Geféierlech Chemikalie solle beim Centre antipoisons gemellt ginn

D'Chemikalienunitéit vun der Ëmweltverwaltung huet am Laf vum 2025-2026 eng Rei Kontrollen duerchgefouert, fir ze iwwerpréiwen, ob geféierlech chemesch Gemëscher, déi um lëtzebuergesche Marché verkaaft ginn, korrekt beim Centre antipoisons (CAP) gemellt sinn. Ongeféier 1 vu 5 Produkter sinn net gemellt ginn, wat weist, wéi wichteg et ass, souwuel d'Produzenten ewéi och d'Benotzer vun dëse Produkter ze sensibiliséieren.

Resultater

En Deel vun dëse Kontrollen huet am Kader vun engem Projet vum Forum vun der Europäescher Chemikalienagence (ECHA) stattfonnt, un deem 19 EU-Memberstaate bedeelegt waren. De Rapport iwwer dëse Projet ass ënnert folgendem Link disponibel: https://echa.europa.eu/documents/d/guest/report_forum_pilot_project_on_pcn_en.

D'Resultater vum europäesche Projet weisen, datt ronn 19 % vun de kontrolléierte Produiten net beim Centre antipoisons gemellt waren.

Zu Lëtzebuerg goufen am Ganzen 64 geféierlech chemesch Gemëscher – dorënner Haushaltschemikalien a Biozid-Produiten – kontrolléiert. Dobäi gouf festgestallt, datt 13 Produiten iwwerhaapt net gemellt waren an 8 weider Produiten onvollstänneg oder net korrekt deklaréiert waren.

An alle Fäll, an deenen eng Meldung gefeelt huet oder Onreegelméissegkeete festgestallt goufen, huet d'Ëmweltverwaltung Korrekturmoossname verlaangt. Déi meescht betraffe Betriber hunn déi néideg Upassunge mëttlerweil virgeholl. Déi wéineg Produiten, bei deenen d'Regulariséierung bis elo net erfollegt ass, däerfen net méi um lëtzebuergesche Marché a Verkéier bruecht ginn.

Firwat ass eng Meldung beim Centre antipoisons esou wichteg?

De Centre antipoisons ass déi Ulafstell fir d'Berodung bei Vergëftungsfäll zu Lëtzebuerg. Fir am Noutfall eng séier a fachlech korrekt Evaluatioun kënnen ze maachen, muss de Centre genee wëssen, wéi eng chemesch Bestanddeeler an engem Produit enthale sinn. Dës Informatioune sinn nëmme verfügbar, wann de Produit virum Verkaaf gemellt gouf.

Aus dësem Grond muss all geféierlecht chemescht Gemësch mat engem Unique Formula Identifier (UFI) gekennzeechent sinn. Dësen eenzegaartege Code, deen op der Etikett vum Produit steet, erlaabt et dem Centre antipoisons, de betraffene Produit séier z'identifizéieren an déi passend medezinesch Informatiounen un d'Bierger, d'Dokteren oder d'Rettungsdéngschter weiderzeginn.

Wat soll een am Fall vun enger Vergëftung maachen?

Bei liewensgeféierleche Situatiounen (Bewosstlosegkeet, Otemnout, Krämpf…), oder am Fall vun enger Kuelemonoxidvergëftung soll direkt den Noutdéngscht iwwer den 112 alarméiert ginn.

Am Fall vun enger Vergëftung – egal ob duerch Chemikalien, Medikamenter oder Planzen – soll de Centre antipoisons esou séier wéi méiglech kontaktéiert ginn. Dobäi ass et wichteg, d'Etikett oder den UFI-Code vum betraffene Produit bereet ze halen.

Centre antipoisons: 8002-5500

Verdächtegt Niewewierkunge vun engem Medikament kënnen och am Kader vun der Pharmakovigilanz iwwer www.guichet.lu/pharmacovigilance gemellt ginn.

Weider Informatiounen:

Informatiounen iwwer d'Meldung vu geféierleche chemesche Gemëscher sinn op der Internetsäit vum Centre antipoisons verfügbar: https://www.centreantipoisons.be/.

Europawäit Meldunge kënnen och iwwer de Portal vun der Europäescher Chemikalienagence (ECHA) agereecht ginn: https://poisoncentres.echa.europa.eu/fr.

Matgedeelt vun der Ëmweltverwaltung

Organisatioun

Ëmweltverwaltung

Event Datum

07.08.2026