Aktualiséiert den
QR-Coden op Bushaltestelle fir e méi einfachen Zougang zu Informatiounen an Echtzäit
D'Verwaltung fir ëffentlechen Transport (ATP) verbessert d'Informatioun fir d'Passagéier weider, andeems se no an no nei Schëlder mat QR-Coden op de Bushaltestellen uechtert d'Land installéiert. An e puer Woche wäerte sämtlech Haltestelle vum nationale Reseau domadder equipéiert sinn, an esou en direkten Zougang zu Informatiounen an Echtzäit bidden.
Eng einfach an accessibel Léisung ouni Download
Wann d'Notzer de QR-Code op der Bushaltestell mat hirem Smartphone scannen, kommen si direkt op eng Säit mat Informatiounen zu der jeeweileger Haltestell. Hei kréien si eng Iwwersiicht iwwert déi nächst Departen, aktualiséiert Horairen an eventuell Perturbatiounen um Reseau ugewisen. Dës praktesch an intuitiv Léisung, fir déi een näischt brauch erofzelueden, ergänzt déi besteeënd Informatiounsmoyenen, wéi z.B. d'App mobilitéit.lu.
D'Schëlder sollen den Zougang zur Informatioun vereinfachen: op hinne fënnt een de Numm vun der Haltestell, de Quai an d'Iwwerschrëft "Prochains départs".
Eng koordinéiert Aféierung am ganze Land
Fir eng optimal Visibilitéit ze garantéieren, ginn d'Schëlder am Format 20 x 20 cm, wann et technesch méiglech ass, op Aenhéicht direkt um Poteau vun der Haltestell ubruecht. De Projet gëtt an enker Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Gemengen ausgefouert, déi e wichtege Partner bei der Ëmsetzung um Terrain sinn. Fir den neie System anzeféieren an d'Ëffentlechkeet domadder vertraut ze maachen, wäert d'ATP an den nächste Wochen zesumme mat de Gemengen eng Informatiounscampagne lancéieren.
Mat dësem neie Service hält d'ATP u sengem Engagement fest, den Zougang zu Informatiounen zum ëffentlechen Transport méi einfach an accessibel ze gestalten, an dës Informatioune besser op d'alldeeglech Besoine vun de Passagéier ofzestëmmen.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an der Verwaltung fir ëffentlechen Transport