Aktualiséiert den
Presentatioun vum Wuertatlas vum Alain Atten a vum Claude Schmit
Den 19. Mäerz 2025 gouf den neie Sproochatlas vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit an der Nationalbibliothéik viru ronn 200 Gäscht an a Presenz vum Kulturminister Eric Thill virgestallt.
Nom éischte Band vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900, dem Laut- a Formenatlas, deen 2023 publizéiert gouf, dokumentéiert den zweete Band, de Wuertatlas, wéi eng verschidde Bezeechnungen et fréier fir dee selwechte Géigestand gouf: Wou seet ee Päiperlek a wou Pimpampel, Millermoler oder nach anescht?
An de 1960er- a 1970er-Jore vum viregte Joerhonnert ass den Alain Atten queesch duerch d’Lëtzebuerger an duerch d’Areler Land gezunn, fir gewuer ze ginn, wéi d’Leit, déi ëm 1900 gebuer waren, géife schwätzen. Hien huet de Leit op 546 Plazen zu Lëtzebuerg an op 72 Plazen hei vir an der Belsch ganz genee nogelauschtert. Wonnerbar vum Claude Schmit kartograféiert si seng Daten elo och am Wuertatlas fir jiddereen zougänglech a liicht ze verstoen.
De Kulturminister Eric Thill huet dem Här Atten fir dës beandrockend Aarbecht Merci gesot: „D’Sprooch ass lieweg, si ännert sech konstant, et ass eebe geliefte Patrimoine. Ma duerch den Alain Atten ass de Patrimoine vun de lokalen Dialekter am Lëtzebuergesche konservéiert. Dofir seet eist Land Iech, Här Atten, e grousse Merci.“
Iwwer d’Buch
Den zweete Band vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900, de Wuertatlas, gëtt erausgi vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mat der Section de linguistique, d’ethnologie et d’onomastique vum Institut grand-ducal de Luxembourg (IGD-LEO). D’Buch am A3-Format ass 600 Säiten déck an ass zweesproocheg: Den Atlas dokumentéiert déi fréier Uertsdialekter zu Lëtzebuerg an am Areler Land, mee den Haapttext mat de Lëschten an den Erkläertexter sinn op Däitsch gehalen, fir esou och fir den däitschsproochege Public zougänglech ze sinn. Well d’Donnéeën duerch dem Claude Schmit seng Aarbecht digitaliséiert sinn, kënne se op ënnerschiddlech Manéiere weiderverschafft ginn. Ënner anerem ass ugeduecht, d’Kaarten an Zesummenaarbecht mam Kadaster digital am Geoportail zur Verfügung ze stellen – mat enger Funktioun, mat där ee sech déi eenzel Variante mat der Stëmm vum Alain Atten wäert kënne virliese loossen.
No den Aleedungstexter fënnt een am Buch eng Iwwersiicht iwwer de Gebrauch vun de Lautzeechen, déi am Atlas benotzt ginn, an eng Grondkaart mat all de Beleeguerter. Den eigentleche Wuertatlas besteet aus 452 Dialektkaarten, woubäi bei all Stéchwuert zwou Dialektkaarten ze fanne sinn: eng detailléiert am A3-Format mat enger Legend a phoneeteschen Zeechen an anerersäits enger méi klenger Flächekaart, op där déi verschidde Wuertgruppen zesummegefaasst sinn. All d’Kaarte gi begleet vun engem kuerzen Text mat Erklärunge vum Här Atten a bei iwwer 80 Stéchwierder (v. a. aus de Beräicher Flora, Fauna a Landwirtschaft) fënnt een doriwwer eraus eng passend Illustratioun vum Patrick Hallé. Dobäi kommen an der Annex 26 Lautkaarten als Ajoute zum éischte Band; siwen Territorialkaarten, déi zousätzlech historesch Informatioune liwweren, an zwou Koinè-Kaarten vum Claude Schmit. Den Ofschloss maachen eng Bibliografie mat méi ewéi 1.000 Referenzen an en Uertsnimm-Regëster an dräi Sproochen.
Iwwer d’Auteuren
De Mag. Alain Atten, Joergang 1938, gëllt als ee vun de ganz grousse Kenner vun der Lëtzebuerger Sprooch. Mat dësem Wierk léisst de bekannte Sproochmates d’Leit u sengem breede Wëssen iwwer déi lokal Mondaarten deelhuelen.
Den Dr. Claude Schmit, Joergang 1977, ass Geografiesprofesser am Sportlycée an huet Freed mat der Kartografie. Et war him e Pleséier, déi sproochlech Froebéi vum Alain Atten op eng flott a modern Aart a Weis an d’Bild ze setzen.
D’Dr. Sara Martin huet de Projet am ZLS koordinéiert. Si ass do ënner anerem och zoustänneg fir de Lëtzebuerger Online Dictionnaire.
Communiqué vum Kulturministère