritas accueil et solidarité, dem Lëtzebuerger Roude Kräiz an Inter-Actions zesummen.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil / Dräieck ASBL 

Aktualiséiert