Offiziell Visitt vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus zu Lëtzebuerg

Op Invitatioun vum Grand-Duc, kënnt seng Hellegkeet de Poopst Franziskus de 26. September 2024 fir eng offiziell Visitt op Lëtzebuerg. Déi lescht Visitt vun engem Poopst zu Lëtzebuerg war 1985, wéi Seng Hellegkeet de Poopst Jean-Paul II op Besuch war.

Bei senger Arrivée zu Lëtzebuerg gëtt Seng Hellegkeet de Poopst Franziskus vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse zesumme mam Premierminister Luc Frieden empfaangen. Nom Virspille vun den Nationalhymne ginn déi offiziell Delegatioune virgestallt.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hunn dann eng Entrevue mat senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus am groussherzogleche Palais hunn.

Doropshi gëtt de Premierminister Luc Frieden an Audienz vum Poopst empfaangen. De Premierminister wäert ënner anerem eng Entrevue mam Monseigneur Edgar Peña Parra, Substitut fir allgemeng Ugeleeënheeten am Staatssekretariat, a mam Monseigneur Paul Richard Gallagher, Sekretär fir d'Relatioune mat de Staaten an internationalen Organisatiounen hunn.

D'Visitt geet am Cercle Cité weider wou seng Hellegkeet de Poopst Franziskus déi national Autoritéiten an d'Bevëlkerung trëfft. Dëst op Invitatioun vum Premierminister Luc Frieden an a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel, dem President vun der Chamber Claude Wiseler, an der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer. Och Membere vun der Chamber a vun der Regierung, sou wéi Vertrieder vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, vum Corps diplomatique, vun den europäeschen Institutiounen, vun de Forces vives a vun de verschiddene Relioune wäerte präsent sinn. Wärend dësem Treffe gi Riede vum Premierminister Luc Frieden a vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus gehalen. Dat ënnert der musikalescher Begleedung vum engem Ensemble vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Am fréien Nomëtteg huet déi breet Ëffentlechkeet d'Geleeënheet seng Hellegkeet de Poopst Franziskus wärend sengem Tour mam Papamobil duerch d'Stad ze begréissen.

D'Visitt vum Hellege Papp geet mat engem Treffe mat der kathoulescher Communautéit an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënner dem Thema "Pour servir" (Fir ze déngen), a Präsenz vun den nationalen Autoritéiten op en Enn. Bei dëser Geleeënheet hält den Hellege Papp eng Ried an iwwerreecht déi "gëlle Rous", d'Symbol vum peepstleche Seegen, un d'Tréischterin am Leed.

Am spéiden Nomëtteg verabschit Seng Hellegkeet de Poopst Franziskus sech vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse, vum Premierminister Luc Frieden a vum Kardinol vu Lëtzebuerg Jean-Claude Hollerich, ier hie weider an d'Belsch reest.

Communiqué vum Staatsministère a vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)

Regierungsmember

FRIEDEN Luc

Event Datum

26.09.2024