Aktualiséiert den
Nationalfeierdag 2025: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie den 23. Juni 2025 um 9:45 Auer − Invitatioun fir d'Ëffentlechkeet
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.A.R. de Grand-Duc gëtt eng offiziell Zeremonie de Méindeg 23. Juni 2025 an der Philharmonie Luxembourg ofgehalen, dat a Presenz vun der groussherzoglecher Famill, den Deputéierten, der Regierung, dem Staatsrot, der Justiz, dem Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an dem diplomatesche Corps, deen zu Lëtzebuerg akkreditéiert ass.
D'Regierung luet all interesséiert Persounen an un der offizieller Zeremonie de Méindeg, 23. Juni 2025 um 9:45 Auer an der Philharmonie deelzehuelen. Well d'Plaze limitéiert sinn, ginn d'Invitatiounen der Reiefolleg vun der Aschreiwung no verdeelt.
D'Zeremonie ass ausgebucht.
Communiqué vum Staatsministère