Antibiotiquen: Kee Reflex, mä e gutt iwwerluechte Choix

Am Kader vum Europäeschen Informatiounsdag iwwer Antibiotiquë lancéiert d'Gesondheetsdirektioun den 18. November eng nei national Sensibiliséierungscampagne fir de richtegen Ëmgang mat Antibiotiquen. D'Zil ass et, d'Gesondheetspersonal a senger Aarbecht z'ënnerstëtzen an d'Bevëlkerung drun z'erënneren, datt Antibiotiquen net ëmmer déi richteg Léisung bei enger Infektioun sinn.

Zu Lëtzebuerg ass den Antibiotiquëkonsum weiderhi méi héich wéi an de meeschten aneren europäesche Länner. Zanter 2021 ass en nach weider geklommen. Dat geet aus dem leschten nationale Rapport iwwer d'Iwwerwaachung vum Antibiotiquëkonsum ervir, deen am Oktober 2026 publizéiert gouf.

Dës Entwécklung ass alarmant, well en iwwerméissegen oder net adequaten Asaz vun Antibiotiquen d'Entstoe vu resistente Bakterie begënschtegt. Doduerch gi verschidden Infektioune méi schwéier ze behandelen, an d'Antibiotiquë riskéieren hir Wierksamkeet ze verléieren, wann se wierklech gebraucht ginn.

Eng Campagne, déi den Dialog bei der Verschreiwung an de Mëttelpunkt stellt

Ënnert dem Slogan "Antibiotiquen: Kee Reflex, mä e gutt iwwerluechte Choix" ënnersträicht d'Campagne déi wichteg Roll vun den Dokteren an den Apdikter beim richtegen Asaz vun Antibiotiquen.

En Antibiotique ze verschreiwen ass eng gutt iwwerluecht medezinesch Decisioun, déi op verschiddene Facteure berout, dorënner eng bestätegt Diagnos. Antibiotiquë wierke géint bestëmmte bakteriell Infektiounen, awer net géint Viren, wéi déi, déi eng Erkältung oder eng Gripp ausléisen. Heiansdo ass et fir de Patient déi bescht Decisioun, keen Antibiotique ze verschreiwen.

Praktescht Informatiounsmaterial fir z'informéieren an ze sensibiliséieren

Am Kader vun der Campagne ginn informativ Plakater a Flyeren an Dokteschcabineten, bei Kannerdokteren an an Apdikten verdeelt. Dëst Informatiounsmaterial soll den Austausch tëscht dem Gesondheetspersonal an de Patienten erliichteren, den Ënnerscheed tëscht viralen a bakteriellen Infektiounen erklären an drun erënneren, wat ee bei enger Behandlung mat Antibiotiquë soll beuechten. D'Plakater an d'Flyere kënnen hei erofgeluede ginn: Antibiotiquen: Kee Reflex, mä e gutt iwwerluechte Choix. - Gesondheetsportal Santé - Lëtzebuerg

Eng Sensibiliséierungscampagne op de soziale Medien an eng Informatiounssäit op santesecu.lu ergänzen dës Initiativ.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet