Nominatioun vum Alexandre Ecker als neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

A senger Seance vum 24. Juli 2024 huet de Regierungsrot dem Kulturminister, Eric Thill, säi Virschlag gutt geheescht, dem Grand-Duc den Alexandre Ecker als neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ze proposéieren, an der Nofolleg vum Luc Marteling.

No Studien a Frankräich, Däitschland an England koum den Alexandre Ecker schonns 2004 bei d'Ekipp, déi sech deemools sollt ëm den Dictionnaire pratique de la Langue luxembourgeoise këmmeren. Als ee vun de ganz wéinege Lexikografen hei am Land ass hien och ee vun den Architekte vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire lod.lu, dem Haaptprodukt vum ZLS, dee pro Joer méi ewéi eng Millioun Kéier consultéiert gëtt.

Dem Alexandre Ecker seng Interessen decke bal all Beräicher vun der Sprooch of, vun der Literatur iwwer d'Soziolinguistik bis zur Computerlinguistik. Esou ass et och kee Wonner, datt hien an alle grouss Projete vum ZLS bis elo implizéiert war, virun allem och bei de Publikatioune vum ZLS (Serie Lëtzebuerger Wuertschatz, Lëtzebuerger Wuertatlas) an der mobiller Ausstellung zu Lëtzebuerger Sprooch an zur Sproochesituatioun hei am Land.

Den ZLS gouf geschafen duerch d'Gesetz iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vum 20. Juli 2018. Allgemeng geet et drëm, de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, d'Norméierung, de Gebrauch an d'Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virunzedreiwe wéi och d'lëtzebuergeschsproocheg Kultur an d'Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch ze promouvéieren. Den Zenter ass en oppent Haus fir eng lieweg Sprooch.

Mam Alexandre Ecker bleift den ZLS a gudden Hänn a wäert och an Zukunft dynamesch an innovativ ronderëm eis Sprooch schaffen. Hien iwwerhëlt säin Amt den 1. Oktober 2024.

Communiqué par le ministère de la Culture

Aktualiséiert