Chrëschtusprooch 2023 vun S.K.A. dem Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

Léif Matbierger,

Méi séier, méi héich, méi staark - zesummen, dat ass d'Devise olympique.

Dat ass awer och de roude Fuedem, dee sech duerch déi lescht 12 Méint zitt, am Gudde wéi am Schlechten.

De Krich matten an Europa an am Noen Osten, eng Verschlechterung am Klimawandel, d'Explosioun vun der Migrantenzuel, dat sinn alles Changementer déi u Vitess an Ausmooss enorm gewonnen hunn.

Vill vun eis spiere sech duerch dës Verännerunge veronséchert. D'Präisser klammen a penaliséieren déi wirtschaftlech Schwaach; d'Ekonomie dréint méi lues a laascht op eise Betriber an op dem Aarbechtsmaart. D'Aarmut hëlt zou. Dofir musse mir Solidaritéit weisen a sécher stellen, dass keen duerch de Raster vun eiser Gesellschaft fält. Dozou kennt d'Intelligence artificielle, déi eis d'Liewe méi einfach wäert maachen, awer och virun nei Defie stellt.

Wann et méi schlecht geet, gëtt no engem Schëllege gesicht. Dës Situatioun ass net nei. Schonn an der Vergaangenheet gouf dervunner profitéiert fir Haass an Intoleranz ze verbreeden. Mir hu gesinn zu wat dat féiert.

Dës Tendenz geet erop a kann, wa mer net oppassen, zu enger Gefor gi fir eis Gesellschaft déi op Respekt an Toleranz berout.

Mir mussen all d'An ophalen, a Courage beweisen, vir ze verhënneren dass déi Wäerter mat Féiss getrëppelt ginn.

 

Léif Leit alleguer,

All déi Themen, an nach vill anerer, hu mir am Walkampf dëst Joer erëm fonnt. Jidderee konnt sech eng Meenung maachen a wiele goen.

Haut, méi wéi jee, musse mir eis bewosst sinn dass et en enorme Privileeg ass an enger oppener Demokratie ze liewen, déi et erlaabt fräi ze denken. Eise Rechtsstaat an eis demokratesch an humanistesch Wäerter si keng Selbstverständlechkeet.

 

Léif Matbierger,

Jo, eis Welt ass komplex. Et gi vill Problemer a leider keng einfach an direkt Léisungen. Déi kënne mir nëmme fannen, wa mir all zesumme schaffen, ouni Egoismus, ouni Hannergedanken.

Ech si frou dass an eisem Land Leit aus 180 Länner uechter d'Welt zesumme liewen. Natierlech hu mir eis eegen Identitéit. Mir si vun eiser Geschicht gepräägt. An dat wëlle mir behalen. En Deel vun eisem Ierfgutt ass jo eis Oppenheet vis-à-vis vun eiser Welt, eise Refus Maueren ëm Lëtzebuerg opzebauen. Dat huet eis vill gehollef a wäert och fir d'Zukunft gëllen. Mir mussen eis bewosst bleiwen, wéi wichteg et ass onst Matenaner ze stäerken, am Respekt vun de Grondwäerter.

An deem Sënn wollt ech och vun hei aus soe wéi dankbar mir si fir de Beitrag vun all deene Leit, déi all Dag aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen. Bei deene ville Visitten déi ech dëst Joer mat der Grande-Duchesse am Land konnt maachen, hu mir gesinn dass bei deene Meeschte vun eis de Wëllen do ass aus eiser Diversitéit weider eng Stäerkt ze maachen. D'Grande-Duchesse huet sech besonnesch fir déi agesat déi am vulnerabelste sinn, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland. Och do gëllt et, zesummen ze stoen. D'Bewosstsinn datt mir nëmmen zesumme weiderkommen, konnt ech, virun e puer Deeg, och zu Dubai op der COP 28 feststellen, a ville Gespréicher mat anere Staatscheffen an Experten déi sech op der ganzer Welt mat Klimawandel beschäftegen. Et ass net einfach 180 Länner zu engem Konsens a konkrete Mesuren ze bréngen.

Technologie kann eis viru bréngen, awer och Jidderee vun eis muss säi Beitrag leeschte fir dass déi nächst Generatiounen am Fridden an an der Dignitéit op dësem Planéit kënne liewen.

 

Léif Matbierger,

2024 gëtt en olympescht Joer. Ech hoffen, dass d'Trêve olympique erëm eng Realitéit gëtt, an dass Diplomatie, Solidaritéit, Respekt an Toleranz d'Iwwerhand kréien.

 

Léif alleguer,

Chrëschtdag steet virun der Dier. Et ass e Fest vun der Léift a vum Fridden. All dat wënschen ech Iech alleguer vu ganzem Häerzen, mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, an all eise Kanner.

Schéi Chrëschtdeeg an all Guddes fir d'neit Joer.

Joyeux Noël et Bonne Année!

Schöne Weihnachten und ein frohes neues Jahr!

Bom Natal e feliz ano novo!

Merry Christmas and a Happy New Year! 

Aktualiséiert