De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet erweidert d'Altersgruppe fir déi organiséiert Fréierkennungsprogrammer fir Broscht- an Daarmkriibs

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet huet haut ugekënnegt, dass d'Altersgruppe fir déi organiséiert Fréierkennungsprogrammer fir Broschtkriibs an Daarmkriibs erweidert gëtt. Domat soll d'Preventioun gestäerkt ginn an d'Behandlung vun dëse Krankheete verbessert ginn.

Déi organiséiert Screeninge sinn an Zukunft fir Persounen ab 45 Joer verfügbar. Doduerch solle méiglech Anomalie fréizäiteg erkannt a preventiv Moossname kënne geholl ginn, fir de Risiko vu Komplikatiounen ze verréngeren. Doriwwer eraus, solle Frae bis am Alter vu 74 Joer vum Fréierkennungsprogramm fir Broschtkriibs profitéiere kënnen.

Bis elo war de Fréierkennungsprogramm fir Broschtkriibs fir Fraen am Alter tëscht 50 a Joer bestëmmt, wärend de Fréierkennungsprogramm fir Daarmkriibs fir Fraen a Männer tëscht 55 a 74 Joer virgesi war.

D'Entscheedung den Zougang zu de Fréierkennungsprogrammer fir Broschtkriibs an Daarmkriibs ze erweideren dréit enger Recommandatioun vum EU-Rot [1] an enger Approbatioun vum Wëssenschaftleche Conseil am Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg Rechnung. Dëse Strategiewiessel stäipt sech op medezineschen Donnéeën a wëssenschaftlechen Etuden, déi d'Effikassitéit vun der Fréierkennung ënnermaueren.

Sou weisen d'Donnéeën, dass d'Fréierkennung vun Daarmkriibs oder vu Broschtkriibs d'Stierflechkeet signifikant reduzéiert. Duerch d'Screening-Programmer, kënnen d'Kriibserkrankungen net nëmme méi fréi erkannt ginn, mee och méi schounend behandelt ginn. Iwwerdeems spriechen déi betraffe Patiente besser op d'Behandlungen un. Fir dass d'Virdeeler vun der Fréierkennung och méi eelere Persounen zegutt kommen, gouf decidéiert d'Altersgrenz fir d'Fréierkennungsprogrammer vu 70 op 74 Joer ze erhéijen. Esou kënnen och an dësen Altersgruppe méiglech Kriibserkrankunge fréizäiteg erkannt ginn an d'Heelungschancen erhéicht ginn.

"Andeems mir den Accès op d'Screening-Programmer fir Broschtkriibs an Daarmkriibs erweideren, engagéiere mir eis fir eng systematesch Fréierkennung, déi d'Chancen op Heelung signifikant erhéicht", esou d'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez.

Wéi funktionéiert dat?

Vum 1. Juli 2024 un, lancéiert d'Gesondheetsdirektioun seng nei Invitatiouns-Campagne fir d'Fréierkennungsprogrammer, och fir déi nei Altersgruppe vu betraffene Patienten.

Esou kritt all Lëtzebuerger Resident, dee bei der CNS affiliéiert ass an tëscht 45 a 74 Joer huet follgende Bréif:

  • D'Frae kréien Invitatioune fir d'Fréierkennungsprogrammer vu Broschtkriibs a vun Daarmkriibs.
  • D'Männer kréien eng Invitatioun fir de Fréierkennungsprogramm vun Daarmkriibs.

Fir d'Koordinatioun mat de verschiddene Partner ze vereinfachen, déi un dëse Programmer bedeelegt sinn (Laboen, Spideeler, Dokteren, etc.), ginn dës Invitatiounen no Gebuertsjoer a -mount vum Patient iwwert 2024 an 2025 gestaffelt.

Net-Residenten déi bei der CNS affiliéiert sinn an an déi betraffen Altersgrupp falen, sinn och invitéiert um Programm deelzehuelen. Fir eng Invitatioun ze kréien, kënne déi betraffe Persounen sech per Telefon um 247-75550 un de Centre de coordination des programmes de dépistage des cancers wenden.

Fir weider Informatiounen zum "Programme mammographie": sante.lu/mammo

Fir weider Informatiounen zum Fréiererkennungsprogramm fir Daarmkriibs: sante.lu/colorectal

[1] 2022/0290 Council Recommendation on strengthening prevention through early detection: a new EU approach on cancer screening replacing Council Recommendation 2003/878/EC

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet 

Aktualiséiert