Exposé iwwert den Budget 2018 vum Finanzminister Pierre Gramegna

"Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Léif Kollegen,

Den Tram fiert, d’Economie dréit, d’Staatsfinanzen sti gutt do.

An anere Wieder: Dank enger virsiichteger Finanzpolitik an engem gudden ekonomeschen Ëmfeld kann Lëtzebuerg et sech erlaben, héich Investissementer ze maachen fir d’Liewen vun de Bierger ze verbesseren, d’Entreprisen méi kompetitiv ze maachen, an esou d’Zukunft virzebereeden. Dat ass d’Leitmotiv vun dësem Budget, an d'Essenz vun der Politik vun dëser Regierung.

Eng verantwortlech Budgetspolitik ass net kuerzfristeg ugeluecht. Eng verantwortlech Budgetspolitik mécht een net fir déi nächst Walen, mä fir déi nächst Generatiounen. Well si sinn et, déi mat de Konsequenzen vun deene Choixen, déi mir haut maachen, ze liewen hunn. Et ass net fir eis, mä fir eis Kanner a Kandeskanner, wou mer d'Land haut op d'Erausfuederunge vu Muer virbereeden.

Oder, anescht ausgedréckt, mat de Wieder vun der Rapportrice:

"Et ass e Budget, dee net nëmmen den hei an elo gesäit, mee verantwortungsvoll no vir kuckt."

Ech maache meng Presentatioun de Moien an 3 Deeler:

Fir d’éischt kommen ech nach mol op déi grouss Prioritéiten vum Budget 2018 zréck: Liewensqualitéit, Kompetitivitéit a Kontinuitéit.

Da wäert ech de makroekonomesche Kontext beliichten, deen, trotz alle Risiken, sou gutt ass wéi scho laang net méi.

Als lescht wäert ech op déi konkret Zuelen vum Budget 2018 agoen.

Déi grouss Prioritéiten vum Budget 2018

Ech hat am Oktober schonn d’Geleeënheet de Budget am Detail virzestellen, dofir wäert ech haut nach just de Rappel vun de grousse Linne maachen.

Fir d'éischt awer wéilt ech der Rapportrice, dem Joelle Elvinger ee grousse Merci soen fir hiren ganz kompletten a faktuelle Rapport. Ech begréissen, dass si e besonneschen Accent op d'Jugend geluecht huet, an de Kontakt mat deene verschiddenen Organisatioune gesicht huet, fir hiren Avis auszeschaffen.

Ech sinn och ganz averstan mat deenen 4 groussen gesellschaftlechen Changementer, déi si gëscht an hirer Ried opgewisen huet:

Déi nei Familljemodeller;

D’Zesummesetzung vun der Gesellschaft, an d’Erausfuederungen déi dat op sproochlechem Plang mat sech bréngt;

D’Digitaliséierung, an hiren Impakt op d’Schoul an d’Arbechtswelt;

De Klimawandel.

Mat groussem Interessi hunn ech och all déi aner Avise gelies, vum Conseil d’Etat, de Chambres professionnelles, der Cour des comptes, dem CNFP, der Zentralbank, a souguer vum COSL. Si alleguerten hunn interessant an utile Iwwerleeungen gemaach, och wann ech se net all deelen.

Wann een déi verschidden Avisen niewentenee leet, da gesäit een, dass et schwéier ass, hinnen all mateneen gerecht ze ginn. Déi eng sinn der Meenung, et wär nach vill Spillraum fir méi Dépensen. Anerer wëlle massiv Aspuerunge maachen. Eenzel Avisen, wéi dee vun der Chambre de Commerce, bréngen et souguer fäerdeg, béides mateneen ze fuederen. Ech schléissen dorauser, dass d’Regierung mam Budget, sou wéi en elo virläit, dee gëllene Mëttelwee fonnt huet.

De Staatsbudget däerf een net isoléiert kucken, mä am Zesummenhang mat all de Mesuren, déi d'Regierung iwwer déi läscht Joren geholl huet.

Aus Zäitgrënn wäert ech och net op all Mesuren zréckkommen, déi ech schonn am Oktober virgestallt hat, mä just nach emol déi wichtegst an hire Kontext setzen.

Mesuren fir d'Famillen

D’Regierung leet, säit se ugetrueden ass, ee besonneschen Accent op d’Famillen. Dat spigelt sech och am Budget erëm.

An eiser heiteger Gesellschaft ginn et vill méi Familljemodeller wéi just dee vun der Koppel mat engem oder méi Kanner. Vill Leit gi gescheet, a bestuede sech eng zweete Kéier. Aner Leit gi guer net bestuet. Bei deenen enge Koppelen ginn déi 2 schaffen, bei anerer bleift een vun de Partner ganz oder deelweis doheem. Vill Mammen sinn alleng-erzéiend. Et ass net un der Politik de Leit virzeschreiwen, no wéi engem Modell si liewe sollen, mä d’Politik soll dëser Diversitéit Rechnung droen.

An dat maache mir. Ech ginn iech e puer Beispiller:

Méi Kafkraaft an Autonomie

Mat der Steierreform gouf d’Kafkraaft, vun de Famillen gestäerkt, besonnesch vun deene Stéit mat engem klenge a mëttleren Akommes.

Alleng-erzéiend Pappen a Mammen profitéieren zousätzlech vum neie Crédit d'impôt monoparental, deem säi Montant vun 750 op 1500 Euro verduebelt gouf.

Mat dem 2ten Deel vun der Steierreform, déi 2018 a Kraaft trëtt, kréien d'bestuete Leit endlech d'Méiglechkeet individuell besteiert ze ginn. Jidderee vun deenen 2 kann dann eng individuell Steiererklärung maachen an weiderhin an der Klass 2 bleiwen. Dëst féiert zu enger gréisser Onofhängegkeet an Gerechtegkeet bannent den Koppelen an hëlleft Fraen an Männer hier Fiskalitéit selwer am Grëff ze hunn. Am Fall vun enger Zwangsvollstreckung sinn déi zwee och net méi solidaresch responsabel.

D'Allocation de vie chère gëtt nei berechent, sou dass vum nächste Joer un ronn 1500 Stéit zousätzlech wäerten an de Genoss vun dëser Hëllef kommen. De Budget vum Fonds national de solidarité geet entspriechend ëm 3,5 Milliounen Euro op 37 Milliounen Euro erop.

Ech well och nach emol drun erënneren, dass de Comité quadripartite am Oktober decidéiert huet, dass d'Consultatiounen vu Kanner a Joncker enner 18 Joer elo zu 100% vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn. Och dat kënnt de Famillen zegutt.

D’Ausgaben fir Schoulbicher leien an der Moyenne bei iwwer 300 Euro pro Schüler. Dat si grad fir jonk Famillen vill Suen. D’Regierung féiert dofir d’Gratuitéit vun alle Bicher an, déi obligatoresch um Schoulprogramm stinn. Dofir sinn am Budget vum Joer 2018 14,5 Milliounen Euro virgesinn.

E besseren Equiliber tëscht Famill- a Beruffsliewen

D'Regierung huet konkret Mesuren op de Wee bruecht, fir d’Familljen- an Beruffsliewen besser mateneen an Aklang ze bréngen:

Den neien, méi flexibele Congé parental trëfft op groussen Zousproch, well en den Elteren erlaabt besser fir d'Kand do ze sinn, an dat bis den Alter vun 6 Joer. Fir d'nächst Joer sinn am Budget dofir 98 Milliounen zousätzlech virgesinn, par rapport zum Programme pluriannuel 2016 – 2019.

Den Pappe Congé am Privatsecteur geet vun 2 op 10 Deeg erop, fir den jonken Pappen méi Zäit mat hirem Neigebuerenen ze ginn. D'Käschten iwwerhëlt de Staat. Am Budget vum Ministère du Travail sinn dofir 11,82 Milliounen Euro zousätzlech virgesinn.

Fir den Elteren och am Alldag méi Flexibilitéit ze ginn, iwwerhëlt de Staat vun 2018 un 20 Stonnen pro Woch gratis Accueil a Sproocheförderung fir all Kand am Alter vun 1 bis 4 Joer. D'Unzuel vun dëse gratis Stonnen geet an d’Luucht en Fonctioun vum Revenu vun den Elteren. Hei spillt also de Kritär vun der sozialer Selektivitéit.

De Barême vum Chèque Service Accueil gouf adaptéiert. Den neien Barême considéréiert also sou wuel d’Unzuel vun den Familljememberen wéi och d’Situatioun vun all Kand an där Famill.

De Staat investéiert 2018 iwwer 380 Milliounen an déi nei "Chèques-Service", also 36,6 Milliounen. Dat ass eng Hausse vun 10,6%.

Vill méi wichteg ass awer déi heiten Zuel: fir déi betraffe Leit heescht dat, dass d'Käschte vun der Crèche 18,5% erofginn. Dat ass eng spierbar Entlaaschtung.

Ech freeë mech, dass d’Chambre des Salariés an d'Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics dës Mesuren am Intérêt vun de Famillen och ausdrécklech begréissen.

Am Beräich vum Logement

De Logement ass a bleift eng vun de Prioritéite vun dëser Regierung. En ass och grad fir jonk Famillen ee wichtege Sujet.

De Budget vun de Subventiounen fir Sozialwunnengen a Wunnengen à coût modéré, déi haaptsächlech vun der SNHBM, dem Fonds de Logement, an de Gemenge realiséiert ginn, geet 19% erop a beleeft sech 2018 op 118,5 Milliounen.

Ech erënneren och drun, dass am Juli ee Gesetz déposéiert gouf, mat deem d'Kritären fir d'Loyerssubventioun ze kréien ugepasst goufen, sou dass an Zukunft nach méi Leit an de Genoss vun där Mesure an iwwert dee Wee un eng Wunneng um fräie Mart komme kënnen.

Eng vun de Mesuren, déi dozou bäidroen, den Immobilie-Marché ze beliewen an d’Offer ropzesetzen, ass de sougenannten "Quart-Taux" op de Plus-Valuen am Fall vun enger Vente.

Lo wou d'Joer bal komplett ass, hu mer genuch Indikatiounen, fir ze gesinn, dass déi Mesuren dee gewënschten Effekt huet. D’Regierung huet dofir décidéiert se nach emol em ee Joer ze verlängeren.

Am Beräich vun der Mobilitéit

De Funiculaire an den Tram fueren! An dat nët nëmmen an der Zäit, mä och am Budget.

Den Arrêt Pafendall ass ronn 20% méi bëlleg ginn wéi virgesinn an gouf och nach 3 Méint virum Délai fäerdeg.

Dat ass dat wat d’Budgetspolitik vun dëser Regierung auszeechent: ënnert dem Budget an an der Zäit !

D'Streck um Kierchbierg ass awer just déi 1te Phase. Bis ewell sinn 250 Milliounen an den Tram investéiert ginn. Tëscht 2018 an 2021 ginn weider 228 Milliounen investéiert, fir den éischten Deel vun der Streck iwwert de Kierchbierg op d’Stäreplaz fäerdeg ze stellen, an duerno weider op d'Cloche d'Or an de Findel ze féieren.

De Fonds du rail gëtt 2018 mat 292 Millioune dotéiert, fir de weideren Ausbau an d'Modernisatioun vum Zuchréseau.

Am ganzen 827 Millioune gëtt de Staat 2018 fir de Fonctionnement vum ëffentlechen Transport aus.

Donieft goufen och Mesure geholl, fir den Individual-Verkéier méi nohalteg ze maachen, an Autoen, déi hybrid ënnerwee sinn, oder guer keen CO2 Austouss produzéieren, ze förderen.

Mesuren fir d'Entreprise méi kompetitiv ze maachen

Mat der Steierreform gouf 2017 den IRC fir d’Entreprisen schonn vun 21% op 19% erofgesat. 2018 geet den Taux dann erëm weider erof op 18%.

Fir kleng Entreprisen a Start-upen, deenen hire Profit ënner 25.000 Euro läit, ass den IRC säit dësem Joer souguer just 15%.

Den neien IP (Propriété Intellectuelle) Steier-Regime ass um Instanzewee, a wäert demnächst a Kraft trieden. Domatter gëtt d’Recherche an den Developpement zu Lëtzebuerg nohalteg gefördert, an d'Firmen incitéiert an d'Innovatioun ze investéieren.

D'Dotatioun vum Fonds de l'innovation geet 2018 am selwechte Sënn ëm 41 Milliounen erop.

Fir den Entreprisen ze hëllefen sech informatesch op de leschte Stand ze bréngen a sech besser op d’Digitaliséierung virzebereeden, wäerte mer 2018 eng nei Bonfication d’impôt pour Investissements aféieren.

Hire Montant entsprécht 8% vun engem Investissement bis 150.000 EUR an 2% vum Investissement deen iwwert dee Montant erausgeet. An anere Wieder erlaabt dës Mesure de Firmen, déi nei Software kafen, hir Steierlaascht bis zu 10% ze drécken. Dëst ass eng kloer Incitatioun, sech op deen neiste Stand ze bréngen, an den Zuch vun der Digitalisatioun net ze verpassen.

D’Chambre des Métiers an d’Chambre de Commerce, genee wéi d’OCDE, begréissen dës nei Mesure ausdrécklech.

An hirem Avis begréisst d’Chambre des Métiers och ausdrécklech d’Efforten vun der Regierung fir nei Terrainen fir d’Aktivitéitszonen zur Verfügung ze stellen. Bis 2021 sinn 65 Milliounen dofir virgesinn.

Wann et den Entreprise gutt geet, profitéiert jiddereen

Entreprisen, deenen et gutt geet, schafen Aarbechtsplazen an bezuelen hire Mataarbechter uerdentlech Salairen.

De Statec geet vun enger weider positiver Entwécklung um Aarbechtsmaart aus:

Laut der leschter Note de Conjoncture wäerten dëst Joer par rapport zu 2016 3,2% nei Aarbechtsplazen geschaf ginn. 2018 soll dësen Trend och weidergoen. Méi Aarbechtsplazen, dat heescht och méi Chancen fir all Jonken, een Job ze fannen, deen zu him passt.

De Chômage geet weider erof. Dëst Joer ass en op 5,8% gefall, an 2018 wäert en weider erofgoen. Dat sinn net just Statistiken, dat sinn vill Leit, déi aus dem Chômage zréck an d’Aarbechtsliewe fannen.

Fir dësen Trend weider ze ënnerstëtzen gëtt de REVIS agoufert, de Revenu d’inclusion sociale. Anescht wéi den RMG ass de REVIS sou konzipéiert, dass en d’Leit dobäi ënnerstëtzt an d’Aarbeschtswelt ze kommen, oder dohinner zréckzekommen.

Den entspriechende Projet de loi gouf am Oktober 2017 nach emol an op enger Rei Punkte verbessert.

Duerch des Adaptatiounen gëtt de Budget fir des Reform entspriechend no uewen ugepasst, op 6,1 Milliounen Euro d’nächst Joer, fir dann bis 2021 progressiv op 20 Milliounen eropzegoen.

Déi positiv Entwécklung um Aarbechtsmarché ass och positiv fir de Staatsbudget. Net nëmmen well d'Recetten weider erop ginn, mä well et besser ass an d’Aarbecht, wéi an de Chômage ze investéieren. PG - Final Versioun - p. 15

Wat mech besonnesch freet ass awer, dass vun deene Mesuren, déi ech virdrun opgezielt hunn, op lo an der Fiskalitéit, an der Familljepolitik oder um Aarbechtsmaart, virun allem och Frae profitéieren, well se hinnen hëllefen finanziell onofhängeg vum Partner ze sinn, an net mussen de Choix maachen tëscht Beruff oder Famill. Dat hëlleft de Fraen och fir hir eege Pensioun virzesuergen, an am Alter net alleng op déi vun hirem Partner ugewisen ze sinn.

Am Oktober 2017 huet den Institut européen pour l’égalité des femmes et des hommes déi lescht Editioun vu sengem Gläichberechtegungs-Index eraus bruet. Lëtzebuerg fënnt sech do op der Plaz 9 vun 28 erëm, a läit a 5 vun 6 Domainen besser wéi d’EU Moyenne. Dat ass ee gudde Score, mä nach net gutt genuch.

An engem Punkt ass Lëtzebuerg awer Spëtzereider. An der Moyenne verdéngen Fraen an der EU haut 16,3% manner wéi d’Männer. Zu Lëtzebuerg ass deen Ennerscheed am "Pay Gap" just 5,5% manner. 

D'Lëtzebuerger hunn all Grond optimistesch ze sinn, a si sinn et och

Läschte Mount huet d’lëtzebuerger Zentralbank d'Resultater publizéiert vun hirer Ëmfro iwwert d’Vertrauen vun den Consommateuren zu Lëtzebuerg.

Säit dem Ufank vun dëser Ëmfro am Joer 2002 waren d'Resultater nach ni sou positiv wéi haut. D’Leit schätzen déi generell ekonomesch Situatioun vum Land haut sou gutt an wéi nach ni an deene leschte 15 Joer. Ëmmer manner Leit maache sech Suergen iwwert de Chômage. An souvill Leit wéi nach ni virdrun erwaarden, dass sech hir finanziell Situatioun an den nächste Joren verbessere wäert, an si och nach Suen op der Säit hunn fir ze spueren.

Rezent Ëmfroen vun der ILRES ginn an déi selwecht Richtung, wat den Androck vun de Bierger iwwer déi gutt wirtschaftlech Lag am Land ugeet.

Dat ass net nëmmen ee Bauchgefill. Déi objektiv Zuele weisen, dass d’Leit recht hunn fir optimistesch ze sinn.

An der Eurozone verzeechne mer mëttlerweil dat 18t Trimester hannertenee Wuesstem.

D'OCDE rechent weltwäit dëst Joer mat 3,6% Wuesstem, géint 3,1% d'Joer virdrun.

Fir Lëtzebuerg rechent de Statec 2017 mat engem Wuesstem vu bis zu 3,4% vum PIB; 2018 mat bis zu 4,4%.

Wann dat sech sou confirméiert hat Lëtzebuerg tëscht 2013 an 2018 am Duerchschnëtt 3,9% Wuesstem d'Joer.

Den europäesche Verglach weist, dass mer eis dëst Joer domatter éischter am gudde Mëttelfeld situéieren:

D'Inflatioun zitt rëm liicht un. No 0,3% am Joer 2016, wäert se 2017 op 1,7% erop goen, a soll 2018 bei ronn 1,4% leien.

D’Steierreform kuerbelt d’Bannennofro un, eng Tatsaach déi och vun de Rating-Agencen an hiren Analyse confirméiert gouf.

Och d’Kommissioun ënnersträicht dee positiven Effekt vun der Reform, a schreift: "In light of its fiscal position, the recent decision by the national authorities to use the available fiscal space to implement a tax reform appears appropriate."

Laut der OCDE an der Europäescher Commissioun zéien och déi privat Investissementer rëm un. Dëst ass ee positiivt Zeechen, well den Opschwong sou eng méi grouss Dynamik kritt.

De Statec geet dovunner aus, dass d'Zënsen 2018 weider niddereg bleiwen, an d'Aktiemäert weider klammen, wat eng gutt Noriicht fir Lëtzebuerg ass, well dat een direkten Afloss op d'Recetten aus der Taxe d'Abonnement huet. Méi laangfristeg mengt de Statec awer, dass d'Zënsen rëm progressiv wäerten unzéien. Dofir ass et gutt a richteg, haut laangfristeg Finanzementer mat nidderegen Zënsen ofzeschléissen.

Här President,

Dir Dammen an Hären,

Wann een optimistesch ass, dann heescht dat net, dass een d'Risiken ausblend!

Nee. Ech hunn a menger Ried am Oktober och am Detail op déi verschidde Risiken higewisen.

Kuerzfristeg Risiken:

D’Sécherheetslag ronderëm d’Welt bleift fragile. D’Situatioun an Nordkorea ass weiderhin onsécher, an d’Terror Menacen bleiwen leider och nach ëmmer en Alldag. Mat der rezenter Décisioun vum President Trump a Bezuch op de Statut vu Jerusalem ass dee Risiko tendenziell leider méi héich wéi méi niddereg ginn.

Mëttelfristeg Risiken:

Grad am Kontext vum Brexit gesäit een, wéi wichteg et ass, dass Europa weider international kompetitiv bleift.

Dëst gëllt um Gebitt vun der Reglementatioun (zum Beispill am Bezuch op d'Supervisioun vun der Finanzindustrie), awer och um Gebitt vun der Besteierung, wou Lëtzebuerg international fir de Respekt vum Prinzip vum Level-Playing Field plädéiert.

D’Adoptioun vun der Steierreform an den USA virun 2 Wochen bréngt nei Onsécherheete mat sech, déi mer genee analyséiere mussen.

Laangfristeg Risiken:

D’Digitaliséierung an den Klimawandel wäerten laangfristeg méi ee groussen Impakt hunn wéi all déi aner Facteuren.

Déi gutt Noriicht ass: Lëtzebuerg huet déi Erausfuederungen erkannt, a schafft konsequent u Léisungen.

Klimawandel: Ech hat d’Éier dëst Joer mam Grand-Duc a mat der Ministesch Dieschbourg op d’COP23 op Bonn ze goen, fir d’Inititativen déi zu Lëtzebuerg an deem Beräich gemaach goufen der Welt virzestellen. Lëtzebuerg huet seng Verantwortung geholl andeems et eng kohärent "Toolbox" op d’Been gesat huet fir den Klimawandel ze bekämpfen. D’Regierung huet fiskalesch Mesure geholl déi d’Elektromobilitéit förderen. Am Finanzsecteur hunn mir niewent onser grénger Bourse (den Luxembourg Green Exchange) och nach, ënner anerem, zesummen mat der Europäescher Investitiounsbank eng Plattform gegrënnt fir Investitiounen a klimafrëndlech Projeten ze förderen. Am selwechte Sënn hu mir een neien Accélérateur op de Wee bruecht, fir der Fongenindustrie dobäi ze hëllefen, gréng Projeten ëmzesetzen. Als Finanzminister sinn ech immens houfreg ze gesinn dass den Finanzsecteur en Effet Multiplicateur an der Bekämpfung vum Klimawandel schaaft.

Digitaliséierung:

D’Digitaliséierung ass keng Zukunftsmusek, mä Realitéit. Eng Realitéit, déi dës Regierung erkannt huet an och konsequent upéckt. Dat gesäit een un de Mesuren, déi ech virdru genannt hunn, dat gesäit een um Programm Digital Lëtzebuerg, dat gesäit een um Accent, deen ech op der Finanzplaz op d’Entwécklung vu Fintech leeën.

D’Cofibu weist an hirem Rapport op de Besoin hin, d’Digitalisatioun, grat um Gebitt vun de Steierverwaltungen konsequent weiderzeféieren. Et freet mech iech hei kënne matzedeelen, dass déi Aarbechte schonn ugelaf sinn, a gutt weiderkommen. D’Verwaltungen an de CTIE schaffen hei exemplaresch zesummen.

Et freet mech och dass déi Efforten dobaussen op Unerkennung stoussen. Sou huet zum Beispill d’OCDE d’Initiativen déi d’Regierung um Gebitt vun der grénger Finanz an vun der Digitaliséierung geholl huet, ausdrécklech gelueft.

Et gëtt een Ënnerscheet tëscht Risike gesinn, an systematesch Schwaarzmolerei ze bedreiwen.

Dës Regierung mécht keng Politik vun der Angscht, mä kuckt der Zukunft an d’A, a bereet d’Land konsequent op déi nei Erausfuerderungen vir.

Sämtlech Rating Agencen, déi souwuel déi aktuell Situatioun, wéi och d’Chancen an d’Risiken fir d’Zukunft analyséieren, deelen des Meenung, an hunn Lëtzebuerg den AAA mat stabiler Perspektive bestätegt.

Déi gutt Situatioun spigelt sech och um Niveau vum Budget 2018 erëm

Fir kohärent ze sinn, a fir et méiglech ze maachen Äppel mat Äppel a Bire mat Biren ze vergläichen, maachen ech mäin Exposé op Basis vun de Regele vun der Europäescher Comptabilitéit, no der Norm SEC2010.

Wéi d’Rapportrice gëschter schonn erausgestrach huet, sinn dës Zuelen net direkt ze vergläichen mat deenen no der Lëtzebuerger Comptabilitéit, wat een um Graphique 5 gesäit:

Dat heescht net, dass déi eng richteg, an déi aner falsch wären, et weist just, dass et zwou verschidde Manéiere gëtt d’Zuelen ze presentéieren. Fir dësen Exposé halen ech mech, wéi gesot, un déi Europäesch Norm, wat eis dann och erlaabt:

- de Verglach mat den Nopeschlänner ze maachen;

- an ze kucken, op mir de Stabilitéits- a Wuesstemspakt respektéieren.

Fänke mer un mat der Administration Centrale:

D’Recetten vun der Administration Centrale

Fir d’nächst Joer rechne mer mat 17,3 Milliarde Recetten. Déi Zuel ass nët changéiert säit dem Oktober, dofir ginn ech op déi eenzel Posten net méi weider an. 

Ech hunn an enger Rei Avise gelies, dass et Doute ginn, op d’Recetten net villäicht zevill optimistesch ageschat goufen. Déi Suerg ass net nei. Ech hunn se bis ewell all Joer gehéiert.

Ech verstinn, firwat och grat d’Oppositioun ëmmer rëm sou Bedenken äussert. Wann een de Graphique 7 kuckt, gesäit een, dass zur Zäit wéi d’CSV de Finanzminister gestallt huet, d’Ennerscheeder tëscht deem, wat am Budget virgesi war, an deem, wat herno erakomm ass, zum Deel extrem héich waren.

Am Laf vun dëser Legislaturperiod sinn des Ecarten awer immens zesummegaang.

D’Zifferen, déi d’Verwaltungen eis ginn hunn, an déi am Budget iwwerholl gi sinn, befanne sech also säit 2014 ganz no bei der Realitéit.

Ech freeë mech dofir och, dass d’Cour des Comptes festgehalen huet, dass se d’Previsiounen vun der Regierung, wat d’Recetten ugeet "raisonnables" et "réalisables" fënnt.

Et ass richteg, dass säit de Budget presentéiert gouf, de Statec seng Previsiounen vum PIB fir 2017 an 2018 no ënnen ugepasst huet. Ech wëll awer ënnersträichen, dass dat keng direkt Implikatiounen op d’Recetten huet, sou wéi mer dat och schon d’Jore virdrun feststelle konnten. Och dat gesäit een um Graphique, mat deene grénge Strécher. Des weisen, wéi am Laf vum Joer d’Croissance vum Statec ugepasst ginn ass.

En fait gëtt et keen direkten, mechaneschen oder automateschen Zesummenhang (d’Spezialisten schwätze vu Correlatioun) tëscht der Evolutioun vum PIB an där vun de Recetten. Mir gesinn dat och un dëse Resultater vun dësem Joer.

Estimatiounen a Modeller kann een diskutéieren. Suen déi mer an der Keess hunn, net. D’Zuele schwätzen eng kloer Sprooch.

Den 27. Oktober hunn ech der COMEXBU d’Zuelen vum 3ten Trimester 2017 virgestallt, an dee Moment louche mer mat den Recette schonn 6,2% iwwert deem wat am Budget virgesi war. Laut deene leschten Zuele vun de Steierverwaltungen fir d’Méint Oktober an November hält dëse positiven Trend un, sou dass mer d’Joer 2017, obwuel de PIB no ënne revidéiert gouf, mat méi héije Recetten wäerten ofschléissen wéi virgesinn.

Déi positiv Dynamik, déi ech iech am Oktober presentéiert hunn, huet sech entretemps nach weider confirméiert.

Et gesäit een also, dass souguer mat engem Wuesstem vun 3,4%, deen also ënnert deem läit, deen am Budget 2017 virgesi war, d’Recetten net entspriechend erofginn, mä au contraire klammen. Bei den direkte Steieren louche mer den 30. November schonn 9,1% iwwert de Recetten um selwechten Datum d’Joer virdrun.

Wéi kann een dat erklären ?

Duerch nei Aarbechtsplazen, déi geschaf ginn, an, virun allem, elo schonn, duerch méi ee qualitative Wuesstem. Ee Wuesstem, deen och op engem méi nidderegen Niveau héich Recette generéiert, well en sech ëmmer méi op Aktivitéite konzentréiert, déi eng héich Plus-value generéieren.

Ech wëll och nach emol ënnersträichen, dass, entgéingt deem wat Verschiddener virausgesot haten, d’Steierrecetten duerch d’Steierreform en fait net erofgaangen sinn 2017, mä au contraire weider klammen. Dëst weist zum engen, dass d'Regierung mat hiere Previsioune richteg louch, zum aneren, dass Wuesstem ee gudden Deel vun de méiglechen Ausfäll absorbéiert huet.

D'EU Kommissioun gesäit dat d'selwecht a schreift:"Public finances are projected to remain strong in spite of the tax-decreasing reform."

Ech kann zu dësem Zäitpunkt och nëmme bestätegen, dass eis lescht Estimatiounen weider confirméieren, dass den Impakt vun der Steierreform op de Budget ganz no bei deem läit, wat ech iech d'lescht Joer ugekënnegt hat (373 Milliounen dëst Joer, 502 Milliounen 2018, an all Kéiers 524 Milliounen an de Joren 2019 an 2020).

Dépensen vun der Administration Centrale

Duerch déi 20 Amendementer sinn d’Dépensen em 20 Milliounen eropgaang.

Dat ass net näischt, mä huet bei engem Budget vun 18,2 Milliarden een nëmme limitéierten Impakt op den Equiliber.

Dee gréissten Deel vun den Dépense vum Staat sinn Transferten un d’Sécurité Sociale, Sozialleeschtungen, Subsiden, an aner Transferts de Revenus: zesummen 8,8 Milliarden Euro, also bal d’Halschent vun allen Dépensen.

Wéi d’Zentralbank an hirem Avis eraussträicht gehéiert Lëtzebuerg zu deene Länner an Europa, wou déi sozial Ënnerscheeder am geréngste sinn, wat zu engem groussen Deel op d’Sozialtransferten zréckzeféiere ass, déi sech an eiser Steierpolitik an am Budget erëmfannen. 

D’Evolutioun vun den Dépensen am Joer 2018 ass an der Kontinuitéit vun deene leschte Joren, an zeechent sech aus duerch 2 grouss Tendenzen:

D’Investissiounen bleiwen op engem héijen Niveau, ronn 2,4 Milliarden, oder 4,1% vum PIB.

D’Dépensen vun der Administration Centrale sinn am Grëff.

Dëst gesäit ee besonnesch kloer, wann een d’Consommation intermédiaire – also d’Fonctionnementskäschten – an dëser Legislaturperiod kuckt.

Hei gesäit een dass déi strukturell Mesuren, déi des Regierung iwwer déi lescht Joren an d’Wee geleet huet, elo um Niveau vun den Dépensen hier Wierkung entfalen.

Resultat um Niveau vum Solde vun der Administration Centrale

Wann op där enger Säit d’Käschten am Grëff sinn, an op där aner Säit d’Recetten eropginn, da bréngt dat mat sech, dass d’Resultat, de Solde, besser gëtt, wéi dat, wat am Budget virgesi war.

Des Legislaturperiod hate mer bis ewell nach all Joer ee positiven Ecart tëscht de Prévisioune vum Budget an dem Compte.

Konkret heescht dat, dass mer dës Legislatur-Period all Joer mat engem Resultat ofgeschloss hunn, dat wäit besser war, wéi am Budget virgesinn:

197 Milliounen 2014 (Compte) géint -543 Milliounen déi am Budget virgesi waren;

263 Milliounen 2015 (Compte) géint -876 Milliounen déi am Budget virgesi waren;

211 Milliounen 2016 (Compte) géint -633 Milliounen déi am Budget virgesi waren.

Här President,

Dir Dammen an Hären,

Ech kann iech elo scho soen, dass mer 2017 an der Administration Centrale net, wéi virgesinn mat engem Defizit vun ronn enger Milliard, mä wuel just mat der Halschent dovunner, also mat manner wéi enger hallwer Milliard, ofschléisse wäerten.

Wann dëse positiven Trend sech confirméiert wäerte mer och 2018 an d’Joren duerno wäit besser Zuele schreiwen, wéi déi, déi haut nach am Budget virgesi sinn, an deemno och nach méi séier d’Konnten vun der Administration Centrale rëm an den Equiliber bréngen.

D’Richtung stëmmt also, mä mir schreiwen am Moment nach ëmmer rout Zuelen. Dofir musse mir wéi déi lescht Joren och schonn, virsiichteg bleiwen an d’Ausgaben weider am Grëff halen.

De Schlësselfaktor vum Investissement

Dir frot iech elo mat Recht, wann alles sou gutt ausgesäit, firwat hu mer dann an der Administration centrale iwwerhaapt nach Defizit ?

Den Defizit erkläert sech virun allem duerch déi héich Investissementer.

D’Chambre des Métiers schreift:"Ils représentent une nécessité absolue afin de rattraper les retards qui ont été accumulés par le passé, ces derniers s’expliquant surtout par le fait que la croissance économique soutenue sur une longue période, de même que les besoins en équipements qu’elle génère, aient été sous-estimés par les gouvernements successifs."

Ech hunn am Oktober, bei der Presentatioun vum Budget, gefrot dass déi Leit, déi kierze wëllen, da sollten erklären, wou se dat maachen géifen. Wéi eng Schoul, wéi ee Wunnengsprojet, wéi eng Strooss, si net baue géifen. Ech hu bis ewell nach keng Äntwert drop kritt.

Au contraire, ech liesen an all den Avisen, dass d’Regierung gelueft gëtt fir hier Investissiounspolitik. Bis 2021 geet den Niveau vun den Investissementer Joer vir Joer erop, fir mat der Entwécklung vun eisem Land Schrëtt ze halen.

Ech stelle fest, dass d'Chambre de Commerce kritiséiert dass d'Investissementer, sou wéi se haut geplangt sinn, 2021 par rapport zum PIB liicht erof ginn, vun 4% op 3,92%, amplaz sech ze freeën, dass mer am europäesche Verglach ëmmer op engem immens héije Niveau bleiwen.

Dorunner gesäit een, dass et zu Lëtzebuerg ee Konsens schéngt ze ginn, fir d'Investissementer op engem ganz héijen Niveau ze halen, sou wéi d'Regierung dat mécht, fir d'Land op d'Zukunft virzebereeden.

Well et ass genee sou, wéi d’Rapportrice et gëscht gesot huet:

"Wien un den Investitioune spuert, spuert op Käschte vun deenen nächste Generatiounen."

Dës Regierung spuert net op Käschte vun deenen nächste Generatiounen, si spuert au contraire fir déi nächst Generatiounen. Mat dem Fonds souverain intergénérationnel, an deem 2018 iwwer 240 Milliounen wäerten ugespuert sinn. 

D’Analyse um Niveau vun der Administration Publique - Gemengen

D'Gemengefinanze bleiwen déi ganz Period bis 2021 am positive Beräich, mat engem Plus vu ronderëm 200 Milliounen oder 0,3% vum PIB pro Joer. An den Zuelen gesäit een och kloer de positiven Impakt vun der Reform vun de Gemengefinanzen.

Sécurité sociale

Hei gesi mer déi selwecht Tendenz, wéi déi, déi ech schonn um Niveau vun der Administration Centrale beschriwwen hunn, nämlech eng nette Verbesserung par rapport zu de Previsioune vun deene leschte Joren. D'Recetten leie konstant iwwert den Dépensen, wat iwwert déi ganz Period tëscht 2018 and 2021 zu engem Iwwerschoss an der Gréissenuerdnung vu ronn enger Milliard d'Joer féiert.

Dës gesond Situatioun vun eiser Sécurité Sociale steet am direkten Zesummenhang mat der gesonder Wirtschaft, an den neien Aarbechtsplazen, déi all Joer geschaf ginn. 

Déi verschidden Avisen sinn sech eens, dass et eiser Securité sociale am Moment gutt geet. Eng Fro, déi awer opgeworf gëtt ass déi vun der Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem op laang Dauer.

Dat ass eng berechtegt Fro. Et gëtt awer zu dësem Zäitpunkt kee Grond hei a Panik ze verfalen oder Schwarzmolerei ze bedreiwen. D'Reserven vun eise Pensiounskeese sinn esou héich wéi nach ni virdrun an eiser Geschicht.

Duerch déi positiv Entwécklung vun eiser Wirtschaft an de Rendement vum Fonds de Compensation fléissen all Joer ronn 1 Milliard Euro zousätzlech an d’Reserven. Lëtzebuerg huet elo schonn fir bis no 2040 Reserven op der Säit, méi wéi all anert Land an der EU.

D'Situatioun ass also gutt. An d'Regierung wëll, dass dat och an Zukunft esou bleift.

Dofir gouf een Experte-Grupp zesummegestallt, an domatter beoptraagt, Optiounen ze préiwen, fir dass eise System och mëttel- a laangfristeg sou zolitt bleift, wéi en haut ass.

De Solde vun der Administration Publique

An der Administration Publique hate mer dës ganz Legislaturperiod, nach net een Defizit. An dat wäert och an Zukunft sou bleiwen. Vun 2018 bis 2021 wäert all Joer een zolitten Iwwerschoss geschriwwe ginn, an dee geet progressiv an d'Luucht, vun 333 Milliounen oder 0,5% vum PIB am Joer 2018 op iwwer eng 1,1 Milliard oder 1,7% vum PIB am Joer 2021.

Lëtzebuerg gehéiert domatter zu deene gudde Schüler an der EU.

D’ëffentlech Schold

Enn 2013 war Lëtzebuerg um Wee, déi europäesch Kritären net méi ze respektéieren, an dee Moment och säin AAA ze verléieren. D’Projektioune vum Comité de Prévision hu gewisen, dass mer 2016 bei enger Staatsschold vun 15 Milliarden oder 29,2% vum PIB lande géifen, wann déi nei Regierung net séier géif Mesuren huelen.

Wou leie mer haut?

D'Staatschold läit 2018 bei 22,7% vum PIB, géint 23,7 am Joer 2013. Am Verhältnis zum PIB -eisem national Räichtum- geet d'Staatsschold trotz den héijen Investissementer progressiv weider erof, op 21,6% am Joer 2021. Dat ass wäit ënnert der Limite vun 30%, déi d’Regierung sech selwer fixéiert huet, an nach méi wäit ënnert der Limit vun 60%, déi den europäesche Regelen entsprécht.

An absoluten Zuelen läit d'Schold aktuell bei 12,9 Milliarden Euro. Ronn 11 Milliarden dovunner hu mer vun der viereschter Regierung geierft !

Ech ka mech nëmme wonneren, dass déi selwecht Leit, déi, wann et em den Invest geet, léiwer am Verhältnis zum PIB raisonnéieren amplaz an absoluten Zuelen, déi genee ëmgedréint Approche hunn, wann et em d'Schold geet. Dat ass net kohärent, a gëtt och kee korrekt Bild vun der Realitéit.

Mä wann een dat wëll maachen, da muss een och dat ganzt Bild weisen : Eise PIB wäert laut dem Statec 2018 bei 59 Milliarden Euro leien, géingt 46,5 Milliarden Euro am Joer 2013. Dat sinn 12,5 Milliarden zousätzleche Räichtum, deen zu Lëtzebuerg an dëser Legislaturperiod erschafft gouf. Da kann een dach net higoen, a soen, 1,9 Milliarden zousätzlech Emprunten iwwert déi selwecht Period wären net raisonnabel !

An deenen 5 Joer tëscht 2014 an 2018 wäerte mer iwwer 10 Milliarden investéiert hunn. Dovunner sinn iwwert 3/4 mat lafende Recetten bezuelt ginn, a manner wéi 1/4 iwwer Emprunten.

Grad an Zäiten vun nidderegen Zënsen ass et dee richtege Choix des Investissementer elo bëlleg iwwer Emprunten ze finanzéieren.

Lëtzebuerg profitéiert dovunner, dass d’Zënse momentan niddereg sinn. D’Zënsen op der Staatsschold leien 2018 bei 181 Milliounen. Dat ass just 1% vun den Dépensen vun der Administration Centrale.

Et géif kee Sënn maachen zu dësem Zäitpunkt wëllen mordikus den Defizit ze reduzéieren, wa mer au contraire d’Investissementer zu historesch nidderege Konditioune finanzéiere kënnen.

Och op deem Gebitt seet de Verglach mat deenen aner Länner an der EU méi wéi 1000 Wieder:

De Respekt vun den Europäesche Kritären

Lëtzebuerg ass a bleift dat eenzegt Land an der Eurozone, dat mat sengem Budget déi europäesch Kritären ëmmer respektéiert huet. Dozou gehéiert ënnert anerem eng Verscholdung déi net iwwer 60% vum PIB leien däerf, awer och ee Solde structurel, deen den "Objectif à Moyen Terme" (OMT) respektéiere muss.

Dëst sinn komplizéiert Notionen. An hirem Avis schwätzt d'BCL, am Bezuch op de Solde structurel vun engem "concept difficilement saisissable”. Si huet op deem Punkt ganz recht, an dofir hunn ech zu Bréissel och scho fir d'Vereinfachung vun deem ganze Mechanismus plädéiert.

D'läscht Joer huet d'Regierung de Choix gemaach, den Objectif à Moyen terme, sou wéi déi europäesch Regelen dat erlaben, op -0,5% vum PIB erofzesetzen. Dëse Choix gëtt vun der Chambre des salariés “fortement approuvé”.

Fir anerer, zum Beispill d'Chambre des Métiers oder den CNFP, hätt d'Regierung deen OMT au contraire méi héich sollen usetzen. Ech kann si berouegen :

Laut der Note de Conjuncture vum Statec vum 5. Dezember läit de Solde structurel 2017 wäit iwwert der Limite vun -0,5% a souguer iwwert der fréierer Limite vun +0,5%. Fir d'Joren drop gesäit d'Tendenz genee sou positiv aus.

Wéi de Staatsrot an sengem Avis ervirgehuewen huet, respektéiert Lëtzebuerg säin OMT also largement.

Och hei bestätegt sech, dass et richteg war, dëse Wäert am Budget ganz virsiichteg unzesetzen, an elo eng confortabel Marge de Manoeuvre ze hunn.

Trotz de verschiddenen Kritik ass net een Avis, deen a Fro stellt, dass de Budget all d’Regelen respektéiert :

De Conseil d’Etat schreift:"Le projet de budget pour l’exercice 2018 répond aux deux objectifs que le Gouvernement s’est fixé: respect de l’OMT et maintien de la dette publique en deçà de 30 % du PIB."

D’Banque Centrale stellt fest:"Au total, le Luxembourg respecterait donc ses engagements en matière de finances publiques au niveau européen sur l’horizon de projection 2017-2019."

De CNFP schreift:"Les administrations publiques du Luxembourg devraient également respecter la règle budgétaire au cours de la période 2017-2019, ceci indépendamment de la méthode de calcul retenue.

Conclusioun

Wann een déi verschidden Avisen iwwert de Budget an der Regierung hier Finanzpolitik liest, da fält virun allem eppes op: Mir sinn zu Lëtzebuerg ganz streng mat eis selwer. Dat ass gutt.

Mä et muss een awer och kënnen iwwert den Tellerrand erauskucken.

Déi Leit, déi eis vu baussen observéieren, - op dat den FMI ass, d'OCDE, d'Ratingagencen oder d'Europäesch Kommissioun si sech eens: eis Staatsfinanzen sinn an der Rei.

D'Kommissioun schreift:

"La Commission est d’avis que le projet de plan budgétaire du Luxembourg, (...) est conforme aux dispositions du pacte de stabilité et de croissance. Elle invite les autorités à exécuter le budget 2018."

Ech ka mech deem nëmmen uschléissen."

Aktualiséiert