Optakt vun der 23. Editioun vun der Europäescher Mobilitéitswoch: Fir e gemeinschaftlechen ëffentleche Raum, dee fir all Mënsch accessibel ass

De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an Zesummenaarbecht mam Syvicol, annoncéiert den Optakt vun der 23. Editioun vun der Europäescher Mobilitéitswoch, déi vum 16. bis den 22. September 2024 stattfënnt. Säit 2005, hëlt Lëtzebuerg aktiv un dëser Sensibiliséierungscampagne deel, déi op europäeschem Niveau organiséiert gëtt fir nohalteg an inklusiv Mobilitéitsléisungen ze fërderen.

Dës international Sensibiliséierungscampagne, déi vun der Europäescher Kommissioun initiéiert gouf a sech an der Kontinuitéit vum "Dag ouni Auto" aschreift, soll méiglechst vill Leit dozou beweegen duuss Mobilitéitsléisungen an Alternativen zum motoriséierten Individualtransport ze privilegéieren. Och kollektiv Initiative fir d'Entwécklung vun nohaltege Mobilitéitsméiglechkeete solle gefërdert a belount ginn.

"Gemeinschaftlechen ëffentleche Raum"

An engem Kontext, wou den ëffentleche Raum an den europäesche Stied ëmmer méi kleng gëtt, soll dës Initiativ dozou bäidroen d'Notzung vun eisen urbanen Infrastrukturen ze iwwerdenken an ëmzeorganiséieren. Et geet dorëms inklusiv Espacen ze schafen, déi gutt un den ëffentleche Verkéier ugebonne sinn an accessibel sinn, wou jiddwereen sech treffe kann a verschiddenen Aktivitéiten noginn. Dës gedeelten Espacë suergen engersäits fir sozial Gerechtegkeet an droe gläichzäiteg zur Sécherheet op de Stroossen, an zur Reduzéierung vum Kaméidi a vun der Loftverschmotzung bäi. Dobäi gëtt allgemeng d'Liewensqualitéit verbessert.

Wéi all Joer, maache verschidde Gemenge vum Grand-Duché bei der Europäescher Woch vun der Mobilitéit mat a setzen Initiativen zum järlechen Thema ëm.

Ziler vun der Europäescher Woch vun der Mobilitéit 2024 si vilfälteg:

  • D'Liewensqualitéit duerch d'Entwécklung vun Infrastrukture verbesseren, wou de Mënsch am Mëttelpunkt steet.
  • Weider Europäesch Initiativen ënnerstëtzen, wéi de  REPowerEU  Plang an de "Pacte vert pour l'Europe.
  • D'Notzung vu méi nohaltegen Transportmëttel favoriséieren an eng nei Approche zur Notzung vu Stroosseninfrastrukture fërderen, a gläichzäiteg den ëffentlechen Transport an déi aktiv Mobilitéit ënnerstëtzen.

An dësem Kontext, huet d'Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, deklaréiert: "D'Thema vun dësem Joer, "Shared public space" (Gemeinschaftlechen ëffentleche Raum) spigelt eist Bestriewen erëm fir Urban Espacen ze schafen, déi net nëmme funktionell, mee och inklusiv an aluedend fir all Mënsch sinn. Andeem mir dem Mënsch nees méi Raum ginn wéi de Gefierer, droe mir zu enger méi gerechter an ëmweltfrëndlecher Gesellschaft bäi. Eis Ambitioun ass kloer: Lëtzebuerg zu engem Modell vun nohalteger Mobilitéit an Europa maachen."

D'Anne Calteux, Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, ënnersträicht: "Déi dësjäreg Editioun vun der Mobilitéitswoch bitt d'Geleeënheet zesummen doriwwer nozedenken, wéi mir den ëffentleche Raum gemeinsam notze kënnen, a sécherstellen dass jiddwereen, souwuel Foussgänger wéi Vëlosfuerer, sech a Sécherheet deplacéiere kënnen. Esou kann aus der duusser Mobilitéit en einfache Choix fir jiddweree ginn, fir dass mir all aktiv zum Schutz vun eisem Planéit bäidroe kënnen.

E villfältegen a räiche Programm, dee vun de Gemengen zesummegestallt gouf

Am Kader vun der Europäescher Woch vun der Mobilitéit, setzen d'Gemengen eng Rei Aktiounen a Moossnamen ëm. De ganze Programm ass op www.mobiliteitswoch.lu disponibel an illustréiert d'Initiativ an d'Kreativitéit vun de Gemengen uechter d'Land. Dës Joer beinhalt de Programm ë. a. Wanderungen ze Fouss an um Vëlo, Occasiounsmäert fir Vëloen a Presentatioune vu verschiddene Mobilitéitskonzepter.

Den Emile Eicher, President vum Syvicol, begréisst d'Initiative vun de Gemengen an ënnersträicht: "D'Gemenge sinn no un de Biergerinnen a Bierger a kënnen esou wichteg Aspekter vun der Mobilitéit an de Fokus réckelen. Besonnesch wann et drëms geet Gewunnechten ze änneren. Et ass kloer dass d'Gemengen hir Biergerinnen a Bierger encouragéiere wëllen, sech méi ze Fouss oder mam Vëlo ze deplacéieren. Dat dréit net nëmmen zur Reduzéierung vum Verkéier bäi, mee huet och e positiven Impakt op d'Gesondheet vun de Mënschen allgemeng.

Déi Europäesch Woch vun der Mobilitéit gëtt säit méi wéi zwee Joerzéngten organiséiert an huet sech zu engem reegelrechten transnationalen Event op europäeschen Niveau entwéckelt, fir d'Liewensqualitéit an de Gemengen an an de Stied ze verbesseren.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, vum Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol) a vun der Europäescher Kommissioun