Aktualiséiert den
Nei Tester fir eng besser Detektioun vu Léierschwieregkeeten an engem méisproochegen Ëmfeld
Spezifesch Léierschwieregkeete besser detektéieren duerch Tester, déi un dat méisproochegt Ëmfeld zu Lëtzebuerg ugepasst sinn: dat ass d'Zil vun den neie standardiséierten Tester LuxLesetest a LuxMatheTest, déi vun der Uni Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat dem Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) entwéckelt goufen. D'Presentatioun vun dësen Tester war den 23. Abrëll 2025 an der École nationale de santé du Luxembourg a Präsenz vum Prënz Louis, dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, grad esou wéi vu Vertrieder vum CDA an der Uni Lëtzebuerg.
D'Detektioun vu Léierstéierunge wéi Dyslexie, Dysorthographie oder och nach Dyscalculie ass e komplexe Prozess. Bis ewell goufen et nach keng standardiséiert Tester, déi de méisproochege Kontext vu Lëtzebuerg berécksiichtegen, an dowéinst gouf op Tester zréckgegraff, déi fir Kanner mat däitscher Mammesprooch entwéckelt goufen. D'Duerchféierung vun dësen Tester konnt deemno zu falschen Diagnose bei de Kanner féieren. "All Kand soll unhand vu sengem sproochleche Profil evaluéiert ginn an net doduercher benodeelegt ginn. Dës nei Tester sinn e wichtege Schrëtt a Richtung méi Gerechtegkeet an eisem Schoulsystem", esou de Claude Meisch.
Zouverlässeg Tester, déi der sproochlecher Realitéit vun de Schüler gerecht ginn
Fir d'Detektioun vu spezifesche Léierschwieregkeeten am Lëtzebuerger Kontext ze optiméieren, hunn de Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET), d'Uni Lëtzebuerg a de Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) zwou standardiséiert Testbatterien entwéckelt: de LuxLeseTest an de LuxMatheTest déi d'Beräicher Liesen, schrëftlech Kompetenzen a Mathematik evaluéieren. Dës Outilen ëmfaasse kuerz an einfach Instruktiounen, déi sech dem sproochleche Profil vun all Schüler upassen . Doduercher ass et méiglech eng méi zouverlässeg Bewäertung ze maachen, onofhängeg dovunner ob d'Kanner doheem Lëtzebuergesch oder eng aner Sprooch schwätzen.
Well esou déi individuell linguistesch Situatioun berücksichtegt gëtt, kënne mat dësen Tester Schwieregkeeten, déi mam sproochleche Profil vum Schüler zesummenhänken, méi genau vu spezifesche Léierschwieregkeeten ënnerscheet ginn. Dës Tester erméiglechen esou e méi cibléierten Encadrement, dee besser un déi individuell Bedürfnisser vun all Kand ugepasst ass.
Parallel dozou huet d'Uni Lëtzebuerg eng drëtt Rei un Tester ausgeschafft, déi och den Acteuren aus der Éducation nationale zur Verfügung gestallt soll ginn. Fluide Intelligenz Luxembourg (FLUX) soll d'Evaluatioun vun de kognitive Fäegkeete vun de Kanner am méisproochege Kontext vum Land erméiglechen. Fir den Afloss vum sproochleche Profil vum Schüler op d'Testresultater ze ëmgoen, gräift FLUX op abstrakt Inhalter an animéiert visuell Instruktiounen zréck.
Déi dräi Testbatterië si fir Schüler aus dem Cycle 3.1. An deem Alter kommen déi meeschte Meldungen iwwer Schüler mat Léierschwieregkeete beim CDA eran, wëll zu deem Moment d'Alphabetiséierung ofgeschloss ass an de Léierplang méi komplex gëtt. Fir d'Duerchféiere vun dësen Tester ass qualifizéiert Personal (d.h. Psychologen, Pedagogen an Orthophonisten) aus den Ekippe fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) an de Kompetenzzentren zoustänneg.
Matt dësen dräi Testbatterien huet Lëtzebuerg elo diagnostesch Moyenen, déi besser un déi sproochlech Realitéit ugepasst sinn an eng méi gerecht an integrativ Bildung erméiglechen.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend