Aktualiséiert den
National Preventiounswoch vun der Iwwerschëldung: sensibiliséieren, prevenéieren, begleeden
Obwuel d'Iwwerschëldung nach dacks als Tabu gëllt, ass si fir vill Lëtzebuerger Residenten eng Realitéit. Fir d'Bevëlkerung ze sensibiliséieren, d'Preventioun ze stäerken an iwwert déi bestoend Hëllefsmoossnamen ze informéieren, organiséiert de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, zesumme mat Inter-Action ASBL an der Ligue Médico-Sociale, déi drëtt Editioun vun der nationaler Preventiounswoch vun der Iwwerschëldung. Dës fënnt vum 28. Abrëll bis den 2. Mee 2025 statt.
Eng Realitéit déi jiddereen treffe kann
Géint all Virurteel, kann d'Iwwerschëldung all Alterskategorie, all berufflech Situatioun an all Stot treffen. Per Definitioun schwätzt ee vun Iwwerschëldung, wann eng physesch Persoun net méi an der Lag ass fir hir Scholden ze begläichen an hir Rechnungen ze bezuelen. D'Ursaache vun der Iwwerschëldung si villfälteg: dacks gëtt déi finanziell Situatioun duerch e Schicksalsschlag verursaacht: Aarbechtsverloscht, Trennung, Krankheet. An anere Fäll, kann d'Iwwerschëldung och duerch de Cumul vu Prêten oder enger onausgeglachener Finanzgestioun verursaacht ginn.
De Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, ënnersträicht: "Iwwerschëldung kann eis all treffen. Et brauch een sech net dofir ze schummen. Wat ee méi fréi eppes dogéint ënnerhëlt, wat ee besser Chancen huet fir aus där Situatioun nee erauszekommen. Gläichzäiteg ass et awer ni ze spéit fir Hëllef ze froen."
Fir ze vermeiden dass déi betraffe Persounen an en Däiwelskrees geroden, – andeems si zum Beispill op Kreditter zu ongënschtege Bedéngungen zeréckgräifen – ass et wichteg bei den éischten Unzeeche vu Schwieregkeeten direkt Hëllef ze froen.
E strukturéierten Hëllefsparcours
Zu Lëtzebuerg gëtt e spezifeschen Dispositif, d'Prozedur vun der Iwwerschëldung, déi déi betraffe Persounen op hirem Wee zur finanzieller Stabilitéit ënnerstëtzt. Dës Prozedur ass an dräi Phasen ënnerdeelt, mam Zil d'Scholden innerhalb vu siwe Joer nees ofzebauen:
- D'Phase vum "Règlement conventionnel" virun der Medatiounskommissioun am Beräich vun der Iwwerschëldung (Commission de médiation en matière de surendettement).
- D'Phas vum "Redressement judiciaire" virum Juge de paix.
- D'Phas vum "Rétablissement personnel", och als "Faillite personnelle" oder "Faillite privée" bekannt, déi och virum Juge de paix stattfënnt.
Déi betraffe Persoune ginn duerch déi ganz Prozedur vun den zoustännege konventionéierte Partner vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil begleet: d'Ligue Médico-Sociale an Inter-Actions ASBL. Iwwer hir Informatiouns- a Berodungsservicer am Beräich vun der Iwwerschëldung, bidden dës Ulafstellen e personaliséierte Suivi un, fir d'Beneficiairen op hirem Wee zeréck an eng finanziell Onofhängegkeet ze ënnerstëtzen.
E puer Zuelen
Iwwer déi lescht Joren, ass d'Unzuel un Ufroen am Kader vun der Iwwerschëldungsprozedur relativ stabel bliwwen, an dat trotz Krise wéi d'Pandemie, d'Energiekris, oder déi infalatiounsbedéngte Präisdeierecht.
Nei Ufroen
- 2024: 51
- 2023: 52
- 2022: 60
Ënnerdeelung pro Alterskategorie (2024):
- Manner wéi 30 Joer: 6%
- Tëscht 31 a 50 Joer: 49%
- Méi wéi 50 Joer: 45%
Berufflech Situatioun:
- Salariéeën: 42%
- Pensionären oder Beneficiairë vun der Invaliderent: 20%
- Chômeuren: 11%
- Beneficiairë vum Revis: 9%
- Fräiberuffler: 3%
- Participantë vun enger Aarbechtsmesure: 2%
- Ouni Beruffsstand: 13%
Familljesituatioun:
- Elengstoend Persounen: 64%
- Koppelen ouni Kanner: 15%
- Elengerzéiend Persounen: 18%
- Koppele mat Kanner: 3%
Traitéiert Dossiere pro Phas (säit 2014):
- Phas 1: 643 Dossieren (82%)
- Phas 2: 90 Dossieren (11%)
- Phas 3: 51 Dossieren (7%)
Preventioun a finanziell Erzéiung am Fokus vun den Initiativen
Wärend der Preventiounscampagne, wäerten Infostänn a verschidde Garen an ëffentleche Plazen uechter d'Land proposéiert ginn, souwéi pedagogescht Material verdeelt ginn. Praktesch Informatioune fënnt een um Site https://www.endettement.lu.
Communiqué vum Staatsministère a vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil