Fortschrëtt duerch Stabilitéit. Stabilitéit duerch Fortschrëtt. Ried zur Lag vun der Natioun 2025 vum Luc Frieden

Nëmmen dat geschwatent Wuert gëllt 

 

Här President,

Fortschrëtt ouni Effort ass eng Illusioun. Et riskéiert een op eng besser Welt ze waarden amplaz se ze gestalten. Fortschrëtt ass net selbstverständlech. Souguer dat Erreechtent ze halen ass net selbstverständlech. Et muss een all Dag dofir schaffen. Grad elo, ass dat sou wichteg wéi scho laang net méi.   

Mir sinn an engem Schlësselmoment an der Geschicht vun eisem Land a vun eisem Kontinent. D’Welt  ännert  sech  mat  enger  Schnellegkeet  an  Envergure  déi  mir  net  gewinnt  sinn. Geopolitesch, sozial, technologesch, ekologesch.   

Et ass eng Zäit vum Ëmbroch. Et spiert een, dass eppes Fundamentales um Geschéien ass, dass an dësem Moment Geschicht geschriwwe gëtt.   

Historesch Allianzen, de weltwäite System vun der Zesummenaarbecht, d’politesch Mëtt – dat alles gëtt a Fro gestallt, perturbéiert, kënnt un d’Struewelen. An dat grad 80 Joer nom Enn vum zweete Weltkrich. 80 Joer nodeems déi Alliéiert, virop déi amerikanesch Truppen, eis befreit hunn. Eng Befreiung där mir all Joers uechtert d’Land an Europa gedenke, mat Dankbarkeet an déiwer Unerkennung.

Uganks des Joers war ech, zesumme mam Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin, zu Auschwitz. Millioune Leit grausam ëmbruecht, do an an anere KZer. 80 Joer dono bleift de Schock onbeschreiflech. E Schock deen eis net just zum Nodenken brénge soll, mee zur Aktioun dreiwe muss.  

D’Memoire ass méi wéi sech erënnere wat eemol war. Et ass verstoe wat ka sinn. Méi wéi d’Léiere vun der Geschicht, geet et ëm d’Begräife vun hire Lektiounen. Wat geschitt wa mir dem Haass an der Divisioun eng Plaz loossen, wa mir géintenee schaffen an net mateneen.

Gefore fir eis Wäerter – fir Fräiheet, Demokratie a Gläichheet – fänke laang virun der Gewalt un. Virun der Aktioun kënnt d’Wuert. Virum Wuert de Gedanken. A mam Gedanken oft d’Gefill vun Ongerechtegkeet. 

Mee d’Memoire gëtt eis nach eng zweet Lektioun: déi vun der Hoffnung. Viru 5 Deeg hu mir dem Schluss vum Krich geduecht. Och dat schlëmmst Kapitel vum leschte Joerhonnert ass op en Enn gaangen. D’Nuecht ass am donkelsten virum Mueren.

Gläichzäiteg ass d’Hoffnung net naiven Optimismus. D’Hoffnung ass d’Gefill, d’Iwwerzeegung, jo d’Gewëssheet, dass – trotz allem Realismus – eppes Besseres virun eis läit wéi dat wat hannert eis ass. An dofir ass d’Hoffnung virun allem en Usporn – eng Motivatioun – dat Potenzial vun enger besserer Zukunft ze realiséieren.  

Dës Regierung wëll den Ännerungen vun eiser Zäit net nokucken. Mir wëlle se als Chance ergräifen. Fir Fortschrëtt ze maachen. Fir eis Zukunft ze gestalten. Dorunner schaffe mir all Dag, mat Stolz op eis Natioun, mat Selbstvertrauen an eis Capacitéiten a mat Iwwerzeegung an eis Wäerter.  

D’Welt ronderëm eis kann änneren, mee eis Wäerter dierfen dat net. Grad an ongewëssen Zäite brauch et dofir eng Politik déi d’Suerge vun de Leit ugeet. Eng responsabel Politik vun der Mëtt. Mat roueger Hand a klorem Kompass. Mir hunn eis ambitiéis Ziler gesat:   

  • eng performant  Wirtschaftspolitik déi Wuelstand schaaft an e staarke Sozialstaat garantéiert, 
  • eng cibléiert Sozialpolitik déi d’Gerechtegkeet stäerkt an d’Aarmut reduzéiert, 
  • eng ambitiéis Energiepolitik déi d’erneierbar Sourcen ausbaut an de Klimawandel ugeet,
  • eng modern Gesellschaftspolitik déi Rechter festegt a Fräiheete séchert.  

Mir sinn op all deene Punkte weiderkomm. Eis Versprieche sinn net Versprieche bliwwen. Se si Realitéit ginn

Mir hu méi Kafkraaft versprach. An dës Regierung liwwert!   

Säit  dem  Januar  hunn  d’Leit  bedeitend  méi  Suen  an  der  Täsch  wéi  nach  2023. D’Steierlaascht fir Alengerzéier a Wittleit ass, bei niddregem Loun, just nach d’Hallschent vun deem wat se 2023 war. An e Celibataire dee 50’000 Euro am Joer verdéngt, behält haut knapp 1000€ méi vu senger Paie.  

A wat ee manner verdéngt, wat d’Steiererliichertung prozentual gesinn am gréissten ass. Et ass also net eng Steiererliichterung fir déi Räich, mee eng sozial progressiv. Se hëlleft deene Leit am meeschte bei deenen d’Steieren am meeschte belaaschten.   

Mir hunn eng cibléiert Sozialpolitik versprach. An dës Regierung liwwert!   

Nieft manner Steieren gëtt et haut e méi héiche Mindestloun, eng méi héich allocation de vie chère, eng méi héich Loyerssubventioun, an eng verdräifacht Energieprimm. Domat gi mir och konkret géint d’Kanneraarmut fir. D’Familljen am Aarmutsrisiko kréie cibléiert gehollef. Alles zesummen huet eng Famill mat 4 Leit, mat Urecht op dës Hëllefe, bis zu 2.500€ méi an der Täsch. Doriwwer eraus hu mir de Steierkredit fir Alengerzéier erhéicht.   

An de Logementsminister huet d’Monoparentalitéit als ee Critère agefouert fir Accès zum Logement  abordable   ze   kréien.  Zu  Lëtzebuerg  ass  de  Logement  och  eng  sozial Erausfuerderung. Mir wëlle jidderengem Accès op eng Wunneng ginn. Dofir vereinfache mir d’Prozesser fir d’Loyerssubventioun, dass d’Leit d’Suen déi se brauche méi séier kréien.  Duerch d’Automatiséierung wierke mir och méi generell dem Phenomen vum “non- recours” entgéint – dem Net-Ufroen vun Hëllefen op déi d’Leit eigentlech en Usproch hunn.  Säit  Ufank  vum  Joer  hunn  iwwer  11.000  Leit  hir  allocation  de  vie  chère  oder Energieprimm  ganz  ouni  Demande  automatesch  ausbezuelt  kritt.  An  eng  weider  20.000 Formulairë goufen am viraus ausgefëllt un d’Leit geschéckt. Dat ass Aarmutsbekämpfung. Konkret.

All dës Mesurë sinn en Ufank vum Aktiounsplang fir d'Aarmutsbekämpfung deen de Familljeminister nach dëst Joer presentéiere wäert. Eng ganzheetlech Strategie ass wichteg, mee d'Leit an der Prekaritéit brauche keen Dokument. Si brauchen Hëllef. Konkret.

Eis Decisioune maache genau dat. Et ass eng Politik vu sozialer Gerechtegkeet. Net vum kalen Häerz, wéi eenzelner der Regierung – zu Onrecht – heiansdo reprochéieren.

Mir hunn eng performant Wirtschaft versprach. An dës Regierung liwwert!

Duerch Steiererliichterungen, héich Investissementer a bürokrateschen Ofbau wiisst d'Ekonomie haut erëm. 2022 an 2023 war Lëtzebuerg an enger Rezessioun. 2024, dat éischt Joer vun dëser Regierung, ware mir erëm am Plus. An dëst Joer tabléiert de STATEC op 2.5% Wuesstem. Et ginn och erëm méi Aarbechtsplaze geschaf. De STATEC projezéiert fir dat nächst Joer eng Hausse vun 2.2%, duebel sou vill wéi 2024.

Dat sinn net just Zuelen. Dat si Salairen, perséinlech Dreem déi finanzéiert ginn, Recetten mat deenen de Staat eng staark Sozialpolitik a wichteg Investissementer an eis Zukunft maache kann.

Mir hunn neie Schwong am Logement versprach. An dës Regierung liwwert!

Duerch de Chômage partiel, cibléiert Steiermesuren an en ëffentleche VEFA Opkafprogramm an Héicht vun enger hallwer Milliard Euro hu mir déi akut Kris am Bausecteur gestoppt. A mir hunn eng kohärent Politik gemaach déi bauen, investéieren, kafen, a lounen ënnerstëtzt, an net bremst.

Als Konsequenz gesi mir éischt Zeeche vun engem Revirement am Marché. D'Transactioune fir besteeënd Wunnengen hu sech am leschte Joer verduebelt. A bei neie Wunnenge souguer bal verféierfacht. Och d'Zuel vun de Kreditter bei de Banke wiisst nees.

Dat ass d'Bestätegung vun der Regierungspolitik. De Wunnéngsmaart krut neie Schwong. Dat war eist Zil. Dat hëlleft de Leit déi eng Wunneng sichen. Dat hëlleft de Leit déi am Bau an am Handwierk schaffen.

Mir sinn ugetruede fir méi a méi séier ze bauen. Dofir hu mir e Paradigmewiessel bei de Prozeduren op de Wee bruecht. Dee gëtt Dag fir Dag an d'Realitéit ëmgesat. D'Effete vun dëser Politik gesäit een net all op ee Coup. Mee se wäert mëttelfristeg méi Wunnraum schafen an d'Wunne méi erschwénglech maachen.

Mir hunn den Ausbau vun erneierbaren Energië versprach. An dës Regierung liwwert!

2024 war e Rekordjoer bei neie PV-Anlagen. 8.000 Anlagen sinn un d'Netz gaangen. Dat ass grénge Stroum fir ronn 30.000 Stéit. Fir deen Trend ze halen, hu mir e Gesetzesprojet deposéiert fir de Prefinanzement vu PV-Anlagen ze erméiglechen. A gréisser PV-Anlagen bei Betriber a Baueren hu mir duerch dräi Ausschreiwunge finanziell ënnerstëtzt.

Aktioun bei der Kafkraaft. Bei der Aarmutsbekämpfung. Bei der Wirtschaft. Beim Logement. Bei den erneierbaren Energien.

Fënnef Beispiller vun enger neier Politik mat neien Akzenter a klorer Wierkung. Eng Politik déi de Leit hir Suergen ugeet a Verspriechen ëmsetzt. Mir ginn eis awer net zefridden domat ze beschreiwe wat mir scho gemaach hunn. Mir kucken no vir.

Mir wëlle Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerke, mat enger ambitiéiser Politik déi als Ganzt geduecht ass. D'Regierung bleift motivéiert fir dat all Dag mat konkrete Moossnamen ëmzesetzen. D'Situatioun, heiheem an an der Welt, verlaangt dat vun eis. D'Erausfuerderunge virun eis léise sech net vum selwen. Mee mat Courage a Fläiss kënne mir se meeschteren.

Mir si Meeschter vun eisem Schicksal. Mir schreiwen eis eegen Zukunft

"Et ass Zäit dass Europa bei Sécherheetsfroen op eegene Féiss steet. De Wonsch no Fridden läit am Ursprong selwer vun der europäescher Iddi. Investissementer an eis Sécherheet sinn net fir de Krich, mee fir de Fridden."

 

Här President,

Déi Zukunft schreift sech an dësen Zäiten virun allem an der Sécherheet. An dëse Méint ginn de Fridden an d'Sécherheet an Europa fir déi nächst Joerzéngte bestëmmt. Och wann déi Fro d'Situatioun an der Ukrain depasséiert, ass se awer enk un dee Krich gebonnen.

D'Ukrain kann eis net egal sinn, dierf eis net egal sinn. Säit iwwer 3 Joer kämpfen d'Ukrainer fir hir Fräiheet, an domat och fir eis. Si verdéngen eis Ënnerstëtzung bis et zu engem gerechten an dauerhafte Fridde kënnt. Well do geet et ëm méi wéi Fridden an der Ukrain. Et geet ëm Fridden an Europa.

Wann de russesche President gesäit, dass e mat Gewalt seng Ziler erreecht, da wäert en net an der Ukrain ophalen. Sou wéi en och net a Georgien oder der Krim opgehalen huet. Da sinn aner Länner a Gefor. An och dat internationaalt Recht als Ganzt, op deem eis eege Fräiheet an eise Wuelstand baséieren, ass dann a Gefor.

Et ass grad de Respekt virun deem internationale Recht, dee fir kleng Länner de beschte Schutz ass. Aus eiser Geschicht wësse mir wat et heescht Affer vun Attacken ze ginn. Mir hunn op batter Aart a Weis geléiert, dass ee richteg Sécherheet nëmmen an enger breeder Allianz fënnt. Genau dofir si säit dem Enn vum Zweete Weltkrich ënner anerem d'EU an d'NATO entstanen, déi eise Fridde garantéieren.

Duerch gemeinsam Missiounen am Ausland garantéiert d'NATO dee Fridde bis haut. Ech wëll hei de lëtzebuerger Zaldoten an deene Missiounen, an der ganzer Arméi, eis Dankbarkeet an eise Respekt ausschwätze fir hiren Asaz am Déngscht vun eisem Land an der NATO.

De grousse Pilier vun der NATO waren, a sinn, d'Amerikaner. Mir wëllen déi Partnerschaft a Frëndschaft tëscht den Europäer an Amerikaner halen. Mee den amerikanesche President léisst wéineg Zweiwel dorun, dass Amerika an den nächste Jore virun allem no sech selwer kucke wäert an a ville Froen e ganz anere Wee goe wëll wéi bis ewell. Gläichzäiteg ass d'Gefor déi vu Russland ausgeet, reell a laangfristeg.

Dës nei Realitéit ass e fundamentale Broch an der rezenter Geschicht vun eisem Kontinent. Dat mécht ville Leit grouss Suergen, hei bannen an am ganze Land. A jo, dat ass eng grouss Erausfuerderung. Mir kënnen awer net de Kapp an de Sand stiechen an eis der Situatioun einfach erginn. Nee, mir kucken der Realitéit an d'Aen a schaffen un enger Léisung.

Déi Léisung muss an engem eegestännegen Europa leien. E staarkt Lëtzebuerg gëtt et just an engem staarken Europa. Wuelstand, Sécherheet an Demokratie zu Lëtzebuerg sinn net méiglech ouni e gëeentent a selbstbewosst Europa.

Et ass Zäit, dass Europa bei Sécherheetsfroen op eegene Féiss steet. De Wonsch no Fridden läit am Ursprong selwer vun der europäescher Iddi. D'Zil bleift och haut Fridden. Fridden. Ëmmer Fridden, ni Krich. Investissementer an eis Sécherheet sinn net fir de Krich, mee fir de Fridden.

Et ass net d'Stonn vum europäeschen Ënnergang, et ass d'Stonn vum europäeschen Opbléien. Egal wéi et an der Ukrain weider geet, ass d'Lektioun kloer: déi bescht Ofschreckung géint Aggressiounen ass Stäerkt. An déi Stäerkt fanne mir an der Unitéit. D'Europäesch Unioun huet schonn éischt wichteg Schrëtt geholl. Mee an enger Allianz muss jidderee säin Deel bäidroen. An esou och mir.

Virun engem Joer hunn ech hei annoncéiert, dass mir d'NATO-Zil zu deem sech déi viregt Regierung engagéiert hat – fir 2% vun eisem nationale Räichtum an d'Sécherheet ze investéieren – bis 2030 erreeche wëllen. Wéinst der komplexer eemoleger internationaler Situatioun – dem Ukrainkrich, enger verännert Politik an Amerika, den Decisioune vun allen aneren Alliéierten - ass haut kloer: dat muss éischter geschéien.

Dofir hu mir, no Gespréicher mat alle Parteien, decidéiert net bis 2030 ze waarden, mee dat Zwee-Prozent NATO-Zil bis Enn dës Joers ze erreechen. Ech hunn och den NATO- Generalsekretär gëschter an engem Gespréich iwwert dës Decisioun an d'Bild gesat. An d'Defenseministesch wäert déi zoustänneg Chamberskommissioun informéieren a wéieng Capacitéite mir iwwert déi nächst Joren investéiere wäerten.

De Budget, dee mir hei am Oktober presentéiere, wäert dëst neit Zil dann och an der Finanzplanung verankeren. Dës nei Trajectoire ass en ligne mat der Belsch, eisem enkste Partner a Sécherheetsfroen. Eis zwee aner Noperen, an déi meescht vun eisen Alliéierten, depasséieren dat Zil awer schonns haut. An der NATO proposéiere vill Länner en Zil iwwert 2% eraus.

Falls dat wéinst der exceptioneller geopolitescher Situatioun de Konsens um NATO- Sommet am Juni sollt sinn, da wäerten och mir als vertrauenswürdegen Alliéierten a Partner dee Wee matgoen. Lëtzebuerg wëll, a wäert, seng Responsabilitéit iwwerhuelen a säi Bäitrag leeschten. An awer bleift dat e schwierege Schratt. Mee eng responsabel Regierung kann d'Sécherheet net vernoléissegen. Ouni Sécherheet, gëtt et kee Fridden.

An dofir sinn ech frou, dass a mengen Echangen eng grouss Majoritéit vun de Parteien sech dëser Verantwortung bewosst war. Ech wëll alle Fraktiounen heibanne Merci soe fir déi konstruktiv a respektvoll Gespréicher déi mir haten iwwert déi grouss Sécherheetsfroen déi sech eisem Land stellen.

Ech sinn houfreg op eist Land, dass mir op dësem komplexe Sujet e breeden nationale Konsens kënnen hunn. Dat ass wichteg, well deen Effort wäert sech wäit iwwert déi nächst Walen zéien. An et ass e staarkt Zeechen un eis Alliéierten. An un all déi, déi d'Sécherheet an de Fridden an Europa a Fro stellen.

Mee dee finanziellen Effort kann net zu Laaschte goe vun eiser Sozialpolitik. Mir kënnen dat eent net géint dat anert ausspillen. Den Defi vun der Sécherheet kënnt dobäi, dofir verschwannen déi aner Erausfuerderungen awer net.

De Finanzement fir méi héich Defenseausgabe kënnt vun 3 Sourcen:

  • Éischtens, een Deel iwwert de Budget selwer – ënner anerem mat engem "defense bond”, also e Staatsemprunt fir Sécherheet, un deem sech Privatleit bedeelege kënnen.
  • Zweetens, duerch eng nei Prioriséierung vun den Ausgaben. Déi nächst Budgete wäerte besser reflektéieren, dass net all Infrastrukturprojet zum selwechte Moment prett ass.
  • An drëttens, duerch d'Mobiliséierung vu finanzielle Sourcen ausserhalb vum Budget, wéi zum Beispill mat engem nationale Fong bei der SNCI deen an Aktivitéite finanzéiert déi fir militäresch an zivil Zwecker benotzt kënne ginn.

Mir musse bereet sinn an de Fridden ze investéieren. Soss riskéiere mir en nach vill méi héije Präis: eis Fräiheet. A mir setzen d'Vertraue vun eisen Alliéierten op d'Spill. A grad well dat strukturell vill kaschte wäert, mussen déi Depensen am Interessi vu Land a Leit sinn, vum Wuesstem an der Resilienz vu Lëtzebuerg.

Dofir brauche mir eng wirtschaftlech Strategie déi dëse militäreschen Effort mat dréit – eng déi op eis Stäerkten opbaut, notamment am Satellitteberäich a bei der Cybersécherheet. Ech soen allen Acteuren Merci fir hir proaktiv Virschléi op dësem Punkt, wéi zum Beispill d'Initiativ Lux4Defence.

Virun allem bei de Satellitten huet Lëtzebuerg eng grouss Erfarung an eng exzellent Renommée. De Staat schafft hei enk mat der SES zesummen. All Dag notzen eis Alliéierte Satellitekommunikatioun mat lëtzebuerger Know-How, sou wéi zum Beispill de GovSat-1 Satellit an de Programm Medium-Earth Global Services.

Dofir huet d'Regierung decidéiert en zweete Kommunikatiounssatellit fir militäresch Zwecker op de Wee ze bréngen. A mat der aktiver Ënnerstëtzung vun der Regierung, spillt d'SES och eng féierend Roll bei engem kruzialen EU-Programm: dem Iris 2. Hei wäerten 290 nei Satellitten eng héichsecuriséiert Kommunikatioun fir ganz Europa assuréieren. Fir militäresch an zivil Zwecker.

Dëse Summer wäert och den éischte lëtzebuergeschen Äerdobservéierungssatellit lancéiert ginn. Ab viraussiichtlech Enn dës Joers kréien eis Defense an eis Alliéierten dann och Biller fir eng militäresch Notzung.

All dës Projete sinn immens wichteg fir d'Allianz als Ganzt. Mir stäerken eis Wirtschaft, eis Alliéierten an eis Partnerschaft mat enger historescher Lëtzebuerger Firma. Mee och aner Secteure sollen dës Investissementer spieren.

D'Ministere fir Aussepolitik, Wirtschaft an Defense hëllefen eise Betriber aktiv fir sech an d'Liwwerkette vun der europäescher Defenseindustrie anzebréngen. Duerch déi Efforten a finanziell Aiden wëlle mir en Ecosystem schafe vu Betriber mat Aktivitéite fir e militäreschen an zivillen Zweck.

Nieft de wirtschaftlechen Aspekter, musse mir eis Sécherheet och méi breet denke wéi just eis Arméi. Et geet drëms eis Widderstandsfäegkeet als ganz Gesellschaft ze stäerken, géint all Zort vu Kris.

Mir erënneren eis all un d'Pandemie, d'Iwwerschwemmungen, an d'Cyberattacken – oder viru kuerzem de Stroumausfall a Spuenien a Portugal. Wat dës Evenementer gemeinsam hunn ass dass se en onerwaarte Risiko fir de Fonctionnement vun der Gesellschaft als Ganzt sinn. Mir wëssen net wat fir nei Momenter op eis waarden. Mee mir wëssen, dass der komme wäerten. An dorops musse mir eis preparéieren a prett sinn.

Dofir wäerte mir nach dëst Joer déi éischt national Resilienzstrategie presentéieren an eng Informatiounscampagne dozou maachen. Ech war nach déi lescht Woch a Finnland, engem Virreider an dësem Beräich, fir mir e perséinlecht Bild vu méiglechen Iddie fir Lëtzebuerg ze maachen. Besonnesch déi "whole of society” Approche vun de Finne ass eng Inspiratioun.

Den HCPN, den Haut Commissariat à la Protection nationale, deen dem Premierminister ënnersteet, huet haut schonns detailléiert Pläng fir all méiglech Zort vun Noutfäll ze anticipéieren an ze geréieren. Bei dëser Strategie geet et elo dorëms déi ganz Gesellschaft mat anzebannen. 

Fir eng wierklech Resilienz brauch et den nationale, grad wéi de lokalen Niveau. Zivil, grad wéi militäresch Servicer. Ëffentlech, grad wéi privat Acteuren. Mat enger Approche "tous risques” an enger kohärenter Gestioun. Och a Krisemomenter mussen déi vital Funktioune vun eiser Gesellschaft, eisem Staat an eiser Wirtschaft weider funktionéieren.

An dës ganzheetlech Approche kënnt an der Resilienzstrategie zesummen. Mir maachen e kompletten Inventaire vun deem wat mir hunn, wou mir eis verbessere kënnen, a wat mir dofir brauchen.

Loosst mech just zwou konkret Mesuren nennen déi mir elo scho virgesinn:

  • Den Inneminister wäert beim CGDIS eng nei Plattform schafen, ënnert dem Numm Resc-LU. Iwwert dës Plattform wäerten de CGDIS, d'Gemengen a privat Acteuren, sech géigesäiteg mat spezialiséiertem Personal a Material bei Katastrophen kënnen hëllefen.
  • An d'délégéiert Ministesch fir Connectivitéit moderniséiert de Kommunikatiounssystem
  • vun eise Sécherheets- a Rettungsservicer. Doduerch ginn nei Méiglechkeete geschaf – sou wéi d'Konsultatioun vu Baupläng an Dronevideoen, oder d'Iwwerdroe vu Vitaldate vu Patienten.

Mee eng resilient Gesellschaft fänkt mat enger prise de conscience vun all Bierger un. Et ass eng gemeinsam Responsabilitéit déi op Vertrauen a sozial Kohäsioun baséiert. An ech weess, dass mir deen Zesummenhalt zu Lëtzebuerg hunn. Dës Responsabilitéit muss jidderee mat Serieux, a mat Rou, ugoen. Mir wëllen dass jiddereen aktiv a proaktiv eis Resilienz als Gesellschaft stäerkt.

"Souverän sinn heescht selbstbewosst sinn, seng eegen Decisiounen huelen. Souverän sinn ass fräi sinn. An e souveräänt Lëtzebuerg gëtt et just an engem souveränen Europa."

 

Här President,

D'Welt gëtt nees méi rau. Mir erliewen e Moment vu fundamentale Changementer. Krich, Protektionismus an d'Afrostelle vun der Demokratie huelen zou. D'Weltuerdnung déi zanter dem Enn vum Kale Krich besteet ass um Kippen.

De Wee virun der internationaler Communautéit spléckt sech an zwee. Op der enger Säit Divisioun, Onstabilitéit an Ongewëssheet. Op der aner, Kooperatioun, Stabilitéit a Fortschrëtt. Lëtzebuerg wäert ëmmer op der Säit vun der Diplomatie an dem Dialog, der Zesummenaarbecht an dem Multilateralismus, stoen. Well dat ass d'Säit vum Fridden a Wuelstand.

An awer stelle sech an dësem Kontext och fir eis ongewinnte Froen, virop iwwert eis Souveränitéit. D'Pandemie, d'Energiekris an de Krich an der Ukrain hunn eis déi lescht Jore gewisen, dass eng exzessiv Ofhängegkeet vun aneren e Risiko ka sinn. Souverän sinn heescht net just no sech kucken. Oder op sech eleng gestallt sinn.

Souverän sinn heescht selbstbewosst sinn, seng eegen Decisiounen huelen. Souverän sinn ass fräi sinn. An e souveräänt Lëtzebuerg gëtt et just an engem souveränen Europa. Eis Oppenheet zu Europa ass d'Basis vun eisem sozialen a wirtschaftleche Succès.

Et ass Lëtzebuerger Traditioun un der Spëtzt vum europäesche Progrès ze stoen. Et ass symbolesch staark, dass op eis Invitatioun hin d'Presidente vun den europäeschen Institutiounen déi lescht Woch den Europadag zu Lëtzebuerg markéiert hunn.

A wa mir eis Zukunft schreiwe wëllen, da muss déi Zukunft europäesch sinn. Eis Zukunft an déi vun Europa sinn net ze trennen. Lëtzebuerger Erausfuerderunge sinn europäesch Erausfuerderungen. Europäesch Léisunge si Lëtzebuerger Léisungen.

  • E souveräänt Europa muss bei der Sécherheet op eegene Féiss stoen a seng eege Stëmm an der Weltpolitik fannen. A Lëtzebuerg muss säin Deel bäidroen.
  • E souveräänt Europa muss strategesch Secteure protegéieren a seng Energie selwer produzéieren. A Lëtzebuerg muss säin Deel bäidroen.
  • E souveräänt Europa muss de Bannemaart stäerken an e Leader an der technologescher Innovatioun sinn. A Lëtzebuerg muss säin Deel bäidroen.

Da wäert e souveräänt Europa och op Aenhéicht mat anere groussen Acteuren interagéiere kënnen – ob Amerika, China oder aner BRICS-Länner. Zwee Secteuren, déi fir eis Souveränitéit wichteg sinn a wou de Lëtzebuerger an europäeschen Interessi zesumme kommen, sinn d'Agrikultur an d'Industrie.

Fir dës Regierung ass d'Agrikultur stäerken eng Prioritéit. An dofir gesinn d'Baueren an eis e Partner. E Partner mat deem ee Probleemer un engem Dësch ugeet, net op der Strooss. Eis Landwirtschaft ass e feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft a Wirtschaft. A se ass essentiel fir eng eege Liewensmëttelproduktioun ze behalen.

Mir wëllen eng lokal Produktioun vun héichwäertege Liewensmëttel. Dofir huet d'Landwirtschaftsministesch eng nei Hëllef opgesat déi de Bau vu méi groussen Zären fir Uebst a Geméis finanziell fërdert. D'Ministere fir Landwirtschaft an d'Ëmwelt schaffen elo enk zesumme fir kuerzfristeg e puer där Projeten ze realiséieren.

An am Dialog mat de Baueren, hu mir konkret Mesurë geholl fir hir Aarbecht ze vereinfachen, sou wéi beim Astelle vu Saisonsaarbechter. Deen Dialog geet mat de jonke Bauere weider fir den Entrepreneursgeescht ze erhalen an d'Successioun vum Haff an de Wéngerten op déi nächst Generatioun ze vereinfachen.

Op europäeschem Niveau ass d'Richtung déi selwecht. Muer wäert den europäesche Kommissär aus Lëtzebuerg, de Christophe Hansen, eng massiv Vereinfachung vun den europäeschen Agrarreegele proposéieren. Mir ënnerstëtzen dës Politik voll a ganz. Eis Baueren gehéieren an d'Feld, net an de Büro. Dofir muss Schluss sinn mat onnéideg bürokrateschen Oplagen.

Zum gemeinsame Lëtzebuerger an europäeschen Interessi gehéiert awer och Partnerschafte mat aner Regiounen ze sichen. Lëtzebuerg brauch Exportmäert fir seng Wirtschaft. Grad wann nei Barrièren op verschidde Plazen an der Welt opgeriicht ginn.

An dofir wäert Lëtzebuerg dem Mercosur-Accord seng Zoustëmmung ginn. Déi final Versioun vum Accord gëtt haut méi Assurancen, dass weder eise Marché iwwerschwemmt gëtt, nach eis Gesondheets- an Ëmweltstandarden ënnergruewe ginn. Dank den Efforte vun enger Rei Landwirtschaftsministeren, dorënner déi Lëtzebuerger.

Mir wäerten d'Effete vun dësem Accord och ganz genee mam Secteur suivéieren. A wann déi lokal Produktioun vun eise Fleeschbaueren awer ënnert dem Traité leide sollt, da wäerte mir hinnen natierlech entgéint kommen. An dësen Accord bréngt vill Positives fir déi ganz Wirtschaft. Notamment an der Industrie ginn d'Tariffer staark reduzéiert.

An d'Industrie ass e weidere strategesch wichtege Secteur fir eis Souveränitéit. Dës Regierung well dass Lëtzebuerg en Industrie-Standuert bleift.

D'Industrie – de Stol – ass Lëtzebuerger Geschicht. An d'Industrie ass Lëtzebuerger Zukunft. Mee d'Industrie an Europa ass den Ament an enger schwiereger Situatioun wéinst den héijen Energiepräisser.

Dofir ass eng staark Industrie – jo, eng gewësse Reindustrialiséierung d'Energiepolitik ze erreechen. An hei kräize sech dräi politesch Ziler:

  • eist Zil vu Souveränitéit a Versuergungssécherheet
  • eist Zil vun enger kompetitiver Wirtschaft
  • an eist Zil vu méi niddregen CO2-Emissiounen

Mir refuséieren e Choix tëscht deenen Ziler. Se kënne matenee liewen. Mee de Wee dohinner muss pragmatesch sinn. Dee Wee mécht ee mat der Industrie, net géint se.

Mir mussen d'Industrie bei der Decarbonisatioun begleeden, net mat onrealisteschen Ufuerderungen ausbremsen.

En Industriebetrib soll ee Schratt nom anere maachen, net vun haut op muer dräi Spréng matenee maache mussen. Dat ass och de Geescht vum neien europäesche "Clean Industrial Deal”. Dofir brauch et geziilt finanziell Hëllefen an e groussen Invest an eis Netzinfrastrukturen. An deem Sënn, hu mir e verbessert Aidëgesetz proposéiert dat Industriebetriber bei der Ëmstellung op elektresch ënnerstëtze wäert. An um europäesche Plang, setze mir eis fir eng weider Vereinfachung vum legale Kader fir Staatshëllefen an.

Gläichzäiteg erlaabt d'Technologie vun haut net all Industrie op Stroum ëmzesprangen. Dofir begréisse mir dass déi gesetzlech Basis fir en Hydrogènesnetz zu Lëtzebuerg gestëmmt gouf. Mat eisen Nopere suerge mir dofir dass Lëtzebuerg un den internationale Reseau ugeschloss gëtt.

Dës Aktioune si wichteg an néideg. Mee se léisen net de kuerzfristege Probleem vun héijen Energiepräisser.

Eis Industrie brauch propper Energie, mee och bezuelbar Energie. Wa mir d'Präisser net an de Grëff kréien, da brauche mir kengem méi bei der Transitioun ze hëllefen. Dann ass d'Industrie aus Europa fort. An dat wier schlecht fir eis Souveränitéit a schlecht fir d'Stroumrechnung vun alle Bierger. Wéinst der Struktur vun den Energiepräisser bedeit all Industriebetrib dee fortgeet nämlech eng méi héich Rechnung fir jidderee vun eis.

"Zu Lëtzebuerg waren a sinn d'Stroumpräisser ënnert der europäescher Moyenne. Dat ass e sozialen a wirtschaftlechen Atout. An deen Atout wëlle mir halen."

 

Här Präsident,

D'Energiepräisser si wichteg fir d'Industrie, déi ganz Wirtschaft an eist gesellschaftlecht Zesummeliewen. Déi lescht Joren hu gewise wat héich Energiepräisser fir Privatleit bedeiten. Energie muss bezuelbar bleiwen. Dofir kucke vill Länner an Europa elo d'Präisser strukturell ze reduzéieren.

Zu Lëtzebuerg waren a sinn d'Stroumpräisser ënnert der europäescher Moyenne. Dat ass e sozialen a wirtschaftlechen Atout. An deen Atout wëlle mir halen. Mir wëllen d'Stroumpräisser iwwert déi nächst Joren nohalteg stabiliséieren. An dat ouni zeréck ze goen op eng Energiepräisbrems. Mir sinn net méi an enger Energiekris. Wat mir brauche sinn dauerhaft Léisunge fir bezuelbar Energiepräisser, mat Ureizer fir bei der Elektrifikatioun mat ze maachen.

Dofir huet d'Regierung decidéiert ronn 150 Milliounen Euro an de Grapp ze huelen. Suen déi de Privatleit an de Betriber direkt hëllefen.

Engersäits, iwwerhëlt de Staatsbudget an Zukunft, wéi an Däitschland, en Deel vun den Netzkäschten. Dat suergt fir substanziell Entlaaschtunge bei alle Clienten. Stand haut, sollt de Stroumpräis domat nächst Joer erof goen, trotz dem Auslafe vun der Stroumpräisbrems.

Anersäits, iwwerhuele mir iwwert de Budget de mécanisme de compensation, deen am Ament all Consommateur mat bezillt. Domat hëllefe mir geziilt deene Stéit déi op Stroum ëmklammen a favoriséieren esou déi gréng Transitioun.

An duerch d'Verdräifachung vun der Energieprimm bleift eis Approche sozial cibléiert. Mir hëllefen deene Leit am meeschten déi am meeschte mat héije Präisser struewelen.

A moyen terme ass e bezuelbaren a kompetitiven Energiepräis awer nëmme méiglech wa mir op erneierbar Energien ëmklammen – den zweete Pilier vun eiser Strategie. Dat ass besser fir d'Ëmwelt, besser fir eis Souveränitéit an à terme och besser fir de Portmonni. An dofir bleift et eng héich Prioritéit fir dës Regierung. An der EU kënnt haut schonn d'Hallschent vun der Stroumproduktioun aus erneierbare Sourcen. An och zu Lëtzebuerg wiisst deen Undeel all Joers.

Dësen Trend dreiwe mir mam Prefinanzement fir PV-Anlage weider. Déi technesch Viraarbechte sinn ofgeschloss a mir wäerten an den nächste Wochen de Remarke vum Staatsrot Rechnung droen. Da si mir prett wann d'Chamber dëse Projet stëmme wäert.

Fir jidderengem ze erméigleche bei der grénger Transitioun mat ze maachen, breede mir dee System ab nächstem Joer och op aner Klimabonus-Hëllefen aus. Den Ëmweltminister proposéiert och nach virum Summer weider Verbesserunge beim Klimabonus Wunnen fir Wäermepompelen an energeetesch Sanéierungen. A mir ergänzen de Klimaplang duerch eng sozial Komponent.

Dat ass eng Klimapolitik mat de Leit a fir d'Leit! Eng Politik déi d'Leit mat hëlt.

"Dëse Mesurëpak ass e reegelrechten Ëmbroch. Eng déifgräifend Neigestaltung vun de Reegelen duerch déi méi séier méi erneierbar Energien entstinn."

An deem Sënn hu mir eng breet Konsultatioun mam Secteur a mat de Gemenge lancéiert. Dat ënnert dem Numm "Einfach, séier, erneierbar”. An deen Numm ass Programm: mir wëlle méi einfach Reegelen, fir dass méi séier, méi erneierbar Energien entstinn.

Haut sti mir eis oft selwer am Wee. Prozedure bremsen am Plaz ze hëllefen. Dofir setzt d'Regierung op eng konsequent Vereinfachung vun de Reegelen. Mir mussen de System ofspecken. Manner Bürokratie bedeit méi nohalteg Energie. An domat manner Emissiounen.

Op Basis vun dësem Prozess huet d'Regierung en ambitiéise Katalog vu ronn 50 Moossname ficeléiert. D'Hallschent vun dëse Moossname wäert schonn am Laf vun dësem Joer am legislative Prozess sinn. D'Ministere fir Energie an Ëmwelt wäerten d'Detailer presentéieren, mee ech well hei op 4 Schwéierpunkten agoen.

Éischtens, de positiven Impakt vum Dialog selwer. D'Gespréicher mam Secteur hunn eng Rëtsch Divergenze bei der Interpretatioun vun technesche Reegele ervirbruecht. Déi goufen a Lëtzebuerger Traditioun – "auf dem kurzen Amtsweg” – aus der Welt geschaf. Dës Ännerunge gi méi Planungssécherheet a weisen, dass ee besser viru kënnt wann ee mat den Acteuren vum Terrain schwätzt an zesumme schafft.

Zweetens, d'Prozedure gi konsequent vereinfacht, verkierzt an digitaliséiert fir Projete méi séier ze realiséieren. Dofir gi Bagatellgrenzen agefouert, wou keng Autorisatioun méi néideg wäert sinn oder eng Notifikatioun duergeet. D'Delaie gi reduzéiert, respektiv do wou et keng gëtt, iwwerhaapt mol agefouert.

Dernieft schaaft d'Justizministesch eng acceleréiert Prozedur fir Recourse bei grousse Projeten. An de Kulturminister vereinfacht d'Prozedure fir op geschützte Gebaier PV-Anlagen ze installéieren déi dem Gebai Rechnung droen.

An den Ëmweltministère harmoniséiert d'Prozesser vun all sengen Administratiounen. Mir ginn an Zukunft grousse Projeten d'office de Status vum "intérêt public majeur”, wat méi effikass Prozeduren am Ëmweltberäich erlaabt.

Duerch dës, an aner, Ännerunge wäert den Ëmweltministère grouss Projeten an Zukunft a manner wéi 2 Joer traitéieren. Dat iwwertrëfft déi europäesch Zilsetzung. Mee mir wëllen nach méi séier sinn. An neien "zones d'accélération” sollen d'Dossieren a manner wéi engem Joer ofgeschloss sinn.

Nieft der Ambitioun fir méi schnell bei besteeënde Projete virunzekomme, wëlle mir och neit Potenzial fir PV-Anlagen a Wandrieder erschléissen. An dat op eng equilibréiert Manéier, am Respekt vu Mënsch an Natur. Dat ass den drëtte Schwéierpunkt.

Bei de PV-Anlagen, gesi mir immenst Potenzial op eisem Autobunnsreseau. Enger onofhängeger Etude no, bis zu 1.500 Megawatt. Och wa mir nëmmen en Deel dovunner realiséieren, kann hei propper Energie fir zéngdausende Familljen entstoen. Dofir fänken an den nächste Méint konkret Projeten un, op Lärmschutzwänn an um Park & Ride zu Jonglënster. An d'Regierung deposéiert e Gesetzesprojet fir PV-Anlagen an der zone non aedificandi ze erlaben – also op de 25 Meter hannert der Sécherheetszon vun enger Autobunn.

Bei de Wandrieder, reduzéiere mir d'Distanz zu Stroossen a Bëscher a passe se domat un d'Reegele vun eisen Nopeschlänner un. A mir wëlle méi héich Wandrieder erlaben, déi méi effizient sinn a méi Energie produzéieren. Den technologesche Fortschrëtt erlaabt dës Ännerungen ouni d'Sécherheet vu Mensch an Natur ze riskéieren.

De véierte Schwéierpunkt ass d'Roll vum Staat als Bauhär. Elo scho gi PV-Anlagen bei all Neibau mat ageplangt. An Zukunft wäerte mir kleng Projete bündele fir och bei besteeënde Gebaier méi schnell virun ze kommen. D'Reegele vun de marchés publics ginn och an deem Sënn ugepasst.

A bei den Hëllefe fir d'Gemenge maache mir an Zukunft och grouss PV-Anlagen eligibel fir eng finanziell Ënnerstëtzung. Esou wäerten nei Installatiounen op Schoule, Sportshalen an aner Gemengenhaiser uechtert dat ganzt Land entstoen.

Dëse Mesurëpak ass e reegelrechten Ëmbroch. Eng déifgräifend Neigestaltung vun de Reegelen duerch déi méi séier méi erneierbar Energien entstinn. A fir dass eist Netz déi néideg Flexibilitéit a Sécherheet huet fir zu all Moment genuch Stroum ze hunn, wäert d'Regierung nach dëst Joer eng national Späicherstrategie presentéieren.

Zum Beispill kënnt een neie Subside deen all Proprietär vun enger PV-Anlag hëlleft sech och nodréiglech mat enger Batterie auszestatten. Esou dass d'Ëmklammen op Stroum sech weider finanziell lount.

All dës Mesuren droen zu den dräi Ziler vun eiser Energiepolitik bäi: méi Souveränitéit, méi Kompetitivitéit, a manner Emissiounen. Alles dat stäerkt Lëtzebuerg fir d'Zukunft, an hannerléisst eise Kanner eng besser Welt.

"Mir wëllen eng AI déi op Vertrauen an Transparenz baséiert, déi d'Innovatioun an den Déngscht vum Mënsch stellt. Eng kënschtlech Intelligenz à l'européenne, mat engem Lëtzebuerger Touch."

 

Här Präsident,

Dës Ziler ze erreechen ass och wichteg fir d'Kompetitivitéit vun der ganzer Wirtschaft, virun allem fir d'Datenekonomie déi vill Energie brauch. A grad déi ass wichteg fir eis Lëtzebuerger an europäesch Souveränitéit. Mir wëlle Virreider sinn an den neien Technologien. Wa mir bei den Daten an neien Technologie keng eege Léisungen hunn, da si mir ofhängeg vun aner Länner.

An Zukunft soll déi ganz Welt Lëtzebuerg als staark Finanzplaz an als staark "Dateplaz” kennen. Zwou Stäerkte vun eiser Finanzplaz sinn och fir esou een "data hub” immens wichteg: Stabilitéit a Vertrauen. Mir setzen op dës an aner Stäerkten.

A mir stellen d'Innovatioun an de Vierdergrond. Et ass d'Innovatioun, de mënschleche Virwëtz an Drang no Wëssen, déi d'Mënschheet ëmmer erëm no vir dreiwen, déi Fortschrëtt erméiglechen.

A grad elo ass de richtege Moment fir dës Ambitioun vu Lëtzebuerg als "data hub” ze realiséieren. D'Quantitéit un Donnéeë wiisst weider exponentiell. Gläichzäiteg bitt de rasante Fortschrëtt bei der kënschtlecher Intelligenz vill nei Opportunitéite fir déi Daten am Sënn vun der Gesellschaft ze benotzen – an der Medezin, an der Educatioun, beim autonome Fuere. A mat der neier geopolitescher Realitéit ass et ëmmer méi wichteg ze wësse wien d'Kontroll iwwert Daten huet.

Dofir gëtt d'Regierung sech eng Visioun fir déi digital Souveränitéit vu Lëtzebuerg ze stäerken. Dës Visioun baséiert op dräi neie Strategien: fir d'Daten, fir d'kënschtlech Intelligenz a fir d'Quantentechnologie. Zesumme zeechne si eng kohärent Visioun, déi et esou soss néirens an der Welt gëtt. 

Eng Visioun vu Lëtzebuerg als internationalen Zentrum fir déi sécher a souverän Valorisatioun vu sensibelen Donnéeën aus ganz Europa. En Zentrum mat enger agiller Approche, déi de Mensch an de Mëttelpunkt vum Fortschrëtt stellt, an Daten an Talenter aus der ganzer Welt unzitt.

Fir deem Zil gerecht ze ginn, investéiere mir an déi néideg Infrastrukturen, Talenter a Projeten. An den nächste 6 Joer wäerte mir dofir 3 Milliarden Euro vun ëffentlechen a privaten Acteure mobiliséieren.

Virun allem AI – déi kënschtlech Intelligenz – huet eng nei Wichtegkeet kritt. AI ass déi transformativ Technologie vun den nächste Joerzéngten. Mat engem Potenzial fir eis Zukunft, dat vergläichbar ass mat deem vum Internet virun enger Rei Joren. Dofir dierfe mir dës Technologien net aleng anere Länner a Kontinenter iwwerloossen.

Mir wëllen eng AI déi op Vertrauen an Transparenz baséiert, déi d'Innovatioun an den Déngscht vum Mënsch stellt. Eng kënschtlech Intelligenz à l'européenne, mat engem lëtzebuerger Touch. An dëser Visioun ersetzt AI net de Mënsch. Se hëlleft dem Mënsch. Grad wéi d'Rechemaschinn de Mënsch net ersat huet, mee eis hëlleft méi schnell eng Aarbecht ze realiséieren. D'Kontroll bleift beim Mënsch.

Dës Visioun baséiert op enger kohärenter Approche, mat Ekosystemer ronderëm exzellent Infrastrukturen. Mat enger vun den éischten "AI Factories” an der EU. Mat engem Supercomputer dee fir d'Benotze vun AI optimiséiert ass an Deel vun engem europäesche Reseau ass. A mat engem éischte Supercomputer am Quanteberäich.

An duerch d'Vernetze vun Daten aus ënnerschiddleche Sourcen, wëlle mir nach méi Plus-value schafen. Dofir definéiere mir en harmoniséierte Standard fir Donnéeën déi accessibel, reutilisabel an einfach ze fanne sinn.

Dësen Ecosystem gëtt an den nächste Méint duerch d'Schafe vun engem "Deep Tech Lab ergänzt. Dës Struktur soll Interaktiounen tëscht akademeschen a wirtschaftlechen Acteure facilitéiere fir Recherche, Innovatioun an Entrepreneuriat ze fërderen.

Esou kënne public-private partnerships a spin-offs entstoen, déi eis Gesellschaft an eis Wirtschaft stäerken. Nei, innovativ Iddien déi onst Land weider bréngen. Dës Opportunitéit fir Chercheuren aus Lëtzebuerg an der ganzer Welt zesummen op Innovatiounsprojeten ze schaffen, wäert och e wichtege Facteur si fir Top-Talenter unzezéien.

A fir lokal Talenter, offréiere mir ab 2026 am Digital Learning Hub eng "AI Academy” mat spezifesche Formatiounen am Beräich vun der KI.

Fir e verantwortungsvollt Benotze vun dëser neier Technologie si mir och am gaangen den europäeschen "AI Act” ëmzesetzen. Dës Initiativ definéiert en harmoniséierte Kader fir ganz Europa deen Innovatioun fërdert an d'Rechter vun de Leit schützt. Wa mir wëllen en Hub fir ganz Europa ginn, dann ass eng pragmatesch Ëmsetzung vun dësem Kader immens wichteg. All dës Puzzlestécker wäerten hëllefen AI ganz konkret ze applizéieren, zum Wuel vun der Gesellschaft an der Wirtschaft. Fir eng konkret Plus-value fir de Bierger, de Staat an d'Ekonomie ze hunn, dierf Innovatioun net am Labo bleiwen. Dofir hu mir engersäits eng Rei Schlësselprojeten identifizéiert a maachen anersäits weider Efforten dass déi nei Technologien an eise Betriber Fouss faassen.

Ee Projet viséiert zum Beispill d'Entwécklung vun engem AI-Modell, engem sougenannte Large Language Model, dee spezifesch op eis national an europäesch Gesetzer trainéiert ass. De Mënsch hält weider de Bic am Grapp, mee esou kann AI hëllefe fir Gesetzestexter méi effikass ze schreiwen. Dat kéint à terme och eng Ulafstell gi fir Privatleit a Betriber ze hëllefen administrativ Demarche méi einfach ze bewältegen.

Mir wëllen AI och bei der ADEM benotze fir eng besser Iwwersiicht ze kréie vun deene Kompetenzen déi d'Leit hunn, an deenen déi d'Betriber sichen. Domat kënne mir geziilt Formatiounen ubidden, géint de Chômage virgoen an d'Pénurie a verschiddene Secteure besser ugoen.

A fir déi Innovatioun an nei Iddie besser an eis Betriber ze kréien, iwwerschafft d'Fuerschungsministesch déi national Recherchestrategie. Nach virum Summer presentéiert si en neit Gesetz fir de Fonds national de la recherche.

Mir hunn och decidéiert fir d'finanziell Hëllefe fir PMEen ze verstäerken déi an d'Digitalisatioun oder d'Notze vu kënschtlecher Intelligenz investéiere wëllen. Zesumme mat privaten Acteure schaffe mir u weidere Mesurë fir den Technologietransfert u Lëtzebuerger PMEen ze verbesseren.

A well et oft kleng, nei Firme sinn déi ee Secteur mat enger innovativer Iddi revolutionéieren, hunn de Finanz- a Wirtschaftsminister en Aktiounsplang virgeluecht fir start-ups ze promouvéieren. Ënner anerem mat SNCI Fongen an Héicht vun 300 Milliounen Euro.

Innovatioun ass d'Basis vun eisem Fortschrëtt. E modernt Lëtzebuerg muss all Dag doru schaffe fir e Virreider bei den neien Technologien ze sinn. Innovatioun kuerbelt net just d'Wirtschaft un. Se ass och d'Basis vum soziale Fortschrëtt. Den Internet ass de gréisste Recueil vu Wëssen an der Geschicht vun der Mënschheet. Wat soss déi gréisste Bibliothéik depasséiert huet, passt haut mam Smartphone an d'Täsch.

Mee trotz allem Enthusiasmus fir dës nei Méiglechkeeten, musse mir och léiere verantwortungsvoll domat ëmzegoen. Ze oft ersetzt elo schonn den Telefon de Rendez-vous, de Bildschirm d'Buch, an d'Kopfhörer d'Gespréich. Mir all hunn eng Verantwortung dofir ze suergen, dass déi digital Welt net déi reell verdrängt, dass déi kënschtlech Intelligenz net déi mënschlech ersetzt.

An dofir musse mir virun allem bei eise Kanner usetzen. Déi nei Generatioun wiisst mam Internet a mat Smartphones op. Se kennt keng Welt ouni digital Apparater a sozial Reseauen. Mir gesinn d'Effeten dovunner schonn haut.

Ëmmer méi opfälleg Verhalensmusteren, Schlofstéierungen, Angschtzoustänn, Depressiounen. Schonn am klengen Alter grouss Ënnerscheeder an de sozialen a kognitive Capacitéiten.

De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher ass alarméierend. Net just verbréngen d'Kanner méi Zäit hannert dem Bildschierm, de Contenu mat deem si confrontéiert ginn ass ëmmer méi gewaltsam a sexualiséiert, virun allem op de soziale Reseauen.

Mir musse si géint genau dee Contenu schützen. Dat gehéiert zu de Kannerrechter! D'Source vun deem Probleem musse mir um europäeschen Niveau ugoen, sou wéi mir dat mam Digital Services Act maachen.

Mee déi gréisste Suerg ass dass dës Entwécklungen der mentaler Gesondheet vun de Kanner schueden. Eng mental Gesondheet déi generell méi fragil ginn ass. Hei gesäit een nach haut verschidde Spuere vun der Pandemie. Och Autismus an aner neurodivergent Konditiounen, wéi Dyslexie oder Konzentratiounsdefiziter, hunn zougeholl.

Déi mental Gesondheet dierf keen Tabu méi sinn. Dat Mentaalt ass en integrale Bestanddeel vun der Gesondheet. Fir déi ganz akut Fäll besser opzefänken setze mir d'Zuel vun de Better an der Jugendpsychiatrie an d'Luucht. Virun allem hunn d'Santésministesch an den Educatiounsminister d'Präventioun zu enger Prioritéit gemaach.

  • andeems dëse Sujet Deel vun der Gesondheetserzéiung an der Schoul gëtt,
  • andeems mir en neien digitalen Outil schafe fir de Suivi vun all Kand wärend der Schoulzäit ze vereinfachen,
  • andeems den Éischthëllef-Cours fir mental Gesondheet renforcéiert gëtt,
  • andeems mir d'Screen-Life-Balance vun de Kanner verbessere mat méi Sport an de
  • Schoulen a Maisons-relaisen a méi klore Reegelen an eise Schoule fir Smartphones ze encadréieren.

Mee d'Schoul ass nëmmen een Deel vum Dag. Dofir sensibiliséiere mir d'Eltere mat cibléierte Campagnen a Konferenzen am Kader vun den Eltereforen. Och mir Eltere musse mam gudde Beispill doheem virgoen. Am enken Echange mat den Acteure vum Terrain, analyséiere mir am Laf vum Joer weider Iddie fir de Kanner eng suergefräi Kandheet ze assuréieren. Mir loossen hei net lass. Mir kënnen hei net lass loossen.

Mir wëllen eng Generatioun déi wierklech glécklech ass, net just glécklech Biller post. Dat ass eng nei Facette vun enger moderner Gesellschaft. Eng déi mir wouerhuelen, an uginn. D'Welt ännert nämlech net just international. Se ännert ganz konkret. An eisem Alldag an Zesummeliewen.

"Dës Regierung steet fir den Dialog. Deen Dialog ass net ëmmer einfach. Mee respektvoll nolauschteren an aner Meenungen en compte huelen ass wichteg. An dozou sti mir."

 

Här Präsident,

Mir wëllen deene sozialen Entwécklungen net einfach nokucken. Mir wëlle se begleeden an encadréieren.

Eis Ambitioun ass eng modern Gesellschaftspolitik: beim Steiersystem, dem Aarbechtsrecht an de Pensiounen. Mat geziilten Adaptatiounen. Net Revolutiounen, mee Evolutiounen. Am Sënn vun der Zäit.

Een Zil ass eng besser Balance tëscht dem professionellen a private Liewen. Fir esou ënnerschiddleche Familljecompositioune besser Rechnung ze droen. Et ass net um Staat ee Familljemodell virzeschreiwen. Et ass un all Koppel, un all Famill, déi Decisioune selwer ze treffen. Mir musse mat eiser Politik all Choix respektéieren.

Beim Steiersystem huet d'Regierung sech engagéiert eng eenzeg Steierklass ze proposéieren. Mat der Individualiséierung wäert all Familljemodell selwecht behandelt a besteiert ginn. Dat ass eng Fro vu Gerechtegkeet.

D'Virbereedunge fir dës déifgräifend Steierreform lafe gutt. Esou dass de Finanzminister ab Juli verschidde Pisten der Chamber an de Sozialpartner presentéiere wäert. Eng Méiglechkeet kéint een neien avantagéise Steiertarif sinn, no un der aktueller Steierklass 1A. Dat gekoppelt un eng laang Iwwergangsperiod fir d'Leit déi bestuet oder gepacst sinn. Esou gi si net benodeelegt.

Mam selwechten Zil fir dat professionellt a privat Liewe besser ënnert een Hutt ze kréien, iwwerschaffe mir och eist Aarbechtsrecht. Net vu Grond op, mee mat geziilten Ännerungen déi eiser Zäit entspriechen.

An och net vun uewen erof, mee am Dialog mat de Sozialpartner. Dofir tauscht d'Regierung sech reegelméisseg mat de Sozialpartner aus – ech selwer fir d'lescht nach virun e puer Deeg. Dës Regierung steet fir den Dialog. All Politikberäich deen ech iech haut beschreiwe, weist dat. Mir regéieren net am Alleingang. Mir sichen den Echange:

  • Mat de Parteie bei der Defense,
  • Mat de Bauere bei der Agrikultur,
  • Mat den Acteure vum Terrain beim Logement a bei erneierbaren Energien,
  • Mam ganze Vollek bei de Pensiounen,
  • A jo, och mat de Gewerkschaften beim Aarbechtsrecht.

Deen Dialog ass net ëmmer einfach. Mee respektvoll nolauschteren an aner Meenungen en compte huelen ass wichteg. An dozou sti mir. Et ass een net ëmmer enger Meenung. Dat ass normal. Net all Géigenargument ass eng Attack. Net all Diskussioun e Sträit.

Et ass grad d'Méiglechkeet ouni Angscht viru Repressioun ënnerschiddlech Meenungen ze hunn, déi eng Demokratie vun enger Diktatur ënnerscheet.

Dofir héiere mir och d'Bedenke vun de Gewerkschaften an der Zivilgesellschaft par rapport zum Versammlungsrecht. Dat ass e wichtegt Recht an eiser Demokratie. An dofir wäert d'Regierung hei keen neit Gesetz proposéieren dat net mat de Gewerkschaften an der Zivilgesellschaft ofgeschwat ass.

Gläichzäiteg heescht Dialog net an all Fall Co-decisioun. D'Majoritéit an dëser Chamber huet eng Verantwortung a se wäert doru gemooss ginn ob se där Verantwortung gerecht gëtt. Dat ass esou an enger Demokratie. An dat ass gutt esou. Wa kloer ass wien Decisiounen hëlt ass och kloer wien d'Responsabilitéit dofir dréit – am Gudden an am Schlechten.

An d'Majoritéit huet sech eng modern Gesellschaftspolitik zum Zil gesat. An deem Kontext, hu mir proposéiert d'Ëffnungszäiten an d'Sonndesaarbecht am Commerce ze adaptéieren. Loosst mech hei nach eemol erkläre firwat.

De Sonndeg bleift de Sonndeg. E wäert net zu engem normale Schaffdag ginn. E bleift en Dag fir Momenter mat der Famill, fir kulturell a sportlech Evenementer. Mee och op engem Sonndeg kann een haut schonn am Restaurant iessen, am Supermarché akafen, mam Bus fueren.

Mir proposéieren näischt méi, an näischt manner, wéi de Butteker, déi haut scho Sonndes kënnen op hunn, méi Flexibilitéit ze ginn. Am Plaz d'Aarbecht op 4 Stonnen ze limitéieren, soll een 8 schaffen dierfen. Dierfen, net mussen. An d'Leit déi dat an deem spezifesche Secteur maachen, kréien dofir e Supplement vu 70%.

Domat schafe mir méi Méiglechkeeten. Fir d'Employéen, fir d'Betriber a fir de Rescht vun der Gesellschaft. Dat ass keng Verschlechterung, mee Choix. Optiounen. Fräiheeten.

Dem Wirtschaftsminister seng Propos zu den Ëffnungszäiten am Commerce entsprécht der selwechter Iddi vu méi Optiounen a Choix. Domat wäert de Kleederbuttek awer net bis 10 Owes op hunn.

Dës Ännerunge goufe mat de Sozialpartner diskutéiert. An dat ware keng eidel Gespréicher. Op Grond vun deenen Diskussiounen, si verschidden Aspekter vun den Ëffnungszäiten u Kollektivverträg gekoppelt. Dat weist dass mir nolauschteren.

Dat weist och, dass de Kollektivvertrag e wichtegt Instrument an eisem Aarbechtsrecht bleift, an e wichtegt Instrument an den Hänn vun de Gewerkschaften.

Mir gesinn awer och, dass de momentane Regimm net méi adaptéiert ass un déi divers Realitéiten an eiser Gesellschaft a Wirtschaft. D'Kollektivverträg sollen en attraktiivt Instrument fir béid Sozialpartner bleiwen.

A gläichzäiteg sollen Accorden um Niveau vum eenzele Betrib eng erweidert Roll kréien. Fir Detailer reegelen ze kënnen déi der Realitéit vum jeeweilege Betrib a Salarié entspriechen. Dës Ännerunge sinn net fir déi eng Säit ze stäerken oder déi aner ze schwächen. Se sinn am Interessi vun der ganzer Gesellschaft. An am Geescht vun enger moderner Politik.

Egal wat gesot gëtt – um 1. Mee, an de Medien a soss op Plazen – d'Regierung ass fir de Sozialdialog, fir d'Sozialpartnerschaft a respektéiert voll a ganz d'Roll vun de Gewerkschaften. A genau dowéinst hunn ech am Januar d'Sozialronnen annoncéiert. Den Dialog – den Austausch mat de Sozialpartner – ass mir wichteg. Als Mënsch an als Premierminister.

Zesumme mat de Ministere fir Aarbecht a Wirtschaft hunn ech mech iwwert déi lescht Méint méi wéi eng Kéier mat de Sozialpartner getraff. Zu zwee, zu dräi. Um Telefon, a physesch. An aller Sachlechkeet. An ouni Drock vu baussen. Et ass eis ëm den Dialog gaangen, net ëm d'Publicitéit.

Dat war d'Iddi vun de "Sozialronnen”. An déi waren e Succès. Well déi dräi Säiten hu sech erëm fonnt – och wann dat am Ufank schwéier war – si hunn nogelauschtert a sech respektvoll ausgetosch. Dëse respektvollen Echange well d'Regierung an den nächste Méint weider féieren, och an den entspriechende Gremie vum Sozialdialog.

Nieft dësen Diskussioune wëlle mir nach dëst Joer d'Flexibiliséierung vum congé de maternité an d'Aféiere vum temps partiel familial presentéieren. Mam Zil dass d'Eltere wärend de wichtegen éischte Méint a Joren méi Zäit mat hire Kanner verbrénge kënnen. An enger moderner Gesellschaftspolitik stinn de Beruff an d'Famill net an Oppositioun. All Kand soll d'Chance hunn an enger glécklecher Famill grouss ze ginn.

Dobäi soll och net ziele wéi d'Famill sech zesummesetzt, mee wéi gutt d'Kand versuergt gëtt. Dofir stellt d'Moderniséierung vum Adoptiounsrecht, déi d'Justizministesch presentéiert huet, d'Kand an de Mëttelpunkt.

Nieft de méi diverse Familljecompositiounen, muss esou eng modern Politik och d'Evolutioun begleeden dass mir méi laang liewen.

Zanter Oktober gouf et dofir eng breet Konsultatioun zum Pensiounssystem. Ech well, am Numm vun der Regierung, jidderengem fir seng Contributioun Merci soen. All déi Perspektive si wäertvoll. Et mierkt ee richteg, dass dëse Sujet d'Leit interesséiert. An dat eleng ass e Succès. Et ass en Zeeche vun enger Demokratie déi lieft.

D'Zäit vun der Consultatioun war hëllefräich. Mee elo gëllt et e Wee no vir ze definéieren. Dofir wäert d'Ministesch fir sozial Sécherheet virum Summer hir detailléiert Propose virstellen. Ech well awer haut schonn op dräi Haaptpunkten agoen.

Éischtens, de Pensiounssystem ass eng sozial Errungenschaft. Eng Errungenschaft déi mir fir déi zukünfteg Generatiounen ofséchere mussen. Eng staark ëffentlech Allgemengversécherung fir jiddweree muss d'Kärstéck vun eisem Pensiounssystem bleiwen.

Zweetens, de Pensiounssystem ass e Verspriechen. E Verspriechen dat op Vertraue baséiert. An dat Vertraue kann een net verléieren. Mir wäerte keng Ännerunge maachen fir Leit déi an der Pensioun sinn oder kuerz virdru stinn. A mir wäerten d'Studentejoren an d'Babyjoren bäibehalen.

Drëttens, de Pensiounssystem ass eng Altersofsécherung. Eng Altersofsécherung déi jidder Generatioun erlabe soll vertrauensvoll a Richtung Pensioun ze kucken. Haut si vill Leit bal esou laang an der Pensioun wéi se abezuelt hunn. Dat liicht an, dass dat net ka soutenabel sinn. Do dernieft huet Lëtzebuerg, mat ronn 60 Joer, deen niddregste reellen Antrëttsalter vun allen EU- an OECD-Länner.

Dofir wäerte mir d'Cotisatiounsjoren  lues a lues eropfueren. D'Carrière déi ee muss absolvéiert hunn fir en Urecht op eng Pensioun ze hu wäert iwwert eng Rei Joren all Joers stufeweis ëm dräi Méint verlängert ginn.

Am Géigesaz zu eisen Noperen, bleift de Pensiounsantrëttsalter awer bei 65 Joer. Mir wëlle mat dëser Ännerung kucke fir am Duerchschnëtt méi no un deen Alter vu 65 Joer ze kommen. Fir déi Transitioun ze begleeden, féiere mir och d'Méiglechkeet vun enger retraite progressive an – also eng Period an där ee manner schafft a schonn en Deel vu senger Pensioun kritt.

Mir wëllen de System op 15 Joer finanziell ofsécheren:

  • Duerch eng budgetär Contributioun iwwert d'Recettë vun enger besteeënder Konsumsteier. Geduecht gëtt, zum Beispill, un déi Hallschent vun de Recetten aus der CO2-Steier déi fir sozial Mesurë virgesi sinn.
  • Duerch e Festhalen un der Reserv, fir dass se weider sou vill wéi méiglech Revenue generéiert.
  • An duerch d'Bäibehale vun der Reform déi dës Chamber 2012 gestëmmt huet. An domat d'Moossnamen déi virgesi wat geschitt wann d'Ausgaben d'Recetten depasséieren. Nieft dëse grousse Prinzippien fir den ëffentleche Rentesystem, proposéiere mir nach zwou weider Ännerungen.

Fir déi, déi riskéieren an d'Altersaarmut ze rutschen, féiere mir eng cibléiert Sozialhëllef an. A fir déi, déi e puer Su spuere kënnen, maache mir privat Pensioune am drëtte Pilier méi attraktiv, fir d'Leit ze encouragéiere sech en zousätzlechen Apel fir den Duuscht am Alter opzebauen.

Ech well nach eemol ënnersträichen, dass déi breet Diskussioun zu dësem Sujet immens wäertvoll war. Déi Diskussioun muss ëmmer erëm gefouert ginn. Fir ëmmer erëm der demographescher a wirtschaftlecher Entwécklung Rechnung ze droen. Well de Pensiounssystem bleift de facto vun eisem wirtschaftlechen Erfolleg ofhängeg.

"Fir eis Kompetitivitéit ze stäerken, musse mir den Entrepreneursgeescht zu Lëtzebuerg nees mat Liewe fëllen an de klengen a mëttelgrousse Betriber Loft zum Ootme ginn."

 

Här Präsident,

Grad wann d'Welt ronderëm eis méi ongewëss gëtt, musse mir eis Efforten ëmsou méi verstäerke fir kompetitiv ze bleiwen an de wirtschaftlechen Erfolleg vum Land ze erhalen.

An engem internationalen Ozean vun Onstabilitéit, ass et ëmsou méi wichteg dass mir dat kontrolléiere wat mir kontrolléiere kënnen. Dass mir eist Schëff a rouegem Waasser halen. Dass mir eis Stäerkt vun der Stabilitéit erhalen, ausbauen an notzen.

Fir eis Kompetitivitéit ze stäerken, musse mir den Entrepreneursgeescht zu Lëtzebuerg nees mat Liewe fëllen an de klengen a mëttelgrousse Betriber Loft zum Ootme ginn. Dofir fuere mir weider mat der Vereinfachung vun administrativen Ofleef an de Wirtschaftsminister wäert am Laf vum Joer weider Verbesserunge beim droit d'établissement proposéieren.

Bis Enn vum Joer wëlle mir eng Reform vun der ITM presentéieren, fir hir berodend Funktioun auszebauen. Mir wëlle méi op Präventioun, Opklärung a Begleedung setze wéi op Repressioun. Och um europäesche Plang ënnerstëtze mir d'Efforte fir déi administrativ a regulatoresch Laascht vun eise Betriber ze erliichteren. Zum Beispill mat de sougenannten Omnibus-Propose wëll déi Europäesch Kommissioun d'Reegelwierk vereinfachen, ouni d'politesch Ziler vun deenen Texter opzeginn.

Besser Reegelen heescht net keng Reegelen. Ma besser Reegele sinn essentiel fir dass den europäesche Marché nees attraktiv gëtt. An et ass essentiel fir d'Iwwerliewe vun eise PMEen, déi vill Aarbechtsplazen hei am Land schafen. D'Zil vun all Betrib ass d'Schafe vu Valeur, vun engem Produit oder engem Service. Net d'Schreiwe vu Rapporten.

E Betrib brauch dofir qualifizéiert a motivéiert Mataarbechter. Leit déi mir zu Lëtzebuerg ausbilden a Leit déi op Lëtzebuerg komme fir zu eisem Succès bäizedroen. An dofir investéiere mir konsequent an d'Berufsausbildung. Doduerch dass mir Ausbildungen um Niveau "Post-Bac” zu Lëtzebuerg erméiglechen an unerkennen. An doduerch dass mir Investissementer vu Betriber an hir Mataarbechter encouragéieren, iwwert verbessert indemnités d'apprentissages an d'"Skills Bridge” Formatiounen.

Fir Talenter aus dem Ausland unzezéien, gëtt et säit dem Januar nei Steiermesuren. An den nächsten 12 Méint definéiere mir och Strategien fir jee no Secteur geziilt déi Talenter ze identifizéieren, déi mir brauchen.

Mat all dëse Mesurë schafe mir d'Konditioune fir wirtschaftleche Wuesstem. Dee Wuesstem bréngt Aarbechtsplazen. An e bréngt dem Staat Recette fir eng staark Sozialpolitik a wichteg Investissementer – fir d'Energietransitioun, fir déi digital Zukunft, fir d'Defense. 

"Hei geet et ëm de Respekt virum Gesetz. Respekt virum Matbierger an de Reegelen déi mir eis als Gesellschaft ginn. Soss riskéiere mir dass d'Vertrauen an eise Rechtsstaat verluer geet."

Dee Wuesstem muss een och encadréieren. Dofir brauch et weider Aktioune beim Logement, bei der Mobilitéit a bei der Sécherheet. Fir déi néideg Wunnengen ze bauen, hu mir an enger éischter Phase missen d'Kris am Bausecteur stoppen. An dat hu mir mam Chômage partiel a cibléierte Steiermesuren hikritt. Haut ass déi akut Kris am Bau eriwwer. Mee et ass net um Staat fir de Logementsmarché éiweg ze ënnerstëtzen. De Marché muss erëm op eegene Been stoen.

An dofir wäert d'Regierung den zäitlech begrenzte Steierpak Enn Juni auslafe loossen an net verlängeren. De Bëllegen Akt fir eng Eegewunnéng op 40.000€ bleift bestoen. Dat heescht dass eng Koppel déi fir sech selwer eng Wunneng keeft zu engem Präis vun 1 Millioun Euro keen Enregistrement bezilt. Dës Moossnam hëlleft jonke Famillje hir eegent Doheem ze kafen.

Mir sinn ugetruede fir méi a méi séier ze bauen. Dofir hu mir lescht Joer e Paradigmewiessel op de Wee bruecht mat engem radikalen Ëmdenke bei de Prozeduren. Well et ass esou wéi de Marché à moyen terme säi Schwong hält. An et ass esou wéi jiddereen Accès op erschwéngleche Wunnraum huet.

Sou goufen zum Beispill d'Reformen déi d'Balance tëschent dem Logement an Naturschutz retabléieren – wéi d'Natur auf Zeit an d'compensation une fois pour toutes – am Januar der Chamber presentéiert.

Weider wichteg Mesuren, wéi déi zweet Phas vum silence vaut accord, d'Bautereglement an d'Vereinfachung vun de PAG an PAP-Prozedure kommen an den nächste Méint. An och bei der Mobiliséierungssteier op onbenotzten Terrainen am Bauperimeter mécht d'Regierung hir Propositiounen nach virum Summer. Domat encouragéiere mir d'Bauen op ausgewisenen Terrainen.

Fir eng Mobilitéit déi Schratt hält mat enger wuessender Bevëlkerung, investéiere mir weider an eis Infrastrukturen:

  • an d'Schinn, mat wichtege Projete wéi d'Eisebunnsstreck tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg an den neie pôle d'échange zu Hollerech,
  • an d'Strooss, zum Beispill mat der Fäerdegstellung vum Contournement Housen,
  • an den Tram, mat de Finanzéierungsgesetzer fir d'Extensiounen op der Areler Strooss an der Escher Strooss,
  • an de Flughafen, mat engem Ausbau vum aktuellen Terminal an enger Moderniséierung vun de Sécherheetskontrolle fir d'Waardezäiten ze reduzéieren.

An och de Rechtsstaat muss mat enger wuessender Populatioun Schratt halen. D'Sécherheet

ass d'Basis fir eis Fräiheeten auszeliewen. Och e Gefill vun Onsécherheet kann d'Leit scho limitéieren.

Hei geet et ëm de Respekt virum Gesetz. Respekt virum Matbierger an de Reegelen déi mir eis als Gesellschaft ginn. Soss riskéiere mir dass d'Vertrauen an eise Rechtsstaat verluer geet. Dat Vertrauen hält een duerch eng Justiz, déi séier an effikass schaffe kann, an duerch eng Police, déi no beim Bierger a senge Suergen ass. Dat sinn d'Viraussetzungen. An dat sinn d'Ziler vun dëser Regierung.

Dofir kritt d'Justiz méi Personal. Et goufen zousätzlech Poste geschaf mee och den Accès an d'Magistratur gouf méi breet opgemaach. An d'Justizministesch schafft och drun de Rekrutement vu Riichter beim ordre administratif méi attraktiv ze gestalten a se adaptéiert d'Formatioun vun den attachés de justice.

Nieft méi Leit, brauch et awer och méi effikass Prozeduren. Prozeduren déi onnéideg laang schleefen, si schlecht fir d'Affer an de Rechtsstaat – an domat fir d'Allgemengheet. Dofir gi se, Schratt fir Schratt, digitaliséiert. Duerch digital Léisungen hu mir den Austausch tëscht der Justiz an de Banke vereinfacht, grad wéi den Echange mat aner Memberlänner. An ab dem Hierscht erméiglecht eng nei Software eng elektronesch Veraarbechtung vun den Dossieren.

Och der Police gi mir déi néideg Moyenen, a Form vu Personal, Material a Pouvoiren. De Recrutement bleift héich fir méi Präsenz ze weisen, méi Proximitéit zum Bierger ze hunn a méi präventiv Aarbecht ze leeschten. Dozou gehéieren och déi néideg legislativ Ännerungen. Sou wéi e verstäerkte Platzverweis, eng vereinfacht Prozedur fir Visupol-Iwwerwaachung oder eng gesetzlech Basis fir d'Gemengepolice.

Dës Ännerunge gi geziilt do agesat wou se Sënn maachen. Mir schafe keen

Iwwerwaachungsstaat an deem d'Leit hir Recht op Privatsphär verléieren. Et ass grad ëmgedréint. Déi momentan Situatioun op spezifesche Plazen, sou wéi am Garer Quartier, limitéiert d'Fräiheet vun de Leit déi do liewen. Mir wëllen déi Rechter op fräi Beweegung an e fräit Liewen assuréieren.

Dës spezifesch Plaze leide virun allem ënnert Drogekriminalitéit. Dee Probleem muss een zesumme mat allen Acteuren a mat enger balancéierter Approche ugoen: Repressioun fir d'Dealeren a sozialen Encadrement fir hir Afferen.

Et ass gewosst dass déi organiséiert Kriminalitéit zu Lëtzebuerg oft iwwert d'Grenzen ewech operéiert an esou versicht der Justiz ze entkommen. Déi rezent Coupë géint d'Drogenkriminalitéit weisen dat. Lëtzebuerg war net de Marché fir déi Quantitéit un Drogen. An awer goufe se hei fonnt. Ech felicitéieren der Police, der Douane a Justiz fir hir exzellent Aarbecht, an Zesummenaarbecht, bei dësen Aktiounen.

Grenziwwerschreidend   Kriminalitéit bekämpft  ee mat grenziwwerschreidender Kollaboratioun. An déi Kollaboratioun verstäerke mir weider. Duerch den Austausch vu méi Donnéeën an der Schengenzon. An duerch d'Aféiere vun enger automatescher Erkennung vun Autosplacken. Mat dësem System, deen et schonn a villen EU-Länner gëtt, kënne mir méi effikass gesichte Leit fannen an zur Rechenschaft zéien.

Dës Kollaboratioun ass en integralen Deel vum Schengensystem. En effektive Kampf géint d'Kriminalitéit wier ouni Schengen net denkbar. Genau sou wéi eng performant Wirtschaft nëmme méiglech ass mam fräien Echange vu Gidder a Servicer. Mee Schengen ass nach vill méi wéi dat.

 

Schengen ass e Symbol vun Europa a vun eiser Unioun. Déi gelieften Expressioun vun engem gëeenten Europa. Eng Realitéit déi a ville Joerhonnerte vun eisem Kontinent net denkbar gewiescht wier. Am Summer feiert d'Schengenofkommes 40 Joer. An hei weist sech wéi bal néirens soss wat ech am Ufank vu menger Ried sot: Fortschrëtt ass net selbstverständlech. Et muss een all Dag dofir schaffen.

An deem Geescht wäert Lëtzebuerg sech weider op europäeschem Niveau fir de Schengenraum a fir oppe Bannegrenzen asetzen. De Probleem vun irregulärer Migratioun kréie mir nëmmen zesummen als Europa geléist. Mat verschäerfte Kontrollen un de Baussegrenzen. D'Migratiounspolitik muss op enger Politik mat Häerz a Verstand baséieren. Vum Häerz gedriwwen a mat Verstand ëmgesat.

D'Recht op Asyl muss garantéiert bleiwen. Dat ass en zentraalt Element vun eise Wäerter vun Oppenheet a Mënschlechkeet. A mir brauche legal Migratioun fir eise wirtschaftlechen a soziale Modell an Europa ze erhalen. Gläichzäiteg muss illegal Migratioun bekämpft ginn. An déi Leit déi illegal an d'EU komme, mussen erëm ausgewise ginn.

Dat gehéiert och zu engem Rechtsstaat. An et ass néideg fir eng erfollegräich Integratioun. Ech sinn iwwerzeegt, dass d'Lëtzebuerger deenen hëllefe wëllen déi viru Krich flüchten. Déi grouss Solidaritéitswelle bei de Kricher a Syrien an der Ukrain weisen d'Häerz vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Mee wa mir eise System iwwerfuerdere mat Leit déi d'Konditiounen net erfëlle fir hei ze bleiwen, da riskéiere mir dat Versteesdemech an der Gesellschaft ze verléieren.

Et ka kee Lëtzebuerg feelend Mënschlechkeet reprochéieren. Mir hunn haut schonn eng vun den héchsten Zuelen u Flüchtlinge pro Awunner an Europa. Mee och eis Strukturen stoussen un hir Grenzen. An och wa mir weider Strukturen opmaachen, brauch et eng responsabel Immigratiounspolitik mat engem kloren, fairen an objektive Kader.

Demandeure mat enger reeller Perspektiv op de Flüchtlingsstatut solle séier eng Äntwert kréien, fir onnéideg Frustratiounen ze evitéieren. An Demandeuren ouni Aussiicht op de Statut solle keng falsch Hoffnunge kréien. Bei deene Leit, setze mir op eng human Approche.

Dofir gëtt et säit dem September d’Maison du Retour. Hei kréien déi betraffe Leit e psychosozialen Encadrement a ginn ënnerstëtzt fir eng würdevoll an nohalteg Reintegratioun an hirem Hierkonftsland ze erméiglechen. D’Zuele weisen dass dat déi richteg Approche ass. Mir hunn iwwert déi lescht 12 Méint méi fräiwëlleg Retoure gehat, wéi forcéierter. An doduerch huet dës Regierung den Total vu Retouren – also vun deene Leit déi net am Land kënne bleiwen – am Verglach mat 2022 méi wéi verduebelt. Mat dëser Politik assuréiere mir dass d’Integratiounscapacitéiten vun eiser Gesellschaft net iwwerstrapazéiert ginn. 

"Dat ass d’Iwwerzeegung vun dëser Regierung: Fortschrëtt duerch Stabilitéit. Stabilitéit duerch Fortschrëtt."

 

Här President,

Fridden. Fräiheet. Gerechtegkeet. Dat sinn net just grouss Wierder déi a Geschichtsbicher gehéieren. Dat si Wäerter déi mir all Dag mat Liewe fëlle mussen, Ziler déi mir all Dag ustriewe mussen. Dës Wäerter muss all Generatioun op en Neits definéieren. Sou hunn d’Generatioune virun eis sech fir d’Rechter vu Fraen agesat. An awer, ware weider Schrëtt néideg fir d’Fraerechter ze stäerken.

An déi huet dës Regierung elo gemaach:

  • duerch e Verbuet vum Certificat de virginité an der Hyménoplastie, 
  • duerch eng méi streng Bestrofung fir Täter vu sexueller Gewalt an déi éischt national Ulafstell fir d’Affer vu sexueller Gewalt, 
  • an duerch d’Ofschafe vum délai de réflexion bei enger Ofdreiwung ënnerhalb vun 12 Wochen. 

An esou ass dat mat all de Wäerter déi eis wichteg sinn:

  • eisen Defenseeffort an d’Resilienzstrategie halen de Fridden an d’Sécherheet,
  • den Ausbau vun erneierbaren Energië bréngt eis Richtung Nohaltegkeet,
  • Innovatioun an Entrepreneursgeescht schafe Wuelstand,
  • d’Vereinbarung tëscht professionellem a privatem Liewe suergt fir Choix a Gläichberechtegung,
  • an Efforte fir eng suergefräi Kandheet an eng vertrauenswürdeg Altersofsécherung stäerken d’Gerechtegkeet. 

Alles konkret Mesuren déi weisen, dass mir d’Méiglechkeet hunn d’Realitéit an d’Welt mat eise Wäerter ze gestalten – duerch eist Handelen an eis Decisiounen.

An dat ass Souveränitéit: d’Fräiheet seng eegen Entscheedungen ze treffen a seng eegen Zukunft ze schreiwen. Dat wëlle mir fir eist Land. Fortschrëtt ass méiglech. Mee e kënnt net vum selwen. All Fortschrëtt fänkt mat enger Ännerung un. Wat mir net maachen dierfen, ass stoe bleiwen. Paralyséiert duerch d’Angscht virun Ännerungen. An der Demokratie, ginn all dës Ännerungen diskutéiert an debattéiert. Mee an der Demokratie geet et net drëms “Recht ze hunn” oder der anerer Säit eng auszewëschen. Et geet drëms d’Land gemeinsam no vir ze bréngen. Dobäi muss jiddereen ëmmer och den intérêt général am Kapp halen.

Mir hunn all eis Iwwerzeegungen. Ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen, a Visiounen. Mee loosst eis zesummen am Interessi vum Land a senge Leit schaffen. Et ass dësen Dialog, dës Bereetschaft fir iwwert Meenungsdivergenzen ewech ze kucken an zesummen ze schaffen, déi eist Land ausmaachen. Wat eist Land an der ganzer Welt auszeechent. Wat mir oft Stabilitéit nennen. An déi Stabilitéit ass d’Basis vun eisem Fortschrëtt.

Dat ass d’Iwwerzeegung vun dëser Regierung: Fortschrëtt duerch Stabilitéit. Stabilitéit duerch Fortschrëtt.

 

 

 

Regierungsmember

FRIEDEN Luc

Organisatioun

Staatsministère

Event Datum

13.05.2025