Affiche iwwer de Règne vum Groussherzog Henri: Bestellt Äert Gratis-Exemplar

Den 3. Oktober 2025 gëtt de Groussherzog Henri den Troun u säi Jong, den Ierfgroussherzog Guillaume, of. An deem Kontext huet de Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Affiche ausgeschafft, déi op 25 Joer Règne vum Groussherzog Henri zeréckkuckt.

D'Affiche weist engersäits unhand vu ville Fotoen déi wichtegst Etappe vum Liewe vum Groussherzog. Anerersäits setzt si d'Verännerungen am Fonctionnement vun der Monarchie an d'Vitrinn, gëtt en Iwwerbléck iwwer den internationale Kontext vum Règne an zeechent d'demografesch Entwécklung vu Lëtzebuerg am leschte Véierelsjoerhonnert no.

D'Affiche am Format A1 (59,4 × 84,1 cm), op Lëtzebuergesch a Franséisch, gëtt an de Grondschoulen an de Lycéeë verdeelt. Si kann awer och vu jiddwer interesséierter Persoun gratis bestallt ginn. Dofir geet et duer, eng E-Mail mam Betreff "Affiche Trounwiessel" op star@men.lu ze schécken an Är Adress unzeginn.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend