Deklaratioun vum Jean Asselborn iwwert d'Aussen-an Europapolitik vu Lëtzebuerg

Den 13. März huet de Aussen- an Europaminister Jean Asselborn eng Deklaratioun iwwert d'Aussen-an Europapolitik vu Lëtzebuerg an der Chamber gehal.

  1. ©MAEE

    Déclaration de Jean Asselborn sur la politique étrangère et européenne à la Chambre des députés
  2. ©MAEE

    Déclaration de Jean Asselborn sur la politique étrangère et européenne à la Chambre des députés

 

Här President, Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert,

Et ass haut di dräizéngte Kéier, dass ech d’Éier hunn, virun der Chamber d’Deklaratioun zu der Aussepolitik vun der Lëtzebuerger Regierung ze maachen, fir d’Prinzipien, d’Ziler an d’Erausfuerderunge vun eiser Aussepolitik duer ze leeën,an och dës Kéier freeën ech mech iwwert d’Debatt mat Iech doriwwer.

Wann een di vireg Deklaratiounen noliest, da stellt een eng kloer Kontinuitéit fest, wat d’Prinzipien an d’Ziler vun eiser Diplomatie ubelaangt. Dat ass och richteg esou. D’Welt ass allerdéngsam permanente Wandel, a mir mussen eis ëmmer nees a Fro stellen, fir de neien Erausfuerderunge Meeschter ze ginn. Am Dezember d’lescht Joer hu mir de neie Koalitiounsaccord als Fundament vun dëser Regierung ugeholl.

Elo heescht et, mat frëschem Elan derwidder ze goen. Energie an Enthusiasmus gi gebraucht, haut méi wéijee. Ech freeë mech op jidder Fall, meng Erfarung an di Erkenntnisser, di ech an deene leschte bal 15 Joer als Ausseminister gesammelt hunn, weider an den Déngscht vun eise Bierger, vun eisem Land an domadder och vun Europa stellen ze kënnen.

Et ass keng Zäit fir sech zeréckzeleeën an nom Motto “Business as usual” virzegoen. Mir sinn de Moment, fir et bildlech duerzestellen, an enger ganz schwéierer Biergetapp. De Wand ass rau a bléist engem riicht an d’Gesicht. Et reent ëmmer méi staark,an d’Strooss gëtt glëtscheg. Ideal Konditiounen deemno fir déi, déi sech als Vëlosfuerer wéi als Politiker net klengkréie loossen, déi net opginn, an déi all hir Kraaft an hir Motivatioun mobiliséieren, firde Bierg ze packen an d’Zil ze erreechen.

Wat ass d’Zil vun der Lëtzebuerger Aussepolitik? Wat sinn eis Prinzipien an eis Wäerter?

D’Zil vun eiser Aussepolitik war an ass et, d’Interessie vum Land a vu senge Bierger ze verteidegen, dat heescht eis Souveränitéit, eis Onofhängegkeet, eis Fräiheet an eise Fridden ze garantéieren, d’Prosperitéit vun eisem Land ze fërderen an d’Wuelbefanne vun eiser Gesellschaft ze verbesseren. Dat kléngt elo vläicht zevill op eis selwer bezunn. Mee mir wëssen och, dass e Land wéi Lëtzebuerg net eleng seng Ziler erreechen kann, mee dass mir nëmmen am Kader vun engem staarken Europa an enger regelbaséierter Weltuerdnung kënne “bleiwe wat mir sinn” a gläichzäiteg eis weiderentwéckelen als e friddlecht, wirtschaftlech dynamescht a sozial gerecht Land. Dofir sinn d’universal Wäerter –Fräiheet, Mënscherechter an Dignitéit vum Mënsch, Demokratie, Rechtsstaat –net ze trenne vun eisen Interessien. An dofir wäerte mir ni midd ginn, eis weider anzesetze fir dës Wäerter héichzehalen, heiheem, an Europa an doriwwer eraus.

Dir Dammen an Dir Hären,

Dëst Joer wëll ech Europa, nach méi wéi soss,an de Virdergrond vu menger Deklaratioun stellen. De 26. Mee fannen d’Wahle fir d’Europaparlament statt. Dat gi richtungsweisend Wahlen. Et geet hei wierklech ëm d’Zukunft vun der Europäescher Unioun.

Ech wäert natierlech och iwwer Europa erauskucken. Sou wéi mir eis fir eng méi staark a solidaresch Europäesch Unioun asetzen, sou setze mir eis och a fir e méi staarke Multilateralismus a méi effikass international Institutiounen. Net well mir naiv Idealiste wieren. Mee well mir aus eiser Geschicht geléiert hunn, dass de blannen Nationalismus, d’Ofschwächung vun den internationalen Organisatiounen an de Mangel u Respekt fir d’Reegelen di am internationale Recht verankert sinn, fréier oder spéider Krich, Leed a Misär mat sech bréngen.

“Le nationalisme, c’est la guerre”, sot bekanntlech de François Mitterrand am Januar 1995 virum Europaparlament zu Stroossbuerg.Dëse Saz huet am Joer 2019 méi Bedeitung wéi jee!

Europa, Europäesch Unioun

D’Europäesch Unioun ass am Ament net an der beschter Verfassung. Mir si mat enger ganzer Rei vun internen an externen Erausfuerderungen a Bedreeunge konfrontéiert fir déi mir eis nei opstelle mussen.

Vu bannen sim ir konfrontéiert mat politesche Stréimungen déi de Leit einfach Léisunge fir komplex Problemer virgaukelen, déi Ligen erzielen iwwert wat d’EU ass awat se net ass, déi mat den Ängschte vun de Leit spillen an eis gemeinsam Wäerter a Fro stellen, déi eng besser Zukunft verspriechen ausserhalb vun eiser Gemeinschaft an déi bis haut nach keng credibel Alternativ virgeluecht hunn wéi si déi Verspriechen déi si maachen da wëllen ëmsetzen.

Vu bausse gi mir konfrontéiert mat enger Afrostellung vum internationale multilaterale System, mat Acteuren,déi sech iwwert internationaalt Recht ewech-setzen andeenen eis demokratesch Wäerter egal sinn, mat enger aggressiver Handelspolitik a mat Desinformatiounscampagnen déi eis demokratesch Systemer vu banne solle schwächen.

Mir sollten net zouloossen dass d’Zukunft vun eisem gemeinsamen europäesche Projet liichtfankeg op d’Spillgesat gëtt. Dofir hu mirze vill erreecht. Hei musse mir konsequent dogéinthalen!

Op där anerer Säit wier et onverantwortlech zemaache wéi wann alles an der Rei wier. D’Bierger hu ganz berechtegt Erwaardungen un hier national Regierungen an och un d’EU an si hunn e Recht drop dass déi eescht geholl ginn.

2019 wäert d’Joer sinn an deem, fir déi éischte Kéier, e Memberstaat aus der EU austrëtt, wat zënter gëschter Owend inevitabel schéngt. De Brexit wäert onweigerlech e groussen Aschnëtt an der Geschicht vun der EU sinn, well e weist dass déi europäesch Integratioun keen Automatismus ass an dass et am europäesche Motor och e Réckgang gëtt.

D’Europawahle sinn an deem Sënn e wichtegen demokrateschen Ament op eisem Kontinent: de Bierger kritt d’Wuert fir ze bestëmme wou eis gemeinsam Rees soll higoen an et kann een nëmmen hoffen dass et eng héich Wahlbedeelegung gëtt.

Hei zu Lëtzebuerg huet d’Regierung no de Biergerforen déi d’lescht Joer organiséiert goufen, decidéiert, d’Debatt iwwert Europa nach z’intensivéieren, ënnert anerem mat Biergerconsultatiounen iwwert spezifesch Themen déi de Leit um Häerz leien.

De franséische Staatspresident Emmanuel Macron huet Recht wann hie seet, dass mir net dierfen d’Schlofwandler an engem vu Lethargie duerchwuessenen Europa sinn. Ech deele Villes vun de Vuë vum franséische President, mee ee Punkt, nämlech “remettre à plat l’espace Schengen”, kann ech net gutt heeschen! Schengen ass mam Euro dee wichtegsten Acquis fir d’Bierger; een Acquis fir dee mir weltwäit beneit ginn. Dës Errongenschaft däerfe mir net torpedéieren.

Mir hunn den Ament eng Rei Memberstaaten, wou déi gemeinsam Wäerter déi am Artikel 2 vum Traité stinn, kloer a Fro gestallt ginn. Et geet ëm d’Roll vun der Justiz a Polen, ëm d’Grondfräiheeten an de Status vun der Zivilgesellschaft an Ungarn, et geet ëm Mesurë géint d’Korruptioun a Länner wéi Ungarn a Rumänien. Wat fir eng Roll soll Europa an der Welt spille wa mir mol net bei eis doheem eis Wäerter respektéieren a probéieren e Virbild ze sinn?

Mir sinn elo op e Punkt komm wou mir musse soen: Stopp, bis heihinner an net weider! Dëst hu mir versicht, zesumme mat enger ganzer Rei vun anere Memberstaaten, a Gespréicher deene concernéierte Länner kloer ze maachen a mir fänken och un ze gesinn dass et zum Beispill a Polen esou lues zu engem Ëmdenke kënnt. Ech wëll hei ganz kloer sinn: Lëtzebuerg wäert sech och weiderhi resolut fir de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet bannent der EU asetzen. Et ass dëst eis gemeinsamt Fundament un dat mir näischt dierfe komme loossen. Mir wäerten dofir och weiderhin d’Europäesch Kommissioun an hirer Roll am Kader vunder Artikel 7 Prozedur zum Schutz vun der Rechtsstaatlechkeet ënnerstëtzen.

Brexit, Populismus, Nationalismus, Afrostellung vun eise Wäerter, Manktem u Solidaritéit: wéi si mir op esou eng Bunn komm?

Do wiere fir d’alleréischt déi spéit Effekter vun der Wirtschafts-a Finanzkris déi 2008 ugefaangen huet,an och eng Rei vu negative Konsequenze vun der Globaliséierung. Wa mir eis Europa als Ganzt ukucken, ass fir mech kloer dass déi legitim Erwaardunge vun de Bierger, wat d’Erhale vun hirer Liewensqualitéit a vun hirer sozialer Ofsécherung ugeet, an der Vergaangenheet net ëmmer sou eescht geholl goufe wéi dat vläicht hätt missen de Fall sinn.

Mir mussen déi sozial Dimensioun vun Europa ausbauen an eis fir eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum an Europa asetzen. An deem Sënn wäert Lëtzebuerg sech op europäeschem Niveauasetze fir d’Aféierung vun engem Mindestloun, vun enger europäescher Arbechtslosenënnerstëtzung a vun engem Sockel vu soziale Mindestrechter. Lëtzebuerg wäert sech och fir d’Aféierung vun enger Garantie fir vun Aarmut bedreete Kanner a fir eeler Chômeuren asetzen, nom Virbild vun der europäescher Garantie fir Jugendbeschäftegung.

De Prinzip vum selwechte Loun fir déi selwecht Aarbechtsoll d’Ausbeutung vun detachéierte Salariée verhënneren. Mat der Grënnung vun enger europäescher Aarbechtsautoritéit, déi mir voll ënnerstëtzen, wäerten d’Memberstaaten sech och déi néideg Mëttele gi fir grenziwwerschreidend Kontrollen ze organiséieren an hiren Informatiouns-Austausch ze verbesseren.

Wa mir et net fäerdeg bréngen en Europa zeschafe wat de Bierger och op sozialem Plang besser schützt, dann hunn déi déi Europa wëlle schueden, an där ginn et der leider eng Rei, natierlech en einfacht Spill, virun allem an deem si mat Desinformatioun a “fake news”virginn. Déi komme mëttlerweil net nëmmen aus den Déifte vum Internet mee souguer vu gewielte Regierunge bannent der EU, wéi eng rezent Schmier-Campagne vun der ungarescher Regierung gewisen huet. Mir sinn hei ganz kloer op engem neien Déifpunkt ukomm.

Mir mussen zouginn, dass mir déi Kraaft ënnerschat hunn, déi den Nationalismus an d’Friemefeindlechkeet nach ëmmer, oder leider nees, a villen europäesche Länner hunn. Et ass eng al Krankheet un där eise Kontinent am 20.Joerhonnert bal zu Gronn gaangen ass, an awer ass dee Virus vu “mir fir d’éischt, dann déi aner” a vum “Ausgrenze vun deem, deen anescht denkt, lieft, biet oder ausgesäit”, nach ëmmer do. Mir hunn do en “Devoir de mémoire” dee mir eescht mussen huelen, fir d’Generatioune vun haut a vu muer. Loosst mech an dësem Kontext ernimmen dass Lëtzebuerg ab dësem Mount fir ee Joer d’Presidence vun der International Holocaust Remembrance Alliance (IHRA) iwwerholl huet, an déi mir eis mat voller Energie wäerten abréngen.

Demokratië si lues, Demokratië si komplex. Multilateral Zesummenaarbecht brauch Zäit. Eesäiteg, simplistesch Message komme méi séier un. D’Versuchung,fir esou Léisungenop nationalem Plang virzegaukelen, ass grouss, an dëst ouni Récksiicht op laangfristeg Interessien.

Wéi kenne mir den negativen Tendenzen an Europa entgéint trieden? Wat mécht Lëtzebuerg fir d’Interessie vu senge Bierger fir en oppent, gerecht, an effikasst Europa ze vertrieden?

Ee Wee fir enger grousser politescher Maschinn wéi der EU enneien Impuls ze ginn ass hire Finanzkader fir déi kommend Joren nei opzestellen, nom Prinzip : “gouverner, c’est prévoir”.

Zu Bréissel si mir staark engagéiert an den Diskussiounen iwwert de Finanzkaderfir d’Joren 2021-2027. Dëse Kader stellt d’Prioritéiten am EU Budgetfir déi kommend Joren op, also fir déi 27 Memberstaaten nom Brexit. Zu Lëtzebuerg simir der Meenung dass mir e modernen an ambitionéierte Budget brauchen, e Budget deen eis als EU d’Moyene gëttfir eis gemeinsam politesch Ambitiounen ze erfëllen an d’Suen do auszegi wou eis Prioritéite leien.

An deem Sënn musse mir zum Beispill sécherstellen dass d’EU sech d’Moyenegëtt fir hier Ambitiounen a Beräicher wéi Innovatioun an Digitaliséierung, an am Ëmweltberäich ëmzesetzen. Bei neie Prioritéiten,an engem grousse Memberstaat dee fortgeet,mussen sech natierlech all Memberstaaten dorobber astelle fir hieren Deel vum Budget matzedroen.

Antrotzdeem musse mir dee Budget emol a Perspektiv setzen: etass ausgerechent ginn dass d’EU all Lëtzebuerger pro Dag 1,56 Euro “kascht”. Dat ass de sougenannte “coffee-index”, well d’EU keen Europäer méi wéi eng Taass Kaffi pro Dag kascht. Wann een sech ukucktwat eendofir alles kritt –erisege Bannemaart, eng gemeinsam Wärung, oppe Grenzen, ERASMUS, sécher Produkter, etc. –mengen ech dass dat keng esou eng schlecht Saach ass. Lëtzebuerg ass iwwregens dat Land dat am meeschte pro Kapp bezilt, mee ech muss Iech jo net ausrechnen dass, summa summarum, de Bilanfir eis méi wéi positiv ausfält.

Lëtzebuerg mécht sech och fir e sougenannte Rechtsstaatlechkeets-Mechanismus staark. Eng Justiz déi hier Aarbecht fräi an onofhängeg maache kann ass essentiell fir dass EU-Fongen, also Steiergelder vun de Biergera vollem Vertraue kënnen ausbezuelt ginn. Sollt et an engem Memberstaat zu engem Versoe vum Rechtsstaatkommen, sou musse mir d’Méiglechkeet hunn, déi finanziell Interessie vun der EU ze schützen.

Iwwert de Finanzkader eraus si mir als Lëtzebuerg un engem staarke Bannemaart interesséiert, deen op der fräier Circulatioun vu Persounen, Wueren, Déngschtleeschtungen a Kapital fondéiert. Mee et ass an de leschte Jore leider net esou vill geschitt an deem Beräich wéi mir wollten. Mir brauchen elo e Bannemaart dee besser verbonnen ass mat anere Politikberäicher, an deen dem Prinzip vun der Nohaltegkeet an der Wirtschaft, Ëmwelt-a Sozialpolitik Rechnungdréit. Mir brauchen eng Transitioun hin zu engem Bannemaart deen am Digitale kompetitiv opgestallt ass, asech op d’Innovatioun konzentréiert, fir virun allem de Start-ups ande klengen a mëttelstännege Betriber déi beschte Chancen ze bidden, bei eis doheem an dobaussen an der Welt. Am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz muss Europa sech sou opstellen,dass et engersäits vu Produktivitéitsgewënner profitéiert, mee anerersäits awer och de mënschleche Faktor an de Mëttelpunkt stellt an ethesch Aspektermat reguléiert.

Am Kader vun der Realisatioun vum digitale Bannemaart gëtt och oft d’Thema Besteierungu geschwat. Ech wëll nach eng Kéier ënnersträichen, dass Lëtzebuerg fir eng gerecht Besteierung vun digitalen Aktivitéiten ass. Mir sti fir eng kohärent Approche, a fir fair a gläich Konditiounen. Dofir striewe mir eng Léisung um Niveau vun der OECD un, eng Léisung déi och aner grouss Industrienatioune mat abënnt. Dëst gesinn och ëmmer méi EU-Memberstaaten an.

Generell musse mir dofir suergen, dass d’Bierger an der EU och an Zukunft vun hirer Aarbecht liewe kënnen, an dass eis Betriber vun de beschtméigleche Konditiounen an engem effikassen an oppene Bannemaart profitéiere kënnen. Dat ass eppes wat mir der neier Kommissioun 2019 als Hausaufgab wëlle ginn. Dofir wäerte mir eis aktiv an d’Aarbechte fir den neie Strategeschen Agenda vun der EU fir 2019-2024 abréngen.

Loosst mech och nach kuerz op d’Debatt zu den Ofstëmmunge mat enger qualifizéierter Majoritéit agoen. Den Ament ass eng Debatt amgaangen iwwert d’Ofschafevun der Eestëmmegkeet a verschiddenen Domäne wéi zum Beispillan der Aussepolitik oder an der Steierpolitik. D’Haaptargument an dësem Kontext ass d’Iddi, fir Blockagen opzeléisen, déi tëscht de Memberstaaten bestinn.

A Saachen Aussepolitik ënnerstëtzt d’Regierung dës Initiativ. Hei geet et drëm, Blockage vun eenzele Memberstaaten ze evitéieren, déi EU-Positiounen an internationale Gremien onméiglech maachen an d’EU domadder no bausse praktesch lämen. Et soll een sech awer keng Illusioune maachen, well d’Unanimitéit gebraucht gëtt fir zur qualifizéierter Majoritéit ze kommen.A Saache Fiskalitéit geet et ëm innepolitesch Froen an de Memberstaaten. Déi geschichtlech gewuesse Konzeptiounen a Prioritéiten a Sozial-a Steierfroen –huele mir e Land wéi eist, wat ëmmer, och aus soziale Grënn, méi Gewiicht op direkt Steierewéi op indirekter geluecht huet –sinn net mat engem Fiederstréch iwwert ee Leescht ze zéien.

Handelspolitik

Dir Dammen an Dir Hären,

Déi europäesch Wirtschaft muss am Déngscht vum Bierger stoen. Wa mir no bannen e staarke Bannemaart brauchen deen eis sécher akompetitiv Produkter gëtt an Aarbechtsplaze schaaft, da musse mir och kucken no baussen hin eng staark Handelspolitik ze hunn,fir eis Produkter an der Welt ze verkafen afir sécher ze goen dass mir heiheem déi Importer kréien déi mir brauchen a wëllen.

D’Erhale vun engem op Reegelebaséierende multilateralen Handelssystem ass also eng absolut Noutwendegkeet. Eis Wirtschaft, eis Industrie, eis kleng a mëttelgrouss Betriber, eis Servicer, profitéiere wéi kaum anerer net nëmme vun der Ouverture zum Bannemaart mee och vum Accès zu den internationale Mäert. Fir e Land wéi Lëtzebuerg,mat enger Wirtschaft déi eng vun den héchsten Aussenhandelsquotenop der Welt huet –datass d’Zomm vun den Exporter an Importer gemooss um Bruttoinlandprodukt –ass et also liewenswichtegfir e funktionéierende Welthandelssystem ze hunn.

Dofir setze mir eisweiderhi konsequent an, fir dass d’europäesch Wirtschaft oppen an investitiounsfrëndlech bleift, an et erméiglecht, Wuelstand an Aarbechtsplazen an engem sozial gerechten an ëmweltfrëndleche Kader ze schafen. Engersäits musse mir dofir suergen dass eis Firmen an hir Investitiounen am Ausland virun Diskriminatioune geschützt ginn. Anerersäits musse mir awer och d’Roll vun der europäescher Handelspolitik als Instrument fir d’Promotioun vun eise Wäerter stäerken. Dofir wäerte mir eisan Europa an och an den internationale Gremien asetzen.

Falls déi Normen dann och respektéiert sinn, soen ech et ganz däitlech: Handel schaaft Wuelstand, an Handel schaaft Fridden. Dat hunn ech och d’lescht Joer hei ënnerstrach.Zënter hier huet sech d’Situatioun awer leider net grondsätzlech verbessert. D’Welthandelsorganisatioun, d’WTO, riskéiert nämlecham Immobilismus zeverfale wann se netdréngend moderniséiert gëtt. Dofir huet Lëtzebuerg, duerch d’EU, konkret Propositioune gemaach fir d’Transparenz an der WTO ze verbesseren, virun allem wat d’Notifikatioune vu Subsiden ubelaangt.

Ganz besonnesch besuergt muss een doriwwer sinn, dass mir nach ëmmer keng Léisung fonnt hunn fir nei Riichter ze ernennen, déi bei Handelskonflikter d’Roll vun engem neutralen Arbitter kenne spillen. Wann et esouweider geet, huet d’WTO-Geriicht vun Dezember un net méi genuch Riichter, fir seng Aufgaben ze erfëllen. Déi Situatioun musse mir verhënneren. Dem WTO-Geriicht säi Fonctionnement a seng Onparteilechkeet musse garantéiert sinn.

Leider musse mir och feststellen, dass de Protektionismus erëm en vogue ass. D’lescht Joer hunn mir jo misse mat grousser Verwonnerung erliewen, wéi d’USA Moossname géint den Import vun europäeschem Stol an Aluminium geholl hunn, ënnert dem Virwand, dass eis Produkter eng Gefor fir d’amerikanesch Sécherheet géifen duerstellen. Deemools hat ech ugekënnegt, dass d’Lëtzebuerger Regierung d’Géigemoossname vun der Kommissioun ënnerstëtze géif. Dat hunn mir dann och gemaach, a mir wäerten eis och firweider Géigemesuren asetzen,falls an den nächste Wochen zousätzlech Taxen op den Import vun europäeschen Autoen an d’USA géifen decidéiert ginn. Nach hoffe mir, dass et net esou wäit kënnt, an dass den Arrangementdeen am leschte Juli op héchstem Niveau ausgehandelt gouf bestoe bleift. Et mécht jo wierklech kee Sënn, dass esouenk Partner wéi Europa an Amerika sech en Handelskonflikt leeschten.

Europäer an Amerikaner hunn deemools festgehalen, dass se ënnert anerem géifen e limitéiert Tarifofkommen aushandelen, mam Zil fir Tariffer virun allem op Industrie-mee och op Fëschereisprodukter aus der Welt ze schafen. D’Industrien op béide Säite vum Atlantik géife vun esou enger Mesure profitéieren.Ech wëll och hei ënnersträichen, dass déi Lëtzebuerger Regierung kloergestallt huet, dass mir doriwwer eraus net zeréck op de Wee kennegoe vun engem TTIP, also engem ëmfangräiche Fräihandelsaccord mat Amerika. Dat ass ouni eng amerikanesch Ënnerstëtzung vum Paräisser Klima-Accord net méi denkbar.

Duerch d’klimatesch Verännerungen kommen enorm Erausfuerderungen op eis duer, ekonomescher, ekologescher an och politescher Natur. Mir mussen eis all bewosst sinn, dass et 5 vir 12 ass. Lëtzebuerg wäert sech op europäeschem Niveau nach verstäerkt fir de Klimaschutz asetzen. De Klimaschutz ass exemplaresch fir eis Verantwortung géigeniwwer den nächste Generatiounen. D’Jugend erwaart, dass sech eppes verännert. Dat weisen di Jonk eis däitlech, an zwar net eréischt zënter dem Mouvement, deen dat jonkt a couragéist Greta Thunberg lancéiert huet. Déi Beweegung steet fir eng déifgräifend gesellschaftspolitesch Verännerung queesch duerch all Generatiounen a Schichten,déi ee verstäerkten Engagement am Klimaberäich fuerdert.

Brexit

Zënter gëschter Owend kann eeraisonnablerweis –meewat assschonns raisonnabel beim Brexit –festhalen, dass d’Austrëttsofkommevum November 2018 tëschentder EU an dem Vereenegte Kinnekräich net wäert duerch d’britescht Parlament goen. Et kann een sech am Ablack schwéier virstellen,dass do e puer Plooschteren d’Saach nach redresséiere kennen.

Mat enger klorer Majoritéit, 391 Stëmmen dogéint an 242 dofir, huet d’Parlament den Accord an déi zousätzlech Assurancëvu der EU ofgelehnt an d’Premierministesch Theresa May huet elo eigentlech de Lead an de Verhandlungen an d’Hänn vum Parlament geluecht. Haut stëmmt d’House of Commons iwwert den No Deal of. Ausser e puer dogmatesch Brexiteers, gëtt erwaart, dasseng grouss Majoritéit sech géint en ongereegeltenAustrëtt wäert ausschwätzen. En Donneschdeg dastëmmt d’Parlament of iwwert eng méiglech zäitlech Verlängerung vun der Artikel 50 Period, iwwert den 29. Mäerz eraus. Och do gëtt eng Majoritéit vun de Stëmmen dofir erwaart.

D’EU huet bis dato, an och nach gëschter Owend, kloer gesot,dass se sech eng méiglech britesch Demande vun enger Verlängerung ukucke wäert, meeerwaart,dass dës gekoppelt wäert si mat enger seriöer Initiative, déi eis hei ka weiderbréngen. An anere Wierder, d’Verlängerung kann net elo als Zil hunn,de Backstop neesvun ënnen no uewen opzerullen.

D'EU muss elo zu Bréissel an och an all den Haaptstied prett sifir en No Deal ze meeschteren. Speziell d’Rechter vun de Bierger musse geschützt ginn –3,5 Milliounen EU-Bierger am Vereenegte Kinnekräich, dovunner ronn 2.000 Lëtzebuerger, a gutt1 Millioun britesch Bierger an der EU, dovunner 6.000 heizu Lëtzebuerg. Dat ass eng absolut Prioritéit.

De Ball läit zu London, a vläicht sollten déi zwou grouss Parteien am Parlament openeen zougoen an d’Propose vun engem méi liichte Brexit ustriewen, also mat engem Vereenegte Kinnekräich wat weiderhin an der Zollunioun bleift. Mee hei muss ee waarde wat an den nächsten Deeg geschitt.

D’Regierung bereet sech zënter Méint esou wuel op den Zeenario vun engem gereegelten Austrëtt fir, ewéi och op dee vun engem ongereegelten Austrëtt, dem sougenannten No Deal.

Fir de Fall vun engem No Deal huet d’Regierung decidéiert, dass déi Briten, déi den 29. Mäerz 2019 schonns hei liewen, nom Brexit weiderhi kënnen hei bleiwen,och wann si dee Moment hir Dokumenter als Drëttstaatler nach net hunn. Dëst soll fir eng Iwwergangsphase vun engem Joer gëllen, also bis den 30. Mäerz 2020, wärend där si dann Zäit kréien, nei Dokumenter unzefroen. Beim Ausstelle vun deenen neien Dokumenter géinge mir dann och sou flexibel wéi méiglech sinn. Eist Zil ass et, dass mir deene Briten,déi schonns hei sinn, net onnéideg schwéier administrativ Prozeduren opzwéngen.

Des weidere goufen op nationalem Niveau och Gesetzesprojeten op den Instanzewee bruecht, déi di direkt Konsequenze vum Brexit sollen offiederen. Et geet hei zum Beispill ëm britesch Bierger déi beim Staat an an eise Gemengen agestallt sinn, ëm déi automatesch Unerkennung vu verschiddene professionellen Ausbildungen, an och drëms dass eis Finanzplaz den Auswierkunge vum Brexit souwäit wéi méiglech standhale kann. Dës Texter solle mat Zäiten, den 30. Mäerz, a Kraaft trieden.

Mee d’Virbereedunge sinn net nëmmelegislativer Natur : eng ganz Rei Administratiounen hunn och schonn intern Virbereedunge getraff fir sech op de Brexit ze preparéieren.An der Direktioun vun der Immigratioun sinn zousätzlech Leit agestallt ginn, fir d’Demande vun de britesche Bierger ze traitéieren. D’Douanesverwaltung huet hiert Personal op de Brexit virbereet an och hiren informatesche System Brexit-gerecht gemaach.

Fir déi betraffe Bierger a Betriber op d’Auswierkunge vum Brexit opmierksam ze maachen, an ze erkläre wéi eng administrativ Schrëtt fir si néideg sinn, hu mir och e gréisseren Informatiounseffort ënnerholl. Mir schaffen och mat der Chambre de Commerce zesumme fir de Betriber zur Säit ze stoen a fir si no Méiglechkeet anhire Virbereedungen ze guidéieren.

De Message hei ass kloer: Lëtzebuerg wäert versichen déi negativ Konsequenze fir d’Bierger an d’Betriber esou kleng wéi méiglech ze halen.

Op europäeschem Niveau goufen d’Preparativen op en No Deal Zeenario och verstäerkt. Sou huet d’Kommissioun an deene leschte Wochen 19 legislativ Moossname presentéiert déi si am Fall vun engem No Deal wäert huelen. Mir schwätzen hei vun unilaterale Mesuren, déi zäitlech begrenzt sinn an déi negativ Auswierkunge vun engem No Dealoffiedere sollen.

Mee loosst mech hei ofschléissend nach eppes kloer soen: och wann d’Europäesch Unioun an Zukunft zu 27 funktionéiere wäert, bleift d’Vereenegt Kinnekräich en enke Partner fir Lëtzebuerg. Dës Erwaardung gëtt op béide Säite vum Äermelkanal gedeelt.

Onst d’Zil ass et, e Maximumu Kontinuitéit fir déi aktuell bilateral Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg an dem Vereenegte Kinnekräich ze garantéieren. Déi iwwert Joerzéngte gewuesse Bezéiungen tëschent der Londoner City a eiser Finanzplaz wäerten och an Zukunft eng wichteg Roll spillen. Doriwwer eraus dierf de Brexit awer kee Virwand sinn, fir sech géigesäiteg a Froe vun der Sozial-, Ëmwelt-oder Steierpolitik ze ënnerbidden.

Relatioune mat eisen Nopeschlänner

Vun dësem manner erfreelechen Thema kommen ech bei déi Partner,déi eis geographesch a wirtschaftlech amnooste stinn. Déi Prinzipie fir déi Lëtzebuerg um Niveau vun der EU plädéiert, setze mir och direkt mat eisen Nopeschlänner op d’Agenda. Lëtzebuerg steet am Zentrum vun der Groussregioun, enger Regioun déi ëmmer besser vernetzt a mobil ass. Op dëse wirtschaftleche Motor, deen een net méi op en nationale Plang reduzéiere kann, musse mir eis konzentréieren an eis grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht mat eisen Nopeschlänner a Regioune verdéiwen.

Och kucke mir fir Synergien tëschtder Groussregioun engersäits an der Benelux-Unioun anerersäits auszebauen. D’Relatioune mat eisen dräi Nopeschlänner sinn natierlech esou enk dass ee scho bal net méi vun Aussepolitik schwätze kann –scho bal éischter vun europäescher Regionalpolitik!

Op der däitscher Säit hu mir eng enk Zesummenaarbecht esouwuel mam Saarland a mat Rheinland-Pfalz, wéioch mat Nordrhein-Westfalen, dat 2019 als Benelux-Joerproklaméiert huet.

D’Zesummenaarbecht mat eise belschen Nopere fënnt traditionell statt am Kader vun der Union économique belgo-luxembourgeoise, der UEBL, wou mir ënnert anerem iwwer Investitiounsaccorde mat Drëttlänner schwätzen. Mee och déi direkt Relatioune mat de Regiounen a Gemeinschaften, virop Wallounien an déi däitschsproocheg Gemeinschaft,sinn intensivéiert ginn.

Op der franséischer Säit kann ee soen, dass d’Staatsvisitt vum leschte Mäerz eis zwee Länner nach méi no zesumme bruecht huet an et Lëtzebuerg erlaabt huet, en anert Bild vu sech ze vermëttelen.Dëst war net vu Muttwëll well esou munch een am Hexagon nawell e relativ gelungent Bild vu Lëtzebuerg huet, wéi mir nach rezent an engem Debat an der Assemblée nationale gesinn hunn.

Well mir eis den Erausfuerderunge bewosst sinn, déi déi grouss Unzuel un Frontalieren a franséische Gemengen ander Lorraine mat sech bréngt, huet Lëtzebuerg sech dozou engagéiert, konkret Infrastrukturprojeten, déi de Bierger op béide Säite vun der Grenz den Alldag erliichteren, ze kofinanzéieren.

Mir gesinn och eng nei Dynamiktëschtzwee vun eisen Nopeschlänner, nämlech Frankräich an Däitschland. Den 22. Januar 2019 hunnse zu Oochen en neie Vertragënnerschriwwen, deen den Élysée-Vertrag vun 1963 ergänzt. Ech hoffen, dass den neien Oochener Vertrag och en Opschwong a Richtung vun engem méi onofhängegen an handlungsfäegen Europa bedeit. Dobäiass et awer wichteg, dass Frankräich an Däitschland net eleng den Toun an Europa uginn, mee dass si d’Roll vun engem inklusive Katalysator spillen, deen déi aner EU-Länner dozou inspiréiert, sech och méi z’engagéieren a méizesummen ze schaffe fir e staarkt Europa. Den Oochener Vertrag fërdert och di grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, zum Beispill am Beräich Mobilitéit. Mir verfollegendësen Usaz mat groussem Interessi, well esou Reegelungen oder Projeten och als Beispill fir aner Grenzregioune kënnen déngen.

An deem Sënn humir och op Lëtzebuerger Säit, am Koalitiounsaccord vun 2018, en neit a spezifescht Instrumentgeschaaft, den Interministerielle Koordinatiouns-comité fir di grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht. Direkt am Dezember hu mir e Réseau mat Vertrieder aus deenen eenzele Ministèren opgebaut. Zil ass et, duerch Austausch a Koordinatioun eng méi kohärent Approche auszeschaffen, déi mir an de Relatioune mat eisen Nopeschlänner nach méi systematesch verfollege kënnen.

No zwee Joer Lëtzebuerger Presidence vum Sommet vun der Groussregioun huet den 30. Januar d’Saarland d’Presidence iwwerholl. Ech profitéieren hei fir der Madame Minister Cahen fir hiren Engagement Merci ze soen, a fir déi gutt Zesummenaarbecht tëschent eisen Equipe.

Benelux

Natierlech wëll ech ee vun den traditiounsräichste vun eise Kooperatiounsforen och net vergiessen: de Benelux. Lëtzebuerg huet jo den 1. Januar fir ee Joer d’Presidence vum Ministerrot vum Benelux iwwerholl. Och d’Assemblée Interparlementaire Benelux huet elo fir zwee Joer ee Lëtzebuerger Virsëtz an ech freeë mech op e gudden Dialog mam President Gusty Graas.

Am Kader vun der Presidence vum Ministerrot vun der Benelux-Unioun huet Lëtzebuerg sech dräi grouss Prioritéite gesat, déi ech de 5. Februar beim Lancement vun eiser Presidence virgestallt hunn:

1)D’Verdéiwung vum Benelux-Bannemaart: firwatginn et zum Beispill ëmmer nach territorial Aschränkungen am Benelux wat d’Beliwweren am Commerce ugeet?

2)D’Energie-Transitioun an de Kampf géint de Klimawandel: wéi kënne mir eis Engagementer vumParäisser Klima-Accord gemeinsam ëmsetzen?

3)D’Promotioun vun der Digitaliséierung: wéi kënne mir dräi Länner eis digital Infrastruktur grenziwwergräifend am Interêt vun de Bierger nach verbesseren?

D’Zesummenaarbecht mat de Benelux-Länner bleift e wichtege Vecteur vun eiser aussepolitescher Aktioun, sief et op grenziwwerschreidende Projeten oder op europäeschem an internationalem Niveau. D’Roll vun der Presidence besteet och doranner ze kucken,a wéi enge Beräicher mir gemeinsam Interessienhunn fir da mat gemeinsame Stellungnamen der Stëmm vun eisen dräi Länner méi Gehéier ze verschafen.

Nei Allianzen

Mir wëllen awer och –iwwert déi traditionell enk Relatioune mat eisen Nopeschlänner eraus –eis Partnerschaftemat Länner verdéiwen, déi eis vläicht geographesch manner no sinn, mee déi awer eis Virstellung vun engem oppenen a kompetitiven a sozialen Europa deelen. D’Dynamik am EU Conseil dierft sech mam Brexit änneren: d’Stëmm vun de grousse Memberstaaten wäert wahrscheinlech méi an d’Gewiicht falen. Doduerch wäerten nei Dynamiken entstoen an déi kléng a mëttelgrouss Memberstaaten musse kucke wéi si hir Virschléi a Positioune besser abrénge kënnen.

An dësem Kader wäert Lëtzebuerg weider dru schaffe fir seng Zesummenaarbecht mat den nordeschen a baltesche Staaten auszebauen. Dëst si Länner mat deene mir besonnesch an der europäescher Sozialpolitik, der Weiderentwécklung vum digitale Bannemaart an der Handelspolitikdacks op enger Linn sinn. Mir sichen och weiderhinden Dialog mat anere Memberstaaten, sief et aus dem Süde vun Europa oder aus dem Visegrád-Grupp.

Siège

Mat enger an d’Zukunft orientéierter an dynamescher Siège-Politik wäert d’Lëtzebuerger Regierung och weiderhin doru schaffen, fir d’Präsenz vun den europäeschen an internationalen Institutiounen, déi hire Sëtz hei zu Lëtzebuerg hunn, ze konsolidéieren a weider z’entwéckelen.

Eng zentral Piste, wéi mir dëst Zil erreeche kënnen, ass d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg nach weider ze verbesseren. Mir kënnen houfreg dorop sinn, dasseng ronn 13.000 EU-Fonctionnairen an Agenten an den europäeschen Institutiounen an Agencen zu Lëtzebuerg schaffen a mir valoriséieren de wichtege sozialen, kulturellen a wirtschaftleche Bäitrag, deen net nëmmen dës Fonctionnairen an Agenten, mee och hir Familljen, zur Lëtzebuerger Gesellschaft leeschten.

Zesumme mat derEuropäescher Kommissioun wäerte mir och weider dorunner schaffen, fir den Accord Asselborn-Georgieva vun Dezember 2015 ëmzesetzen. D’Ëmsetze vun dësem Accord ass eng vun eise Prioritéiten, well e virgesäit, dass d’Europäesch Kommissioun hir Präsenz zu Lëtzebuerg am digitalen, finanziellen a juristesche Beräich ausbaut.

A punkto Realisatioun vu Bauprojete wäerte mir och weiderhin enk mat den Institutiounen an Agencen zesummeschaffen. Ee Projet, dee gutt viru komm ass an dee mir 2019 schonn aweie kënnen, ass den drëtten Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff. Een anere grousseProjet,deen elo un d’Rullekomm ass, ass deJean Monnet 2, dat neit Gebai vun der Europäescher Kommissioun. Nodeems mir am Juni 2018 den éischte Spuedestéch vum Jean Monnet 2 gemaach hunn, ass den Zäitplang och hei bis elo agehale ginn.D’Gebai soll Enn Februar 2024 fäerdeg sinn.

Donieft wäert d’Lëtzebuerger Regierung am Joer 2019 weiderhin aktiv dorunner schaffen, fir nei Institutiounen an Agencen an optimale Konditiounen hei am Grand-Duché empfänken ze kënnen. Et ass eist Zil, dass dës nei Institutiounen an Agencen esou séier wéi méiglech operationell sinn an hir jeeweileg Missioune beschtméiglech erfëlle kënnen.

Den europäesche Parquet ass eng vun den neien Agencen, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg kritt. D’Virbereedunge verlafe bis elo wéi virgesinn a mir beméien eis, fir den Zäitplang anzehalen. Zesumme mat engem neie Geriicht, der Juridiction unifiée vum Brevet,vun där d’Cour d’appel hire Sëtz zu Lëtzebuerg krittan déi hoffentlech am Laf vun dësem Joer ufänke kann, dréit den europäesche Parquet zur Entwécklung vu Lëtzebuerg als internationale Kompetenzzenter am Justizberäich bäi.

Wat den digitale Beräich ubelaangt, sou ass 2018 decidéiert ginn, dassde Sëtz vun der entreprise commune EuroHPC op Lëtzebuerg kënnt. Dësen ambitiéise Projet, deen dëst Joer mat senger Aarbecht ufänke wäert, huet vill Potential, well en déi digital Kapassitéite vu 26 europäesche Länner zesummebréngt an erméiglecht, eng Zort Supercomputer ze schafen. Als Siège leescht Lëtzebuerg säi Bäitrag zu dësem Projet, deen d’Recherche an d’Innovatioun an Europa ënnerstëtzt.

EU Erweiderung

D'Europäesch Union verhandelt am Moment mat Serbien a Montenegro. Am Juni beim EU Ministerrot hei zu Lëtzebuerg hoffe mir dassgenuch Progrès virläit fir och d’Verhandlunge mat Albanien a Nordmazedonien lancéieren ze kënnen.

Dës Decisioun hänkt, ënnert anerem, vunde Lännerévaluatiounen of, déi d’Kommissioun am Fréijoer verëffentlecht. Et ass wichteg ze ënnersträichen, dass d’Evaluatioun vun all Land op Basis vun den Efforten gemaach gëtt, déi deejeeweilege Bäitrëttskandidat geleescht huet. De Respekt vun de Bäitrëttskonditiounen, virun allem de sougenannte Critère vu Kopenhagen iwwert eis gemeinsam Wäerter, ass a bleift hei di héchste Prioritéit.

Dass et Liichtblécker an derhéich komplexer Balkan-Regioun gëtt, beweist Nordmazedonien. Ech war am September d’lescht Joer do op Besuch a konnt mech vun der positiver Opbrochstëmmung iwwerzeegen, déi en Marge vum Referendum iwwert d’Ännerung vum Numm vum Land ze spiere war. Schlussendlech hunn sech d’Mazedonier fir den neien Numm Nordmazedonien ausgeschwat an hiert Land domat engem EU-an NATO-Bäitrëtt méi no bruet. Zesumme mat Griicheland huet Nordmazedonien gewisen, dasset méiglech ass Konflikter friddlech an diplomatesch ze léisen. Dëst ass en extrem wichtegt Signal fir eng Regioun, déi leider nach ëmmer vun interne Konflikter a Tensioune geplot ass. Amir wäerten eis asetzen dofir dass dëse wichtege Schrëtt, no der NATO, och op EU Niveau honoréiert gëtt.

Ech géif mir wënschen, dass dëst eng ganz besonnesch Signalwierkung op Serbien a Kosovo huet. De Fait dass de Kosovo säit enger Zäit Douane-Taxen op Produiten aus Serbien a Bosnien-Herzegowina imposéiert, dréit net zu enger konstruktiver Léisung bäi a mir hunn de kosovareschen Autoritéiten dat och kloer gemaach. Et kann een di politesch Responsabel, souwuel a Serbien, wéi och am Kosovo, dofir net oft genuch dozou ermonteren sech zesummen un en Dësch ze setzen an am Dialog no engem Kompromëss ze sichen iwwert d’Normaliséierung vun hire Relatiounen, fir eng laangfristeg Léisung fir di nach bestoend Problemer ze fannen.

Reformen a gutt Relatioune mat den Noperen si fir d’Balkanstaaten absolut noutwendeg fir d’Liewenskonditioune vun hire Leit ze verbesseren an de Jonken an der Regioun Perspektiven ze bidden. Dofir huet Lëtzebuerg iwwert déi lescht Joren och eng Rei technesch Ennerstëtzungsprogrammermat ronn 2,6 Milliounen Euro finanzéiert,fir Formatiounen am Beräich vun der EU-Integratiounfir national Verwaltungen anAlbanien, Bosnien-Herzegowina, Montenegro, Nordmazedonien, Serbien, wéi och am Kosovo, waat och vun eiser Kooperatiounshëllef beneficiéiert. Mirwäerten och weiderhin eise konkrete Bäitrag andär Regioun leeschte fir déi Länner ze stabiliséieren a méi no un d’EU erunzeféieren. Datass an eisem eegenen Interessi. Wa mir deene Länner net zur Säit stinn, da maachen anerer dat, an datass kaum zu eisem Virdeel.

Ech wëll awer och op dëser Plaz eemol méi betounen, dassde Rhythmus mat deem sech d’Länner vum Balkan un d’EU erubeweegen dovunner ofhänkt,wéi effikassdéi verschidde Regierungen déi néideg Reformen ëmsetzen. Déi Aarbecht ka keen anere fir si maachen. Dozou gehéieren virun allem Reformen am Beräich vun der Rechtsstaatlechkeet, deKampf géint d’Korruptioun an de Schutz vuPressefräiheet avun den demokratesche Grondrechter. Et ass net nëmmen d’EU,déi dat seet, meeoch a virun allem d’Bierger ander Regioun selwer, wéi een dat och un Hand vun de Manifestatiounen an enger Rei vu Länner gesäit. D’Grënn fir dës Protester sivu Land zu Land verschidden, meese hunn awer eppes gemeinsam: d’Onzefriddenheet vun de Leit wéinst nach ëmmer zum Deel onduerchsichtegen Muechtstrukturen. Dëst weist op e Neits wéi wichteg et ass, dassmir dës Länner an hiren europäeschen Integratiounsefforten ënnerstëtzen an dobäi hëllefen demokratesch Standarden ëmzesetzen.

Wat d’Tierkeiugeet,sinn d’Bäitrëttsverhandlungen, wéi dir wësst, säit enger Zäit zum Stoe komm. Zënter dem gescheiterte Putschversuch am Juli 2016 huet d’Tierkei eng Rei Moossname geholl, déi nëmme schwéier an Aklang ze bréngensi mat de Kopenhagener Critèren. Ufank dëst Joers war ech am Kader vun enger offiziellerVisitt zu Ankara an hunn do all mengen Interlocuteuren, dorënner och demtierkeschen Ausseminister, meng Bedenken a Suerge gesot iwwert d’Mënscherechtslag an d’Situatioun vum Rechtsstaat an derTierkei. Och wann dëst Land ënnert dem Putschversuch an den Terrorattacken an de leschte Jore vill gelidden huet, däerf dat keng Rechtfäerdegung si fir Journalisten, Akademiker, Oppositiounspolitiker a Riichtermuttwëlleg, ouni e faire Prozess anzespären.

D'Tierkei ass a bleift e wichtege strategesche Partnerfir Lëtzebuerg an d’EU, a mir wëllen alles dru setze fir d’Kommunikatiounskanäl mat Ankara oprecht ze erhalen, well et ass nëmmen am Dialog wou mir gemeinsam Léisunge fannen. Mir mussen an all eise Gespréicher mat den tierkeschen Autoritéiten ënnersträichen, dass Mënscherechter an de Rechtsstaat net verhandelbar sinn.Dëst gëllt virun allem am Kader vun de Bäitrëttsverhandlungen, déi eréischt dann erëm kënnen opgeholl ginn, wann d’Tierkei all d’Konditiounen nees voll respektéiert.

Den 31. Mäerz si Kommunal-Wahlen an der Tierkei. Dat ass eng Geleeënheet fir di tierkesch Autoritéiten ze weisen, dass fräi, demokratesch Wahlen an d’Akzeptanz vun de Resultater den A an den Oan engem Rechtsstaat sinn.

EU Noperschaft

D’Noperschaft vun der EU steet dëst Joer ënnert dem Zeeche vum 10. Anniversaire vun der Ëstlecher Partnerschaft, och wann eensech vläicht opgrond vun der zum Deel ganz schwiereger Situatioun froe kann op et wierklech vill ze feiere gëtt.

De Konflikt an der Ost-Ukrain ass weidergaangen an huet sech esouguer de 25. November 2018 ob d’Schwaarzt Mier ausgeweit, wou Russland no beim Detroit vu Kertsch ukrainesch Schëffer ugegraff huet a 24 Membere vun der ukrainescher Marinngefaange geholl gi sinn

Trotz den Efforte vu mengendäitschena franséischeKollegen am Normandie-Format, déi ech voll a ganz ënnerstëtzen, war et leider netméiglech, d’Ëmsetzung vunde Minsker Accorde weider ze dreiwen. Wéinst de Presidentschaftswahlen Enndëses Mounts ande Wahle fir d’Parlament am Oktober an der Ukrain, wäerte weider Fortschrëtter och schwiereg sinn.

Wat déi aner Länner vun der Ëstlecher Partnerschaft vun der EU ugeet, ass e Liichtbléck an Armenien gewiescht, wou no der“Samette Revolutioun” e neit Kapitel opgeschloe ginn ass.

Russland ass a bleift e schwierege Partner. Mee Russland ass degréissten Noper vun der EU am Osten a kann net ignoréiert ginn, op sécherheetspoliteschem Plang, op wirtschaftlechem Plang an um Plang vun der Energie-Zoufuert. Als Europäer plaidéieren ech dofir dass mir –ouni naiv ze sinn – Weeër musse fannen, fir nieft de Sanktiounen, di mat der illegaler Annektéierung vun der Krim an der Destabiliséierung vun der Ukrain zesummenhänken, och e richtegen an oppenen Dialog mat Russland ze féieren. Et ass besser, mir schwätzen eis Differenzen an eis Gemeinsamkeetekloer un. Total Funkstille wier fahrlässeg am jëtzegen internationale Kontext.

Méi wäit ëstlech gekuckt ass d’Situatioun an Zentralasien, wou echd’lescht Woch op Visitt war, am gaangen sech zum besseren z’entwéckelen. D’Lännervun der Regioun kooperéiere villméi mateneen an d’EU wäert mat hirer neier Strategie fir Zentralasien dozoubäidroen, dass déi “Nei Seidestrooss” méi demokratesch an inklusiv wäert sinn.

Migratioun

Dir Dammen an Dir Hären,

An der Migratiouns-Fro ass Europa leider nach ëmmer gespléckt. Et bleift eng konstant Zerräissprouf fir d’EU. Nom Trauerspill vun der mangelnder EU-Positioun zum Globale Migratiounspakt vun der UNO dierf een sech och keng Wonner méi virun den Europawahlen erwaarden. Dat Dramatescht un der Saach ass, dass d’EU weder fit genuch ass fir eng nei Refugiéskris ze meeschteren, nach déi aktuell Situatioun zefriddestellend geréiert.

Et stëmmt, dass d’Zuele vun den DPI, den Demandeurs de protection internationale an Europa ëm 90% zeréck gaange sinn.D’Haaptuersach ass zimlech einfach ze verstoen. Europa ass ëmmer méi eng Festung ginn an deene leschten zwee Joer.

Kloer ass, dass d’Grenze vu Schengen mussen iwwerwaacht sinn, dass ee wësse muss –wéi dat an allaner Land vun der Welt och de Fall ass –ween era kënnt oder komme soll. Et ass op där anerer Säit awer net richteg, dass d’EU, am Partenariat mat Afrika virun allem, hiertEngagement bis dato net agehal huet fir der legaler Migratioun eng Chance ze ginn.Dest op der Basis vu Quoten, déi vireran fixéiert si fir all EU-Land. Dat wiere keng Millioune Leit, och keng Honnertdausenden am Joer, mee zum Beispill 50.000 déi géifen eng Chance kréien, sech an engem Raum mat500 Milliounen Awunner ze integréieren. Dat wieren 0,01%.

Ouni esou eng oder eng ähnlech Approche an e klore Respekt vun de Rechter ënnert der Genfer Flüchtlingskonventioun kritt d’EU weder eng richteg Partnerschaft op d’Been, nach fënnt si en Accord fir Retoure vu Leit, déi de Statut vum Refugié net kënne kréien.

Laut Frontex sinn,am Joer 2018,150.114 Mouvementerop de Baussegrenze vun der EU konstatéiert ginn –am Verglach mat 204.750am Joer 2017. Dëst Joer gesi mir en erhéichte Migratiounsdrock am westleche Mëttelmier. Zanter Ufank dës Joers si schonn eng 4.000 Leit a Spuenien ukomm, wat eng Hausse vun 174% ass am Verglach zum selwechten Zäitraum d’lescht Joer. Och d’tragescht Stierwen am Mëttelmier geet weider: mir zielen dëst Joerschonn iwwert200 Doudeger, an dat onofhängeg dovun,op d’Schëffer vun den ONGen immobiliséiert sinn oder net.

An deem Kontext ass et wierklech decourageant, dass mir an der EU eng Presidence vum Conseil am zweeten Semester 2018 haten, déi steif a fest behaapt huet, déi Migratioun iwwert d’Mier géif net méi existéieren.

Den Drock op eis Asylsystemer ass nach ëmmer grouss, och wann den Trend liicht no ënne weist. Laut dem European Asylum Support Office (EASO) gouf et am Joer 2018 an der EU 634.700 Demanden op Asyl, dat sinn 10% manner wéi 2017. An 2017 waren et der nach 44% manner wéi 2016. Och den Taux de Reconnaissance geet erof: dësen ass am leschte Joer vu 40% op 34% erofgaangen. Et ginn och do nei Tendenzen: et gi méi Demandëvun Iraner, Tierken a Leit aus Visa-befreite Länner. D’Demandëvu Syrer sinn ëm 25% zeréckgaangen. Lëtzebuerg steet op der 4. Plaz wann een d’Demandëpro Awunnerzuel kuckt, dat hannert Zypern, Griicheland a Malta.

D’Deklaratioun tëscht der EU an der Tierkei an di 6 Milliarden Euro EU-Hëllef hu ville Refugiéen op der Plaz gehollef hir Liewenskonditiounen ze verbesseren. Zanter dem 4. Abrëll 2016 sinn 19.609 Syrer aus der Tierkei reinstalléiert ginn. Gläichzäiteg gouf et just 1.825 Retoure vu Griicheland a Richtung Tierkei ënnert dëser Deklaratioun. Nach ëmmer befannen sech eng 15.000 Persounen an den Hotspotsop de griicheschen Inselen, wou si deelweis an dramatesche Konditioune liewen.

Och d’Situatioun a Libyen ass alles anescht wéi zefriddestellend. Et geet net duer d’libesch Garde-côtes ze forméieren an hinne Schëffer zur Verfügung ze stellen. Mir mussen och e Monitoring maache vun Aktioune vun de Garde-côtes a punkto Respekt vun de Mënscherechter. Heiass jo d’EU Operatioun Sophia am Asaz. D’UNO Flüchtlingshëllef, d’International Organisatioun fir Migratioun an d’EU mussenallerdéngs och Strukturen op der Plaz schafen déi et erlaben de Leit déi gerett goufen hir Gesondheet a mënschlech Dignitéit ze garantéieren.

Wat ass de Wee deen eis weiderbréngt? Wëlle mir e Schengen-Raum dee funktionéiert, da brauche mir erëm géigesäitegt Vertrauen an Europa. Do wou d’Migranten anEuropa areesen, mussen d’Schengen-Reegelen agehale ginn. Fir dass den Drock op d’Antrëttslänner net ze grouss gëtt, brauche mir legal Areesméiglechkeeten, e solidaresche Verdeelungsmechanismus fir de Krisefall,an eng Retour-Politik,déi digne ass. Dat war alles an deReformprojete vun der Europäescher Kommissioun virgesinn. Leider wäerte mir Reformen ewéi d’Direktiv Retour oder d’“Carte bleue européenne” an dëser europäescher Legislatur net méi duerch kréien. Just beider Verbesserungvum Grenzschutz gesinn ech nach eng Chance.

D’Asylreformen, mat der esou wichteger Dublin-Reform, komme leider net virun. Momentan fillen déi meescht concernéiert Memberstaaten sech diskriminéiert, an d’Grupp vun deene Länner déi aneren hir Solidaritéit verweigeren,ass ënnertéisträichescher Presidence méi staark ginn. E puer solidaresch Member-staaten –an ech hoffe wierklech dass et der méi wéi 10 ginn –versichen, e Verdeelungsmechanismus op d’Been ze kréie fir Leit,déi gerett gi sinn. Et kann net sinn, dass all Kéier wann e puer Dose Leit mat engem Schëff an Europa ukommen, de Public eng nei Migratiounskris virgegaukelt kritt.

No den Europawale mussen déi nei EU Kommissioun, d’Europaparlament, an de Conseil sech onbedéngt iwwerleeë, wéi een dëse Stëllstand brieche kann.

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech wëll elo iwwer den europäesche Kontinent eraus kucken an doropper agoen, wéi Lëtzebuerg sech asetzt, mat enger multidimensionaler Approche, der Approche vun den “3D” –Diplomatie, Developpement, an Defense–an och mat enger multilateraler Approche, fir konkret ze hëllefen, Fridden, Sécherheet a Wuelstand do opzebauen, wou bis elo den Alldag vu Konflikter an Aarmut gepräägt war.

Ech hu virdrun eis Approche zu der Noperschaft vun Europa beschriwwen. Eise gréisste Noper,an enormwichtege Noper ass di aner Säit vum Mëttelmier, an dat ass Afrika: “l’Afrique immortelle”, “monde nouveau qui sera demain”, wéi de Léopold Sédar Senghor sot.

Afrika

Afrika ass en dynamesche Kontinent, mat villen Opportunitéiten, mee och groussen Defien, déi en direkten Impakt op Europa hunn. D’Fro vun der Migratioun ass nëmmenee Beispill vu ville wat weist,dass d’Schicksal vun Europa an d’Schicksalvun Afrika enkmatenee verstréckt sinn. Fridden, wirtschaftleche Wuesstem, Mënscherechter, Demokratie an de Kampf géint Korruptioun an Europa an Afrika, sinn am Interessivun onsen zwee Kontinenter a mussen och weiderhinam Mëttelpunkt vun onsem Partenariat mat Afrika bleiwen.

Lëtzebuerg bleift mat Europa engagéiertfir zesumme mat der Afrikanescher UniounLéisunge fir d’Problemer op den zwee Kontinenter ze sichen. Am Januar, um gemeinsamen AusseministertreffentëschentAfrika an Europa, si mir eis eens ginn, fir eis zesummenanzesetze fir besser Perspektive fir déi Jonk ze schafen, an dëstan de Beräicher Fridden a Sécherheet, ekonomesch Kooperatioun, Migratioun a Multilateralismus.

Beispiller wéi déi rezent Wahlen an der Demokratescher Republik Kongoweisen, dass nach vill a punkto Qualitéit vun der Demokratie a Gouvernance ze maachenass, och wann dëstdéi éischt friddlech Transitiounzu Kinshasa säit der Onofhängegkeet vum Land war. Afrika brauch keng staark Cheffen, mee staark an demokratesch Institutiounen, grad wéi Europa iwwregens och.

Rezent politesch Entwécklungen, wéi de FriddensvertragtëschentEritreaan Ethiopienno méi wéi 20 Joer kalem Krich maachenHoffnung, dass nei Fënsterenan Afrika opginn. An deem Kontext sinn ech Mëtt Februar an Ethiopien an Eritrea gereest, fir mir e konkret Bild vun der Situatioun um Terrain ze maachen. Haut sinn d’Grenzentëschent den zweeLänner nees op, antëschent Addis Abeba an Asmara ginn et deeglech Flich. Vill Hoffnung ass heimat verbonnen, dass Ethiopien, Djibouti, Somalien an Eritrea als Länner vun der Corne de l’Afrique sech concertéieren an zesumme schaffen.

Meng Gespréicher mat der Presidentin a mam Ausseminister vun Ethiopienkonnte mir déi ambitiéis an oppen Visioun vum Premier Abiy Ahmed confirméieren, deen duerch säi Reconciliatiounsprozess mat Eritrea weltwäitvill Unerkennung kritt huet.Dem ethiopesche Premier seng Visioun vun enger regionaler Integratioun kann eenoch nëmme begréissen.

Ech war och am Norde vun Ethiopien, an de Refugiés-Campen, no bei der Grenz vun Eritrea. Et konnt een zwou Saache feststellen. Éischtens, den Afflux vu Leit aus Eritrea di Asylfroen ass ganz grouss, si kommen och elo iwwert d’Grenz ouni dass op se geschoss gëtt. Zweetens, op ethiopescher Säit sinn déi lokal Autoritéitenzesummemat der UNO Flüchtlingshëllef, dem UNHCR ganz staark engagéiert firdeville Kanner aus Eritrea,déielengeriwwerkommen, séier en Halt ze ginn. Ech war staarkimpressionnéiert vun esou vill Solidaritéit, trotz de ganz wéinegeMoyenen,déi dësemLand zur Verfügung stinn.

Et wär awer ze vill optimistesch ze gleewen,dass mat der Reconciliatioun elo schlagaartegall d’Grënnverschwannen, firwat esou vill Mënschenaus Eritrea fortlafen. De Service national, dee militärescher wei och zivillerNatur ass,zwéngtjonk Leit weiderhinop mannst 18 Méint, mee ganz dackszäitlechillimitéiert,dem Staat zur Verfügungze stoen. KombinéiertmatdrasteschePrisongsstrofe fir sougenannte "Verréider "déi ganz oft ouni Uerteel an ouni Rechtsbeistand agespaart ginn, sinn dëst flagrant Mënscherechtsviolatiounen. Genee wéiLibyenrejetéiertEritrea och den UNHCR, deebeschëllegt gëtt, d’Migratioun ze stimuléieren.

Trotzdeem wier et falsch de Kontakt matEritrea net ze sichen an z’intensivéieren. Am Gespréich mam Ausseminister vun Eritrea hunn ech kloer gemaach, dass hirErwaardung fir finanziell Hëllef an Investissementer aus der EU ze kréien, fir Aarbechtsplazen ze schafen, och implizéiert,dass aSaache Rechtsstaatee fundamentale Wiesselkomme muss. Dat eent geet net ouni dat anert. Dëséischt bilateral Visitt vun engem Ausseminister aus der Europäescher Unioun no der Reconciliatiounvubéide Länner däerf net di eenzeg bleiwen. Och an der Hoffnung, dass déi politesch Ouverture an Ethiopien sech op Eritrea auswierkt, fir dass nieft dem Fridden och Mënscherechter Prioritéit kréien.

Lëtzebuerg bleift weiderhinengagéiert an huet seng traditionellguttBezéiunge mat ville Länner um afrikanesche Kontinent an de leschte Joren kontinuéierlech verstäerkt an diversifizéiert. Dir wësst dasseis Kooperatiouniwwer laang Joren enkKontakter mat enger Rei afrikanesche Länner opgebaut huet. Am Sahel zemools hu mir eis Representatiounen eropgestuuftmat der Präsenz vun engem Ambassadeur-résident am Senegal, co-accreditéiert am Mali, am Burkina Faso an am Niger. Zesumme mat eisen Ambassaden um Cabo Verde an an Ethiopien, wou och de Setz vun der Afrikanescher Unioun ass, hu mir eis d’Mëtteleginn, fir laangfristeg kënnen eis Partnerschaft weider z’entwéckelen.

EiselaangjäregenEngagementa Westafrika, abesonnesch am Sahel, weist, dass Lëtzebuerg e Partner ass, op dee Verloossass, och wann d’Sécherheetslag den Asaz vun eise Mataarbechternet méi einfach mécht. Déi aktuellDestabiliséierung am Sahel,déi sech vum Mali aus am Burkina Faso an am Niger verbreet, ande Fait,dass terroristeschGruppéierungenëmmerméi staark ginn,ass engKrisdéi een net dierf ënnerschätzen. Si beréierteis, well si eng Menace ass fir eis Partnerlänner,mat deene mir englaangjäreg Solidaritéit opgebaut hunn.

Zesumme mat der UNO, der EU an aneren internationale Partner ënnerstëtzt Lëtzebuerg de G5 Sahel, a mir wenden do eis bewäerten Approche vunde “3D” un,wou d’Mëttel vun der Diplomatie, vum Developpement a vun der Defense komplementar agesat ginn. Eleng d’lescht Joer hu mir en Effort vu ronn 100 Milliounen Eurofir de Sahel geleescht, haaptsächlecham Beräich Kooperatioun, wou ronn 200 Leit ënnertLëtzebuergerMandat schaffen. Mir sinn och aktiv am Kader vun der Europäescher Sécherheets-a Verdeedegungspolitik. Mirbedeelegen eis konkretun der EU Trainings-Missioun am Malia reegelméisseg un den zivillen EUCAP Missiounenam Mali an am Niger. Mir machen och mat bei der MINUSMA, der UNO-Missioun am Mali.

Afghanistan, Pakistan, Indien

Déiselwecht“3D”Approche wende mir och am Afghanistanun.D’lescht Woch war ech an deem Land, wou no 18 Joer Krich d’Situatioun ganz schwiereg bleift. Et ginn nach enorm Erausfuerderungen, déi an den nächste Jore musse bewältegt ginn. Mir ënnerstëtzen d’Gespréicher tëschentden Amerikaner an den Taliban. Mee wéi d’Autoritéiten zu Kabul ënnerstrach hunn, mussen d’Gespréichertëschentden Afghanen a mat den Afghanegefouert ginn, fir de Fridden ze sécheren.

De President Ashraf Ghani huet och ganz kloer betount, dass d’rechtsstaatlechPrinzipien net a Fro gestalt däerfeginn,genau sou wéi d’Mënscherechter, a besonneschd’Rechter vun de Fraen a vun de Kanner.

Lëtzebuerg wäert bis 2020 ronn 100 Milliounen Euro an den Afghanistan investéiert hunn, fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Hëllef, mee och am sécherheetspolitesche Beräich. Bis hautwaren am ganzen 325 LëtzebuergerZaldoten am Afghanistan engagéiert. D’Lëtzebuerger Arméi bedeelegt sech un der “Resolute Support” Missioun vun der NATO, déi di afghanesch Forcen ausbilt a beréit, fir dass sià terme selwer fir d’Sécherheet vun hirem Land kënne suergen. Ech huwärend menger Visitt och onsen Ënneroffizéier an onsen Zaldot begéint, déi momentan am Norden, zu Mazar-i-Sharif stationéiertsinn. Am Numm vun der Regierung a vun alle Lëtzebuerger hunn ech hinnen,stellvertriedend fir all Lëtzebuerger Zaldoten, Mercigesot fir hire Courage an Engagement,a fir hiren Asaz fir d’Stabilitéit an d’Sécherheet am Afghanistan.

Am Pakistan war et dann déi éischt Visitt vun engem Lëtzebuerger Ausseminister. Ech hunn zu Islamabad mam Ausseminister a mam neie Premierminister Imran Khan iwwert d’regional Stabilitéit geschwat, souwuel iwwert den Afghanistan, wéi och déi rezent Spannungen ëm de Kaschmir. Ech hunn am Numm vun der Europäescher Unioun de Pakistan encouragéiert, den Dialog mat Indien ze sichen, an di Schrëtt begréisst, di de Premierminister Khan ënnerholl huet, notamment de Retour vum indesche Pilot, deen erofgeschoss gouf, fir eng Deseskalatiounvun den Tensiounen ze bewierken.

De pakistanesche Premier huet och ganz kloer ënnerstrach, dassde Pakistan a Fridde mat Indien zesummeliewewëllt. Soulaanget keng dauerhaft Léisung fir de Kaschmir gëtt, wäertenallerdéngs do Tensioune bleiwen. Dat ass besonneschgeféierlech, well déi zwee Länner Atomwaffen hunn. Kee wëlleeKrich tëschent Indien a Pakistan.

Iran

Zënter menger leschter Ried sinn déi amerikanesch Drohungen, unilateral aus dem nuklearen Accord mam Iranerauszetrieden, leiderRealitéit ginn. Mir bedaueren dës Entscheedung, well den Accord e wichtegt Element fir d’Non-Prolifération an der Regioun ass.

Den Accord assamInteressi vun Europa asenger Sécherheet.Mir sigeographesch vill méi no um Iran wéi d’Vereenegt Staaten,a wierendomat méi direkt vun enger Menace betraff. Och dowéinst musse mir eis fir den Accord asetzen.

Den Iran setzt den Accord bis elo ëm, à la lettre.Dat huet d’AIEA elo scho fir di véierzéngte Kéier bestätegt. Mee de Fait,dass den Iran sech un den nuklearen Accord hält,dierf eis awernet vergiessen doen, dass aner Beräicher vun der iranescher Politik ganz problematesch sinn. Ech denken un dem Iran säi ballistesche Rakéiteprogramm, u seng regional Politik, virun allem a Syrienan am Jemen, anun d’Plange vun Terror-Attacken op europäeschem Buedem.

Lëtzebuerg plaidéiert dofir fir engbreet europäesch Politik vis-à-vis vum Iran, déi och d’Mënscherechtsfro ëmfaasst. Dës Politik kombinéiert Dialog mat Entschlossenheet wann se gefuerdert ass. Am Januar huet d’EU dofir och nei Sanktioune géint den iranesche Sécherheetsapparat decidéiert, virun allem géint déi Acteuren déi Attentater an Europa geplangt haten.

Mir deelen d’Bedenke vun den USA, wann et ëm déi problematesch Aspekter vun der iranescher Politik geet. Déi Aspekter sinn awernet Deel vum nuklearen Accord an däerfen dofir och net als Virwand benotzt ginn, fir den JCPOA ze zerschloen. Dat ass a kengem sengem Interessi.

Jemen

ELand, datnet ëmmer déi Opmierksamkeet kritt déi etverdéngt, mee wou d’Situatioun katastrophal ass, ass de Jemen. Iwwert 24 Millioune Leit, also dräi Véierel vun der Bevëlkerung, sinn op humanitär Hëllef ugewisen. Fraen a Kanner si vun der humanitärer Kris besonnesch betraff.

Leschten Dezember gouf eten diplomateschen Hoffnungsschimmer wéidéi verschidde Konfliktparteien zu Stockholm en Accord fonnt hunn. Mee deen Accord ass äusserst fragil, an déi international Gemeinschaft muss sech weiderhin dofir asetzen, fir dass en och ëmgesat gëtt. Virun allem denAccès an den Hafe vun Hodeïda, duerch deen iwwert 85% vun der humanitärer Hëllef transitéiert, muss garantéiert ginn.

Lëtzebuerg engagéiert sech op dräi Manéieren:

Fir d’éischtduerch humanitär Hëllef. De 26. Februarhunn ech zu Genève annoncéiert, dass Lëtzebuerg weider solidaresch ass an dëst Joer op mannst 1,75 Milliounen Euro zu Verfügung stellt, fird’Leide vun der Zivilbevëlkerung ze erliichteren.

Zweetens ënnerstëtze mir déi hollännesch Initiativ fir d’Krichsverbriechen am Jemen opzedecken, an der Hoffnung, dass dat och eng ofschreckend Wierkung huet. Leschte September huetde Mënscherechtsrot d’Mandat vumsougenannte “Groupe d’experts éminents” ëm eeJoer verlängert. Lëtzebuerg huet sech mat dofir agesat. Mir ruffen och dozou op, d’Rechter vu Minoritéiten wéi deBaha’ize garantéieren. Grad ewéi am Iran sinn d’Baha’ioch am Jemen d’Affer vu Gewalt an Ënnerdréckung.Et ka kee Gronn ginn am 21. Joerhonnert, dass Leit wéinst hirer Relioun agespaart, gefoltert oder esouguer ëmbruecht ginn.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt ausserdeem d’Mediatioun vun der UNO, and’Efforte vum Martin Griffiths, fir d’Konfliktparteien am Jemen zuenger politescher Léisung ze leeden. Nëmmen esou kann och déi humanitär Kris dauerhaft geléist ginn.

Syrien

A Syrien ginn d’Grausamkeete weider. Wou mir d’lescht Joer nach véiersougenannt “Deseskalatiouns-Zonen” haten, gëtt et elo just nacheng, am Norde vum Land, ronderëm Idlib. Do wunnen op enkstem Raum 3 Millioune Leit.Och wannTerroristendo operéieren, sinn di allermeeschte Leit Zivilisten,di zum Deel aus aneren Zonen dohi geflücht sinn. Eng Offensiv op Idlib muss onbedéngt verhënnert ginn.

De Fait dass de Regimm d’Oppositioun amBlutt erstéckt huet, an a Syrien domat nees eng gewësse Rou agekéiert ass, wann een dat dann esou kann nennen, léisst Stëmmenopkomme fird’Relatioune mat Syrien erëm ze normaliséieren. Dozou ass d’Lëtzebuerger Positioun, genee wéi déi vun der EU kloer: ouni grondleeënd politesch Reformen anouni Transitiounwäerte mir eisRelatioune mat Syrien net normaliséieren.

A Syrien ass nach ëmmer déinämmlecht Diktatur um Pouvoir, déi zënter 2011 op déi brutaalst Manéier hireege Bevëlkerung bekämpft huet. Dofir si mir och ganz kloer der Meenung, dassd’Bedingunge fire Retour vun de Refugiéen net do sinn.

Nëmmen eng politesch Transitioun op der Basis vun der Sécherheetsrotsresolutioun 2254kann nohaltegeFridden a Stabilitéit a Syrienbréngen. Mir ënnerstëtzendem neien Envoyé spécial vum UNO-Generalsekretär fir Syrien, dem Geir Pedersen seng Efforten an deem Sënn voll a ganz. Nëmmen esou kënne mir ochd’Menace vun Daech aus der Welt schafen.

D'kurdesch Forcen, ënnerstëtzt vun den Amerikaner, sinn amgaangen, d’Duerf Baghus, di lescht Bastioun vun Daech, anzehuelen. Och wann Daech d’Kontroll iwwer Territoiren a Syrien an am Irak verluer huet, virun allem dank de kurdesche Kämpfer, sinnd’Wuerzele vum Problem, déi zurRadikaliséierung vun Deeler vun der Bevëlkerung gefouert hunn, nach ëmmer present.Et gëtt och nach weiderhin Daech-Zellen, déi an Zukunft riskéieren, verstäerkt op Attentater zeréckzegräifen, souwuel a Syrien wei am Irak, fir dës Länner ze destabiliséieren.

D’EU ass de gréissten Donateur vun humanitärer Hëllef fir Syrien a fir d’Regioun ronderëm: d’Tierkei, de Libanon, den Irak, Jordanien an Egypten hunn ronn fënnef an eng hallef Millioune Syrer opgeholl, an et ass wichteg, dass mir och dës Länner ënnerstëtzen. Dëser Deeg fënnt zu Bréissel déi drëtt vun der EU organiséiert international Konferenzstatt, fir politesch an humanitär Hëllef fir Syrien ze mobiliséieren. Och wann d’EU am Syrien-Konflikt gréisstendeels e“Payer” a kee “Player” ass, musse mir déi Mëttel,déi mir hunn,weiderhi geziilta strategesch asetzen.

Lëtzebuerg dréit säin Deel bäi. Eis Hëllef fir d’Syrer beleeft sech op 7,5 Milliounen Euro pro Joer. Et ass mat Ofstandde gréissten humanitären Engagement vu Lëtzebuerg, an e bleift bis op mannst d’nächst Joer op deem Niveau. Mee nach eng Kéier, eis Positioun ass kloer: keng Normaliséierung a keng Hëllef fir den Opbau ouni politesche Prozess!

Irak

Am Irak huet de laangen a schwierege Wee vun der Reconciliatioun ugefaangen. D’Parlamentswahle vum 12. Mee si gutt iwwert d’Bühn gaangen, an d’Parlament huet den 2. Oktober de Kurd Barham Salih als neie President gewielt. D’Regierung ass nach net vollstänneg forméiert, mee d’Hoffnung ass do, dass den Erëmopbau an Zesummenaarbecht mat der internationaler Gemeinschaft virukënnt,an dass den Irak domat dauerhaft stabiliséiert gëtt.

Israel a Palestina

D’international Gemeinschaft ass och gefuerdert beim israelesch-palestinensesche Konflikt. Deewar d’lescht Joer weiderhi vun unilateralem Handelen a Mëssuechte vu multilateraleReegele gepräägt. Déiisraelesch Siidlungspolitik geet ongebremst virun, obwuel d’Resolutioun 2334 vum Sécherheetsrot ganz kloer en totalen an direkte Stopp vun der Kolonialisatioun an de besate Gebidder fuerdert.

Nodeems d’VereenegtStaaten Jerusalem als Haaptstad vunIsrael unerkannt hunn, assde 14. Mee 2018 déi nei amerikanesch Ambassade zu Jerusalem opgaangen. Di unilateralDecisioun brécht mam internationale Konsens a verstéisst géint eng ganz Rei vun UNO-Resolutiounen. Se erschwéiert d’Ëmsetzungvun derZwee-Staate-Léisung, wou Jerusalem d’Haaptstad vun Israel a vuPalestina soll sinn.

Am Zesummenhang mat der Ëffnung vun der Ambassade ware Protester am Gaza, déi schonn Enn Mäerz ugefaangen haten. Deen Dag sinn 61 Demonstranten am Gazasträif gestuerwen, well israelesch Zaldote mat schaarfer Munitioun op se geschoss hunn. Fir géint dës inakzeptabel an disproportionéiert Uwendung vu Gewalt ze protestéieren hunn ech di israelesch Ambassadricede 16. Mee bei mech convoquéiert.

D’Gaza-Blockade dauert méi wéi 10 Joer. Si muss endlech opgehueweginn fir d’Liewenskonditiounen op der Plaz fundamentalze verbesseren. Eng Reconciliatioun ënner Palestinenser an e Retour a Gaza vun derPalestinensescher Autoritéit géifen och hëllefen.

Jo, et gëtt Gewalt a Gaza. Leschte Summerwar enneie Krich tëschent dem Hamas an Israel e puer Mol bal batter Realitéit ginn. Mee Gaza muss ee gesinn hunn, fir ze verstoen, wéi et ass, wann een zwou Millioune Leit zesummepercht op enkstem Raum, ee Siwentel vum Lëtzebuerger Territoire. Ech widderhuelen et: Gaza ass dem 21. Joerhonnert onwierdeg.

Dass di international Zesummenaarbecht eppes am Noen Ostebewierkekann,gesi mir um Beispill vun der UNO-Agence UNRWA, déi de palestinensesche Refugiée zur Säit steet. 2017nach huet déi amerikanesch Contributioun engem Drëttel vun de Finanzementer vun der UNRWAentsprach. D’lescht Joer awer hunn d’Vereenegt Staaten hire Bäitrag komplettgestrach. Duerch déi drastesch Decisioun hat d’UNRWA op eemol en Defizitvu 446 Milliounen Dollar,and’Iwwerliewe vun der Agence stoung um Spill.

D’international Gemeinschaft huet sech du mobiliséiert an d’lescht Joer 425 Milliounen Dollar méi gesammelt. DësenEffort mussdëst Joer weider goen, fir dass d’Aktivitéite vun der UNRWA, haaptsächlech an deBeräicher Erzéiung a Gesondheet, kënne weiderlafen. Se si wichteg fir d’Stabilitéit vu Gaza a vun der ganzer Regioun. Et ass a kengem sengem Interessi, wann op eemol iwwert 260.000 Kanner aGaza net méi kéinten an d’Schoul goen.

Lëtzebuerg engagéiert sech scho laang fir d’UNRWA. Dëst Joerënnerschreift eis Kooperatioun en neie pluriannuellen Accord, dee vun 2019 bis 2021eng jäerlech Contributioun vu4 Milliounen Euro un d’UNRWA virgesäit an esou zu der Finanzéierungssécherheet vun der Agence bäidréit. Wann een eenzelProjeten dobäi rechent,déi Lëtzebuerg ënnerstëtzt,dakomme mir op eng Erhéijung vun eiser Contributioun vun iwwert 10 Prozent.

Zënter der Jerusalem-Decisioun kënnend’VereenegtStaaten net méi als neutrale Vermëttler gesi ginn. Se hunn awer Wëlles, node Wahlen an Israelvum 9. Abrëllenneie Friddensplang ze presentéieren. Iwwert deePlang ass offiziell nach näischt gewosst.

Et ass natierlech kloer, dass eng Léisung net kann ouni Amerika fonnt ginn. Lëtzebuerg wäert sech,zesumme mat sengeneuropäesche Partnerdofir asetzen,dass e Friddensplang d’Zwee-Staate-Léisung voll ënnerstëtzt, am Aklang mat den internationalunerkannte Parameteren.

Mir setzen eis weiderhi fir eng gemeinsam a kohärent EU-Positioun an. Leidermuss ee feststellen, dass mir Europäer eis an dëser Fro ëmmer manner eenssinn, wat eis als EU zu enger “lame duck” mécht.

Venezuela

De Venezuela ass säit enger Rei Joren an enger graver politescher, ekonomescher an humanitärer Kris. D’Regierung ënnertdem Nicolás Maduro, déi an de Legislativwahlen Enn 2015 staark Verloschter hat,andoduerchan der Assemblée nationale an der Minoritéit ass, versicht zënterhierhierMuecht ze consolidéieren, sief et duerch d’Kontroll vum pouvoir judiciaire, oder duerch d’Kreatioun vun der sougenannter Assemblée constituante, déi d’Pouvoire vum legitimme Parlament, der Assemblée nationale, gréisstendeels accaparéiert huet.

Déi virgezunne Presidentschaftswahlen déi den 20. Mee d’lescht Joer stattfonnt hunn,waren net fräian net fair. Si ware markéiert vun der Exklusioun an der Fragmentatioun vun der Oppositioun am Virfeld, vum Stëmmekafen, an nach villem méi.D’Ausseministere vun der EU waren sech den 28. Mee d’lescht Joer eens fir ze soen:mir kënnen d’Wahlresultat net acceptéieren, mir fuerderen Neiwahlen.

Opgrond vun deenen Entwécklunge war et kloer dassmir Europäer de President vum legitimme venezuelanesche Parlament, de Juan Guaidó, a senger Demarche sollten ënnerstëtzen,e Prozess fir fräi, fairan demokratesch Neiwahlen an d’Weeër ze leeden, wéi dat an der venezuelanescher Verfassung virgesinn ass.

Loosst mechbetounen, dass d’Solutioun am Venezuela nëmmen eng friddlech a politesch ka sinn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt an deem Kontext d’Aarbecht vun der internationaler Kontaktgrupp, déi d’EU Ufank Februar lancéiert huet, mam Zweck déi néideg Garantien ze schafe fir de Prozess vun Neiwahlen ze ënnerstëtzen, an d’Verdeele vun humanitärer Hëllef no den humanitäre Prinzipien.

Mir däerfen nämlech eppes net aus denAenverléieren, an dat sinn déi grouss humanitär Erausfuerderungen an deem Land, déi och e schwéieren Impakt op d’Stabilitéit vun de Länner aus der Regioun hunn. Méi wéi 3 Millioune venezuelanesch Flüchtlinge goufe bis Enn November d’lescht Joer vun der UNO enregistréiert. Lëtzebuerg ënnerstëtzt scho säit enger Zäit d’Aarbecht vum UNHCR fir de venezuelanesche Flüchtlingenze hëllefen, a bedeelegt sech och un engem Projet vun ONU Femmes an der brasilianescher Grenzregioun. Mir wäerten och weiderhin an dësem Domän engagéiert bleiwen.

Nicaragua

D'Situatioun am Nicaragua, wou eis Kooperatioun säit Ufank vun den 90er Jore präsent ass, bleift extrem gespaant.Bal e Joer nom Ausbroch vun deProtesteran de Repressiounen am Abrëll 2018, déi op mannst 325 Doudeger gefuerderthunn, ass d’Sécherheetssituatioun zwar elo méi roueg, mee d’Mënscherechtsverletzungegi weider, notamment ënnert der Form vun arbiträren Detentiounen a repressive Mesurë géint d’Zivilgesellschaft an d’Medien.

Eis Partnerschaft mam Nicaragua huet sech ëmmer op d’Hëllef fir d’nicaraguaneschBevëlkerung konzentréiert, am Respekt vun de Mënscherechter avun den demokratesche Wäerter. Dowéinst hu mir d’lescht Joer zesumme mam Kooperatiounsminister d’Decisioun geholl, appropriéiertMesuren ze huelen an eis Fongeganz der Zivilgesellschaft an den Aktivitéite vun internationalen a regionale Mënscherechtsorganisatiounen am Nicaragua ze widmen. Lëtzebuerg huet sech zesumme mat der EU a klore Wierder zur Situatioun am Land ausgedréckt, an ënnerstëtzt weider den nationalen Dialog, deen Enn Februar nees ugelaf ass, als eenzege Wee aus der haiteger Kris.

Amerika

Méi wéi zwee Joer nom Ufankvu sengem Mandat huet dem jëtzegen amerikanesche President séng Doktrinn vun “America First” kloer Spueren hannerlooss, a Saache Klimaschutz, international Sécherheet, Fridden am Noen Osten, Nordkorea oder Welthandel.

D’transatlantesch Relatioun steet dowéinst virun neien Erausfuerderungen. D’USA bleiwen awer en onverzichtbarenUspriechpartner. Als Europäer musse mir op deWäert vunale Bündnisser aPartnerschafte pochen, an eise gemeinsame Wäerter trei bleiwen.Gläichzäiteg sollte mir awer och weider kuckewéi mir eis gemeinsam strategesch Interessie besser verdeedegekënnen. Den Zesummenhalt vun der Unioun ass och hei essentiell.

INF Traité

Wéi Dir wësst hunn d’USA den 2. Februar offiziell Russland hirenAustrëtt aus dem Accord iwwer déi nuklear Mëttelstreckerakéiten, demsougenannten INF Traité, notifiéiert. Zanter Joren, och ënnert dem President Obama,hunn d’USA versicht, Russland dozou ze brénge fir Kloerheet ze schafen, wat dee mobille Rakéitesystem 9M729ugeet, leider ouni Erfolleg.

Mir als Europäer sinn direkt vum Enn vum INF Traité betraff, well eis kollektiv Sécherheet um Spill steet. Dofir musse mir elo, an deene knapp fënnef Méint déi eis nach bleiwe bis den Accord ganz ausser Kraaft ass, alles dorusetzen,fir Russland an d’USA zum Dialog ze beweegen. Wat zu Zäite vum kale Krich méiglech war, dat muss och haut méiglech sinn! D’Responsabilitéit läit bei Russland. Moskaumuss nees noweisbar den Traité respektéieren.

Idealerweis missten esou Traitée fir d’Ofrëschtung net gekënnegt mee verstäerkt ginn,andeems och aner Länner mat abezu ginn, notamment China.

D’Enn vum INF Traité ass e Symptom vun enger allgemenger Kris vum globale System vun der Ofrëschtung a vun der Rüstungskontroll. Vill vun den Traitéen aus der Zäit nom kale Krich funktionéieren haut net méi. Dobäi kënnt, dass 2021 och nach de New START-Traité iwwer déi strategesch Waffesystemer tëscht den USA a Russlandofleeft. Ech wëll ob dëser Plaz nach eng Kéier drop hiweisen dass den New START verantwortlech ass fir d’Zerstéierung vun iwwert1.200 nukleare Sprengsätz ob der russescher, wéi opder amerikanescher Säit. Falls dësen Traité net ka verlängert ginn, befënnt d’Welt sech erëm an där ganz beonrouegender Situatioun, dass déi zwou grouss Nuklearmuechten net méi duerch bilateral Traitéë limitéiert sinn.

Op Initiativ vun eisen däitschen Noperen, setztoch Lëtzebuerg sech dowéinst fir eng nei Dynamik vunder Rüstungskontroll an Europa an. Mir brauchen eng nei Approche déi di modern Technologien abegräift,a vun all den internationalen Acteure matgedroe gëtt. En Accord am Domänvun der Rüstungskontroll ass ëmmer begleet duerch streng Verificatiounsmesuren. Sou Mesurë garantéieren Transparenz.De Fait dass sech d’Länner géigesäiteg dierfe kontrolléieren, ass en éischte Schrëtt fir nees Vertrauen ze schafen. Amir brauchen dringend Vertrauen an den internationale Bezéiungen.

Wärend dem kale Krich huet d’Rüstungskontroll substanziell zur Entspanungvun den internationale Bezéiunge bäigedroen. Leider ass dësen Acquis iwwer déi lescht Joren deelweisverluere gaangen. Mir mussen aus der Vergaangenheet léieren,an nees ob dësen Acquis opbauen. Nëmmen esou kënne mir et fäerdeg bréngen, de Fridden an d’Sécherheet an Europa fir déi nächstJoerzéngten ze garantéieren.

Sécherheet

D’NATO spillt eng zentral Roll fir eis Sécherheet. Lëtzebuerg dréit säin Deel zur kollektiver Verdeedegung bäi. Mir hunn aktiv bei der Réckversécherung matgemaach, notamment mam Stationement vun engem Lëtzebuerger Kontingent a Litauen, a mir wäerten dat och weider maachen.

An der EU gëtt weider un enger méi enker Kooperatioun an der Defense geschafft. Dëst ass néideg, fir eis Investissementer, eis Recherche an eis Capacitéiten als Europäer méi koordinéiert an effikass virun ze dreiwen.

Am Sënn och vun eiser “3D”-Approche bedeelege mir eis un zivillen a militäresche Missiounevun der NATO, vun der EU a vun der UNO, och matCapacitéitefir Satellitten-Kommunikatioun.Lëtzebuerg péckt mat un a gëtt vu senge Partner als fiabelen a responsabelen Acteur ugesinn. Als rezent Beispill hu mir am Kader vun engertrilateralerKooperatioun mat Portugal a Cabo Verde eis Zesummenaarbecht och op deBeräich vun der Defense ausgedeent.

Am Juli zejoert ass dat neit Gesetz iwwert d’Exportkontroll a Kraaft getrueden, wouduerch den Ausseministère ganz enk mam Wirtschaftsministèrezesummeschafft. Zesumme kontrolléiere mir, dass keng sougenannten “dual use”Gidder oder Militärgidder,vu Lëtzebuerg aus,a falsch Hänn geroden, an dass mir eis international Obligatiounenanhalen, di mir notamment am Kader vum Arms Trade Treatyop eis geholl hunn. Mir huelen eis Responsabilitéit eescht, esouwuel am Kontext vun der internationaler Sécherheet, ewéi och vis-à-vis vun eise Lëtzebuerger Entreprisen.

 

Wirtschschaftsdiplomatie

Dr Dammen an Dir Hären,

Eis Europapolitik, eis Politik vis-à-vis vuneisen Nopeschlänner aRegiounen,an eis Aussepolitik insgesamt,stinn amDéngscht vun eiseBierger a vun eisen Entreprisen. An et ass kloer,dass eis Aussepolitik och en Instrument ass fir d’Promotioun vun eiser Wirtschaft an der ganzer Welt. 83% vun eisemBruttoinlandproduktginnop international Aktivitéiten zeréck. Ech brauchd’Oppenheet an d’Dynamik vun eiser Wirtschaft net weider ze beschreiwen. Mirhunn et bis elodacks fäerdeg bruecht,eis als first moveran enger Rei vu Beräicher ze positionéieren, an eisfir d’Zukunft opzestellen, sief dat am Beräich vun der Stolindustrie, de Satellitten, den Investmentfongen oder der digitaler Revolutioun.

D’Virdeeler vun eiser Wirtschaft leienop der Hand, an etass un eis,dat an der Welt bekannt ze maachen. Duerchseng Wirtschaftsdiplomatie versicht den Ausseministère aktiv zur Dynamik an zur Diversifizéierung vum Standuert Lëtzebuerg bäizedroen,mat enger Koordinatioun am Kader vum Trade and Investment Board(TIB) an dem Trade and Investment Steering Committee(TISC). Mir schaffen drufir weider Investissementer an Talenter unzezéien. Ech verweisen hei ochop d’Strategie fir d’Wirtschaftspromotioun,déi d’Regierung am Februar 2017 ugeholl huet.

Eist diplomatescht Netzwierk, dat heescht eis 29Ambassaden, 5 Stänneg Vertriedungen, 3Generalkonsulater, 9 Handels-an Investitiounsbüroenënnert dem Wirtschaftsministère, an eng ronn 170 Honorarkonsulater uechter d’Welt begleeden eis Entreprisen an hiren Demarchen anhëllefen hinne fir nei Marchéen ze erschléissen.

Dës modern an dynamesch Form vun Diplomatieass och aktiv am Beräich vum internationale Loftverkéier. Véierbilateral Loftverkéiersofkommesinn 2018 ënnerschriwwe ginn: mam Burkina Faso, mat Uruguay, mam Sri Lanka amatBrasilien. Ech hunn d’lescht Woch e Protokoll fir services aériens am Usbekistan ënnerschriwwen. Dës Ofkommekonkretiséieren d’LëtzebuergerStrategie am Beräich Lofttransport, mam Zilfir d’Perspektive vum Secteur ze garantéieren an d’Zukunft vum Findel als international Plattform fir Passagéier a Frachtverkéier auszebauen. D’Ënnerschreiwe vum Ofkommemat Brasilien assiwwregens e besonnescht staarkt Zeechefir d’Entwécklung vun eise bilaterale Bezéiungemat deem Land, virun allem am Kontext vun der Ouverture zu Brasilia vun der éischter Ambassade vu Lëtzebuerg a Südamerika, di mir ufanks 2018 ageweit hunn.

D’Connectivitéit tëschent Europa an Asien gëtt ëmmerméi wichteg. Mat onsem diplomatesche Reseau an Asien schaffe mir drun, fir am Sënn vun der Wirtschaftsdiplomatie méi enk Kontakter ze knäppen. Och am Beräich vun der Recherche an der Innovatioun hu mir weider dru geschafft, fir de Standuert Lëtzebuergze promouvéieren. Dëstass wichteg fir ons Entreprisen, déi ëmmerméi no Asienkucken. BesonneschLänner wéi Japan a China, mee awer och Indien, Südkorea a Südostasië sinn do wichteg Partner.

Ech wëll am Kontext vun der Wirtschaftsdiplomatie hei däitlech soen, dass mir d’Aen net zou maacheviru méiglecheMënscherechtsverletzungen duerch wirtschaftlech Aktivitéiten, heiheem net,an och net am Ausland!Nohalteg Entwécklung gëttet nämlech nëmmen am Respekt vun de Mënscherechter. D’Regierung hëlt hir international Obligatiounen an deem Kontext ganz eescht, grad sou wéi d’Entreprisen sech hirer Verantwortung musse bewosst sinn. Den éischtennationalen Aktiounsplang “Entreprisen a Mënscherechter”, deen d’Regierung d’lescht Joer am Juni ugeholl huet, zeechent de Kader, an deem mir zesummemam Privatsecteur, der Zivilgesellschaft an der Recherche op deene Sujeteschaffen.Et ass hei eBeispilldofir, wéi eng intelligent Aussepolitik et fäerdeg bréngt, ekonomesch Interessien a Prinzipien a Wäerter mateneen ze verbannen.

Mënscherechter

An deene leschte Joren humir vill iwwer Mënscherechter a Grondwäerter geschwat; iwwer déi net-verhandelbar Grondsteng vun eiser gesellschaftlecher an internationaler Uerdnung. D’Fräiheet, d’Gläichheet, an d’Dignitéit vun all Mënsch; d’Mënscherechter als eng rechtlech a moralesch Garantie dofir; d’Rechtsstaatlechkeet als dee fundamentale Prinzip vu Gläichheet vu jidderengem virum Gesetz, a vum Schutz vum Eenzelenvirun der Tyrannei an dem Arbiträr; d’Demokratie schlussendlech, dat formidabelt Experiment dat et de Biergererlabe soll, selwer ze bestëmmen iwwer d’Regierungsféierung an d’Verdeele vu Ressourcen.

Virun zwou Woche war ech zu Genève virum Mënscherechtsrot, an hunn eng Rei vun eisen themateschen a geographesche Prioritéiten opgezielt. Net alleguer, well et am Moment einfach zevill Plazen op der Welt gëtt, wou d’Mënscherechter a Fro gestallt an ugegraff ginn; wou déi Fraen a Männer, déi sech dofir asetzen, fir d’Rechter vun deenen aneren ze verdeedegen, intimidéiert, verfollegt, agespaart, gefoltert, oder dout gemaach ginn. Virun net emol dräi Wochen huet Amnesty International e Rapport publizéiert iwwer d’Efforten,fir d’Zivilgesellschaft mat legale Mëttele kal ze stellen, duerch Gesetzer déi d’Finanzéierung, den Etablissement, oder d’Organisatioun vun ONGen aschränken, oder duerch aner Forme vu “legalen” Contrainten. Dat ass keng Rechtsstaatlechkeet, dat ass de Mëssbrauch vum Gesetz fir kritesch Stëmmen ze eliminéieren!

Mir befannen eis am Joer 2019 an enger quasi weltwäiter Kris vun de Mënscherechter an der Demokratie, déi duerch eng déif Vertrauenskris an d’Politikverschlëmmert gëtt. AutoritärTendenzesinn um Virmarsch op alle Kontinenter, an a ville Länner. An awer musse mir am Dialog bleiwen, well d’Diplomatie ebe wëllt dass eenoch,oder grad,mat Leit schwätze soll mat deenen eensechnet eens ass.

A ville Konfliktergesi mir haut ëmmer méi dacks eng Form vu Krichsféierung, déi dat internationaalt humanitäert Recht net respektéiert. Dat féiertzu massiveninternationaleVerbriechen:Krichsverbriechen, Verbrieche géintd’Mënschlechkeet a Genoziden. An deem Kontext ass et ëmsou méi wichteg, d’Cour pénale internationale weider z’ënnerstëtzen. D’lescht Joer hu mir den 20. Anniversaire vum Statut deRome gefeiert, an ech si frou, dass d’Chamber sech haut och mam Gesetzesprojet befaasst, mat deem Lëtzebuerg d’Weiderentwécklung vun der Definitioun vun de Krichsverbriechen am Statut de Rome guttheescht.

An den haitege Konflikter ginn Honnertdausendenasouguer Millioune Mënschenan hirem Land deplacéiert oder mussen an d’Ausland Schutz sichen. Dat si Konflikter, bei deenen eis konventionell diplomatesch Mëttelen net méi ze gräife schéngen; bei deenen de Weltsécherheetsrot blockéiert ass.

Dogéint hale mir déi net-negociabel Grondsteng, déi ech virdrun opgezielt hunn. D’Mënscherechter gëlle fir all Mënschen iwwerall; se sinn e komplexe System, deem seng zivil a politesch Dimensioun grad sou wichteg ass wéi seng ekonomesch, sozial, a kulturell Dimensioun, a si kënnen net einfach sou ageschränkt ginn, mee nëmmen ënnert streng gereegelten Ëmstänn. Fir Lëtzebuerg gëllt et méi wéi jee, e Modell vu positiver internationaler Kooperatioun ze fërderen, virun allem well déi grouss Erausfuerderungen, deene mir eis stelle mussen –Klimawandel, sozio-ekonomesch Ongläichheeten, Konflikter, technologesche Fortschrëtt, Migratioun, Pandemien, Globaliséierung –nëmme kënne kollektiv ugepaakt ginn, an éischter Linn duerch en effikasse Multilateralismus,an deem sengem Mëttelpunkt d’Vereenten Natioune stinn.

Mam Agenda 2030 an dem Paräisser Klima-Accord hu mir en Usaz vun engem internationalen Accord fir méi Nohaltegkeet an intergenerationell Solidaritéit. Mee mir däerfen net vergiessen, dass et eleng domat net wäert duer goen, dass eng vill méi déifgräifendAktiounwäert néideg sinn, fir déi zukünfteg Erwiermung vum Klima ënnert 1,5° C ze halen, an deene Generatiounen déi no eis kommen, déi selwecht Chancen ze bidden, déi mir hunn

Feminstesch Aussepolitik

Am Koalitiounsaccord ass virgesinn, dass Lëtzebuerg eng feministesch Aussepolitik ëmsetzt. Elo stellt sech d’Fro: wat ass eng feministesch Aussepolitik a firwat brauche mir esou eng Politik?Eng feministesch Aussepolitik bedeit fir d’éischt emol, Fraerechter als Mënscherechter unzëerkennena sech systematesch dofir anzesetzen, dass déi fundamental Rechter vu Fraen a Meedercher garantéiert sinn. Des fundamental Rechter beinhalten esouwuel politesch wéi ekonomesch Rechter, an och d’Recht op sexuell Selbstbestëmmung.

Mir hunn eis an der Zäit, wéi Lëtzebuerg 2013 an 2014 Member vum Weltsécherheetsrot war, staark agesat an deem Sënn. Mir hunn eis beméit, net nëmmen d’Violatioune vun de Rechter vun de Fraen avun de Kanner ze denoncéieren, mee och konkret ze agéieren, fir dass dës Violatiounen ophalen an d’Fraen an d’Kanner och an de Konflikter besser geschützt ginn.

Bei enger feministescher Aussepolitik geet et och dorëm, d’Representatioun an d’Participatioun vu Fraen op alle Niveauen ze stäerken –sief dat an der Diplomatie,an der Kooperatioun, an der Defense oder bei Zivil-Missiounen am Ausland. Eng besser Representatioun vu Fraen op allenNiveauen ass kee Selbstzweck, mee e Moyen fir de Fridden, d’Sécherheet an d’Demokratie an der Welt ze stäerken, ewéi et d’Resolutioun 1325 “Femmesetpaix et sécurité” vumUNO-Sécherheetsrotvirgesäit. Eng feministesch Aussepolitik ass also net nëmmen am Interessi vun de Fraen, mee am Interessi vun der Allgemengheet,an dréit zu eisem Engagement fir eng stabil a sécher Welt bäi.

Et ass an där Logik wou d’Regierung am Juli d’lescht Joer en Aktiounsplang fir Fraen aFridden a Sécherheet ugeholl huet. Den Ausseministère koordinéiert iwwert déi nächst fënnef Joer d’Ëmsetzung vun dësem Plang,an enker Zesummenaarbecht mat deene betraffene Ministèren a Servicer. Nieft dem Matmaache vun de Fraen a Sécherheetsfroenan och a Friddensprozesser, op allen Niveaue vu Responsabilitéit, setzt dePlang och Ziler am Beräich vum Verhënnere vu sexueller a sexistescher Gewalt, amSchutz, an der Hëllef,an am Nees-Gutt-Maachen, souwuel um nationale Plang wéi an internationale Missiounen, un deene Lëtzebuerger deelhuelen.

Bei den Zivil-Missiounen am Ausland encouragéiere mir eng gläichwäerteg Participatioun vun de Fraen. Ande leschten zwee Joer huet Lëtzebuerggenau esou vill Fraen ewéi Männer op d’Wahlbeobachtungsmissioune vun der EU geschéckt.

D’Ënnerstëtzung vu Fraen a Meedercher ass eng vun den Haaptprioritéite vun der Lëtzebuerger Kooperatioun. Déi nei Strategie, déi d’Kooperatioun Enn 2018 presentéiert huet, hieft dëst och besonnesch ervir. An all den Interventioune vu Lëtzebuerg, sief et déi bilateral, déi multilateral oder déi, divun ONGen ëmgesat ginn, spillt d’Stäerkung vun der Fra an hier Autonomisatioun eng zentral Roll.

An deem Sënnhuet d’Lëtzebuerger Kooperatioun zesumme mat eise belschen, hollänneschen a skandinavesche Kollegen och d’Initiative “She Decides” lancéiert. Lëtzebuerg schafft weider ganz konkret mat spezifeschen UNO Agencen zesumme wéi demFNUAPoder ONU Femmes, fir Projeten am Domänvun der Gesondheet vun de Mammen, oder och am Approvisionnement vu Verhiddungsmëttelen,ze ënnerstëtzen. Och iwwert de Secteur vun der Mikrofinanz, wou Lëtzebuerg zënter laangem eng wichteg Roll spillt, gëtt geziilt op Mikro-Kreditter fir Frae gesat,firhir sozio-ekonomesch Roll an hire jeeweilege Communautéiten ze stäerken.

Mir wëllekucke wou mir selwer stinn, an net deenen anere Lektiounen erdeelen. An de leschte Joren ass do scho ganz vill geschitt. Ouni eng aktiv Quoten-Politik ëmzesetzen, huet denAusseministère iwwert di lescht Joren eng 50-50 Quot a sengem Rekrutement virzeweisen. Ganz einfach, well exklusiv no de Kompetenze gekuckt gouf wa mir jonk Leit agestallt hunn. Vun der éischter Fra am diplomatesche Corps am Joer 1979, si mir 2015 op 29 Fraenerop gaangen, a knapps 3 Joer drop, also 2018, op 50 Fraen, vun engem Total vun 143 Leit. Dat si 35% vum Corps, an di Tendenz bleift steigend. Vun 40 Ambassadeure sinn der haut 13 Fraen. Onst Haus ënnerstëtzt de Congé parental an all di aner Mesurë wéi Télétravail, oder Deelzäitaarbecht, fir ons Kollegen, déi sech wëlle méi am Familljeliewen engagéieren. Dat ass eng kulturell Revolutioun, an engem Feld, d’Diplomatie, an deem Frae laang marginaliséiert waren, an d’Wuert “Ambassadrice”traditionell justd’Fra vum Ambassadeur designéiert huet.

Et ass also vill geschitt, mee mir wëllen et net dobäi beloossen. Dës Politik kann nach ausgebaut ginn. Mir wäerten dobäi och kucken, wéi mir eis vun der feministescher Aussepolitik vu Länner wéi Dänemark a Schweden inspiréiere kënnen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir brauchen eng Diplomatie, déi eis Interessie verdeedegt, ouni eis Prinzipien, eis Wäerter, an eis Obligatiounen ze afferen. Et ass dofir wichteg, d’Kand beim Numm ze nennen; net ze scheien, de Fangeran d’Wonn ze leeën. Et ass wichtegd’Wourecht ze soen, och wann se engem net gefält, fir zesumme Problemer ze léisen, déi eng international oder global Dimensioun hunn. Mee et geet domat net duer. Et muss een och strategesch a vernetzt denken, Léisungsvirschléi maachen, probéieren ze antizipéieren.

Mir brauchen eng Aussepolitik, déi derKomplexitéit an dem Tempo vum Wandel vun der Welt vun haut Rechnung dréit. Déi de Sécherheets-Kontextversteet,Risiken a Menacen erkenntan hinnen entgéintwierkt –zesumme mat eisen internationale Partner. Dofir plaidéiere mir fir d’Stäerke vum internationale Recht, vun den Normen, déi d’Mënschheet virun sech selwer schütze sollen, afir d’Stäerkevun den Institutiounen, déi mir an deene leschte Joerzéngtemat vill Méi an Asaz opgebaut hunn. Dofir engagéiere mir eis och multilateral:op méilaang Siicht mat eiser Kandidatur fir de Weltsécherheetsrot fir d’Joren 2031-2032; méi kuerzfristeg mat eiser Kandidatur fir an de Mënscherechtsrotgewielt ze gi fir e Mandat vun dräi Joren, vun 2022 bis 2024.

Mir stinn an enger richtungsweisender Zäit fir Lëtzebuerg, fir Europa a fir d’Welt. Et ass un eis, an dësernet einfacher Konstellatioun, di richteg Decisiounen z 47huelen, fir dass déi, déi no eis kommen, e Lëtzebuerg, en Europa aneng Welt hunn, an deenensi sech fräi entfale kënnen, a Fridden a Sécherheet, Wuelstand, sozial Gerechtegkeet, an dat an enger gesonder Ëmwelt. Fir dat hinzekréien, ass d’Participatioun vun de Bierger essentiell. Participatioun bei de Wahlen, elo fir d’Europaparlament;an net nëmme bei de Wahlen, mee am Allgemengen.

Ech wëll ofschléissend Iech, den Deputéierten, an och de ville Leit an eiser Gesellschaft Merci soen,déi sech fir d’Interessien an d’Wäerter vu Lëtzebuerg a vun Europa all Dag asetzen.

Dëst war wuel ni esou wichteg wéi haut, well ouni Wäerter oder mat falsche Wäerter gëtt all Demokratie ausgehielegt.

Ech soen Iech Merci.

Aktualiséiert