Gemengen-Internetsäiten op Lëtzebuergesch: Pilotprojet tëscht dem ZLS an der Gemeng Nidderaanwen

De Kulturminister Eric Thill, den Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) Alexandre Ecker an de Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen, mam Buergermeeschter Fréd Ternes un der Spëtzt, hunn haut eng Konventioun ënnerschriwwen, fir d'Visibilitéit an de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Gemengen ze stäerken.

Photo de groupe
© MCULT

D'Gemenge sinn am Alldag no bei de Biergerinnen a Bierger a sinn dacks déi éischt Ulafstell, fir nëtzlech Informatiounen ze kréien. D'Gemeng Nidderaanwen spillt eng Virreider-Roll, wat de Sproochgebrauch op hirer Internetsäit ugeet: D'Säit ass net nëmme méisproocheg, ma gëtt och integral op Lëtzebuergesch ugebueden. Gemengen-Internetsäiten op Lëtzebuergesch sinn net just wäertvoll fir d'Leit, déi d'Sprooch scho schwätzen, ma och besonnesch nëtzlech fir d'Leit, déi amgaang sinn, eis Sprooch ze léieren. Hei fanne si nämlech kuerz a kloer Texter, déi se op der méisproocheger Internetsäit zousätzlech an enger anerer Sprooch kënne liesen. Dëst erlaabt hinnen et, ze iwwerpréiwen, ob se alles richteg verstanen hunn.

Mat der Konventioun erméiglecht d'Gemeng Nidderaanwen dem ZLS den Zougrëff op d'Textmaterial vun hirer digitaler Mediepresenz a se wäert ausserdeem d'Sproochmaschinn vum ZLS a groussem Mooss asetzen. D'Sproochmaschinn bitt eng Sproocherkennung fir d'Transkriptioun vu geschwatener Sprooch an eng Funktioun, fir geschriwwen Texter a geschwate Sprooch ëmzewandelen. Dësen Outil stäerkt ënnert anerem d'Accessibilitéit vun der Internetsäit, well esou zum Beispill Persoune mat ageschränkter Vue d'Texter kënne virgelies kréien. Och vun enger weiderer Ënnerstëtzunge vum ZLS, wéi zum Beispill dem Ausschaffe vu Recommandatioune fir déi Liicht Sprooch am Lëtzebuergeschen, wäert d'Gemeng Nidderaanwen kuerzfristeg profitéieren.

Fir de Kulturminister Eric Thill, dee fir d'Lëtzebuerger Sprooch zoustänneg ass, ass dës Konventioun e wichtegen éischte Schratt: "Dëse Pilotprojet fërdert d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen a stäerkt d'Lëtzebuerger Sprooch am Alldag. Ech sinn iwwerzeegt, datt mat de Produiten, déi am Kader vun dëser Konventioun entstinn, all eis Gemengen, a besonnesch déi méi kleng, profitéiere kënnen. Dëst alles kënnt de Biergerinnen a Bierger zegutt, déi sech op Lëtzebuergesch wëllen informéieren."

D'Zil vun der Zesummenaarbecht mat der Gemeng Nidderaanwen besteet doran, duerch praktesch Erfarungswäerter adaptéiert sproochlech an digital Materialien auszeschaffen, déi an enger nächster Etapp alle Lëtzebuerger Gemenge wäerten hëllefen, hir Internetsäiten a soss Publikatiounen och op Lëtzebuergesch unzebidden. Heizou zielen d'Opstelle vun engem spezifesche Glossär gradewéi d'Notze vun den digitalen Outile vum ZLS, wéi zum Beispill der Schreifmaschinn, fir d'Gemengerotssëtzungen op Lëtzebuergesch ze dokumentéieren.

De Jacques Bauer, Schäffe vun der Gemeng Nidderaanwen, war och a senger Qualitéit als Comitésmember vum Syvicol present. D'Gemengesyndikat wäert d'Gemenge bei der Ëmsetzung vun dësem Projet beroden a mam ZLS zesummeschaffen.

Communiqué par le ministère de la Culture

Membre du gouvernement

THILL Eric

Thème

Date de l'événement

31.03.2025