Aktualiséiert den
Sonnendäischtert vum 12. August: Esou schützt Dir Är A richteg
Den 12. August wäert zu Lëtzebuerg eng partiell Sonnendäischtert siichtbar sinn, bei där ronn 90% vun der Sonn vum Mound bedeckt ginn. Eng Sonnendäischtert entsteet, wann de Mound sech tëscht d'Äerd an d'Sonn schiibt. D'Sonnendäischtert fänkt géint 19.20 Auer un.
An dësem Kontext erënnert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet un déi wichtegst Virsiichtsmoossnamen, fir d'Sonnendäischtert sécher ze beobachten:
- Ni ouni gëeegente Schutz direkt an d'Sonn kucken, och net wann e groussen Deel vun der Sonn hannert dem Mound verstoppt ass oder den Himmel bedeckt ass.
- Nëmme speziell Schutzbrëller benotzen, déi der internationaler Norm ISO 12312-2 entspriechen a vun engem zouverlässegen Hiersteller kommen. De Brëll muss intakt sinn an däerf net geknéckst, zerschréipst oder duerchlächert sinn. Virum Gebrauch muss iwwerpréift ginn, ob de Brëll onbeschiedegt ass: Dofir kann een de Brëll virun eng staark Liichtquell halen, zum Beispill eng Luucht. Wann Luucht duerch de Filter kënnt oder Liichtpunkten ze gesi sinn, ass de Filter beschiedegt. Beschiedegt Brëller däerfen net benotzt ginn.
- De Schutzbrëll wärend der ganzer Dauer vun der Sonnendäischtert undoen an drop oppassen, datt d'Aen an d'Aendeckele komplett bedeckt sinn.
- Keng klassesch Sonnebrëller benotzen – och net vun der Kategorie 4 oder polariséiert Sonnebrëller –, well dës déi onsiichtbar Stralung vun der Sonn net genuch filteren. Och ganz däischter Sonnebrëllen oder 3D-Brëllen si geféierlech fir d'Aen a kënnen irreversibel Schied un der Netzhaut verursaachen.
- D'Sonnendäischtert net duerch eng Kamera, eng Spektiv oder en Teleskop observéieren, och net mat engem spezielle Schutzbrëll. Dës Apparater bündelen d'Sonnestralen a kënnen doduerch schwéier Verletzunge vun den Ae verursaachen.
- Net vergiessen, sech virun der Sonn ze schützen: eng Kap oder en Hutt undoen, Sonnecrème benotzen a reegelméisseg genuch drénken.
Persounen, bei deenen domat ze rechnen ass, dass si hire Schutzbrëll spontan ausdinn, sollten d'Sonnendäischtert net observéieren. Persounen, déi Kanner betreien (Elteren, Educateuren, Begleetpersounen asw.), solle besonnesch gutt drop oppassen, dass d'Ae vun de Kanner richteg geschützt sinn.
Ofschléissend sief drun erënnert, datt d'Observatioun vun enger Sonnendäischtert ouni gëeegente Schutz zu enger irreversibeler Verbrennung vun der Netzhaut féiere kann. Eng Schiedegung vun der Netzhaut verursaacht keng Péng, kann awer zu enger Verschlechterung vun der Siicht, engem schwaarzen oder groe Fleck oder engem onschaarfe Beräich an der Mëtt vum Siichtfeld, enger verzerrter Siicht oder nach enger verännerter Perceptioun vu Faarwen oder Kontraster féieren. Verschidde vun dëse Beanträchtegunge kënnen sech mat der Zäit verbesseren, allerdéngs kënnen och permanent Schied un den Ae bestoe bleiwen.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet