European Testing Week: Eng Woch, fir seng sexuell Gesondheet an de Fokus ze stellen

Vum 23. bis den 30. November 2026 mécht Lëtzebuerg bei der European Testing Week mat. Bei dëser Geleeënheet encouragéiert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet jiddwereen, sech jee no individuellem Infektiounsrisiko op HIV an aner sexuell iwwerdrobar Infektiounen (STI) testen ze loossen. Op verschiddene Plazen an a verschiddenen Ariichtungen am Land gi gratis Tester ugebueden.

Manner diagnostizéiert sexuell iwwerdrobar Infektiounen, mee weiderhi virsiichteg bleiwen

Am Joer 2025 ass d'Zuel vun den diagnostizéierte sexuell iwwerdrobaren Infektiounen zu Lëtzebuerg zeréckgaangen. D'Zuel vun den Infektioune mat Gonokokken a Chlamydien ass no enger Hausse an der Zäit no der COVID-19-Pandemie, besonnesch bei jonke Leit, erëm op den Niveau vun 2022 zeréckgaangen. Dës Entwécklung ass positiv, muss awer mat Virsiicht interpretéiert ginn, well d'Zuel vun den Diagnosen ënner anerem dovun ofhänkt, wéi vill Leit sech teste loossen. Eng kontinuéierlech Iwwerwaachung bleift dofir néideg, woubäi d'Aart vun der Infektioun souwéi den Alter an d'Geschlecht vun de betraffene Persoune berécksiichtegt gi mussen.

Wat den HIV ugeet, geet d'Zuel vun den Neiinfektioune bei Persounen, déi Droge consomméieren, a bei Männer, déi Sex mat Männer hunn, weider zeréck. Bei Persounen, déi sech warscheinlech duerch heterosexuelle Geschlechtsverkéier infizéiert hunn, bleift d'Zuel vun den Neiinfektioune stabil.

Zanter 2022 gëtt bei neien HIV-Diagnosen am heefegsten eng Iwwerdroung duerch heterosexuelle Geschlechtsverkéier ugeholl. An dëser Bevëlkerungsgrupp gëtt den HIV och méi dacks eréischt spéit diagnostizéiert. Dofir ass et wichteg, d'Informatioun an d'Opklärung ze verstäerken an heterosexuelle Fraen a Männer den Zougang zu Tester ze vereinfachen, besonnesch no ongeschütztem Geschlechtsverkéier mat neie Partner.

Sech teste loossen, och ouni Symptomer

Verschidde sexuell iwwerdrobar Infektioune kënnen onbemierkt bleiwen, well se keng Symptomer verursaachen. Duerch Tester kënnen dës Infektioune festgestallt, eng ugepasste Behandlung ageleet an de Risiko vun enger Iwwerdroung reduzéiert ginn. D'European Testing Week bitt Persoune vun all Alter d'Geleeënheet, hir sexuell Gesondheet iwwerpréiwen ze loossen.

Wou kann ee sech vum 23. bis den 30. November teste loossen?

BIONEXT bitt an all senge Laboratoirë gratis Tester op sexuell iwwerdrobar Infektiounen un, ouni Rendez-vous an ouni Ordonnance. Zousätzlech ginn op follgende Plazen Testméiglechkeete vun 13.30 bis 17.30 Auer ugebueden:

  • Place de l'Europe: den 23., 24. a 25. November;
  • Campus Esch-Belval: de 24. a 25. November;
  • Campus Kierchbierg: de 26. a 27. November.

Vum 23. bis den 30. November inclus bitt Ketterthill an all sengen Analys-Laboen zu Lëtzebuerg gratis Tester un, ouni Ordonnance, op Wonsch och anonym. Dës Tester ëmfaasse Bluttanalysen op HIV, Hepatitt B an C a Syphilis souwéi Urinanalysen op Chlamydien- a Gonokokkeninfektiounen.

Och d'Laboratoires Réunis bidden an hire Laboratoiren zu Lëtzebuerg Bluttanalysen op HIV, Hepatitt B an C a Syphilis souwéi Tester op Chlamydien- a Gonokokkeninfektiounen duerch geziilte Prelevementer vun de betraffene Kierperberäicher un. D'Servicer HIV Berodung an DIMPS vum Lëtzebuerger Roude Kräiz bidde gratis an anonym Tester op HIV, Syphilis an Hepatitt C un, ouni Rendez-vous. Et ginn Testaktiounen an der Stad Lëtzebuerg an um Campus Belval organiséiert, ënner anerem bei der HIV Berodung, am LGBTIQ+-Zentrum CIGALE an op verschiddene Plazen an der Géigend.

D'Plazen an d'Auerzäite vun den Testaktioune vum Roude Kräiz fannt Dir op www.croix-rouge.lu – European Testing Week November 2026.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet