Welt-Hepatitt-Dag de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet verstäerkt säin Engagement

Um Welt-Hepatitt-Dag, deen all 28. Juli stattfënnt, mobiliséiert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet sech zesumme mam Nationale Service fir Infektiounskrankheeten an de Partnerassociatioune fir d'Bevëlkerung iwwer de Besoin ze sensibiliséieren d'Beméiungen am Kampf géint dës Krankheet ze verstäerken, déi Millioune Persounen uechtert d'Welt betrëfft.

Dës Weidere wëll d'Gesondheetsdirektioun dës Geleeënheet notze fir déi Persounen, déi sech mam Virus vun der Hepatitt C ugestach hunn an net a medezinescher Behandlung sinn, z'informéieren, datt et antëscht Behandlunge ginn déi héich wierksam sinn. An deem Fall ass et ubruecht säin Hausdokter oder een anere Spezialist (Infektiolog, Hepatolog,...) ze kontaktéiere fir de Point iwwer d'Krankheet ze maachen.

Proximitéitszentren am Déngscht vun der Preventioun a vum Depistage

Am Kader vum nationale Programm fir de Kampf géint viral Hepatitten 2023-2028, a laut dem Zil vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHS) dës Krankheete bis 2030 auszerotten, féiert Gesondheetsdirektioun d'Lutte weider, an deem se der Bevëlkerung déi am vulnerabelsten ass, den Zougang fir den Depistage vun der Hepatitt C vereinfacht.

De Projet Outreach, deen 2022 lancéiert gouf a vun der Gesondheetsdirektioun finanzéiert gëtt, huet zu däitleche Fortschrëtter bei der Fréierkennung an der Behandlung vun der Hepatitt C gefouert.

2023 si méi wéi 150 Depistagen ënnert deene Bevëlkerungsgruppen duerchgefouert ginn, wou de Risiko am héchsten ass, dat sinn der dräi Mol méi wéi 2022. Esou konnten déi Betraffen aus de Bevëlkerungsgruppen déi ,am schwéiersten erreechbar sinn an déi net onbedéngt fir eng Consultatioun an d'Klinik ginn, identifizéiert a behandelt ginn. Des Weidere konnten duerch de Kaf vun engem Apparat fir Schnelldiagnosen 50 aktiv Hepatitt-C-Erkrankunge mat engem Besoin fir Behandlung diagnostizéiert ginn.

D'Bereetstelle vun Diagnostizéierungs- a Behandlungsméiglechkeeten an der Géigend vu Betreiungsariichtunge wéi Abrigado oder d'Jugend- an Drogenhëllef ass wichteg fir d'Betreiung vu Risikogruppen, virun allem drogenofhängeg Fraen, déi opgrond vun hirem Geschlecht besonnesch vulnerabel sinn. Si kënne sexuell mëssbraucht oder zur ongeschützter Prostitutioun gezwonge ginn, wat Auswierkungen op hiert Selbstwäertgefill huet an se dorunner hënnert sech effizient ze schützen oder sech an enger Klinik behandelen ze loossen.

Fir si gouf e spezielle Grupp an der Betreiungsstruktur Abrigado geschaf, wou dës Fraen Educateuren, Infirmièren, Sozialaarbechterinnen an aner Fraen, déi änlech Erfarungen haten, treffe kënnen. 2023 hunn 82 Frae vun dësem Service profitéiert.

"D'Aarbecht vun de Betreier an dëse Strukturen ass immens wäertvoll. Si bidden e séchert Ëmfeld wou d'Fraen déi néideg Behandlung an Hëllef kréien, wouduerch si aus hirer Isoléierung erauskommen an hiert Selbstwäertgefill erhale kënnen. Op dësem Welt-Hepatitt-Dag bestätege mir eisen Engagement am Kampf géint dës Krankheet an eise Wëllen deene Mënschen déi am vulnerabelste sinn en Zougang zur Behandlung erméiglechen, ob si elo eng Sozialversécherung hunn oder net, well d'Gesondheet ass e Recht fir jiddereen, esou d'Ministesch Martine Deprez.

Kommend Aktiounen

Eng reegelméisseg Sensibiliséierungs- an Informatiounscampagne, déi sech virun allem un Drogekonsumente riicht, a véier Schwéierpunkten ëmfaasst: "d'Preventioun", "den Depistage", "den Traitement" an "d'Selbstwäertgefill".

D'Strategie Test and Treat (Testen a behandelen), déi fir jiddereen a spezielle Suchtbehandlungsstrukturen zougänglech ass, gëtt weider gefouert, mam Zil d'Iwwerdroungskette vun den Infektiounskrankheeten ze briechen. D'Gesondheetsdirektioun, zesumme mat de Partnerstrukturen wëll iwwerdeems och hir Beméiungen am Kader vum Depistage verstäerken, fir d'Tester op wéchentlecher Basis an zwou Empfangsstrukture kënnen unzebidden: Abrigado a Kontakt Esch.

Formatioune fir d'Personal an de Gesondheetsberuffer ginn och ugebueden, fir d'Kompetenze vun de Leit um Terrain ze verbesseren an esou eng besser Betreiung vun de Risikopersounen ze garantéieren.

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet rifft allgemeng seng Partner zu méi Zesummenaarbecht op, fir e bessert Vertraue mat den Drogekonsumenten opzebauen, an esou den Zougang zur medezinescher Versuergung fir déi Betraffen ze verbesseren an hinnen e bessere Suivi ze bidden.

Wou kann ee sech teste loossen?

Den Depistage vun der Hepatitt C kann op verschidde Plazen duerchgefouert ginn:

  • op Rendez-vous beim Hausdokter oder engem anerem Dokter,
  • bei der Fréierkennungsberodung vum Nationale Service fir Infektiounskrankheete vum CHL, wou eng Bluttanalys oder e Schnelltest verschriwwe ka ginn,
  • bei der Fréierkennungsberodung vun der HIV-Berodung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, wou e Schnelltest ugebuede gëtt,
  • beim Abrigado oder Kontakt Esch, wou e Schnelltest ugebuede gëtt, an op verschidden Deeg och eng Diagnos mam neien Apparat fir Schnelldiagnose fir aktiv Infektiounen.
  • beim LGBTIQ+ Cigale, wou Donneschdes vun 13.30 bis 14.30 Auer eng Permanence ass.

Weiter Informatioune sinn um Site vum DIMPS ze fannen.

Weider Informatiounen:

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Aktualiséiert