Trounwiessel ass d'Wuert vum Joer 2025

Op déi zweet Plaz kënnt Sozialdialog, virun Alphabetiséierung, Nickts-Affär a Pensiounsreform.

Virun allem déi national Aktualitéit huet d'Wiel vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer och 2025 erëm dominéiert. Fir déi sechste Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mat Partner aus de Meedien d'Wuert vum Joer gesicht. Och dëst Joer hunn erëm de radio 100,7, RTL, d'Tageblatt an d'Luxemburger Wort matgemaach, mat dësem Resultat:

  1. Trounwiessel
  2. Sozialdialog
  3. Alphabetiséierung
  4. Nickts-Affär
  5. Pensiounsreform

Wéi gouf zu Lëtzebuerg gewielt?

Vu Mëtt November bis de 7. Dezember ëm Hallefnuecht konnt jidderee seng Propos fir d'Wuert vum Joer 2025 beim ZLS erareechen – entweeder op engem Ziedel op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer en online Formulaire. Ronn 622 Propose mat engen 190 verschiddene Wierder sinn am Zenter ukomm. Dorënner waren e sëllegen Termen, déi just een- oder zweemol genannt goufen.

De Gros vun de Virschléi stoung an direkter Relatioun mat konkreeten, gréisstendeels nationalen Ereegnesser. Nieft der Pensiounsreform goufen och nach e puer Wierder proposéiert, déi mat deem Dossier konnten a Verbindung bruecht ginn, wéi zum Beispill Stoussrichtung an zeréckrudderen, déi an den Debatten iwwer d'Rentereform méi dacks ernimmt goufen. Och d'Bezeechnung Projet Alpha, den Numm vum Pilotprojet fir d'Alphabetiséierung op Franséisch, gouf e puermol erageschéckt.

Donieft goufen och e puer Begrëffer aus der Jugendsprooch (goonen, ume, six-seven) proposéiert. D'Wuert fréistécken gouf dobäi apaart dacks genannt.

Aus der laanger Lëscht mat all de Proposen huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist mat 20 Wierder gemaach an dem Jury déi virgeluecht. Den Haaptkrittär beim Choix war virun allem d'Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt goufen ënnert anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d'Verbreedung respektiv d'Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff.

Am Jury waren d'100,7-Redactrice Dany Weyler, den RTL-Senior-Journalist Andy Brücker, d'Tageblatt-Journalistin Leslie Schmit, de Wort-Kulturchef Marc Thill, de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, d'Angie Gaasch als Vertriederin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an den Alex Gillander vum ZLS.

An engem éischte Walgang gouf dʼLëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mam Resultat, datt Trounwiessel als Wuert vum Joer 2025 ervirgaangen ass an domat d'Nofolleg untrëtt vu Presidententrick (Wuert vum Joer 2024), KI (2023), Ukrainkrich (2022), boosteren (2021) a Corona (2020).

E puer Informatiounen zu de Wierder aus der Topp 5

1. Trounwiessel

Am Oktober war zu Lëtzebuerg en net-alldeeglecht Ereegnes. Mam Grand-Duc Guillaume krut d'Land nämlech en neie Staatschef. D'Evenement war net just op den offiziellen Deel am Palais an an der Chamber limitéiert, mee et huet och duerch d'Festivitéiten uechter d'Land vill Opmierksamkeet kritt.

D'Wuert Trounwiessel ass eng Zesummesetzung – wéi vill Wierder aus der Hitparad vum Wuert vum Joer.

Interessant ass hei, datt de Sënn sech net direkt aus den éischte Bedeitunge vun Troun a vu Wiessel ergëtt: Ëmmerhi gëtt jo net den Troun gewiesselt, mee d'Persoun, déi – eigentlech a metaphoresch – dropsëtzt.

Och wann een d'Wuert nach net am Luxemburger Wörterbuch (1950–1975) konnt noschloen, ass et kee ganz neit Wuert an der Lëtzebuerger Sprooch: Am Joer 2000 gouf et jiddefalls och scho vereenzelt gebraucht, wéi den deemolege Prënz Henri Grand-Duc gouf. Mee et huet Ufank Oktober 2025 duerch seng Presenz an de Meedien an am ëffentleche Raum u Bedeitung gewonnen: Esouguer eng Tram-Statioun gouf fir d'Festivitéiten Trounwiessel ëmbenannt!

Am Däitschen ass den Term Thronwechsel laut dem Digitales Wörterbuch der deutschen Sprache zënter 1760 attestéiert, an deenen anere Sproochen – wéinstens emol den Zilsproochen aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, wou d'Wuert iwweregens schonn dra war – ass net vu Wiessel rieds:

FR avènement (au trône)

EN accession to the throne

PT ascensão ao trono

2. Sozialdialog

Duerch geplangte Reformen, notamment am Beräich vun de Pensiounen, den Aarbechtszäiten an de Kollektivverträg, gouf et 2025 Spannungen an der traditioneller Tripartite tëschent der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat. Am Summer koum et zu gréissere Protestaktiounen, no deene probéiert gouf, de Sozialdialog erëm ze lancéieren. Am September hunn d'Gewerkschaften sech aus den Diskussiounen zeréckgezunn an et gëtt elo a bilaterale Gespréicher no Léisunge gesicht.

D'Wuert Sozialdialog ass och eng Zesummesetzung. Interessant ass hei, datt am Däitschen éischter sozialer Dialog gesot gëtt, also keng Wierder zesummegesat ginn, wat am Däitschen awer éischter gängeg ass. D'Lëtzebuerger Sprooch geet also do hiren eegene Wee, wat d'Wuert och linguistesch interessant mécht.

3. Alphabetiséierung

Am Juli gouf annoncéiert, datt vun der Rentrée 2026 un nieft der "klassescher" Alphabetiséierung op Däitsch och eng Alphabetiséierung op Franséisch an de Grondschoulen ugebuede gëtt. Déi Decisioun huet uechter d'Land fir vill Diskussioune gesuergt.

Interessant ass beim Wuert Alphabetiséierung an dësem Ranking, datt et semantesch gesi mat Sprooch ze dinn huet: eng Première!

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire kennt och d'Variant Alphabetisatioun, déi dem Franséischen alphabétisation méi no ass a vläicht dofir hei wéinst dem Kontext méi passend gewiescht wier. Et ass awer d'Variant Alphabetiséierung – dat eenzegt Wuert aus der Topp 5, dat net zesummegesat ass –, déi méi dacks proposéiert an dofir zeréckbehale gouf.

4. Nickts-Affär

D'Nickts-Affär bezeechent ursprénglech eng Bedruchs-Affär, déi scho méi ewéi 20 Joer zeréckläit. 2025 ass den Term erëm ganz besonnesch opkomm, nodeems d'Cour de cassation en Urteel confirméiert huet, duerch dat d'Medienhaus CLT-UFA den Numm vum 2002 an der Nickts-Affär verurteelte Gewerkschaftler, deen der Affär säin Numm ginn huet, net méi däerf nennen.

Den Term Nickts-Affär kann haut jee no Kontext och esou verstane ginn, datt dës nei Affär an déi domat verbonne Froe ronderëm d'Pressefräiheet an d'Recht op d'Vergiessgi vun enger verurteelter Persoun dermat gemengt sinn. D'Wuert ass linguistesch gesinn an där Hisiicht interessant, datt an der Zesummesetzung – déi drëtt an dëser Lëscht vu fënnef Termen – en Eegennumm virkënnt. Eegennimm sinn net nei bei de Kandidate fir d'Wuert vum Joer: D'lescht Joer hat d'Caritas-Affär – och eng Zesummesetzung – et op déi zweet Plaz gepackt, dat Joer nach virdrun hat den neie Luc sech ënner déi fënnef éischt Terme placéiert.

5. Pensiounsreform

Et ass ënner anerem ronderëm déi am Mee 2025 annoncéiert Pensiounsreform, datt de Sozialdialog, op zweeter Plaz an dëser Lëscht, am Laf vun de Méint méi schwiereg ginn ass.

Bei dëser leschter Zesummesetzung ass besonnesch dat éischt Element interessant… an typesch lëtzebuergesch! D'Pensioun heescht op Däitsch jee no Kontext Ruhestand oder Rente (just bei de Leit am ëffentlechen Déngscht schwätzt een dem Duden no vu Pension), am Franséische seet ee retraite. D'Reform par contre ass manner originell: Déi fënnt een och an eisen zwou aneren offiziell unerkannte Sproochen.

Communiqué vum Kulturministère a vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

29.12.2025