Weltimpfwoch: ons kollektiv Gesondheet duerch Impfunge schützen

Vum 24. bis den 30. Abrëll fënnt d'Weltimpfwoch statt. Dëst ass d'Geleeënheet dorun ze erënneren, datt d'Entdeckung vun den Impfstoffer et der Mënschheet erméiglecht huet, datt verschidde Krankheeten, déi fréier déidlech waren, manner virulent goufen oder esouguer ganz ausgerott goufen.

An de leschte Joren hunn d'Impfungen eng wichteg Roll an der Bewältegung vun der Pandemie gespillt. Déi künfteg wëssenschaftlech Errongenschaften an dësem Beräich kënnen dozou bäidroe vill aner Krankheete wierksam ze bekämpfen.

D'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet erënnert dru wéi nëtzlech Impfunge sinn a betount: "Et ass duerchaus verständlech, datt verschidde Leit skeptesch si wat d'Entwécklung vun neien Impfstoffer ugeet, mee d'Vergaangenheet huet awer gewisen, datt d'Wëssenschaft d'Wierksamkeet op laang Dauer vun den Impfunge beweise konnt an datt se net nëmmen en individuelle mee och e kollektive Schutz bidden. Haut gëllen d'Impfungen als déi effizientste Method fir d'Verbreedung vun deene meeschten Infektiounskrankheeten ze verhënneren a si sinn domadder eng vun de Grondlage vun der ëffentlecher Gesondheet.

Lëtzebuerg huet ee vun den héchsten Impftauxen an der europäescher Unioun, wat beweist wéi effikass d'Campagne vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet sinn. Besonnesch bei de rezenten Ausbréch vun de Riedele konnt, am Géigesaz zu anere Länner, opgrond vum nationalen héijen Impfschutz keng Epidemie festgestallt ginn.

Et ass wichteg seng Impfkaart reegelméisseg ze kontrolléieren, well d'Effikassitéit vun de verschiddene Vaccine mat der Zäit noloosse kann. Spezifesch Recommandatioune jee no Altersgrupp sinn op santé.lu disponibel. Am Zweiwelsfall ass et recommandéiert säin Hausdokter ze consultéieren.

Säit Januar 2022 proposéiert d'Agence eSanté och en elektroneschen Impfcarnet, wou sämtlech Donnéeën op enger Plaz gespäichert kënne ginn. Wann Dir dës Funktionalitéit aktivéiere wëllt, kënnt Dir Iech un Ären Hausdokter wenden. Fir déi déi dës elektronesch Versioun net wëlle benotzen, bleift déi traditionell Impfkaart weiderhi gülteg, mee et ass wichteg, fir se reegelméisseg vu sengem Hausdokter kontrolléieren ze loosse fir säin Impfstatus à jour ze halen.

All d'Biergerinnen a Bierger vu Lëtzebuerg sinn opgeruff vun der Weltimpfwoch ze profitéiere fir sich iwwer Impfungen z'informéieren an hiren Impfstatus à jour ze halen. D'Ministesch Martine Deprez ënnersträicht: "Duerch ons kollektiv Beméiunge kann d'Gesondheet vun onsem Land a vun onse Matbierger geschützt ginn." D'Ministesch erënnert des Weideren drun, datt den Impfprogramm, dee vum Conseil supérieur des maladies infectieuses recommandéiert gëtt, zu Lëtzebuerg komplett gratis ass.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Aktualiséiert