Weltdag vum Hiereschlag 2026 – Warnzeechen erkennen an direkt handelen

Den 29. Oktober, um Weltdag vum Hiereschlag (AVC), schafft de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet nees mat der Associatioun Blëtz ASBL zesummen, déi Leit zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt, déi vun engem Hiereschlag betraff sinn. Dobäi läit de Fokus op zwee wichteg Messagen: Bei engem Hiereschlag zielt all Minutt, a vill Hiereschléi kéinte verhënnert ginn.

Pro Dag maachen zu Lëtzebuerg am Duerchschnëtt véier Persounen en Hiereschlag. Ëmsou méi wichteg ass et, datt jiddereen d'Warnzeechen an d'Risikofaktore kennt.

D'Warnzeechen erkennen an direkt den 112 ruffen

En Hiereschlag entsteet, wann e Bluttgerinnsel de Bluttfloss an engem Gefääss am Gehier ënnerbrécht oder wann e Bluttgefääss platzt. Doduerch gëtt en Deel vum Gehier mat ze wéineg Blutt a Sauerstoff versuergt, wat séier zu Schied féiere kann.

D'Symptomer triede plëtzlech op: Verwirrung, Problemer beim Schwätzen oder beim Verstoen, Schwindel, Schwächt oder Lämungen an engem Aarm, engem Been oder op enger Säit vum Kierper.

Beim klengsten Zweiwel soll een direkt den 112 uruffen. Wat déi betraffe Persoun méi séier medezinesch versuergt gëtt, wat hir Iwwerliewenschancë méi grouss sinn an de Risiko vu bleiwende Schied méi kleng ass.

De FAST-Test bitt eng Ieselsbréck, fir sech déi wichtegst Warnzeeche besser mierken ze kënnen. 

  • F wéi Face (Gesiicht): Hänkt eng Säit vum Gesiicht erof?
  • A wéi Arms (Äerm): Huet d'Persoun Schwieregkeeten, béid Äerm ze hiewen?
  • S wéi Speech (Sprooch): Schwätzt d'Persoun onkloer oder anescht wéi gewinnt?
  • T wéi Time (Zäit): Keng Zäit verléieren – direkt den 112 uruffen.

En Hiereschlag duerch einfach Gewunnechte verhënneren

Vill Hiereschléi kéinte verhënnert ginn, wann een d'Risikofaktore reduzéiert. Dofir gëtt recommandéiert, reegelméisseg beim Hausdokter de Bluttdrock an de Cholesterolwäert kontrolléieren ze loossen, mam Fëmmen opzehalen an op Alkohol ze verzichten.

Eng equilibréiert Ernärung mat vill Uebst a Geméis a wéineg Salz souwéi reegelméisseg Beweegung kënnen am Alldag vill bewierken. Och manner Stress op Dauer an e gudde Schlof droen dozou bäi, d'Gesondheet ze schützen.

Sensibiliséierungsaktiounen de ganzen Oktober iwwer

Am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag 2026 organiséiert Blëtz ASBL, mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, eng Rei Aktiounen, déi fir de Public op sinn:

  • Konferenz "Weltdag vum Hiereschlag" de 25. Oktober vu 16 bis 19 Auer am Beetebuerger Schlass.
  • Gratis Bluttdrockmiessungen vum 21. bis den 31. Oktober an 87 Apdikten am ganze Land. Do ginn och Flyeren ausgedeelt, mat deenen ee säi perséinleche Risiko fir en Hiereschlag aschätze kann.
  • Informatiounsdeeg an de follgende Gesondheetsariichtungen: 
    • de 27. Oktober am Centre hospitalier Emile Mayrisch;
    • den 28. Oktober an den Hôpitaux Robert Schuman;
    • den 29. Oktober am Centre hospitalier du Nord;
    • den 30. Oktober am Centre hospitalier de Luxembourg;
    • an den 21. Oktober am Rehazenter.
  • Kontroll vum Bluttdrock – D'Membere vu Blëtz ASBL kënnen an de follgende Spideeler hire Bluttdrock kontrolléiere loossen:
    • de 27. Oktober am Centre hospitalier Emile Mayrisch;
    • den 28. Oktober an den Hôpitaux Robert Schuman;
    • den 29. Oktober am Centre hospitalier du Nord;
    • an den 30. Oktober am Centre hospitalier de Luxembourg.
  • Preventivberodungen den 30. Oktober am CHL: 10 individuell Rendez-vouse bei Ernärungsberoderinnen. D'Umeldung ass obligatoresch a muss tëscht dem 20. an dem 23. Oktober bei Blëtz ASBL um 621 880 088 gemaach ginn.
  • Solidaritéitsverkaf vun Eclaire vum 21. bis den 31. Oktober an 90 Bäckereien, déi bei der Aktioun matmaachen. Mam Kaf vun engem Eclair oder engem Brout kann een d'Associatioun ënnerstëtzen.

Communiqué vum  Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet