Aktualiséiert den
Weltdag vum Diabetes 2026: fréi handelen a seng Gesondheet besser schützen
Am Kader vum Weltdag vum Diabetes de 14. November wëll de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet dorunner erënneren, wéi wichteg et ass dës Erkrankung méiglechst fréi ze erkennen. Ënnert dem Thema "Fréizäiteg géint den Diabetes handelen" stinn 2026 déi fréi Diagnos an d'Reduzéierung vun de Risikofacteuren am Mëttelpunkt. Zu Lëtzebuerg gi verschidden Aktiounen ugebueden, duerch déi d'Bevëlkerung d'Méiglechkeet huet sech ze informéieren an den eegene Risiko fir Diabetes anzeschätzen.
Wa beim Typ-1-Diabetes Zeeche wéi staarken Duuscht, heefegt Waasserloossen oder en onerklärleche Gewiichtsverloscht fréi erkannt ginn, kann och schnell eng Behandlung ageleet ginn. Den Typ-2-Diabetes dogéint kann sech iwwert eng länger Zäit ouni erkennbar Symptomer entwéckelen. Eng fréizäiteg Diagnos erméiglecht eng adaptéiert Behandlung an dréit dozou bäi Komplikatiounen ze limitéieren.
Geméiss den Estimatioune vun der Internationaler Diabetes-Federatioun fir 2024 war den Diabetes bei 26,2 % vun de betraffenen Erwuessenen tëscht 20 a 79 Joer zu Lëtzebuerg nach net diagnostizéiert. Dëst weist, wéi wichteg et ass dës Erkrankung besser ze erkennen, fir datt esou eng Behandlung fréizäiteg kann ageleet an de Risiko vu Komplikatioune reduzéiert ka ginn.
Säi Risiko fir Typ-2-Diabetes an der Apdikt evaluéiere loossen
Vum 11. bis den 21. November fënnt a 50 Apdikten uechtert d'Land eng Campagne fir d'Fréierkennung an d'Sensibiliséierung fir Diabetes statt. Dës Aktioun gëtt vun der Gesondheetsdirektioun, dem Syndicat des pharmaciens luxembourgeois (SPL) an der Lëtzebuerger Diabetesassociatioun (ALD) organiséiert, déi esou hiert gemeinsaamt Engagement weiderféieren. Dës riicht sech u Persounen ab 45 Joer souwéi u Persounen ab 35 Joer, déi verschidde Risikofacteuren opweisen, besonnesch Fäll vun Diabetes an der Famill oder Schwangerschaftsdiabetes an der Vergaangenheet. Interesséiert Persoune kënnen esou bannent 10 Minutten hire Risiko, un Typ-2-Diabetes ze erkranken, aschätze loossen a sech vun engem Professionellen aus dem Gesondheetsberäich individuell berode loossen.
Fir matzemaache brauch ee just an eng vun den Apdikten ze goen, déi bei dëser Campagne matmaachen an dofir en entspriechende Fändel aushänken hunn. Eng Lëscht vun den Apdikten, déi hei matmaachen, fannt Dir op santesecu.lu. Et gëtt recommandéiert, fréistens zwou Stonnen no der leschter Molzecht an d'Apdikt ze goen. Bei den dräi leschten Editioune goufen 3.245 Evaluatioune vum Diabetesrisiko an den Apdikte gemaach, wat weist, wéi wichteg d'Roll vum Apdikter oder der Apdiktesch um Niveau vun der lokaler Preventioun ass.
Aktioune fir sech z'informéieren a matzemaachen
Am Laf vum Mount November gi verschidden Evenementer ugebueden:
- En Dënschdeg, den 10. November 2026, organiséiert d'ALD ab 18.00 Auer am Hôtel Parc Belle-Vue (5, avenue Marie-Thérèse, Lëtzebuerg) e Konferenzowend ënnert dem Thema "Fréizäiteg géint den Diabetes handelen". Virun de Konferenzen, déi um 19.00 Auer ufänken, fënnt eng Ausstellung mat Informatiounsstänn statt. Um Programm stinn d'Fréierkennung vum Typ-1-Diabetes, d'Preventioun an d'Beweegung. Ofgeschloss gëtt mat engem Temoignage vun engem Patient, deen Typ-2-Diabetes huet. D'Virträg sinn op Franséisch a Lëtzebuergesch mat Simultaniwwersetzung. Den Entrée ass fräi, mee et muss ee sech bei der Maison du diabète umellen (Tel.: 48 53 61; info@ald.lu).
- E Samschdeg, de 14. November 2026, ka mat der traditioneller Wanderung zu Diddeleng "10.000 Schrëtt mat oder ouni Diabetes" jiddereen eppes fir seng Gesondheet maachen. Dës gëtt vun der ALD an den "Gehansbiergknappen 75 Butschebuerg" an Zesummenaarbecht mat der Fédération luxembourgeoise de la marche populaire (FLMP) an ënnert dem Patronage vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet organiséiert. Den Depart ass beim CIPA Grand-Duc Jean (9, rue Pierre Dupong). Et ginn zwou Strecke vu 5 an 10 Kilometer ugebueden, dorënner e Familljerallye op der 5-km-Streck. Den Depart ass tëscht 8 an 13 Auer méiglech. Op engem Informatiounsstand ka jidderee sech säin Diabetesrisiko berechne loossen. Participatioun: 1,5 €, gratis fir Jonker bis 18 Joer.
Och d'Spideeler maache mat:
- Hôpitaux Robert Schuman (HRS): Informatiounsstand en Dënschdeg, den 10. November 2026, vun 9.30 bis 13.30 Auer um Kierchbierg.
- Centre hospitalier du Nord (CHdN): Informatiounsstänn e Freideg, den 13 November 2026, vun 13.00 bis 15.00 Auer zu Wooltz, an e Méindeg, de 16. November 2026, vun 13.00 bis 16.00 Auer zu Ettelbréck.
- Centre hospitalier de Luxembourg (CHL): D'Ekipp vun ObediaKids organiséiert e Molconcours fir Kanner "Mol mir däin Diabetes". D'Präisiwwerreechung ass en Dënschdeg, den 10. November 2026, ëm 18.00 Auer am Konferenzsall vun der Maternité.
- Centre hospitalier Emile Mayrisch (CHEM): E Freideg, den 13. November 2026, ass vun 9.00 bis 15.00 Auer an der Agangshal e Preventiounsstand mat Pfleegepersonal an enger Dieteticienne virgesinn.
Méi zu dësem Thema
- Lëscht vun den Apdikten an Agenda vun de verschiddenen Aktiounen op santesecu.lu: https://santesecu.public.lu/fr/agenda/2026/novembre/journee-mondiale-diabete.html
- Fédération internationale du diabète: https://diabetesatlas.org/fr/data-by-location/country/luxembourg/
- http://www.pharmacie.lu
- https://worlddiabetesday.org/fr/
- https://www.ald.lu/fr
- https://diabete.lu/
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet