Gesetzesprojet fir Journalisten den Accès zur Informatioun ze garantéieren, a fir d'Promotioun vum professionelle Journalismus an demokrateschen Debat ze fërderen

Fir d'Aarbecht vu Beruffsjournalisten ze vereinfachen, gëtt d'Recht op Accès zur Informatioun agefouert. Dëst Recht ass Deel vun enger méi breeder Reform, déi den demokrateschen Debat an d'Pressefräiheet zu Lëtzebuerg promovéiere soll. Mam Erareeche vun dësem Gesetzesprojet, dréit déi aktuell Regierung enger laangjäreger Revendicatioun vum Presserot Rechnung, déi d'Recht op den Accès zur Informatioun gesetzlech verankere soll.

Deemno soll den Accès zur Informatioun an Zukunft an engem Gesetzesprojet verankert sinn, deen dräi bestoend Gesetzer ëmännert, an deen de 17. Juli vum Regierungsrot adoptéiert, an de 24. Juli deposéiert gouf.

An dësem Kontext, huet de Premierminister ënnerstrach: "D'Pressefräiheet ass e Grondprinzip vun eisem demokratesche System. Mat dëser Reform, erkennt d'Regierung un, dass d'Aarbecht vun de Journaliste weider geschützt muss ginn, an dass hinnen en Accès zur Informatioun garantéiert muss ginn, deen de Prinzip vun der transparenter an oppener Verwaltung respektéiert."

Haaptziler vun den adoptéierte Modifikatiounen si follgend:

Accès zur Informatioun – Ännerung vum geännerte Gesetz vum 14. September 2018 iwwert eng transparent an oppe Verwaltung

Dat ofgeännert Gesetz vum 14. September 2018 iwwert eng transparent an oppe Verwaltung verankert gesetzlech d'Recht, fir all Persoun, op en Accès zu administrativen Dokumenter, déi am Besëtz vun ëffentlechen Instanzen an aneren Organisme sinn, déi vun dësem Gesetz betraff sinn. Fënnef Joer no der Aféierung vun dësem Gesetz, hunn de Premierminister, Luc Frieden, an déi delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit, Elisabeth Margue, enger Upassung vum Gesetz zougestëmmt. Zil ass et d'Revendicatioun vum Presserot unzeerkennen an ëmzesetzen, déi d'Aféierung vun engem spezifeschen Accès zur Informatioun fuerdert. De Gesetzesprojet soll iwwerdeems sécherstellen, dass den nationale legale Kader mat der Konventioun vum Europarot iwwert den Accès zu ëffentlechen Dokumenter am Aklang ass (Konventioun vun Tromsø).

Upassung vum Gesetz vum 30. Juli 2021 iwwert en Hëllefsregimm fir professionelle Journalismus

Zwee Joer nom Akraafttriede vum Gesetz vum 30. Juli 2021 iwwert en Hëllefsregimm fir professionelle Journalismus, bestätegen d'Acteure vum journalistesche Secteur de positiven Impakt vun dësem Gesetz. Punktuell Ännerunge ginn elo proposéiert fir spezifesch Dispositiounen ze klären, a bestëmmte finanziell Mechanismen ze adaptéieren. Gläichzäiteg sollen am Grand-Duché weiderhin dat pluralistescht Medienëmfeld an d'Meenungsfräiheet geséchert a gefërdert ginn. Doriwwer eraus, gëtt eng "Bagatell"-Hëllef agefouert, fir klenger journalistesch Projeten ze ënnerstëtzen, an esou d'Entsteeung vu villsäitegen Informatiounsmedien ze fërderen.

Definitioun vum Beruffsjournalist – Ännerung vum geännerte Gesetz vum 8. Juni 2004 iwwert d'Meenungsfräiheet an de Medien

De Presserot huet der Regierung ausserdeem eng Aktualiséierung vun der Definitioun vum Beruffsjournalist suggeréiert. Zil ass et d'Bewäertungskrittäre fir d'Attributioun vun enger Pressekaart fir Beruffsjournalisten ze präziséieren, mat enger Definitioun déi integral an dësem Gesetzesprojet iwwert d'Ännerung vum geännerte Gesetz vum 8. Juni 2024 iwwert d'Meenungsfräiheet an de Medien iwwerholl gëtt.

"Déi proposéiert Upassunge bilden e kohärente Gesamtpak, dee souwuel de Fuerderunge vum Presserot Rechnung dréit, wéi och mat der Approche vun der Regierung iwwerteneestëmmt, fir e pluralistescht Medienëmfeld an e Kader ze schafen, an deem d'Press hir Schlësselroll als Garant fir eis Demokratie erfëlle kann", esou d'Ministesch Elisabeth Margue.

Communiqué vum Staatsministère a vum Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda 

Aktualiséiert