Den Eric Thill huet den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht

De 5. Mee 2026 huet de Kulturminister Eric Thill den Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch an der Nationalbibliothéik iwwerreecht. Dëse Präis ass am Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch verankert, dee geziilt d'Weiderentwécklung an d'Festege vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerke soll. De Präis zeechent eng Persoun oder eng Associatioun aus, déi sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet.

Op Virschlag vum Jury war et um Kulturminister Eric Thill fir follgend Auszeechnunge virzehuelen:

Fir d'Joer 2025: d'Madamm Jackie Messerich

D'Jackie Messerich gëtt zanter 1994 Lëtzebuergeschcoursen hei am Land an huet 1999 ugefaangen, didaktescht Material fir d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur an aus dem Handel auszeschaffen. 2002 huet d'Jackie Messerich de Projet MOIEN! matgeleet a gouf duerno esou wuel Presidentin ewéi dreiwend Kraaft an der Moien a.s.b.l. Zil war et, d'Offer vu Lëtzebuergeschcoursen ze verbesseren an ze diversifizéieren, fir den Net-Lëtzebuerger déi sozioprofessionell Integratioun méi liicht ze maachen. Donieft huet si sech och ëm d'Formatioun fir Formateuren a Formatricë gekëmmert.

An hirem Konferenzzyklus, "Lëtzebuergesch-Quo vadis? " goung et drëm, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger op verschidden Aspekter vun der Lëtzebuerger Sprooch opmierksam ze maachen, d'Ëffentlechkeet fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze sensibiliséieren, den Net-Lëtzebuerger Loscht op Lëtzebuergesch ze maachen an d'Beräicher Geschicht a Kultur an de Sproochenunterrecht ze integréieren.

Net onweesentlech ass fir d'Jackie Messerich och d'Fro, wei eng Roll d'Lëtzebuergescht soll spille fir d'Kohäsioun an enger multikultureller a méisproocheger Gesellschaft. Als Chargée de cours de langue et de culture luxembourgeoises bei der Stad Lëtzebuerg huet si e Portfolio fir d'Participanten an d'Participantë vu Sproochecoursen ausgeschafft. Bis 2022 war si Chargée de cours bei der Uni.lu am Kader vun der Formation continue "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur".

Aktuell ass d'Madamm Messerich am Institut National des Langues Luxembourg (INLL), wou si, nieft hirer Aktivitéit als Formatrice fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Léierbicher fir déi verschidden Niveaue mat ausschafft.

Fir d'Joer 2026: Wikimedia Lëtzebuerg

D'Associatioun Wikimedia Lëtzebuerg promovéiert d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen a Wëssen, ënnerstëtzt Wikimedia-Projeten a Communautéiten (wéi Wikipedia oder Wiktionnaire), schafft enk mat der Wikimedia Foundation an hirem Reseau zesummen, fërdert Projete mat änleche Wäerter a sensibiliséiert d'Ëffentlechkeet op Froe ronderëm d'intellektuell Proprietéit, besonnesch déi mat den Auteursrechter zesummenhänken.

Wikimedia Lëtzebuerg encadréiert zanter bal 10 Joer d'Aarbechte vun enger Communautéit vu Benevollen, déi lexikografesch Inhalter op Lëtzebuergesch redigéieren an ënner anerem iwwer d'Wikipedia-Plattform fir de Grand public zougänglech maachen. Zanter Juli 2004 goufen iwwer 64.000 Artikelen op Lëtzebuergesch publizéiert. Wat d'Zuel vun de Beiträg ugeet, läit de lëtzebuergesche Wikipedia domat op der 93. Plaz vun den am Ganzen 342 Wikipediaen. Bei der geleeschter Aarbecht ass ganz besonnesch ze begréissen, datt d'Lëtzebuerger Sprooch op enger beléifter an oppener Plattform visibel gemaach gouf a gläichzäiteg gewise gouf, datt op Lëtzebuergesch och geschriwwe ka ginn, och an informativ Texter a méi spezialiséierte Beräicher.

D'Kaweechelchen, ee besonnesche Präis Den Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch ass mat engem Geldpräis vu 5.000 € verbonnen a gouf a Form vun enger Skulptur vum Kulturminister Eric Thill iwwerreecht. D'Skulptur ass e Kaweechelchen, dat 2023 vun enger Klass aus dem BTS Game Art and Game Design vum Lycée des Arts et Métiers kreéiert gouf. D'Figur vum Kaweechelche gouf deemools zeréckbehalen, net nëmme well et e flénkt Déierchen ass, mee well Ëmfroe bei de Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, erginn hunn, datt dat ee vun hire Liblingswierder am Lëtzebuergeschen ass. Et ass en typesch lëtzebuergescht Wuert an och ee vun de schwéierste Wierder. Kaweechelche kléngt schéin an et gëtt d'Wuert a ville Varianten.

Jury

  • De Jury vum Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch setzt sech aus follgende fënnef Memberen zesummen: dem Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Alexandre Ecker;
  • der Direktesch vum Institut national des langues Luxembourg, Maisy Gorza;
  • der Presidentin vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, Myriam Welschbillig;
  • enger Vertriederin vum Departement Luxemburgistik vun der Universitéit Lëtzebuerg, Mélanie Wagner;

dem Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Pierre Reding.

Communiqué vum Kulturministère

Regierungsmember

THILL Eric

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

05.05.2026