Aktualiséiert den
Limitéierten Accès op déi intern Servicer beim CTIE
De Ministère fir Digitaliséierung informéiert dass op dem System, deen déi Mobil Geräter (Smartphonen an Tabletten), déi vum Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) geréiert ginn, eng Malware detektéiert ginn ass.
De CTIE huet doropshin de betraffene System preventiv isoléiert. Doduerch ass den Accès op déi intern Servicer vum Staat via déi mobil Geräter säit Donneschdeg Owend net disponibel.
De CTIE huet déi eenzel Ministèren an Administratiounen um selwechten Owend iwwert dës Indisponibilitéit informéiert.
D'Servicer vum Staat sinn a bleiwen awer ganz normal via Computer accessibel an komplett operationell.
D'Analysen vun dësem Incident sinn de Moment nach am gaangen.
Communiqué par le ministère de la Digitalisation