En neit Kapitel fir en ale Camping: Toodlermillen Family & Youth Camp

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch huet de 16. Mee 2026 a Presenz vu Vertrieder vun der ASBL Scouting in Luxembourg an der ASBL Les Auberges de jeunesse luxembourgeoises den neien Toodlermillen Family & Youth Camp zu Toodler (Tadler op Franséisch) ageweit.

D'Inauguratioun vum Toodlermillen Family & Youth Camp ass méi wéi just d'Reouverture vun engem ale Camping, dee bis 2024 vun enger Famill aus der Géigend bedriwwe gouf. Se markéiert de Start vun engem neie Konzept an enger neier Dynamik. De Staat hat d'Geleeënheet genotzt, de Camping ze kafen, nodeems d'Famill Keiser en zum Verkaf gestallt hat a sech gewënscht hat, datt dëse Site eng Plaz géif ginn, wou Kanner a Jonker sech treffe kënnen.

Eng nei Plaz, wou Jonker a Familljen zesummekomme kënnen

De Camping läit am Sauerdall a verbënnt Natur, Accueil vum Public a Gemeinschaftsliewen. Vum 25. Mee 2026 u ginn um Camping Familljen, Jugendgruppen, Touristen an Naturfrënn an engem Naturschutzgebitt no beim Naturpark Öewersauer, Esch-Sauer an dem Stauséi empfaangen.

A senger Ried huet de Minister Claude Meisch ervirgehuewen, datt de Kaf vum Camping duerch de Staat ënner anerem d'Organisatioun vu Jugendcampe méi einfach mécht, besonnesch fir d'Scouten, déi an der Vergaangenheet Schwieregkeeten haten, passend Sitten ze fannen. De Camping bleift awer net exklusiv fir d'Scoute reservéiert a wäert och fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn. "Mam Camping Toodlermillen schafe mir eng nei Infrastruktur fir Jonker – eng Plaz, déi d'Begéinen, d'Zesummeliewen a richteg mënschlech Erfarunge fërdert. An enger Zäit, an där Ecranen ëmmer méi Plaz anhuelen, ass et wichteg, Kanner a Jonken attraktiv Aktivitéiten unzebidden, déi den Austausch, den Engagement an d'Gemeinschaftsliewen encouragéieren".

Verstäerkten Zesummenaarbecht

Den Toodlermillen Family & Youth Camp gëtt gemeinsam vun der ASBL Les Auberges de jeunesse luxembourgeoises (AJL) an dem Service national de la jeunesse (SNJ) geréiert.

D'AJL ass fir den deegleche Betrib an d'Reservatioune verantwortlech, wärend den SNJ Ënnerstëtzung bitt bei der Koordinatioun vun der Logistik an der Organisatioun, besonnesch bei Jugendcampen. Der AJL erméiglecht d'Gestioun vum Camping, den Accueil vu Gruppen a Jonken an engem convivialle Kader matzen an der Natur auszebauen an d'Zesummenaarbecht an den Austausch mat den Acteuren aus dem Jugendsecteur ze verstäerken.

D'ASBL Scouting in Luxembourg ass e strategesche Partner vum Camping. De Site wäert eng wäertvoll Ressource fir déi zwou Scoutefederatioune sinn, déi reegelméisseg national Campe mat 500 bis 1 000 Participanten organiséieren. Duerch den neie Site kënnen dës grouss Treffen an Zukunft op der Toodlermillen organiséiert ginn. Den éischte grousse Camp ass fir de Summer 2028 geplangt.

E confortabelen a conviviallen Accueil

Den Toodlermillen Family & Youth Camp bitt modern Infrastrukturen, fir e confortabelen a conviviallen Accueil sécherzestellen. Dozou gehéieren ënner anerem eng Receptioun, eng Bar mat Terrass, e klenge Shop, e Bäckerservice, gratis Wi-Fi, Sport- a Fräizäitberäicher, eng Plaz, fir d'Spull an d'Wäsch ze maachen, a Sanitäranlagen.

De Camping ass a verschidde Beräicher opgedeelt, déi un ënnerschiddlech Besoinen an Aarte vun Openthalter ugepasst sinn:

  • Family Camp: e Beräich fir Familljen a Visiteuren, déi mat hirem eegenen Ekipement reesen, wéi Zelter, Karawannen, Vannen oder Campingcaren.
  • Youth Camp: e Beräich fir d'Gemeinschaftsliewen, wou Gruppen hir eegen Zelter opriichte kënnen. De Camping Toodlermillen ass besonnesch op d'Besoine vu Scouten an anere Jugendgruppen agestallt, well e matzen an der Natur läit an déi gëeegent Infrastruktur huet, fir Campen ze organiséieren, wéi grouss fräi Fläche fir Aktivitéiten dobaussen, Holz fir Camp- Konstruktiounen a Lagerfeiere souwéi speziell virgesinnen Emplacementer.
  • Evasion Camp: en zukünftege Beräich fir Glamping an aussergewéinlechen Hebergementer. Dës autofräi Zon geet ab der Saison 2027 op a wäert Haisercher an equipéiert Zelter ubidden.
  • Beach: e Beräich direkt um Floss, fir vun der Proximitéit vun der Sauer ze profitéieren.
  • Village: d'Häerzstéck vum Site mat der Receptioun, dem Café an de wichtegste Gemeinschaftsberäicher. Hei ass den zentralen Empfangs- an Treffpunkt vum Camping.

Reservatiounen ab dem 25. Mee 2026

Den Toodlermillen Family & Youth Camp verfüügt iwwer 120 Emplacementer, déi elo scho fir d'Saison 2026 reservéiert kënne ginn.

D'Ouverture am Mee markéiert den Ufank vun enger éischter Notzungsphas. De Camping ass ab dëser Saison accessibel. D'Offer wäert an de kommende Jore progressiv ausbaut ginn duerch Amenagementer an Entwécklungen.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 

Regierungsmember

MEISCH Claude

Event Datum

16.05.2026