Visitt vum President vun der Italieenescher Republik, Sergio Mattarella, zu Lëtzebuerg

Op Invitatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse, ass de President vun der Italieenescher Republik Sergio Mattarella, a Begleedung vu senger Duechter Laura Mattarella, den 10. an 11. Juni 2025 fir eng Visitt zu Lëtzebuerg. Begleet gëtt hie vum italieenesche Vize-Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an international Zesummenaarbecht Edmondo Cirielli.

Den Dënschdeg, 10. Juni 2025 um 16:30 Auer, gëtt den italieenesche Staatschef, zesumme mat senger Delegatioun, offiziell vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse um Parvis vum Palais empfaangen. Zur Zeremonie gehéiere militäresch Éierungen, d'Interpretatioun vun den Nationalhymnen, d'Revue vun de Truppen an d'Presentatioun vun de Lëtzebuerger an italieeneschen Autoritéiten. 

No der Empfangszeremonie begleeden de Sergio Mattarella an d'Laura Mattarella déi groussherzoglech Koppel fir eng Entrevue am Palais.

Als Ofschloss vum éischten Dag vun der Visitt, ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse e Galadinner zu Éiere vum President vun der Italieenescher Republik, a Begleedung vum Ierfgroussherzog a vun der Ierfgroussherzogin.

De Mëttwoch, 11. Juni 2025, gesäit den offizielle Programm en Treffe mam Chamber-President Claude Wiseler an der Chamber vir.

De President Mattarella gëtt dono vum Premierminister Luc Frieden fir en Austausch am Hôtel Saint-Maximin empfaangen. Am Fokus sti bei dësem Echange déi grouss Dossiere vun der europäescher Aktualitéit.

Am Kader vu senger Visitt, huet de President vun der Italieenescher Republik och d'Geleeënheet der italieenescher Communautéit, déi zu Lëtzebuerg lieft, ze begéinen; dëst a Presenz vum Grand-Duc.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung a vum Staatsministère 

Regierungsmember

FRIEDEN Luc

Event Datum

10.06.2025 - 11.06.2025