Studentefoire 2026: Déi 40. Editioun an der Coque mat méi wéi 180 Aussteller aus 17 Länner an enger erweiderter Offer

En Donneschden, den 29. Oktober, an e Freiden, den 30. Oktober, fënnt an der Coque um Kierchbierg déi 40. Editioun vun der Studentefoire statt, déi vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul an enker Zesummenaarbecht mat der ACEL (Association des cercles d'étudiants luxembourgeois) organiséiert gëtt.

Dës Jubiläumseditioun markéiert eng nei Etapp an der Entwécklung vun der Studentefoire, mat enger neier Adress an engem erweiderte Konzept. Nodeems déi lescht Editiounen um Campus Belval stattfonnt hunn, ass d'Studentefoire dëst Joer an der Coque, am Beräich vun den "Arcades", ze fannen. Domat gëtt de Visiteuren e Kader gebueden, dee besser op déi ëmmer méi grouss Manifestatioun ofgestëmmt ass.

Och wann d'Orientéierung fir Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg oder am Ausland weiderhin en Haaptbestanddeel vun der Manifestatioun ass, huet d'Studentefoire 2026 hir Offer weider ausgebaut: Déi Jonk kënnen sech elo och iwwer berufflech Perspektiven a Méiglechkeeten informéieren, fir sech ze engagéieren oder sech perséinlech weiderzeentwéckelen.

Mat iwwer 180 Aussteller aus 17 Länner erwaart d'Visiteuren eng breetgefächert Offer, déi sech ëm véier grouss Themeberäicher dréit: "Studien/Lëtzebuerg", "Studien/International", "Engagement & Benevolat" an "Beruffer & Carrièren".

Zu den Universitéiten an Héichschoulen aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland souwéi de Veräiner a Studentevereenegunge kommen nach Acteuren aus der Beruffswelt, Beruffsverbänn, Entreprisen an Organisatiounen dobäi, déi verschidde Méiglechkeete bidden, fir sech am formalen, non-formalen an informelle Beräich ze engagéieren.

D'Zil ass et, déi Jonk net nëmmen iwwer déi verschidde Studiegäng, mee och iwwer Beruffer a berufflech Perspektiven ze informéieren an hinnen déi vill Méiglechkeeten opzeweisen, déi hinne fir d'Gestaltung vun hirem perséinlechen a beruffleche Wee opstinn.

Wärend deenen zwee Deeg hunn d'Schülerinnen a Schüler, Studentinnen a Studenten, an déi déi et wëlle ginn, Elteren an all interesséiert Persoun d'Geleeënheet sech mat den Aussteller auszetauschen, hinnen hir Froen ze stellen a Rotschléi ze kréien, déi hire Projeten entspriechen.

D'Visiteure kënnen sech och bei de verschiddene Servicer vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul, ënner anerem beim Service "Information études supérieures" an dem Service "Aides financières" informéiere fir individuell Renseignementer zu Studien, Aschreiwungen a staatlech Finanzhëllefen ze kréien.

Ëffnungszäite vun der Studentefoire 2026

  • Donneschdes, 29. Oktober 2026: vun 9:00 bis 18:00 Auer
  • Freides, 30. Oktober 2026: vun 9:00 bis 16:00 Auer

Den Entrée ass fräi an et brauch een sech net am Virfeld unzemellen.

Communiqué vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul a der ACEL (Association des cercles d'étudiants luxembourgeois)

Event Datum

29.10.2026 - 30.10.2026