Aktualiséiert den
"Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen!": Start vun enger Campagne fir eeler Leit viru Bedruch ze schützen
De 16. November 2026 hunn de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, de Max Hahn, den Inneminister Léon Gloden, an den Zentraldirekter vun der Verwaltungspolice vun der Police Lëtzebuerg, den Thierry Fehr, eng Sensibiliséierungscampagne iwwer déi verschidde Forme vu Bedruch virgestallt, déi sech gezielt géint eeler Leit riichten. D'Zil vun der Campagne ass et, op d'Haaptrisiken opmierksam ze maachen an ze weisen, wéi een sech besser géint Bedruchsversich schütze kann.
Mam Start vun der Campagne "Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen!" sollen eeler Leit nach méi fir déi verschidde Forme vu Bedruch sensibiliséiert ginn. Gläichzäiteg soll si un déi wichtegst Verhalensreegelen erënneren, fir sech dogéint ze schützen. Well d'Bedruchsmaschen ëmmer méi villfälteg ginn, si Preventioun an Informatioun weiderhin entscheedend, fir verdächteg Situatiounen ze erkennen an net op Bedruchsmaschen eranzefalen.
Bedruchsmaschen erkennen a richteg reagéieren
Falsch Polizisten, vermeintlech Handwierker, verdächteg Telefonsuriff, Gewënnverspriechen oder Bedruch am Internet: D'Leit, déi hannert dëse Bedruchsmasche stiechen, benotze verschidde Methoden, fir d'Vertraue vun hiren Affer ze gewannen an hinne Suen oder perséinlech Donnéeën ofzelackelen. Si ginn sech dobäi dacks als Familljememberen, Vertrieder vun offiziellen Institutiounen oder Fachleit aus a spillen notamment mat der Angscht an dem Vertraue vun de Betraffenen oder setzen dës ënner Zäitdrock.
D'Campagne mécht dofir op verschidde Risikosituatiounen opmierksam: onerwaarte Besuch vun onbekannte Persounen doheem, verdächteg Telefonsuriff, bei deene Suen oder perséinlech Donnéeë gefrot ginn, souwéi Bedruchsversich am Internet. D'Campagne erënnert och un e puer wichteg Verhalensreegelen: ëmmer d'Identitéit vum Gespréichspartner iwwerpréiwen, keng onbekannte Persounen an d'Haus loossen, ouni hir Identitéit ze kontrolléieren, sech net ënner Drock setze loossen a perséinlech Donnéeën oder Bankdonnéeën ni un onberechtegt Persoune weiderginn.
Och wann d'Campagne sech an éischter Linn un eeler Leit riicht, soll si och hiert Ëmfeld sensibiliséieren. Dëst kann dozou bäidroen, déi verschidde Bedruchsmasche méi bekannt ze maachen an doriwwer opzeklären, wéi een sech dogéint schütze kann.
Eng laangfristeg Präventioun
D'Preventioun vu Bedruch ass och Deel vun enger méi breeder Approche vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil. Iwwer seng konventionéiert Partner ënnerstëtzt de Ministère verschidden Initiativen, déi dozou bäidroen, d'Sécherheet, d'Selbststännegkeet an d'Selbstvertraue vun eelere Leit ze stäerken.
De Projet "Seniore-Sécherheetsberoder" gouf vum Ministère an d'Liewe geruff, gëtt vu GERO ASBL koordinéiert an an enker Zesummenaarbecht mat der Police Lëtzebuerg ëmgesat. De Projet baséiert op engem Usaz, bei deem speziell ausgebilten eeler Fräiwëlleger aner eeler Leit fir verschidden Arnaquen a Risiken am Alldag sensibiliséieren. Dësen Usaz fërdert den direkten Austausch an enger vertrauensvoller Atmosphär.
Och d'Seniore-Clibb Aktiv Plus spillen eng wichteg Roll, andeems si d'Zesummekommen, den Austausch an d'sozial Participatioun vun eelere Leit fërderen. Si droen dozou bäi, sozial Isolatioun ze verhënneren, an erméiglechen et de Participanten, hir Erfarungen auszetauschen, sech ze informéieren an Ënnerstëtzung bei verdächtege Situatiounen ze fannen.
Och Initiativen am Beräich vun der digitaler Inklusioun, déi vum Ministère ënnerstëtzt ginn, wéi beispillsweis Golden Me ASBL, droen dozou bäi, déi digital Kompetenze vun eelere Leit ze stäerken a si fir Bedruchsrisiken am Internet ze sensibiliséieren. Esou kënnen si digital Technologien op eng méi sécher a selbststänneg Aart a Weis notzen.
Dës verschidde Moossnamen ergänzen d'Kär-Messagë vun der Campagne a weisen, wéi wichteg eng lokal verankert Preventioun ass, déi op Informatioun, Austausch an dem Erhale vu soziale Kontakter baséiert.
Iwwer d'Campagne "Léif Boma, léiwe Bopa"
D'Campagne ëmfaasst verschidden Zorte vu Preventiounsmaterial, dat sech un eeler Leit an hiert Ëmfeld riicht.
En Ziedel, deen un d'Dier gehaange ka ginn, erënnert eeler Leit un déi wichtegst Verhalensreegelen, déi si beuechte sollen, ier si enger onbekannter Persoun d'Dier opmaachen. En Opsteller fir op den Dësch faasst déi wichtegst Verhalensreegele fir Telefonsuriff vun onbekannte Persounen zesummen.
E Flyer, deen a véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch) disponibel ass, enthält déi wichtegst Messagë vun der Campagne. E ka vun de Gemengen, de Seniore-Clibb an den ambulanten Hëllefs- a Fleegedéngschter verdeelt ginn.
Dat ganzt Preventiounsmaterial ka beim Service national de prévention de la criminalité (SNPC) vun der Police per E-Mail op prevention@police.etat.lu oder telefonesch ënnert der Nummer 244-24-4033 bestallt ginn.
Weider Informatiounen
Weider Informatiounen zu de verschiddenen Arnaquen a Preventiounsmoossname fannt Dir op der Websäit vun der Police: police.public.lu
Communiqué vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, vum Inneministère a vun der Police Lëtzebuerg