Aktualiséiert den
AI ≠ Human: Jonker fir d'Limitte vu Chatbots sensibiliséieren
Hautdesdaags notzen déi Jonk net méi nëmmen den Internet an d'sozial Medien: Si interagéieren och mat Kënschtlechen Intelligenzen (KI), déi Opmierksamkeet simuléiere kënnen, hinnen äntweren a si ënnerstëtzen, dobäi awer och perséinlech Informatioune späicheren. Den Austausch mat Chatbots gëtt ëmmer méi natierlech a fléissend, mee e ka problematesch ginn, wann e mënschlech Relatiounen ersetzt oder soziaalt Verhale beaflosst.
Am Kader vun dëser Entwécklung lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d'Campagne AI ≠ Human, déi de 16. Abrëll 2026 op enger Pressekonferenz vum Minister Claude Meisch presentéiert gouf. Si soll e méi kriteschen Ëmgang mat Chatbots fërderen an e wichtege Message vermëttelen: KI ass en nëtzlechen Outil, mee se ersetzt keng mënschlech Relatiounen.
"Hannert der Notzung vu Chatbots verstoppt sech oft eppes anescht: Einsamkeet. KI kann d'Illusioun vermëttelen, eng Persoun ze sinn, mee si wäert ni e Mënsch ersetzen. Mir mussen evitéieren, datt Jonker op der Sich no Ënnerstëtzung sech an dëser Illusioun verléieren, hinnen hëllefen, den Ënnerscheed ze maachen tëscht Mënsch a Maschinn, an dofir suergen, datt si zur richteger Zäit dee richtegen Uspriechpartner fannen", huet de Minister Claude Meisch ënnerstrach.
Eng ëmmer méi grouss Präsenz vu KI am digitalen Alldag vun de Jonken
D'Campagne AI ≠ Human berout op de Resultater vum BEE SECURE Radar 2026, déi weisen, datt Chatbots e feste Bestanddeel vum digitalen Alldag vun de Jonke sinn. Bal all jonk Persoun huet uginn, se scho benotzt ze hunn (96% vun den 12- bis 16-Järegen a 97% vun de 17- bis 30-Järegen), an ongeféier e Véirel gräift all Dag op si zeréck. Och wann dës Notzung dacks praktesch an hëllefräich ass – zum Beispill fir Informatiounen ze sichen oder Iddien ëmzeformuléieren – kann de lockere Gespréichstoun vun de Chatbots d'Illusioun vun enger Relatioun ginn, déi een net mat enger reeller Interaktioun mat engem Mënsch verwiessele soll.
Dem BEE SECURE Radar 2026 no stufe 17% vun de Jonken d'KI als Frënd an, 20% benotze se, fir sech manner eleng ze fillen, a 5% mengen, datt se Zäit mat anere Leit ersetze kann. D'Hallschent vun de jonke Leit benotzt se heiansdo, fir perséinlech Rotschléi ze kréien, an ongeféier e Véierel chatt mat der KI iwwer perséinlech Theemen, déi si net mat anere beschwätze géifen.
Dës Observatiounen, déi och a rezenten internationale Studie bestätegt ginn, weisen, datt et néideg ass, Jonker an hiren Entourage nach méi fir e méi kriteschen a bewossten Ëmgang mat Chatbots ze sensibiliséieren.
Dëse Besoin ass och an de Gespréicher tëscht dem Ministère an der Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL) am Kontext vum KI Kompass opkomm – engem strategesche Kader fir eng responsabel Notzung vu KI an der Schoul. D'Schüler hunn ënnerstrach, datt vill Jonker sech eleng spieren an dofir op KI zeréckgräifen, heiansdo op Käschte vu richtege Frëndschaften. Si hunn och d'Noutwendegkeet vun enger Sensibiliséierungscampagne betount, fir déi Jonk verstäerkt op dës Problematik opmierksam ze maachen.
Wéi de KI Kompass stellt och dës Campagne de Mënsch an de Mëttelpunkt a warnt virun enger onreflektéierter Notzung vu KI. Gläichzäiteg weist si drop hin, datt KI net nëmme kognitiv, mee och emotional Ofhängegkeet verursaache kann, wa se Interaktiounen tëscht Mënschen ersetzt. D'Zil ass also, Schüler fir e bewossten Ëmgang mat KI ze sensibiliséieren an d'Wichtegkeet vun authentesche mënschleche Relatiounen an eegestännegem Denken ze stäerken.
D'Illusioun net mat der Wierklechkeet verwiesselen
D'Campagne AI ≠ Human erënnert drun, datt e Chatbot a ville Situatiounen nëtzlech ka sinn, mee nëmmen Analysen an Äntwerten op Basis vu statistesche Warscheinlechkeete generéiert. E ka weeder mënschlech Empathie nach d'Ënnerstëtzung vun enger Persoun, déi engem nosteet, oder professionell Begleedung ersetzen. Zum mënschlechen Nolauschtere gehéieren Emotiounen, dat Onausgeschwatent, Kontext a Verantwortung. Jonker kënne sech u Gläichaltreger, hir Famill oder all aner Vertrauenspersoun wenden, awer och un ausgebilte Fachleit, wéi zum Beispill déi psychosozial-edukativ Servicer, déi an de Lycéeë präsent sinn.
D'Messagë vun der Campagne ginn duerch fënnef Slogane vermëttelt:
- AI can't hug you back;
- AI can't think for you;
- AI remembers everything;
- Talk to your kids before AI does;
- AI can listen, but it can't feel.
D'Campagne konzentréiert sech op fënnef zentral Theemen:
- sozial Isolatioun: Chatbots kënnen een oppent Ouer, Disponibilitéit an Opmierksamkeet simuléieren. Dës permanent Verfügbarkeet ka rassuréieren, mee ersetzt keng richteg Relatioun tëscht Mënschen;
- Ersatz vu mënschleche Relatiounen: Wa Chatbots als Frënn, berouegend Präsenz oder privilegéiert Uspriechpartner wouergeholl ginn, gëtt d'Grenz tëscht technescher Simulatioun a mënschlecher Relatioun onscharf;
- Réckgang vu reellem Dialog: Gi sensibel Theemen éischter mat engem Chatbot beschwat wéi mat enger Vertrauenspersoun kann dat drop hiweisen, datt et Schwieregkeete gëtt, am richtege Liewe Gespréichsméiglechkeeten oder een oppent Ouer ze fannen;
- perséinlech Donnéeën a Privatsphär: Sensibel oder perséinlech Informatiounen, déi mat Chatbots gedeelt ginn, sinn net d'office vertraulech oder geschützt;
- kognitiv Externaliséierung: Sech systematesch op KI ze verloossen, fir eppes ze formuléieren, Entscheedungen ze treffen oder nozedenken, kann dat eegestännegt a kritescht Denke schwächen.
René, eng Roboterpopp als Symbol vun der Campagne
D'Campagne AI ≠ Human riicht sech u Jonker tëscht 12 an 30 Joer an un hiren Entourage. Si ass d'Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht dem Ministère, dem Service BEE SECURE, enger Regierungsinitiativ, déi vum Service national de la jeunesse (SNJ) koordinéiert gëtt, dem Centre psychosocial et d'accompagnement scolaires (CePAS) an der Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL).
Am Mëttelpunkt vun der Campagne steet d'Roboterpopp René, déi als visuelle roude Fuedem vun der Campagne déngt an dozou bäidréit, hir Messagen op eng accessibel an interaktiv Manéier ze vermëttelen. De René ass souwuel an den digitale Contenue wéi och bei Aktiounen um Terrain an a Lycéeë präsent, fir a Kontakt mat deene Jonken ze kommen. Hie beäntwert heefeg Froen, orientéiert déi Jonk a verweist si u passend Hëllefsservicer oder gëtt hinnen Informatiounen.
D'Campagne leeft vun Abrëll bis Juni 2026 a gëtt iwwer verschidde Kanäl verbreet:
- d'Websäit nothuman.lu mat den Haaptmessagen, visuelle Contenuen, engem Video an dem Programm vun de verschiddenen Aktiounen;
- d'sozial Medien Instagram, TikTok a YouTube;
- Aktioune vu BEE SECURE an de Lycéeën an Zesummenaarbecht mam CePAS an am ëffentleche Raum, déi et deene Jonken erméiglechen, mam René ze interagéieren;
- Affichage am ëffentleche Raum;
- d'Zesummenaarbecht mat Influencer, fir d'Messagen ze verbreeden.
Iwwer all dës Kanäl vermëttelt d'Campagne hiren Haaptmessage ganz konkreet: Kënschtlech Intelligenz, déi vum Mënsch entwéckelt a programméiert gouf, bleift en Outil – a keng Persoun.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend