Aktualiséiert den
DAT ASS LËTZEBUERGESCH – Presentatioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch 2026
De 26. September 2026 stinn d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg erëm ganz am Mëttelpunkt. De Kulturminister, Eric Thill, huet der Press den ofwiesslungsräiche Programm vun der zweeter Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt.
Nom Succès vun der éischter Editioun 2025 si sëllege Gemengen, Veräiner an Associatiounen dem Opruff vum Kulturministère nokomm, fir bei der nächster Editioun matzemaachen. Esou presentéiert sech den Dag 2026 mat engem erweiderte Programm, mat iwwer 60 Offren uechtert d'Land, déi engem breede Public d'Méiglechkeet ginn, eis Sprooch ze entdecken oder besser kennen ze léieren.
"Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ass Deel vum Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch a setzt konkreet d'Mesür 38 ëm, déi ënnert anerem d'Promotioun an d'Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch fërdert", esou den Eric Thill. "D'Zil ass et, d'Lëtzebuergescht net nëmmen ze thematiséieren, mee et ze liewen an am Alldag ze benotzen: an der Famill, an der Schoul, op der Aarbecht, an de Veräiner, an der Kultur, an der Musek, an der Literatur an am Theater. Gläichzäiteg soll de plurilinguale Charakter vun eiser Gesellschaft als Stäerkt an als Bestanddeel vun eiser Identitéit ervirgehuewe ginn."
"Dat ass..." – eng national Campagne
Am Kader vun der zweeter Editioun gouf och eng national Campagne lancéiert. D'Maskottche vum Dag ass e Kaweechelchen, eng Referenz op eent vun de Liblingswierder vu ville Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Ënnert dem Slogan "Dat ass..." stellt d'Campagne verschidde lëtzebuergesch Wierder a Begrëffer an de Mëttelpunkt, wéi "Seechomes", "Gromperekichelchen" a "Muckefuck". Eng visuell Geschierkëscht erméiglecht den Associatiounen, Gemengen an aneren Acteuren, déi de 26. September matmaachen, hir eege Plakater a Posts an de soziale Medien ze maachen an esou dem Dag hiren eegene Stempel opzedrécken. Et kënnen och elo nach Aktivitéiten derbäigesat ginn.
En dezentraliséierte Programm fir jiddereen
De 26. September steet en ofwiesslungsräichen an dezentraliséierte Programm op der Dagesuerdnung. Vu Konferenzen an interaktive Crash-Coursen iwwer Theater- a Filmworkshoppen, Filmvirféierungen, Spiller an Ateliere bis hin zu Concerten, Sproochecaféen, Ausstellungen, Publikatiounen a Podcasten ass fir jiddereen eppes derbäi.
Zu den offiziellen Aktivitéiten zielt ë. a. de LëtzCamp, deen de 26. September am INLL an der Stad stattfënnt. Hei kritt jiddereen d'Geleeënheet, sech mat Iddien, Erfarungen a Propositioune fir d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch anzebréngen. D'Diskussioune sollen derbäi hëllefen, konkreet Mesüren an Iddien auszeschaffen.
E weidere besonnesche Moment ass d'Avant-première vum Animatiounsfilm "De Julian ass eng Nix!" de 26. September um 14:00 Auer am CinéStarlight zu Diddeleng. De Film gëtt an der lëtzebuergescher Versioun vum Jang Linster gewisen.
All d'Aktivitéiten a weider Informatioune sinn op dag.lëtzebuergesch.lu ze fannen.
Matgedeelt vum Kulturministère