Ee Joer, ee Beruff: nei berufflech Perspektiven duerch d’1re DAP

Vun der Rentrée 2026/2027 un hunn d’Absolvente vun engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales oder engem Diplôme de technicien (oder equivalent) d’Méiglechkeet, eng Beruffsausbildung  an  engem  Joer  ze  maachen,  déi  mam  Diplôme  d’aptitude  professionnelle  (DAP) ofgeschloss gëtt. Dës nei Formatioune mam Numm 1re DAP goufe vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, de 26. Januar 2026 op enger Pressekonferenz virgestallt. Vertrieder vun der Chambre des salariés, der Chambre de commerce, der Chambre des métiers an der Chambre d’agriculture, déi un der Ausschaffung an der Ëmsetzung vun de 1re-DAP-Formatioune matgeschafft hunn, waren och dobäi.  

Gruppefoto
© MENEJ

Seng berufflech Chancë mat zwee Diplomer vergréisseren

D'1re-DAP-Formatiounen erméiglechen nei Karriärsperspektive fir d'Absolvente vun engem Diplôme de fin d'études secondaires. Si riichte sech u jonk Diploméierter, mee och un déi, déi schonn eng Héichschoul besichen. D'Formatioune vun der 1re DAP gi jonke Leit d'Méiglechkeet, hiren Interessi fir e bestëmmte Beruff nozegoen an ze verdéiwen an hir Talenter ze entwéckelen. An engem Joer kënne si déi néideg Kompetenze fir d'Ausübung vun engem konkreete Beruff opbauen. Den DAP erméiglecht e séiere Start an d'Beruffsliewen a gëtt Zougank zu weidere Formationsméiglechkeeten, wéi enger Technikerausbildung oder techneschen Héichschoulstudien. E mécht et och méi einfach an den Handwierksberuffer, ee Meeschterbréif ze maachen. Déi Diploméiert erhéijen hir berufflech Chancen, andeems si gläichzäiteg een Diplôme de fin d'études secondaires an een DAP hunn. Den Entreprisë bidden d'1re-DAP-Formatiounen d'Méiglechkeet, Mataarbechter mat enger 1re an engem DAP anzestellen. Dës Profiller kombinéieren ee komplette Schoulparcours mat praktesche Kompetenzen, wat den Absolventen erlaabt, sech un d'Entwécklungen am Secteur unzepassen. Duerch hir Formatioun hu si virun allem staark Fäegkeeten an der Gestioun an Organisatioun. 

Siwe Formatiounen, fir d'Talenter vun de Jonken ze fërderen an de Besoine vun den Entreprisë gerecht ze ginn

Mat der 1re DAP kréie jonk Leit eng Formatioun, déi hiren Talenter entsprécht an déi op d'Bedierfnesser vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ofgestëmmt ass. Vum Schouljoer 2026/2027 u gi siwe 1re-DAP- Formatiounen ugebueden:

  • Esthéticien,
  • Schräiner,
  • Zerspanungsmechaniker,
  • Kach,
  • Qualifizéierte Gestionnaire an der Logistik,
  • Pâtissier-Chocolatier-Confiseur-Glacier,
  • Bamschoul- a Landschaftsgäertner.

D'Offer vu Formatioune wäert an den nächste Joren ausgebaut ginn. 

Een DAP an engem Joer: selwecht Ufuerderungen, selwecht Qualitéit

D'Formatiounen, déi mam Diplom d'aptitude professionnelle (DAP) ofgeschloss ginn, sinn normalerweis op dräi Joer ugeluecht. Si ëmfaasse praktesch an technesch Moduller, déi a Verbindung mam gewielte Beruff stinn, an allgemeng Moduller (Sproochen, Sport an Éducation citoyenne). D'Schülerinnen a Schüler, déi op der 1re DAP ageschriwwe sinn, brauchen d'Moduller am Enseignement général net ze besichen, well si schonn en Diplôme de fin d'études secondaires hunn, a kënne sech ganz op de prakteschen an techneschen Unterrecht konzentréieren. Den DAP-Diplom, dee si no der 1re DAP kréien, entsprécht de selwechte Qualitéitsufuerderungen a vermëttelt déi selwecht Qualifikatiounen a berufflech Kompetenze wéi den entspriechenden traditionellen DAP, virun allem well d'Schülerinnen an d'Schüler dee selwechte Projet integré final (PIF) musse maache wéi all déi aner DAP-Kandidatinnen a -Kandidaten. D'pedagogesch Approche an d'Contenue goufen u Schülerinnen a Schüler ugepasst, déi schonn en Diplom hunn a kapabel sinn, een Unterrecht op héijem Niveau ze suivéieren. Fir an engem Joer déi néideg Kompetenzen ze kréien, déi fir den Ofschloss vun engem DAP néideg sinn, hunn d'Formatiounen en intensive Stonneplang. Jee no gewielter Formatioun entsprécht den Zäitopwand 35 bis 40 Stonnen d'Woch. D'1re DAP ëmfaasst och Stagen an Entreprisen, déi et de Schülerinnen a Schüler erlaben, sech mat der Aarbechtswelt a reelle Beruffssituatioune vertraut ze maachen. 

Dräi Formatiounsplazen

D'Coursë fänken de 15. September 2026 un a ginn an de spezialiséierten Ateliere vum Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) zu Esch/Uelzecht oder zu Ettelbréck gehalen an och am Lycée technique agricole zu Gilsdref (fir d'Formatioun vum Bamschoul- a Landschaftsgäertner). D'CNFPCe schaffen enk mat de Lycéeën zesummen, déi déi entspriechend traditionell DAP-Formatiounen ubidden.

Preinscriptiounen an Informatiounen

D'Formatioune vun der 1re DAP sinn Deel vun der Initiativ Shape Your Future, fir d'Beruffsausbildung ze valoriséieren an ze promouvéieren, déi 2025 vum Ministère an Zesummenaarbecht mat de Beruffskummere lancéiert gouf. Am Februar ass de Startschoss vun enger grousser Informatiounskampagne mat Stänn an alle Lycéeë vum Land, engem Shape Your Future-Stand op der Schoulfoire (19.–22. Abrëll 2026 an der Luxexpo um Kierchbierg), Porte-ouverten am CNFPC zu Esch/Uelzecht an Ettelbréck (7. Juli 2026) an am Lycée technique agricole zu Gilsdrëf (7. Mee 2026). Regional Informatiounsseancë ginn och am Kinepolis um Kierchbierg (9. Mäerz 2026), am Kinepolis um Belval (11. Mäerz 2026) an am Lycée classique de Diekirch (16. Mäerz 2026) organiséiert. Vum 26. Januar 2026 u kann een eng Preinscriptioun maachen. D'Umeldungsformulairen an zousätzlech Informatiounen zu de verschiddene Formatioune sinn op der Websäit vum Ministère disponibel: premiere-dap.men.lu

Fir weider Informatioune kënnen Interesséierter och de Service de la formation professionnelle per E-Mail oder Telefon kontaktéieren:

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Regierungsmember

MEISCH Claude

Event Datum

26.01.2026