Aktualiséiert den
Appel à projets fir Jugendwunnengen: Eng bezuelbar Wunneng fir méi Autonomie a konkret Zukunftschancë vun de Jonken
Op enger Konferenz iwwer d'Jugendwunnen den 12. Februar 2025 am Centre culturel Neimënster hunn de Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend e gemeinsamen Appel à projets lancéiert, fir an den nächste Joren d'Zuel vun abordabele Wunnenge fir Jonker substanziell ze erhéijen.
Ob Beruffsufänger, Student oder nach an der Ausbildung, mat éischtem festen Aarbechtskontrakt oder nach an der Proufzäit, Jonker hunn et haut besonnesch schwéier, fir zu Lëtzebuerg eng bezuelbar Wunneng ze fannen.
"Mat enger klenger Pai, ouni vill ugespuert ze hunn, zéie grad Jonker op engem iwwerhëtztene Wunnengsmarché dacks de Kierzeren. Dat muss net esou sinn. Dat däerf net esou sinn, wa mer als Land fir Jonker attraktiv wëlle bleiwen a grad deene Jonken d'Chance op eng eegestänneg Zukunft an eisem Land wëlle bidden", esou de Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, a Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.
De gemeinsamen Appell vun den zwee Ministèrë fir nei Projeten am abordabele Wunnengsbau, déi geziilt un d'Besoine vun deene Jonken ugepasst sinn, riicht sech un all Acteuren, déi am erschwéngleche Wunnengsbau als soziale Promoteur oder soziale Bailleur zougelooss sinn, wéi och un d'Acteuren aus dem Jugendsecteur. D'Wunnenge wäerten als "logements abordables dédiés" fir Jonker reservéiert sinn.
D'Regierung ënnerstëtzt den Investissement an esou Projete mat der finanzieller Hëllef vun den "Aides à la pierre" vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung a, wann néideg, mam Finanzement vun enger Begleedung vun deene Jonken duerch de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. D'Intensitéit vun der Begleedung vun deene Jonke kann dobäi variéieren.
Béid Ministèren hoffen op eng grouss Zuel vu ganz ënnerschiddlech ausgeriichte Projeten, déi sech dono kënne konkretiséieren. En éischte virsichtege Bilan vun de Projete gëtt den 1. Juni 2025 gezunn. Mee och dono kënne weider Projeten agereecht ginn.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend / Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung