Ried vum Lydia Mutsch bei der Aweiung vun den neie gebailechkeeten vum Service SECUALIM

Den 26. September huet d'Lydia Mutsch, Gesondheetsministesch, am Kader vun der Aweiung vun den neie gebailechkeeten vun der SECUALIM eng Ried gehalen. 
  

©MSAN
Lydia Mutsch lors de son discours

 

Léif Mataarbechterinnen an Mataarbechter aus der Divisioun vun der sécurité alimentaire an aus der Vétérinaire-Verwaltung,

Léif Kolleginnen an Kollegen aus der Santé, aus den Laboen, an aus aneren Verwaltungen,

Léif Invitéen,

Et ass mat grousser Freed datt ech haut zesummen mat mengem Minister Kolleg Fernand Etgen déi nei Raimlechkeeten vun den Liewensmëttelkontroll-Servicer hei zu Stroossen aweien.

Wéi der wësst ginn et an der Liewensmëttelkontroll 3 grouss Servicer:

Dëst sinn op der enger Säit d’ Divisioun vun der Sécurité alimentaire déi zur Direktioun vun der Santé gehéiert an d’ Vétérinaire-Verwaltung, déi nieft den Aspekter vun Déieren-Wuel an Déieren-Gesondheet och am Kader vun den Liewensmëttelkontrollen ënnert menger Tutelle intervenéiert.

Mär hunn elo also deen gréissten Deel vun den Liewensmëttelkontroll-Servicer hei zu Stroossen an engem funktionellen Gebai regruppéiert.

Op där anerer Säit, sinn nieft SECUALIM an ASV nach Bureauen virgesinn fir den "Commissariat à la qualité à la fraude et à la sécurité alimentaire" deen jo mam neien Liewensmëttel Gesetz (Gesetz vum 28. Juli 2018) geschaf ginn ass.

Ausserdeem hu mer nach Bureauen prett fir déi Leit vun der Douane an vun der Ackerbauverwaltung (ASTA) déi an der Liewensmëttelkontroll intervenéieren, déi dës awer nëmmen zäitweis wäerten notzen, fir méi enk mat der SECUALIM an der ASV zesummen ze schaffen.

Mär hunn also hei perfekt Konditiounen geschaf fir d’ Zesummenaarbecht zwëschen den Acteuren ze verbesseren. D’ Weeër si méi kuerz ginn, dofir léif Mataarbechter: profitéiert dovunner fir iech op dës méi onkomplizéiert Manéier auszetauschen an är Kollaboratioun – déi jo schonn an de verschiddensten Beräich ëmmer ganz gutt geklappt huet - nach ze verdéiwen!

An zwar sinn ech iwwerzeegt, dass et elo hei an deem neien Gebai nach méi einfach wäert sinn fir :

  • Gemeinsam Kontroll-Prozeduren auszeschaffen;
  • Kombinéiert Kontrollen z’ organiséiren;
  • Gemeinsam Prozeduren auszeschaffen fir d’ Gestioun vun enger Alerte rapide a fir d’ Kommunikatioun mat de Konsumenten;
  • eng gemeinsam Datebank opzebauen fir d’ Gestioun vun de Kontrollen an den Liewensmëttel-Betriber;
  • asw.

Dëst Zesummeleeën ass dann och eng éischt Mesure vun engem ganzen Pack vu Mesuren fir d’ Liewensmëttelkontroll besser opzestellen.

À propos, gemeinsam Datebank:

Dës ass wesentlech fir den Austausch vun den Donnéeën tëscht deenen verschiddenene Verwaltungen z’ assuréieren an esou d’ Kontrollen besser kennen ze plangen, respektiv, ze verhënneren datt duebel Kontrollen gemaach ginn.

Heirun gouf an de lëschte Méint intensiv geschafft!

Aktuell existéiert schonn eng Datebank an der Santé, déi zënter 2010 mat der Douanesverwaltung, an zënter 2015, och mat der Veterinärverwaltung gedeelt gëtt. Dës soll elo weider ausgebaut ginn, fir datt mer relativ séier eng gemeinsam Datebank op d’ Bee kréien.

Als éischte Schrëtt muss a mengen Aen e gemeinsamen Regëster vun agrééierte Betriber ausgeschafft ginn.

Duerno kéint een higoen a gemeinsam Check-Lëschten opstellen fir d’ Kontrollen duerch ze féieren.

Dëst ass ëmsou méi wichteg wéi eist neit Liewensmëttel-Gesetz eng Publikatioun vun de Resultater vun de Kontrollen virgesäit.

Wann déi Publikatioun soll en Succès ginn - an dat ass am Intérêt vun eis all als Konsumenten - da musse mär onbedengt dofir suergen datt d‘ Kontrollen uniforme a sämtleche Betriber duerchgeféiert ginn.

Neit Liewensmëttel Gesetz

Da sinn ech immens frou, dass mär en neit Liewensmëttel-Gesetz op d’ Schinne bruecht hunn:  

D’ Gesetz vum 28. Juli 2018 iwwert en System vu Kontrollen a Sanktiounen am Beräich vun de Liewensmëttel,

  • applizéiert knapp 20 EU Reglementer zu Lëtzebuerg déi gesondheetlech Kritären fixéieren - spriech Hygiène, Contaminanten, Étiquetage, Zousaatzstoffer, neiarteg Liewensmëttel, asw), dëst am Sënn vum Schutz vun der Gesondheet vun den Konsumenten.
  • D’ Gesetz definéiert och kloer Kritären fir präventiv Kontrollen an den Betriber duerch ze féieren a gesäit d’ Méiglechkeet fir, administrativ Moossnahmen ze huelen (déi méi séier an méi efficace sinn wéi eng procédure pénale iwwert de Parquet).
  • D’ Resultater vun den Kontrollen ginn an Zukunft publizéiert: dëst am Interessi vun der Transparenz par rapport zum Konsument.

Dëst neit Liewensmëttel-Gesetz gesäit och eng Rei Règlements grand-ducaux fir, un deenen meng Servicer iwwert d’ grouss Vakanz intensiv geschafft hunn, esou dass elo deen éischten, iwwert Formatioun vun den "Officiers de la Police judicaire" an den nächste Regierungsrot wäert goen.

Dëst ass wichteg fir datt Inspekteren och um Terrain kennen Sanktiounen aleeden.

D’ clé de voûte vun dësem Gesetz ass awer d’ Schafen vun engem Kommissariat fir Qualitéit, Bekämpfen vun der Fraude an d’ Sécherheet vun de Liewensmëttel, deem seng Aufgabe ganz villschichteg wäerte sinn.

Duerfir hu mär, de Fernand Etgen an ech, och e Posten fir de Commissaire ugefrot a sinn am gaangen d’ Description de Fonction vun dësem Posten auszeschaffen.

Fir mech ass et wichteg, och d’ Kommissariat esou schnell wéi méiglech an dësem neie Gebai ënnerzebréngen fir datt deen neie System deen iwwert dat neit Gesetz definéiert gouf och voll zum Droen kënnt.

Ausserdeem wëll ech dofir suergen, datt d’ Kommissariat och dat néidegt Personal kritt wat ee brauch fir sengen sëllechen Aufgaben nozekommen.

Léif Mataarbechterinnen a Mataarbechter, et ass mer eng grouss Freed, haut bei iech ze sinn fir dëst neit Gebai anzeweien; mee ier et esou wäit ass, géif ech nach d’ Wuert weider ginn un den Fernand Etgen. 

Aktualiséiert