Präsenz vu Bloalgen: Schwammen op der Plage Rommwiss um Stauséi verbueden

Am Kader vun der reegelméisseger Iwwerwaachung vun der Waasserqualitéit a Schwammgebidder gouf op der Héicht vun der Plage Rommwiss um Stauséi eng erhéichte Konzentratioun u Cyanobakterien, sougenannte "Bloalgen" festgestallt.

Opgrond vum Gesondheetsrisiko gouf e Schwammverbuet fir d'Plage Rommwiss um Stauséi verhaange, wat direkt a Kraaft trëtt. Dëst entspriechend dem ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 19. Mee 2009 iwwer d'Aféierung vu spezifesche Schutzmoossnamen an de Programmer vun der Iwwerwaachung vun der Waasserqualitéit a Schwammgebidder.

Verschidden Zorte vu Cyanobakterien produzéieren nämlech Gëftstoffer déi ee Gesondheetsrisiko fir Mënschen, Waasserfauna, Hausdéieren a Béischten duerstelle kënnen. Dofir gouf den Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) domadde beoptraagt d'Verbreedung vun de Cyanobakterien an den offizielle Schwammgebidder z'iwwerwaachen. D'Analyse vum 17. Juli 2024 hu gewisen, datt op der Rommwiss den Undeel u gëftege Cyanobakterien a Gëftstoffer iwwer dem Aktiounsgrenzwäert läit (kuckt och den nationale Warnplang fir Cyanobakterien).

D'Symptomer déi duerch de Kontakt, d'Verschlécken oder d'Anootme vun dëse Substanzen optrieden, kënne ganz verschidden Ausmoossen hunn, wéi z.B. Kappwéi, Reizungen an/oder Verbrennunge vun der Haut oder och nach Iwwelzegkeet. Wann Dir nom Schwamme gesondheetlech Probleemer hutt, consultéiert Ären Hausdokter an informéiert hien iwwert de méigleche Kontakt mat gëftege Cyanobakterien.

Fir Waassergebidder wou eng erhéichte Konzentratioun u Cyanobakterien festgestallt ginn ass, huet d'Waasserverwaltung, laut den Empfeelunge vun der Gesondheetsdirektioun, follgend Recommandatioune fir d'Ëffentlechkeet:

  • Hënn an aner Hausdéiere sollen dat Waasser net drénken;
  • De Kontakt mam Waasser vermeiden;
  • All Waasseraktivitéiten evitéieren (z.B. Waassersport, Fëschen).

A besonnesch beim Fëschen:

  • De Kontakt mat de Fësch evitéieren;
  • Déi gefaange Fësch net consomméieren;
  • Op d'Fësche verzichte wa Cyanobakterie sichtbar sinn.

Wien am Groussherzogtum Bloalgen entdeckt kann dëst iwwert d'App Bloomin'Algae mellen, wat da vun engem Expert vum LIST evaluéiert gëtt. All Beobachtunge sinn op cyanowatch.lu verfügbar.

Fir den Ament ass op den anere Plagë vum Stauséi, am Séi vu Wäiswampech an Iechternach, an an de Baggerweieren zu Rëmerschen d'Schwammen nach erlaabt.

Op der Internetsäit vun der Waasserverwaltung www.waasser.lu kann een sech doriwwer informéiere wéi eng offiziell Schwammgebidder op oder zou sinn.

Communiqué vun der Waasserverwaltung

Aktualiséiert