Asaz vun dräi Membere vum "Humanitarian Intervention Team" vum CGDIS a vum Dispositif "emergency.lu" an de Gebidder an der Karibik déi vum Beryl-Orkan betraff sinn

Nom Schued deen den Orkan Beryl an der Karibik am ugangs Juli hannerlooss huet, huet Lëtzebuerg der internationaler Hëllefsufro vum Bureau de la coordination des affaires humanitaires des Nations unies (OCHA) zougestëmmt, fir déi betraffe Bevëlkerungen vun den Inselen Grenada a St. Vincent an d'Grenadinnen z'ënnerstëtzen.

D'Lëtzebuerger Regierung huet e Member vum Interventiounsgrupp dohigeschéckt, dee beim CGDIS fir humanitär Missiounen (Humanitarian Intervention Team - HIT) zoustänneg ass, als Deel vum UNDAC-Team (United Nations Disaster Assessment and Coordination) vum OCHA. Dës Ekipp, déi an den Ufanksphasen vun Noutsituatiounen agesat gëtt, bewäert ënner anerem d'Besoinen am Beräich vun der internationaler Hëllef a koordinéiert d'Ënnerstëtzungs- an Hëllefsmoossnamen op der Plaz.

An dësem Kontext, an am Kader vum internationalen humanitäre Partenariat (International Humanitarian Partnership), vun deem och Lëtzebuerg Deel ass, goufen zwee weider Membere vum HIT de 5. Juli an déi betraffe Regiounen geschéckt, fir d'UNDAC Ekipp mat logisteschen an technesche Moyenen ze ënnerstëtzen. Dobäi handelt et sech notamment ëm emergency.lu, d'Kommunkatiounsplattform via Satelitt, déi vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel bereetgestallt gëtt.

Den Interventiounsgrupp vum CGDIS, dee fir zivil Sécherheetsmissiounen an humanitär Missiounen zoustänneg ass, intervenéiert bei schwéiere Katastrophereegnesser ausserhalb vum Lëtzebuerger Territoire, an dëst entweder op Ufro vum oder vun de betraffene Länner, oder am Kader vun internationalen Hëllefsleeschtungen.

emergency.lu ass eng mobil Satellittekommunikatiounsplattform, mam Haaptzil d'Kommunikatiounsmëttel (Internet, Voice) no enger Katastroph erëm opzebauen, d'Koordinatiounsbeméiunge vun den humanitären Organisatiounen op der Plaz ze ënnerstëtzen a soumat zur Rettung vu Mënscheliewen an humanitären Noutsituatioune bäizedroen. Et handelt sech heibäi ëm eng ëffentlech-privat Partnerschaft tëscht der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an dräi Lëtzebuerger Entreprisen (SES Telecom Services, Hitec Luxembourg et Luxembourg Air Ambulance S.A.). Lëtzebuerg stellt emergeny.lu als gratis globaalt ëffentlecht Gutt fir d'humanitär Communautéit zur Verfügung. Déi selwecht Zerwisser ginn der Populatioun an de Regierunge vun de betraffene Länner ugebueden.

Beim internationalen humanitäre Partenariat (IHP) handelt et sech ëm e benevole multinationale Reseau vu staatlechen Nouthëllefsorganisatiounen, déi am Beräich vun der humanitärer Hëllef täteg sinn. Déi verschidden Organisatiounen gi vun hirer respektive Regierungen finanzéiert an ënnerstëtzt. D'Zil vum IHP ass et d'Interventiounen am Fall vun Urgencen ze optimiséieren, andeems déi operationell Acteuren am Beräich vun der humanitärer Hëllef a Koordinatioun ënnerstëtzt ginn, fir esou Liewen ze retten an den Impakt vun Konflikter an Naturkatastrophen ze minimiséieren.

Communiqué vum Inneministère, vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel, a vum Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps

Aktualiséiert