Aktualiséiert den
Neie Band vum "Lëtzebuerger Wuertschatz": Vun Dräibiz bis Vullemätti – 117 Frechheeten, déi sëtzen
Well et kaum Wierder gëtt, déi d'Leit an enger Sprooch méi interesséiere wéi d'Frechheeten, ginn dës am aachte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz an d'Vitrinn gestallt.
Am Buch ginn 117 Frechheete presentéiert, flott illustréiert, mat engem Beispillssaz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.
Am Virwuert seet de Kulturminister Eric Thill: "D'Zuele weisen et: D'Frechheete-Kategorie ass eng vun de beléiftsten am Lëtzebuerger Online Dictionnaire. Deemno louch et op der Hand, datt een no e puer méi brave Bänn och emol eng Kéier méi e gewote géif bréngen. Beileiwen net, fir datt mir méi frech matenee ginn! Ganz am Géigendeel: Fir datt mir eis all gemeinsam driwwer freeën, wéi kreativ d'Lëtzebuerger Sprooch – gradewéi all déi aner Sproochen och – ka sinn: Leitsgeheier, Intebinni, Kriddelschass, Muertentrëppelesch."
De Band 8 vum Lëtzebuerger Wuertschatz gëtt et vum 29. Juni u fir 12,50 Euro an de Librairien ze kafen.
Matgedeelt vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch