Interministeriell Evaluatiounscellule: Brand am Héije Venn (Hautes Fagnes) – aktuell favorabel Konditioune fir Lëtzebuerg

Déi interministeriell Evaluatiounscellule ass haut op en Neits zesummekomm. Hei goufen déi neiste verfügbar Informatiounen am Zesummenhang mam Feier am Héije Venn an der Belsch an d'Auswierkungen dovunner op Lëtzebuerg analyséiert.

Opgrond vun der Evolutioun vun der Wiederlag hu sech d'Auswierkunge vum Damp op Lëtzebuerg verbessert.

Entwécklung vun der Wiederlag

Déi lescht Previsioune bestätegen eng favorabel Evolutioun fir Lëtzebuerg. Deemno bléist de Wand aus westlecher bis südwestlecher Richtung a laut de Previsioune sollen dës Wiederverhältnisser bis e Freiden unhalen. Doduercher misst den Transport vun Damp a Feinstëbs a Richtung Lëtzebuerg däitlech ofhuele grad esou wéi d'Auswierkungen dovunner op d'Loftqualitéit.

Loftqualitéit

D'Wäerter, déi aktuell zu Lëtzebuerg gemooss gi, bleiwen niddreg och wa se nach liicht iwwert den übleche Grenzwäerter leien. Geméiss den aktuelle Previsioune soll dës Situatioun nach iwwert déi nächsten dräi Deeg unhalen.

Och wa gëschter nach op enger Miessstatioun fir PM10 eng deeglech Konzentratioun vun iwwer 50 µg/m³ gemooss ginn ass, ass dëst Resultat gréisstendeels op eng Phas vun enger méi héijer Konzentratioun an der Nuecht zeréckzeféieren. Säit gëschter Mëtteg huet sech d'Situatioun däitlech verbessert an déi gemoosse Konzentratioune sinn op engem akzeptabelen Niveau bliwwen.

Unhand vun de Stonnewäerter déi op www.emwelt.lu publizéiert ginn, kann een d'Evolutioun vun de Konzentratioune genau verfollegen.

Rappell vun de wichtegste Virsiichtsmoossnamen

Opgrond vun de lëschte verfügbaren Informatioune sinn zum aktuellen Zäitpunkt keng weider Mesuren néideg.

Fir Persounen, déi Damp bemierken oder sech duerch de Brandgeroch gestéiert fillen, gëlle weiderhi follgend Recommandatiounen:

  1. Dieren a Fënstere vun der Wunneng zouhalen;
  2. sech dem Damp esou mann wéi méiglech aussetzen;
  3. bei staarkem Damp oder Brandgeroch länger kierperlech Aktivitéiten am Fräie vermeiden;
  4. wann néideg berufflech Aktivitéiten, déi mat enger grousser kierperlecher Ustrengung verbonne sinn, bei staarkem Damp oder Brandgeroch limitéieren;
  5. Ventilatiouns- oder Belëftungsanlagen, déi Loft vu baussen eranzéien, wann néideg temporär ausschalten;
  6. besonnesch op vulnerabel Persounen oppassen, dorënner Puppelcher a kleng Kanner, eeler Leit, schwanger Fraen a Persoune mat Otemweeër- oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen;
  7. d'Informatiounen an d'Recommandatioune vun de Lëtzebuerger Autoritéiten iwwer déi offiziell Kanäl suivéieren.

D'Lëtzebuerger Autoritéite suivéiere weiderhin opmierksam d'Situatioun an hir méiglech Auswierkungen op Lëtzebuerg. Nei Informatiounen oder Recommandatioune gi bei Bedarf iwwer déi offiziell Kanäl matgedeelt.

Weider Informatiounen

https://environnement.public.lu/fr/loft/air/mesures/mesures-actuelles.html
- APP Meng Loft -
www.emwelt.lu
www.infocrise.lu
www.lu-alert.lu
www.meteolux.lu - - -

Bedeelegt Autoritéiten:

Ëmweltverwaltung; Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA); Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS) Gesondheetsdirektioun; Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN); Aarbechtsinspektioun (ITM); MeteoLux; Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.